Bäitrag getagged ‘camille’

Summer Is Over

Geschriwwen den 1/09/2009 vum ThorbenEe Kommentar

summerisoverDe Summer ass eriwwer. Et ass den éischten September. Dobaussen ass et haut net schéin. Dat ass Fakt. Ech sinn elo gläich e Joer bei Pianocktail, mä dozou kommen ech eng aner Kéier. Am Summer wor et roueg hei, an dat obwuel mir jo well zu fënnef am Bond sinn, fir déi méi sporadesch Lieser; Lynn heescht eisen neien Stagiäre (de Spellchecker sot, dass dat sou geschriwwe gëtt). An dat kann nëmmen eppes heeschen: De Summer wor maträissend. Fir dat ganzt nach eng Kéier anzepaken, hunn ech en klengen Mix zesummegebaut fir mäi Summer ze resuméieren. Gitt net ze vill dra picken, et ass nëmme Musek. Et heescht: Summer Is Over

  1. Kevin Shields – Are You Awake
  2. Urbs – Ununited / Toujours le même film
  3. Moby – Shot in the back of your head
  4. Daft Punk – Harder Better Faster Stronge
  5. Belle And Sebastian – Nothing in the silence
  6. Camille – Mon petit vieux
  7. Arab Strap – The first big weekend
  8. Joy Division – She’s lost control
  9. Björk – Frosti
  10. Amy McDonald – Caledonia

An nee. Ech sin keen Amy McDonald Fan, mee e bessen schotteschen Kitsch dierf jo sinn. An d’Pianocktail Mixtape existéiert, mee ech haderen momentan mam Cover. Mee et ass do, et existéiert an et kënnt raus.

Hei kann een Summer is Over lauschtren
[audio:SummerIsOver.mp3]
Hei kann een Summer is Over roflueden.

EBM A-Z: Camille

Geschriwwen den 23/11/2007 vum Chris4 Kommentaren

EBM = ënnerbewertete Muséker. Wéi den Numm scho seet, ass dëst eng Serie, déi all Freideg op Pianocktail lafe wäert, an ee Muséker pro Buchstaw vum Alphabet virstellt. Dat hei ass déi drëtt Episode.

C Camille

D’Camille ass eng franséisch Musékerin, wat experimentell Musék mécht. Bekannt ginn, ass et duerch séng Kollaboratioun um Projet Nouvelle Vague, wou et eng vun de Sängerinne war. 2005 koum säin Duerchbroch mam Album “Le Fil” op deem sech eng Nout Si iwwer 35 Minuten duerch all d’Lidder zitt (dohir och den Numm vum Album). D’Camille setzt bei sénger Musék op d’Ausrockskraaft vu sénger Stëmm a benotzt Oversampling vu selwer produzéierte vokalen Téin als eenzegt Instrument niewt engem Kontrabass an engem Piano an.

Uspilltipp: La demeure d’un ciel 
Albumtipp: Le Fil

Linktipp: Offiziell Website; Le Sac des Fans – Fansite

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Musék Tags:,

Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags