Bäitrag getagged ‘bloc party’
Wéi 2005 Bloc Party “Silent Alarm” rausbruecht hunn, wousste vill Leit direkt, dass do eppes ganz grousses an hire Plackespiller loung – kuerz gesot, eppes neies, frësches, wëlles. Drums vum Matt Tong wéi bei Gang of Four, a Musek generell wéi se vun Postpunkgréissten wéi de virgenannten, oder och XTC, Joy Division an The Clash virkënnt.
Zwee Joer méi spéit koum mat “A Weekend in the City” en weideren erfollegräichen Album, wann dësen och net ganz déi héich Erwaardungen, déi opgrond vum Virgänger do waren erfëlle konnt. Trotzdem woer “The Prayer” en Hit genee sou wéi “Banquet” an “Helicopter” virdrun, währen “Kreuzberg”, “Uniform” an “I Still Remember” zum Beispill schon an eng nei Richtung gewisen hunn, déi Bloc Party géif agoen. Dëse Wiessel ass Enn 2007 da voll ageschloen mat der Single “Flux an där ongewinnten elektronesch Kläng den éischten Album vergiess gedon hunn a just nach d’Rhythmik an dem Kele Okereke seng Stëmm un d’fréier Wierker erënnert hunn. E Joer méi spéit si se mat “Intimacy” nach e Schrëtt méi wäit gaang, wann dësen Album och nach emol méi elektronesch war, sou huet en awer och rëm extrem perséinlech gewierkt. Bloc Party si sécherlech eng vun de villverspriechendsten a villsäitegste Bands vum Joerzengt, a verspriechen dat och an der Zukunft ze bleiwen.
Hei d’Lidder “Banquet”, “I Still Remember” a “Flux”:
(more…)
Endlech fannen ech e bëssen Zäit fir dass et viru geet. A muer kënnt wuel säit ganz laanger Zäit mol nees eng Filmkritik op de Pianocktail. Méi dozou: muer.
(more…)
Déi ganz Geschicht »
Aus der Kategorie: Lëschten, Musék
Tags:aerosmith, arcade fire, belle & sebastian, bloc party, dido, eminem, grandmaster flash, iggy pop, jimi hendrix, justice, kate bush, kettcar, kraftwerk, nouvelle vague, oasis, run dmc, ryan adams, simian mobile disco, simon & garfunkel, sonic youth, the beatles, the buzzcocks, the cure, the police, U2
… bis “A Weekend in the City” vu Bloc Party endlech do ass.
Ween nach net iwwerzeegt ass, fir säi Geld dofir auszeginn, deem roden ech un sech op Myspace iwwerzeegen ze goen, wou et e Pre-Listening vum ganzen Album get. (Leider feelt d’Lidd “Where is home?”)
Et kéint ee bal mengen, ech hätt net souvill ze zielen…
Mee op jidfer Fall fannt der hei Liveopnahmen vu Bloc Party-Songs, vu “Silent Alarm” an “A Weekend in the City”. Fir jiddereen, deen net bis néchste Freideg waarde wëll, bevir en den neien Album héiert, ass dat natierlech e Must.
Nach 11 Deeg, bis dass den neie Bloc Party-Album kënnt. Ech kann et kaum erwaarden.
Hei fannt der eng nei Cover-Versioun, an zwar vu “Blue Light” an enger Versioun mat klassescher Gitar a Piano.
A soss, wëll ech da mol den neiste Video vun de Jongen firstellen. D’Lidd heescht “I Still Remember” an handelt vun enger Bezéiung tëscht zwee Jongen. Kléngt léif.
Ech fannen et ëmmer interessant wa Leit wierklech Coverversioune man vu Lidder, déi och iergendwéi eppes neies sinn an net nëmmen do si fir Geld ze scheffelen. Iwwerhaapt huet e Cover just d’Existenzberechtegung, wann et d’Lidd nei interpretéiert an an eng aner Richtung féiert, déi awer valid ass. (Dat heescht zum Beispill “Wonderwall” vum Ryan Adams däerf sinn, alles vun Nouvelle Vague och, “American Pie” vum Madonna oder “Knocking on heaven’s door” vu Guns ‘n’ Roses net.)
Besonneg interessant get et dann wa wierklech Fans d’Musék vun hiren Idoler nei gestalten. Dat gouf et scho méi oder manner flott zum Beispill op der Fansäit vun Tocotronic ze bestaunen, mee d’Fans vu Bloc Party, enger jo sou schon immens kreativer Band, beweisen hierersäits hier Kreativitéit mat Blag Party. Zemols un d’Häerz leen ech iech “Banquet”, wat net nëmmen am Original hiert beschte Lidd ass, mee hei lo och dat interessanteste Cover huet.
Ufank Februar 2007 kënnt den neie Bloc Party Album “Weekend in the City” raus.
Déi éischte Single “The Prayer” kënnt der iech alt scho mol op hirer Myspace Säit ulauschtren. Se huet ménger Meenung no vill Pepp an ass danzbar, sou wéi och hir aner Hits bis elo, mee vläicht entgeet mer den déiwere Sënn momentan jo nach, mee erkennen dinn ech keen. An dobäi huet de Kele Okereke dach ugekënnegt den Album sollt sozial Mëssstänn behandelen. Bon, vläicht kommen ech nach drop.
http://www.blocparty.net/
http://www.myspace.com/blocparty