Bäitrag getagged ‘carlos must die’
Geschriwwen den 6/02/2010 vum Thorben5 Kommentaren
Zum Oofschloss vun deser 8-Deeleger-Serie dann dat, wat ech doraus geléiert hunn, wat et gouf, an wat et net gëtt.
8 Deeg Island ginn net spuerlous un engem laascht. D’Sarah an ech sinn 2200km am Auto gefuer an hunn dobäi ongeféier 200 Liter Bensin
verbraucht. Tragescherweis hu mir dobäi och 475kg CO2 fräigesat, oder 240m^3 CO2. Wann dir iech nach un de Waasserfall Dettifoss erënnert, dat ass esou vill CO2, wéi do Waasser all Sekonn roofleeft. Mir hun een Vugel doutgefuer an véier Mais. Mir respektéieren d’Emwelt, mä wann dir eis virun den Auto laaft, ass dat net eis Schold. 200km onbefestegt Strossen (gefillten 10′000km) woren et. Mir hunn 100 Euro fir Iessen ausginn fir 2 Leit während enger Woch an 100 Euro an enger Nuecht fir Drenken. Pro Kapp (d’Sarah ass méi bëlleg wechkomm).
Ween an Island ënnerwee ass, stellt fest dass Sigur Rós kléngen wéi se kléngen well se aus Island kommen. Wann een an Island wor, versteet een dat plötzlech. Erkläre kann een et awer net. Meng Lieblingsasiicht dass, dat et deck duergeet, deen zweet oder drëttbeschten ze sinn, zumols wann een doduerch en méi rouegt Liewen huet. Wat d’Islänner vergiess haten wor awer kritesch ze hannerfroen, wat lasswier, wéi abeemol jhiddereen fuerchtbar räich gouf. Mee och ouni Suen sinn si nach ëmmer glécklech. Rätsel geléist: Hannert dem Waasserfall ass e Schatz. Dee Schatz huet zwar kee Geldwäert, awer en moraleschen: Wann een sech de Wee duerch de Waasserfall gekämpft huet, an näischt fënnt, kënnt ee vläit zur Asiicht, dat just, well een eppes kann man, een et net muss man. Eppes aneres wat mir kloer ginn ass, ass dat Kapitulatioun näischt mat opginn oder verléieren ze dinn huet, mä mat Asiicht. Wann een d’Natur net bekämpfen kann, dann huet een besser dat anzegesinn. Zum Beispill einfach méi bëlleg Brecken bauen, déi eben net fir d’Éiwegkeet sinn, an d’Natur a Rouh loossen. An d’Sarah huet mir bäibruecht, dass een heinasdo muss man, wat ee maachen muss. John Wayne Style. Offensichtlech wor, dass all Lëtzebuerger en Islänner kennt, mee och all Islänner ee Lëtzebuerger. Fir all déi, déi op Party’en wëllen cool sinn, an déi Story erzielen, sorry: Den islänneschen Ministerium fir Elfen ass eng Urban Legend. Dat se un Elfen gleewen ass awer wouer – naja, si nennen se verstoppten Leit.
Iwwregens, ween de Budget interesséiert fir 8 Deeg Island: 300 Euro Fluch, 150 Euro Auto, 150 Euro Sprit an 50 Euro Iessen – 550 Euro. Net an dem Präis mat dran sinn eng iwwerdriwwen deier Jacket, en iwwerdriwwen deieren Protokoll an iwwerdriwwen deieren Alkohol. 8 Deeg sinn ze kuerz fir den Tour ze man. 10-14 Deeg sinn way to go. An dat geet suguer ouni erhiewlech méi Suen auszeginn. Den Auto ass dat eenzegt wat méi deier gëtt, d’Kilometere bleiwen déi selwecht, an d’Iessen ass wierklech marginal. Fir an Island recommandéiert Pianocktail GermanWings ab Köln/Bonn – 23kg Gepäck ftw.
Ob ech zrèck ginn? ASAFP!
Allt rem eng Idée déi moies em 2 Auer um Trottoir virum Flying entstan ass.
Geschriwwen den 1/10/2009 vum Thorben2 Kommentaren
Mir gi wakreg. Nodeems mir déi ganz Nuecht mam Auto duerch Þingvellir geiert woren, fannen mir beim éischten Stroosseschëld rëm raus, dat mir 25km vun Þingvellir wech sinn. Wéi mir dat gemaach hunn, kënne mir eis net erklären. Um Wee zréck op Þingvellir si mir erstaunt dass mir un ca. 5 Camping-Plazen laascht fueren, déi mir gëscht net gesinn hunn. Mee et wor jo och däischter. Þingvellir ass sou eppes wéi den Anticlimax vun eiser Rees. Þingvellir ass déi Plaz wou d’AlÞing, d’Islännesch Nationalversammlung, fir laang Zäit ofgehale gouf. Dat ass wéiwann een d’Chamber géing op Bommel verleeën.
Wesentlech méi interessant ass awer de Fakt, dat zu Þingvellir déi europäesch an déi amerikanesch Placken openeen knuppen. Dat muss een allerdeng blann gleewen, well et gesäit een dat net wierklech. Et ass einfach just eng grouss, gréng Plaatz an Island. Net méi an net manner. Dass déi Plaz groussaarteg muss sinn, erkennt een just drun, dat et en Visitor-Centre gëtt – dat muss duergoen.
Weider goung et op Geysir. Zu Geysir gouf et mol den groussen Geysir. Deen ass iergendwann erlosch. Do huet een erausfonnt, dass en nach géing goen, wann een géing Seef erageheien. 40kg. Dat huet awer och net laang gehal, an esou gëtt dann elo de Strokkur als Geysir verkaaft. Well och wa mir mat Geysir déi Waasserdénger mengen, ass Geysir usech just e ganz bestëmmtenen Geysir.
Ganz Island gëtt engem d’Gefill op sou engem liewegen Planéit ze liewen, an et mécht een frou an éierfiirchteg virun eiser Äerd. Am Touristenshop konnt ech dann net méi u mech halen an hu mir missen fir 36′000 Krounen eng Jacket aus dem Haus 66°NORTH kafen, eng Mark déi et just an Island gëtt. Um Wee aus dem Shop raus ass mir dann kloer ginn, ewéi clever dës Firma mech vun Ufank un manipuléiert huet. Egal, d’Jacket ass top. Eng Softshell. Fir d’Trekkingfans ënnert eis. Déi drëtt Attraktioun am sougenanntenen gëllenen Krees ass de Gulfoss. En aneren Waasserfall, deen esou ausgesäit wéiwann d’Waasser an d’Äerd géing verschwannen. Genial schéin.
Highway to Reykjavik. Anchecken, alles an d’Zëmmer droen an de Rucksak paken. Do treffe mir op de Simon, en Hamburger op Weltrees, den mat eis an en vegetareschen Restaurant geet. Zu Reykjavik gëtt engem kloer: Et gi vill Stied, deenen eng cool Szene nogesot gëtt. Hamburg, Berlin, Zürich, Wien, Paräis, Mompes oder Tallinn. Mee dat ass näischt géint Reykjavik. Dir liest richteg: Ech deklaréieren en 100′000 Awunner-Duerf am Nordatlantik tëscht den Faroer-Inselen an Grönland zur coolster Stad vun Europa. An dat, obwuel et op der amerikanescher Plack läit. Desginerbutteker, Caféen, Bars, Restaurant’en, alles dat immens cool an nach ni virdrun gesinn, wéinst den héigen Importsteieren ass et egal, op een deier H&M Ploveren keeft aus dem Ausland oder selwerentworfen deier Designerkleeder aus dem eegenen Land. An d’Leit sinn esou léif an esou gutt gekleet, ech hu mech guer net méi erkritt. No 2 Bars landen mir am Karamba, eng kléng Bar just vis-à-vis vun der Barack vum alen “Sirkus”, eng Bar wou duermols schon d’Björk Guðmundsdóttir opgeluecht huet, wat spéider besser ënnert sengem Virnumm bekannt gouf. Et wor e Concert do vun engem Typ mat enger Gittar. Mega. Um 1 huet de Karamba zougemaach, wat eis awer net gestéiert huet, an den portugiseschen Barkeeper och net. An esou hu mir mam Alex, engem Amerikaner deen an Island wor, well en wéinst engem Formfeeler aus UK ausgewissen gouf, an dem Ute, enger Designstudentin aus Stuttgart bis an de fréien moien gefeiert. An d’Bar wor och libre Service.

Geschriwwen den 29/09/2009 vum Thorben3 Kommentaren
9:30 Auer – Ech gi wakreg. Vun Hëtzt (!). Mir gëtt kloer: Et ass geschitt. Well mir eis Campinggebühren net bezuelt hu, goufe mir op engem Flooss an d’Mier geheit an dreiwen elo virun der spuenescher Küst. Dofir ass et sou waarm. D’Sarah traut sech awer raus a behaapt mir wieren nach an Island. Dat packs de net. De Plang haut: 13:30 Auer op de Gletscher erop, 17:30 Tour de Force op Geysir. Mee lo mol duschen, dann Moiesiessen.
Op Pianocktail soll méi perséinleches stoen? Et voilà: Op e Gletscher ze goen ass mengen ech déi schéinsten Saach déi ech jemols gemaach hunn. Eisen Guide, de Steinar, huet eis op de Fouss vum héichsten Bierg aus Island geholl, mat Steigeisen un de Féiss, Klammgurt ëm d’Hëft an der Aaxt am Grapp. Sou e Gletscher ass d’Natur an all hirer Brutalitéit. 100m Äis ënnert eis, Vulkaner ënnert eis. Et ass schéin ze gesinn, wéi de Mënsch an Island vis-a-vis vun der Natur renoncéiert huet. Islänner probéieren näischt fir d’Éiwegkeet ze bauen, mä hunn einfach d’Natur als stäerkeren Géigenpart acceptéiert. 1996 ass de Vulkan ënnert dem Gletscher erupéiert, an am Zäitraum vun Deeg huet séch ënnert dem Äis deen zweetgréissten Séi vun Island gebillt, mat 3.6km^3 Waasser. 42 Milliarden Liter Waasser.
An e puer Deeg méi spéit ass aus dem zweetgréissten Séi an Island deen zweetgréissten Floss op der Welt ginn – nom Amazonas. Mam Resultat dass alles freckt gemaach gouf. An d’Islänner verstinn dat, an verstinn, dass et kee Sënn huet, dogéint unzegoen, an amplaz domat liewen. Fir vum Gletscher erof si mir an de Sonnenënnergang gewandert. Wéi schéin.
Ab bei den Carlos, Pferde satteln, weiterreiten. Mir fueren op Þingvellir (Fffingvetlir oder Fffingvellir geschwat). Um Wee fir dohinn koumen mir bei engem KFC laascht, en éischten Glimpse vun Zivilisatioun. D’Sarah wor awer ugepisst, well weder bei KFC, nach an der Tankstell ënnert 30 Sandwichen een eenzegen vegetareschen dobäi wor. An Island kréien Vegetarier nach dat, wat se verdéngt hunn.
Mir hunn keng Campingplaz am däischteren fonnt, a sinn eng gutt Stonn duerch Þingvellir geiert. Bis mir eng fonnt haten. Et wor e bëssen spooky, rëm Lynch’esque. De Combel wor, wéi ech un der Rezeptioun getockt hunn, an viru mir den Typ mat der Trennscheiw stoung. Horrorfilm pur.
Um Wee bei eis Stellplaatz hunn ech mengen Aen net gegleewt. Iwwert mir wor den Himmel gréng. Meng éischt Aurora Borealis. Wow.

Geschriwwen den 26/09/2009 vum ThorbenKee Kommentar
Moies ëm 9 Auer. Ech gi wakreg. Ech sinn dréchen. Den éischten Triumph vum Dag. Dat kann ee vum Rescht vum Zelt net behaapten. Esou kennt et, dat während d’Sarah d’Moiesiessen mécht, ech d’Zelt – ënner Asaz vu menger Gesondheet – just als naass Fatz zesumme paken.

Déi Faarwen sinn echt!
Ëm 10 Auer si mir dann um Dill a Richtung Jókulsarlon, e Gletscherséi direkt um Mier. D’Faarwen ënnerwee kéinten méi speziell net sinn. Turquoise Waasser Wäiss a Blo Äisbierger, pechschwaarz Plage. An ech mengen net donkelgro, ech mengen Schwaarz wéi wann en Pëtrolstanker ënnergaang wier. Als grousst Kand muss ech natierlech op sou en Äisblock ropklammen, wat bal onméiglech wor, well en perfekt glat ass. Méi schwéier wor et awer fir erofzekommen. En behäerztenen Sprong schaaft hei Ofhëllef, och wann ech mech bal op d’Maul geklaakt hätt (sou Kraaftsproch op Pianocktail, tz…).
Wéider goung et dono laascht endlos Plagen (eng vun de längsten Plagen vun Europa) op der enger Säit, an dem Vatnajökull, dem gréissten Gletscher vun Europa, op der anerer Säit.
Mëttegiessen op enger Parkplaz, 100m virun eis d’blot Mier, 100m hannert eis eng Gletscherzong. Mir sinn esou cool.
Eist Etappenziil wor den Skaftafell Nationalpark, zu dem eben dee gréissten Gletscher vun Europa

Mëttegiessen tescht dem Gletscher an dem Mier
gehéiert. Wann een den Nordpol mol ignoréiert. No kuerzem Iwwerleeën hu mir eis décidéiert 16′000 Krounen, ronn 88 Euro, locker ze man fir dass e Biergguide eis géing mat rop op de Gletscher huelen. Mol gespaant. Nach en gemittlechen Owesspadséiergang duerch den Nationalpark, an dann gëtt sech bett- ähm zeltfäerdeg gemaach.
Geschriwwen den 23/09/2009 vum Thorben3 Kommentaren

Blubber
An rëm opstoen. Leider huet sech eisen Départ verzögert, well eise gudden rouden Wäin aus dem Tax-Free-Shop ausgelaf ass, d’Farm agesaut huet. Haut geet et ënnert den 65ten Breedegrad an den Osten vun Island. Teschenstopp zu Namafjall/Hvertir. Do ginn et Mudpools, “des flaques d’eau puantes” wéi d’Fransousen soten. Et sténkt wéi eng Sau, mä et ass zudéifst beandrockend wéi d’Äerd lieft. Jules Verne, ahoi!
An dann rem weider iwwert Schotterstroossen bei de Dettifoss, de gréissten Waasserfall an Europa. Do ginn all Sekonn 200m^3 Waasser erof. Oder 200′000 Liter. Dat mecht pro Daag 17′280′000′000 Liter.

Sou gesinn 200 Kubikmeter Waasser aus
Dat sinn 17.3 Milliarden Liter. Domat kann een den Drénkwaasserbedarf vun dësem Planéit decken. Kéint een.
Weider geet et iwwer Lavafelder, laascht Vulkaner an Äschen. Riicht Stroossen, esouwäit ee kucken kann. A kee Mënsch wäit a breet. Keen? Dach, een! Meet our friend Olaf! Um Stroossenrand stoung den Olaf an enger Jeep. “Sarah, kuck emol, déi Jeep huet en orangen Pare-Choque, mengt ee bal et wier Police oder Ambulanz. Do wäert lo bestëmmt deen eenzegen Flic aus ganz Nordostisland stoen. Haha.” – “Thorben, dat gesäit wierklech aus wéi Police.” – E kuerzen Bléck op mäin Tacho. 105km/h. Merde. Um Olaf laanschtgefuer. Abeemol taucht en am Réckspigel op, blo Luten. De Rescht kënnt dir Iech jo denken. Den Olaf wor ganz fein, huet mir mäin Vergoen erklärt, 104 amplatz 90km/h, mécht 30′000 Krounen – dat sinn ronn 166 Euro. Net schlecht fir 14km/h. E sot awer d’Islännesch Police hätt eng speziell Offer. Wann een direkt sur place bezillt, kritt een 25% Rabatt, dH ech hun mat menger Visakaart bezuelt, an koum mat 125€ dovunn.

Hindernisser op islänneschen Stroossen: Päerd
Nieft eis sinn Däller mat Mooss bewuess wou sech en turqoise-bloen Floss duerchschlängelt. Dann rëm weider iwwert e Muerk-Schotterwee vun Egilsstadir op Djupivogur. Niwwel + Schotter + S-Kéiren = Spannend Mëschung. Owes dann Campen, wou mer eng relax däitsch Koppel vu Kiel kennen geléiert hunn. Ëm 3 Auer ginn ech wakreg well et stiermt an eist Zelt wackelt. Vue dat Owes gutt Wierder war, hunn ech just 8 Piqueten ageschloen, déi wichtegst. Elo koum d’Rechnung. Keng Chance, ech hu missen raus. Well mir awer bewosst wor, dat ech herno klätschnaass wier, hunn ech alles bis op mäin Boxershort ausgedoen, a sinn quasi plakeg bei 4 Grad Celsius ëm eis d’Zelt gelaaf. D’Sarah wor wéineg beandrockt, hat wollt nemmen schlofen.
Pferde satteln, weiterreiten.
Geschriwwen den 20/09/2009 vum ThorbenKee Kommentar
(Dem Sarah seng Fotoen klauen mecht e schlecht Karma) No enger kaler mä roueger Nuecht zu Strykkisholmùr si mir ëm 7 Auer opgestan, mir hunn gutt 400km virun eis, an dat mat ca. 100km Schotterstroossen. Et ass nach ëmmer äiskal, mä dofir ginn et jo waarm Duschen. Blöd just, wann déi baussen sinn. Mee wat soll de Gäiz, et kënnt een net dru laascht. Ech man d’Dusch un, waarden bis se waarm ass, ginn dann an d’Toilettenhaischen (gehëtzt) mech ausdoen an lafen ënnert déi waarm Dusch. Ech hunn dat ganzt leider net bis zu Enn geduecht, well ech hat keng Ahnung, wéi ech hei je rëm sollt waarm erauskommen. No 20 Minutten ass mir agefall wéi: Guer net. Also duerch d’Keelt rëm zréck, quasi wéi no enger Sauna. Gutt wakreg si mir dann de Carlos nach tanke gefuer, an dann lass.
No gudden 10 Minutten hu mir de Carlos dann op déi éischt Schotterstrooss geschéckt. An déi sollt nach 80km daueren. De gudde Carlos wor bockeg an ass op der Strooss lénks a riets gerutscht, geschliddert an gefuer. Mir wor dat zwar net geheier, mä d’Sarah huet dem Carlos awer gewisen wien hei d’Box unhätt.

Evil sheep
Wéi mir vun der Schotterstrooss erof woren, si mir – well et esou schéin war – direkt nach eng Kéier op ronn 40km Schotter geschéckt ginn. Näischt ze man. Island ass Pampa. D’Däller déi een dobäi duerchquiert huet woren esou gréng, dass ee mengt, se wieren vun der “anerer Säit”. Do ass d’Gras jo bekanntlech ëmmer méi gréng. Um Wee wollt ech dem Sarah dann d’22-Minutten-Opus “Autobahn” vu Kraftwerk viirspillen. Obwuel hat beteuert huet, dass et Kraftwerk cool géing fannen, huet et sech onbeandrockt gewisen an 7 Minutten viru Schluss einfach gewiesselt. Banausen.
Och wéineg Freed mat mir hat e Schof. Nodeems ech et wollt fotograféieren, ass et ëmmer rëm fort gelaf. Ech sinn him nogaange, an hat et, ouni et ze mierken an en Eck gedrängt. Bis d’Schof op mech duergelaaf ass. De paneschen Saaz “Sarah, an den Auto, mir leeft en rosent Schof noo!” huet d’Sarah fir e Witz gehal.
Weider goung at mat kargen Bierger, déifen Schluchten, Picknick an Fotospausen. Flëss déi optimal fir Rafting sinn, Flëss déi flaach sinn. Um Enn vun dem Trip wor d’Stad Akureyri, déi zweetgréissten Stad an Island (mat 17′000 Awunner). Zu Akureyri gëtt et näischt, mä mir krute Gewëssheet: Egal wéi kleng en Duerf ass, et ginn einfach iwwerall an Island top cool Kleederbutteker.
Eng läscht 2 Stonnen sollten et awer nach sinn bis mir un de Séi Myvatn komm sinn. Um Wee dohinner koumen mir laascht de Godafoss, en wonnerschéinen, bloen, Waasserfall, right in the middle of nowhere. Eisen Rough Guide huet eis verroden, dat et do waarm Basengen géingen ginn. An wéi: Ee risegen Pool wor do, gespeist mat Waasser dat direkt aus der Mëtt vun der Äerd koum. Den Damp deen ronderëm aus de Fielsspalten koum gouf genotzt als Dampfbad. Eenzegen Hoken: Et sténkt no Schwiefel, nach méi wéi am Rescht vun Island. 
Mam Kapp ënner Waasser konnt een d’Gegrommels aus dem Bauch vun der Äerd héieren, dat wor net nëmmen beängschtegend, mä och beandrockend. Mir konnten am Sonnenënnergang schwammen, Waasser 38°C, Loft 4°C. Yippie. Geschlof hu mir op engem Bauerenhaff, wou och nach 4 Fransousen hiert Nuetslager opgeschloen hunn.
Geschriwwen den 18/09/2009 vum ThorbenKee Kommentar
D’Fotoen hei sinn quasi all vum Sarah. Wann der se kopéieren wëllt, kaaft Iech en Heel a gitt kappen, oder frot hat ganz léif.
3. September 21:30 Auer: Déi beschten Investitioun vum Dag ass e Puer Kopfhörer an en Splitter. Mir sëtzen also zesummen an dësem German Wings Fluch op Reykjavik. Laang geplangt, a vill Froen. Ech sinn ewell bei mengem zweeten Warsteiner, an der Hoffnung herno besser ze schlofen. Nodeems mir 10 Minutte laang dem Andy Bausch säin Troublemaker gekuckt hunn, hu mir op Musek gewiesselt. Den Smiths hiert prätentiéist an pathetescht How Soon Is Now sief hei luewenswäert erwähnt, grad esou wéi dem Trent Reznor säin Right where it belongs.
German Wings > Ryanair
Méi sympathesch, besseren Service an einfach just gutt. Firwat d’Sarah elo Justice’s We are your friends spillt ass mir schleierhaft. Schliisslech spillt et in memoriam fir den Hive Digitalism’s hiert Pogo, an fuerdert mech zu engem “Wat ass Haaptstad vun…” eraus. Ech schloe mech gutt, muss awer trotzdem bei Rumänien an Argentinien passen.
23:45 Am Fliger leeft de ganzen Zäit en Typ an enger décker Jackett erop an erof. Ob dat e schlecht Omen ass?

Eist Geschier, mat dem mir d'Nuecht duerch de Flughafen gewandert sinn
4. September, 4:50 Auer: Mir sinn elo säit 0:30 Auer um Fluchhafen. Fir 2 Stonnen konnten mir eis an en Eck leeën, bis d’Flughafenpersonal eis fortgeschéckt huet. Ëm 9 Auer kréien mir eisen Auto. Happy times. Iwwert e Fluchhafen Nuets kéint de Joël eng ganz Serie vu Folgen vun Angscht A Schrecken man. Komesch Gestalten, iwwerall. Ech si midd a froen mech, wéi ech mat 3 Stonne schlof soll Auto fueren. Wee weess. Elo liesen ech souguer e Buch.
7:07 Auer: Feststellungen – Islänner gesinn entweder aus wéi Elfen oder wéi Wikinger. An Island ass kal a sténkt. Ech kennen de Geroch, weess awer net méi wouhier.

Eisen treie Carlos, deen eis déi nächst 2100km wäert begleeden.
9:15 Auer: Mat e bëssen Eegeninitiativ krute mir eisen Chevrolet Avos dee mir schonn säit Deeg op de Numm Carlos gedeeft hunn. Vu Keflavik geet et dann op Reykjavik, wou mir akafen woren an un 3 Plazen no Gaskartuschen gesicht hunn, fir festzestellen, dat all Tankstell déi huet.
No e bëssen gemkuerks hu mir un d’Strooss fonnt, déi Richtung Norden geet. Kreativerweis hunn d’Islänner se “Einn” genannt, wat esouvill bedeit wéi “eent”. Laascht d’Westküst laascht krut een en Soupçon vu deem, wat d’Leit un Island fannen. Zerklüft Küsten an riesech Waasserfäll verschloen engem d’Sproch. Dierfer ginn et kaum, just Siedlungen mar 3-4 Haiser. An ëmmer enger Kierch. Wéi vill Sënn muss do geschéien, fir dat 3 Familljen eng Kierch brauchen? Da kréie mir déi éischt Gravel-Road virgesat, dat sinn onbefestegt Reschter vu Stroossen, déi een ouni 4×4 just lues ka fueren, an déi sech wéi am Wanter gefrueren Stroossen fueren. Dat erklärt och, firwat Islänner bal nëmmen mat der Jeep fueren. An zwar net eis Lëtzebuerger Kannerjeep, also Mercedes M, Land Rover, Range Rover, Q7, X5 oder RAV4, mee richteg Jeepen, sou wéi déi zum Beispill. Olé CO2. Schliisslech kommen mir zu Olafsvik un, dem gréissten Fëscherduerf an Island. D’Mier an d’Bierger sinn op dëser Plaz pechschwaarz. Ausser Vue gëtt et hei näischt. Well et schon spéiden Nomëtten ass, fueren mir direkt weider an de Norden, op Strykkishòlmur. Eng fein Campingplaz soll also eis éischt Schlofplaz sinn.

Strykkisholmùr - the place to be...NOT!
Strykkisholmùr ass e Lach. Di ellen Haiser an eidel Hütten hunn dem ganzen eng gruseleg Stëmmung ginn, och dat zerfaalent Spidol an eng eidel Kierch wou en einsamen Organist spillt, maachen dat net besser. Kuerzëm: Strykkisholmùr ass déi Plaz, wou den David Lynch an den Stanley Kubrick sech géingen zum konspirativen Dinner treffen, fir sech en neien Horrorfilm auszedenken.
Nuets ass et kal.
Geschriwwen den 16/09/2009 vum Thorben6 Kommentaren
Vum 3. September bis zum 11. September wor ech mam Sarah op en Roadtrip duerch Island. Firwat Island wees ech eigentlech net méi richteg. Déi Idee ass schon iwwert e Joer al. Ech schätzen mol, dass et deelweis dorunner läit, dat ech Skandinavien-Fan sinn, Süden an Hëtzt manner gären hunn wéi Norden an Reen, an Island supposéiert cool ass. Dobäi koum dann nach mäi Faible fir Björk an Bands wéi Sigur Rós, oder Múm, déi ech réicht vill méi spéid kennen geléiert hunn.
De Plang wor net d’Inseltour ze man, well eis dat an enger Woch absurd geschéngt huet. Wéi mer awer bis festgeluecht haten, wat mir wollten gesinn, hu mir missten agesinn, dat mir keng aner Chance hätten, wéi den Tour ze man.
D’Akteuren vun eisem Roadtrip
D’Sarah wor meng Matreesend. Mir kennen eis schon e puer Joer, an iergendwéi wor déi Idee mat Island mol nuets virum Flying opkomm. Dat een do net déi beschten Idee huet, weess ech, mä déi doen wor gutt. Hat studéiert Englesch an Geschicht zu Oxford (nee, net op där Uni!) an hat ass der Iwwerzeegung, Jack Wolfskin géingen islandresistent Kleeder maachen. Hat sollt Recht behalen.
Den Thorben dierft jo bekannt sinn. Als Computer-Junkie huet mir déi Woch ouni Computer richteg gutt gedoen. Vue dat ech nach ni an Island wor, wollt ech dat mol man. Mat mengem Faible fir Trekking-Kleeder an Trekkingmaterial am allgemengen wor ech fir eis Kichen an Schlofplaz zoustänneg. Ech sinn 3 Deeg virun der Rees a mäin Lieblingstrekkingbuttek “Viking Adventures” gefuer mam Ziel, mir alles ze kaafen, wat ech nach net hunn. Ech koum mat engem puer Strëmp rem raus.
De Carlos ass e Koup koreaneschen Schissi. De Carlos ass en Chevrolet (naja, eigentlech Daewoo) Aveo. Säi Numm krut en vum Virgängermodell, dem Chevrolet/Daewoo Kalos, mee Karlos huet besser geklongen. An opwuel en sollt 84PS hun, ass en awer biergop krepéiert. Mee mir hate keng Suen, an 280 Euro fir en Auto mat 2 Chauffeuren ass en top Präis.
De Rudi ass eng Nikon D50. Keng Ahnung firwat déi e Numm gebraucht huet.
Mr. Rough Guide ass eisen Guide gewiescht. Vue dat mir keng Ahnung vun Tuten a Blosen hunn, hu mir e Guide gebraucht. Ech schwieren op Guides aus dem Haus Lonely Planet, d’Sarah op Rough Guide. Rough Guide wor eng gudd Décisioun, och wann en e bessen Out-of-Date wor. Wat an Island awer egal ass, well et do jo näischt gett ausser Bierger a Waasserfäll. An déi wäerten nach e puer 1000 Joer do sinn.
Geschriwwen den 13/09/2009 vum Thorben2 Kommentaren
Fir déi, déi meng “Frënn” op Facebook sinn, ass et vläit schon nerveg ginn. Ech mengen, ech misst mäin Numm elo mat engem Thorn schreiwen, also Þorben amplaz Thorben. Ech hu mir erklären gelooss dat dierft een sou man, den Thorn géing den TH ersetzen. Ech wor an Island, eng Woch laang. An wat ech aus dem Land, wou Uertschaften sou heeschen wéi Metalbands oder Sängerinnen, wou méi bekannt Bands hierkommen wéi vun hei, obwuel se nëmmen hallef sou vill Awunner hunn wéi mir, an wou Schofskapp an verfaultenen Fësch eng Spezialitéit ass, ze beriichten hunn, gitt dir an den nächsten Deeg hei gewuer. Carlos Must Die heescht eng 8-Deeleg Mini-Serie op Pianocktail déi demnächst all Daag e Stéck aus ménger Reess wäert beschreiwen.
Stay tuned!