Bäitrag getagged ‘caféen’

De Philo ass rëm op!

Geschriwwen den 12/09/2009 vum Jacques10 Kommentaren

Jo, et stëmmt. E bessi manner wéi 2 Joër nodeems datt déi grouss Legend Adelheid Pickar de Philo’ Soff zu Iechternach zougemaach huet ass e rem opgaang. Ech maachen et kuerz: Deen éischten Androck deet wéi, mee soubaal ee sech dru gewinnt huet, fënnt een eräus, datt et nach emmer dee schéinste Café wäit a breed ass. Villes ass aanescht ginn, a villes ass d’selwecht bliwwen.

(more…)

Déi traureg Geschicht vum Reiner an dem Flying Dutchman zu Befort

Geschriwwen den 12/09/2009 vum Thorben14 Kommentaren

Ech sténken. Mäin Gesiicht ass vun engem zéien Film aus Schweess an Tréinen glaséiert. Leschter sinn den Témoin dovunner, dass britesch an islännesch Fëmm- oder Antifëmmgesetzer mäi Kierper rëm verweechlechen, déi Zigarettendampresistenz déi ech mir iwwer Joeren erschafft hunn ass futsch. Ech sinn midd, an dat och, well ech säit e Mëttwoch net méi seriéis geschlof hunn. All dat sinn eendeiteg Indicen, fir dat, wat den Owend geschitt wor, an firwat meng Elteren sech arrangéieren fir dass Freides Owes en Auto doheem ass: De Fiss wor am Flying. An do kennt de Reiner an d’Spill.

flying

De Reiner ass Ufank 40, Hausmann, Top-Notch-Pompjee, Chemiker, Soziolog, Politolog an eng Legend. De Reiner stung déi lescht 20 Joer all Freiden hannert dem Comptoir vum Flying am selwechten Eck de Leit nozekucken. An dat, bis op eng oder zwou Ausnahmen am Joer, all Freiden. De Reiner ass zwar bestued, mä un dee Freiden geet kee réckelen. Viru kuerzem wor ech am Flying, an de Reiner wor net méi do. Mäi Papp, deen hien kennt, huet gefrot, op eppes geschitt wier. De Reiner sot, en hätt gemierkt, dass et no 20 Joer ëmmer dat selwecht wier. An en huet Recht. Et ass ëmmer dat selwecht. Mee dofir 20 Joer brauchen, ech weess net.

De Reiner geet net méi, ech ginn ëmmer nach. Obwuel ech och weess, dat et ëmmer dat selwecht ass, déi selwecht Leit, déi selwecht Musek, dee selwechten Battin an déi selwecht Spréch. Oder vläit grad dofir.

Well dat ass dat, wat ech esou um Flying schätzen. Et weess een, wat ee kritt, et weess een, wat een sech erwaarden kann, an déi Erwaardungen ginn erfëllt. Natierlech goufen et och schlecht Owenter am Flying, an méi wéi een. Mee se woren awer an der Ënnerzuel. An ech verschmähen Wiessel bestëmmt net, mä heiansdo ass et dach einfach genee dat, wat ee sicht: Et geet een iergendwou hin, an weess dat seng Erwaardungen erfëllt ginn. An ech fannen do och näischt falsch drun, well ech net do liewen, mee et every once in a while man. An et ass dach och wéi Heemkommen, oder McDonald’s, an e Stéck vu senger Identitéit, ouni dat ze iwwerdreiwen. An wann een dann Owenter huet, wou ee jidderee kennt, dann ass dat dach herrlech. Kee Grond doheem ze bleiwen.

D’Foto ass aus dem Flying, vu mir selwer gemaach, a mengetwegen CC-Fräi.

Ancien Cinéma

Geschriwwen den 24/05/2009 vum Jacques8 Kommentaren

Nodeems den Thorben en Artikel iwwert de Lucky’ s Luke zu Tréier geschriwwen huet, mengen ech och eng Kéier op den Ancien Cinéma zu Veianen hiweisen ze missen. Wéineg Leit, vill ze wéineg Leit kennen den Ancien Cinéma, deen ech awer géing als ee vun eise coolste Kinoen am Land bezeechnen.

Waat ass den Ancien Cinéma?

Den Ancien Cinéma ass eng Mëschung tëscht Café, Kino a Centre Culturel. Wa kee Film leeft, ass oft eng Ausstellung, Theater oder e Concert ugesot. Gefëmmt duerf do banne leider net ginn, allerdéngs hu se Battin a lecker Brownies, déi dat ganzt rëm wettmaachen.

Wat gëtt et do vu Film?

Ähnlech wéi d’ Cinémathéik weist den Ancien Cinéma al Filmer, vun deenen hei allerdéngs déi meescht si schonn am Domaine public sinn.  Wann ee schon ëmmer eng Kéier een Chaplin-Stommfilm an der original Cafésatmosphär wollt gesinn, ass den Ancien Cinéma d’ Plaatz fir hinzegoen. De Patron ass e feine Mann, deen och scho méi wéi eng Kéier mam Publikum sengem Averständnis een anere Film opgeluecht huet, wéi deen, deen um Programm stoung. E klenge Manko ass natierlech d’ Projektioun, bei där einfach eng DVD mat engem handelsübleche Beamer op eng Leinwand projezéiert gëtt. Mee et ass wéi gesot en Deel vun engem Café, an et gëtt keng Entrée bezuelt, also wehe dem, dee sech beklot!

Firwat soll ech lo mäin Aasch op Veiane beweegen?

Ma ganz einfach. Och wann den Ancien Cinéma an der lescht méi Ausstellungen a Concerten am Programm huet wéi Filmer, soll ee sech dat op kee Fall entgoe loossen. Et ass eng kulturell Institutioun bei eis am Land, déi net genuch gewierdegt gëtt. Et sinn einfach net genuch Leit do, a vill Leit fäerten ëm seng Existenz. Den 19. Juni wäert e lëtzebuerger Indie-Film-Owend sinn. Do hätte mer jo schonn eng Geleeënheet fir dohin ze goen.

Avis aux amateurs!

Lucky’s Luke

Geschriwwen den 19/05/2009 vum Thorben31 Kommentaren

Ech gin gär an de Kino. Dat soen vill Leit. A Wierklechkeet mengen se awer: ech gi gären am Kino e Film kucken. Ech mengen, wann ech soen, ech gi gären an de Kino béides. Ech weess net ob sech nach een kann dofir begeeschteren, mä säit ech an engem Kino schaffen (säit 2001), ginn ech gären a Kino’en, just fir an de Kino ze goen, an am beschten Fall dierf ech da mat an de Projektiounsraum.

Gëscht wor ech an Lucky’s Luke ob Tréier. Ech wor fir t’éischt virun 3 Joer an der Luke. Duermols wor d’Luke e klengen Café mat Disco a Kino. Vum Look-And-Feel wor et fir Leit, deenen et am Flying Dutchman ze schick ass, déi awer nach net prett woren fir ob d’Strooss. De Sall wor duermols einfach e Raum mat enger Leinwand an e puer Still, de Film huet 3 Euro kascht an am Film huet missen eng Paus gemaach gin, well de Projektor net genuch Plaatz haat fir Filmer iwwer 1,8km Längt. Et wor anecht wéi hei am Kino. Du bass während dem Film obgestan fir e neie Béier/Cola/Kaffi sichen ze goen, d’Leit haaten keng Hemmungen iwwert de Film ze schwätzen, et gouf gefëmmt. Ech fëmmen net, an mech stéiert et och, an eigentlech sin ech och géint schwätzen am Film. Mee aanerersäits hat d’Luke souwisou net sou e gudd Bild oder Sound, dofir wor et och net sou formell wéi en Utopolis (hun ech lo grad gesot den Utopolis wier formell?).

Dono sollt d’Luke fir 3 Méint emgebaut gin. Et goufen 3 Joer.

Gëschter wor ech dann den Frost/Nixon kucken an der “neien” Luke. De Café wor nach emmer genee sou wéi duermols. Mee do wou fréier de Filmsall wor, ass haut einfach eng grouss Bar. Niewendrun geet et an de Kino. De Sall huet 40 Plaatzen oofwiesselnd Eenzelsetzer an Duebelsetzer, extrem bequem, extrem flott gemaach. Et gesäit een dass de Podium mat de Sëtzer an alles ronderem selwer gemaach ass. D’Kalitéit vum Film wor nach emmer méttelméisseg, den Toun och. Mee dat wor egal. Et suutz ee bequem, mam Gedrénks am Grapp, a gefëmmt duerft och net méi gin. Dat gëtt deem ganzen engersäits säi formellen Charakter zrèck, ass awer soss okay.  Nom Film duerft ech mat an den Hannerraum, wou eng Zeiss Ikona, wahrscheinlech 50er Joeren aus den VEB Ernemann, hieren Dengscht verriicht. Et gesäit alles gebastelt aus an dat ass et och. Mat einfachsten Mëttelen gëtt hei Kino gemaach. Wonnerbar. Wee mol en aaneren Kino erliewen sollt, sollt d’Luke mol probéiren, si hun e flotten Programm.

Rives de Clausen

Geschriwwen den 17/01/2009 vum Thorben21 Kommentaren

Et ass zwar réicht Samsten, mee d’RTL Sonndeszeitung ass schon haut online. An ech hu mäin éischten Lieserbréif ageschéckt, mol kucken ob an wéini dien online kënnt. Wow, bei RTL.lu gëtt och Samstes geschafft. Mee mai Link ob Pianocktail hun se rausgeholl. Déi Penns :) (more…)

Discoboy

Geschriwwen den 13/04/2007 vum Chris5 Kommentaren

Ech war gëschter fir d’alleréischte Kéier a méngem jonke Liewen an eng lëtzebuergesch Disco (MukoMuko).
An et ass näicht fir mech, wat mech awer o net wierklech iwwerrascht huet. Egal, dat war gutt fir eng Kéier. Ech sinn eben e Provënzler, a bleiwen dat och ëmmer. (Ech mengen, et wier wahrscheinlech méi flott gewiescht, wann ech méng duerch provënzbedéngt uergt Saufpotenzial extrem resistent Organer méi gefuerdert hätt, a mech gehirlos weg geheit hätt. Mee 1. ech war Raoul an 2. 4,50 € fir e “Béier”.)

D’Haaptsaach ass: Ech hunn d’Mandy gesinn a wäsche mer lo nie méi méng Aen (hihi). Am Géigesaz zum Prollfede hat ech awer genug Ustand mer et just unzekucken an et net nach zu enger Foto ze néidegen. Naja, de Fede war jo och ganz brav am Fong, gedu.