Bäitrag getagged ‘cate blanchett’

Dance, Dance, Dance

Geschriwwen den 22/02/2009 vum Chris5 Kommentaren

“Some people, were born to sit by a river. Some get struck by lightning. Some have an ear for music. Some are artists. Some swim. Some know buttons. Some know Shakespeare. Some are mothers. And some people, dance.”

bb_12495_rv2_gallery__597x400

Road to Oscar: Contenders

Geschriwwen den 15/10/2007 vum Chris5 Kommentaren

2268829905.jpg

Vu dass, ech gesot krut, dass éischtens Interesse un den Oscars besteet an zweetens, ech méi schreiwe soll, fänken ech haut da mol mat engem Introduktiounsstéck fir d’Oscars un.

D’Oscars wierklech verfollegen, fänkt net mat der Red Carpet Show un an hält mam Schluss vun der Telésemissioun op. Nee, et heescht e ganzt Joer laang Artikel liesen, spekuléiren, Theorien opstellen, a mat aneren, wéi och mat sech selwer streiden, wat a virun allem wéi d’Academy wielt. Eng wichteg Saach däerf een dobäi nie vergiessen: Kee wees iergendeppes. Well och wa jidderee mengt, en hätt se duerchkuckt, mer ginn dach all Joer nees iwwerrascht mat sensationelle Gewënner an Nominéirungen. An natierlech och mat kierperlech Péng verursaachenden Omissiounen.

(more…)

Notes on a Scandal

Geschriwwen den 8/03/2007 vum Chris2 Kommentaren

Am Fong wollt ech jo “The Last King of Scotland” kucke goen, mee vu dass méng Mamm bezuelt huet, ass et dunn awer “Notes on a Scandal” ginn.

No kuerzer Enttäuschung virum Film, war déi méi séier verflunn, wéi dass de Roy Makaay kann den 1:0 géint Real Madrid schéissen. Déi Ufankssequenz, wéi d’Judi Dench u séngem Schreifdësch sëtzt an a säin Diary schreift, huet mech direkt mol vum Hocker gerappt. Dunn hat ech och mol verstan, wat den Titel bedeit. Chapeau, Chris.

D’Geschicht ass am Fong relativ einfach, d’Sheba (Cate Blanchett) léisst sech op e Verhältnis mat engem 15jährege Schüler an, d’Barbara (Judi Dench) erwëscht et dobäi a probéiert, déi Situatioun auszenotzen fir selwer eng Bezéiung mam Sheba unzefänken. Natierlech ginn et do gewëssen Emstänn, wéi dem Sheba séng Famill, den Altersënnerscheed, etc. déi d’Geschicht weiderdreiwen, Schwieregkeeten abauen, an d’Intrig ëmmer weider spannen. Do kann een einfach näicht dogéint soen, et ass eng exzellent erzielte Geschicht, ouni Längten an ouni Feeler. Mee dat, wat de Film wierklech zu eppes besonnegem mecht sinn d’schauspilleresch Leeschtungen.

D’Cate Blanchett ass dobäi zolitt wéi ëmmer, et weist einfach keng Schwächten, och wann et an dëser Roll heinsdo e bëssen deplazéiert wierkt, well och wann een him d’Verféirung vun engem Schüler zoutraut, et ass net wierklech séng Roll. Trotzdem erfëllt et se sou ze soen feelerfräi, och wann et net séng beschte Leeschtung ass. Niewebäi ass et erfrëschend gewiescht de Bill Nighy mol rem eng Kéier an enger méi serieuxer Roll ze gesinn. Séng Performance an “Shaun of the Dead” ass kleng, mee gutt, a “Love Actually” souguer exzellent, mee et ass keng dramatesch Roll, et ass eng Witzfigur (och wann dat oft méi schwéier ze spillen ass). Mee hei kann e mol eng Kéier wierklech rem beweisen, op wéi engem Niveau en unzesiedelen ass.

De wierklechen Héichpunkt vum Film ass awer definitiv d’Judi Dench, wat deen intriganten, onduerchdrénglechen, konfuse Personnage, deen d’Barbara duerstellt mat sou enger Iwwerzeegung duerstellt, dass ee menge kéint, et hätt säi Liewen näicht anescht gema.  Et ass eng vun deene wierklech klassesche Rollen, vun engem duerchaus bematleedenswerten Personnage, deem säi Charakter awer sou verwerflech an ofgrënneg ass, dass een hin an hir gerass tëscht Matleed a Repulsioun nie wierklech wees, wou ee mat em drun ass. Engersäits haasst een déi al, verbattert a sech selwer beléiend, vun hirer Imaginatioun ugedriwwen Hex, mee gläichzäiteg fillt een awer mat hir, well ee wees, dass se am déiwste Kär fierchterlech zerbriechlech ass. Do brauch et schon enger Dame Judi Dench fir sou Gefiller am Spectateur wakreg ze ruffen.

Alles an allem, ass “Notes on a Scandal” zwar kee Film, deen een als Klassiker opziele kéint, mee et ass en absolut kuckenswäert Erliefnis, an ee vun de beschte Filmer vum wierklech produktive Joer 2006.


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags