Bäitrag getagged ‘bicher’

The Thousand Autumns of Jacob de Zoet

Geschriwwen den 4/10/2010 vum ChrisKee Kommentar

Ech schreiwe jo eigentlech keng Bicherreviews. Engersäits, well ech ni, awer wierklech ni eppes liesen, wat grad eréischt rauskomm ass, anerersäits well ech et nach ni gemaach hunn, an och guer net kann. (Psst… ziel keen dat de Leit vum “Wort”, déi mech mol dofir bezuelt hunn.)

Mä wësst der wat, ech hunn virun enger Woch e Buch fäerdeg gelies, wat 2010 rauskomm ass, an zwar ass dat The Thousand Autumns of Jacob de Zoet vum David Mitchell. Dat, u sech, ass net erwienenswäert. Dass d’Buch wierklech extrem gutt ass, ëm sou méi. Och wann ech nach ni e Buch vum Murakami gelies hunn, dee jo bekanntlech den ultimativen Auteur fir Leit Ufanks 20 ass, hunn ech mech an de leschte Wochen a Méint un d’asiatesch Kulturen erugetraut. Salman Rushdie, Aravind Adiga, Hanif Kureishi an eben David Mitchell sinn do d’Leit, déi – wat d’Literature betrëfft – e groussen Afloss haten.

Wat mer bei The Thousand Autumns of Jacob de Zoet esou gefällt, ass, dass et eng eigentlech onbekannte Geschicht hëlt, déi wierklech geschitt ass – d’Bombardement vun Dejima, an den dorops folgende Suizid vum Magistrat vun Nagasaki, a seng eegen Narrativ dorëm kreéiert. Ouni z’iwwerdreiwen, muss ech soen, dass ech déi verschidde Wendungen, déi ëmmer rëm dran optauchen kaum komme gesinn hunn, an dass d’Buch doduerch ëmmer frësch bliwwen ass.

Egal wat, wat ech hei schreiwen. Vergiesst et alles, a liest d’Buch. De Mitchell ass méi eloquent, wéi ech et am Moment sinn.

PS: Iergendeen interesséiert un engem Artikel um Schluss vum Joer an deem ech all d’Bicher 2010 an Haikus kritiséieren? Wann net, maachen ech et trotzdem.

The Accidental Billionaires

Geschriwwen den 22/07/2010 vum Chris4 Kommentaren

Et war emol op Pianocktail eng Diskussioun an där hu mer gestridden. Déi Diskussioun huet mir keng Freed bereet an iech och net. Allerdéngs huet se mech zum Entschloss bruecht e Buch ze liesen. Dat Buch heescht The Accidental Billionaires (Amazon Link), ass vum Ben Mezrich, an ass d’Virlag fir de Film The Social Network vum David Fincher.

Vue dass ech säit e Sonndeg zu Glasgow sinn a gëschter bëssen Zäit hat, sinn ech mer an de Waterstone’s ëm puer Bicher siche gaang, ënnert anerem eben d’Geschicht iwwer d’Grënnung vu Facebook. A lo kënnt dat, wat iech alleguer interesséiert: nee, den Zuckerberg gëtt net glorifizéiert. E gëtt fair an oppen behandelt an et geet just ëm d’Businesssäit vun der Geschicht, also net ëm d’Moral vum Site selwer. A virun allem: jo, d’Geschicht ass sou, dass een e Film draus maache kann. Also eigentlech net just een, mä eben speziell de Mann deen aus Zodiac – enger net spannender Geschicht – ee vun de beschte Filmer vum Joerzéngt gemaach huet.

Scott Pilgrim

Geschriwwen den 15/03/2010 vum ChrisKee Kommentar

D’Geschicht, wéi ech op d’Scott Pilgrim Bicher gestouss sinn, ass séier gezielt. Als Fan vum Edgar Wright senge Filmer (Shaun of the Dead, Hot Fuzz) halen ech mech natierlech gär um Lafenden, wat hien als nächst geplangt huet. Dat war lo schon zënter längerem gewosst, dass et e Film mam Numm Scott Pilgrim vs. the World ass, an dass dësen op enger Serie vu graphic novels baséiere wäert.

Well ech ëmmer méi interesséiert un der Geschicht vun de Bicher gi sinn, well déi puer preview screenings vum Film enorm erfollegräich verlaf waren, hunn ech mer se da mol besuergt. An net méi aus der Hand geluecht. D’Bicher sinn extrem liicht ze liesen, mä awer voller Referenzen fir déi, déi duerno sichen. Als graphic novel modelléiert sech d’Serie als Action-Manga, hëlt dëse Genre awer grad sou op d’Schëpp wéi Videospiller, Popmusek a soss Popkultur. Kuerz gesot, d’Lecture war wéi e fiichten Dram fir mech – sou vill schéi Saachen, iwwert déi ee blogge kéint an deene puer Säiten.

De Scott Pilgrim verléift sech an d’Ramona J. Flowers, d’wuertwiertlecht Meedchen vu sengen Dreem. Fir mat him zesummen ze kommen, muss en sech awer als éischt beweisen an zwar an deem s en dem Ramona seng “seven evil ex-boyfriends” bekämpft an zerstéiert. Dat Ganzt gëtt mat sou vill Humor an Kreativitéit behandelt, dass et engem ni langweileg gëtt, och wann den Scott schon erëm muss an e Kampf goen, deen en natierlech gewënnt. Mä vue dass de Scott selwer och genuch Ballast mat sech ze schleefen huet, eng Exfrëndin, déi verréckt no him ass, eng Exfrëndin, déi säi Bandmember ass, an eng Exfrëndin, déi säin Häerz gebrach huet, ass d’Geschicht onendlech méi komplizéiert, wéi een et lo unhuele géif. An dach awer iergendwéi net.

Mam sechste Volume kënnt an dësem Summer de leschte Band raus, an deem all déi, momentan extrem vill, Froen geléist ginn – kuerz drop kënnt dem Ed Wright säi Film. Bis dohin leeën ech jidderengem un d’Häerz sech d’Bicher eng Kéier unzekucken. Et ass derwäert, well ech nämlech sou verréckt dono sinn, dass ech well e Scott Pilgrim Desktop-Hannergrond hunn. (Hey, keen huet gesot, Pianocktail wier keng Usammlung vu bematleedenswäerte Loser! An dem Lynn.)

Watchmen

Geschriwwen den 14/12/2009 vum JacquesEe Kommentar

Alt rëm eng Kritik vum Film (ech mengen ët ass mëttlerweil déi drëtt op Pianocktail). Ech sinn awer deen Éischte vun eis, deen de Comic ganz gelies huet, wann och wahrscheinlech dee Läschten, deen de Film gesinn huet. Also pardon fir d Verspéidung.

De Scénariste vum Comic ass den Alan Moore, Auteur vu géniale Graphic Novels (“League of Extraordinary Gentlemen”, “V for Vendetta”, “From Hell”), deem säi Wierk vun der Filmbranche praktësch ëmmer veronstalt, fir nët ze soë mësshandelt gouf. Seng Plots wéi och seng Charaktere si komplex an extrem, a bis elo goufen déi Elementer an de Verfilmunge vun de Comics ëmmer gedämpft, fir de Film engem méi grousse Publique zougänglech ze maachen. Daat schlëmmste Beispill dofir ass menger Meenung no “League of Extraordinary Gentlemen”, wou äus engem wierklech gudd krééierte Mythos e bëllege Film gemaach gouf, dee vu schlechte Spezialeffekter nëmme sou wimmelt, an dee mam Original näischt méi ze dinn huet.

Ech probéiere bei Literatur- a Comicverfilmungen ëmmer de Film als e Wierk fir sëch ze kucken. Daat fällt mer bei Verfilmunge vum Moore sengem Wierk allerdengs schwéier, well d Auteuren an d Régisseuren ëmmer e Material mat engem ongeheiere Potential virleien haten, daat praktësch nie genotzt gouf. “Watchmen” ass deen éischte Film, dee wierkech probéiert dem Alan Moore säi Wierk ze respektéieren. Daat fänkt schonn domat un, datt säin Numm nie a Verbindung mat der Produktioun vum Film gesaat gouf, an och nët an de Credits virkënnt, sou wéi hie sech daat wënscht. De Film suivéiert der Geschicht vum Comic am Detail, wéineg Dialoger goufe geännert, wéineg Szeene goufe gestrach. Op domat dem Film awer gehollef ass, léisst sech a Fro stellen.

De Film “Watchmen” erlaabt sëch nët genuch Fräiheete, wou Fräiheete gebräucht sinn, a verännert Détailer, déi besser nët hätte solle verännert ginn. Déi hartnäckeg Trei zum Comic brëngen dem Film soss näischt wéi onnéideg Längten, an d Verännerunge féieren zumindest zu iwwerdriwwenem Gore. De Comic ass zwar nët manner brutal wéi de Film, awer dofir vill méi elegant.

Deen iwwerdriwwene Gebräuch vu Spezialeffekter wéi “slow motion” gouf hei um Blog immens vill kritiséiert. Daat huet mech och genervt. Wann de Film virun “The Matrix” oder viru verschiddene säugudden asiatësche Martial Arts Filmer an de Kino komm wier, wieren déi Effekter nach innovativ gewiescht an hätte méi Faszinatioun äusgeléist. Hautzudaags hu mer där Effekter (Dank ënnert aanerem och der “Lord of the Rings”-Trilogie) zum Hals eräushänken. Se hunn einfach u Coolnëss verluer, a sinn einfach nëmmen nach Zeeche vun enger biederer, oninspiréierter Regie. Wann iergendeen dee Blog hei liest, deen e Kolleg zu Hollywood huet, gidd de Message w.e.g. weider!

Fir datt ech elo nët mëssverstaane ginn: Ech haale “Watchmen” fir déi bis elo beschte Moore Verfilmung, an ee ganz gudde Versuch der Virlaag gerecht ze ginn, mee trotzdem haalen ech et daat nët wierklech fir méiglech. De Moore huet mam Medium Comic méi gemaach, wéi kee virdrun, an säi Stil funktionnéiert op Pabeier einfach besser wéi am Film. Am Film geet soumat e groussen Deel vum Message an och vun der Intelligenz vun der Geschicht verluer. Mee ech weess nët, wéi een et hätt kéinte vill aanescht maachen. Den Alan Moore ass e gescheite Mann, wann hie sech vu Verfilmunge vu senge Wierker distanzéiert: Se kommen einfach nët un d Original erun.

Trotzdem wäert ech méi guddmiddeg mat der Bewertung si wéi meng Virgänger (d ass jo och gläich Chrëschtdaag):

Fir een deen de Comic nët kennt: ***1/2 / **** (Zwee Daumen héich!)
Fir een deen de Comic kennt: *** / **** (Een Daum, deen nët wierklech weess wou en hiwëll, a sech dann awer dofir entscheed, no uewen ze weisen)

Extremely loud and incredibly close

Geschriwwen den 3/10/2009 vum Lynn13 Kommentaren

Et as endlech rem Hierscht. Do kann een et sech rem erlaaben sech mat engem Téi op d’Couche ze tesselen an einfach nemmen ee Buch ze liesen ouni ee schlecht Gewessen ze kreien well dobaussen sou gudd Wieder as.

Besonneg gear liesen ech dann mol rem eng Keier ee Buch dat ech scho baal auswenneg kennen well et main Lieblingsroman as. Schon oft gelies (a mettlerweil besetzen ech et drai mol) hun ech et schon oft recommandéiert mee well mer jo ni ee nolauschtert erzielen ech iech lo mol dovun.

Dobai handelt et sech em ‘Extremely loud and incredibly close’ vum Jonathan Safran Foer. De Foer as een amerikaneschen Autor, bekannt gi mat sengem éischten Roman ‘Everything is illuminated’ (2002) deen och mam Elijah Wood verfilmt gouf. Dese Roman as 2005 rauskomm. D’Buch bestecht schon alleng (an der Houghton Mifflin Ausgab) duerch sai géniale Cover. Bis een et opschléit a mierkt dass e vu bannen nach besser as.

D’Geschicht handelt vum Oskar. Heen huet ning Joer an as ee superintelligenten an léiwen Jong deen alles well wessen a rausfannen an di verréckst Saachen erfennt. Hien erzielt seng Geschicht, eng wonnerschéin, bewegend Geschicht, aus der éischter Persoun. Den Oskar wunnt zu New York an huet sai Papp den 11. September am World Trade Center verluer. Sai Papp huet em alles bedeit, a lo, mei wi ee Joer mi spéit huet en sai Verloscht nach nit verkraaft. Hien erzielt dem Lieser wei sai Papp war a weifill heen e vermesst. Enges Daags fennt den Oskar dann a sengem aalen Ukleedezemmer an enger Vaase ee Schlessel, a mat engem eenzegen Indiz zu wat dese Schlessel kéint geheieren mecht heen sech op d’Sich fier sengem Papp rem e besse mei noo ze sin. Parallel zum Oskar senger Geschicht erzielt de Roman nach d’Geschicht vun zwee Menschen di him op hier Aart a Weis noo sin. Di drai Komponenten si perfekt matenee verbonn an erklären wei alles sou komm as wei et as.

Wat d’ Buch nach mei besonneg mecht sin d’Biller an d’Fotoen tescht dem Text. Si illustréieren wat d’Personnagen erliewen a wat hinne wichteg as a brengt si dem Lieser nach vill mei noo. Am Text gi Saachen ugestrach, et get domat gespillt. Di Aart a Weis wei den Oskar seng Geschicht erzielt as sou extra. Et mierkt een natiirlech dass heen eigentlech nach ee klenge Jong as deen traureg iwwer sai Verloscht as mee aanersaits as en sou intelligent a clever wi een et nit onbedingt vun engem Ningjähregen erwaart. Et kann ee nit aanescht wei hee gear ze hun.

tumblr_kq9lgoGu8Z1qzb7gjo1_500

“In bed that night I invented a special drain that would be underneath every pillow in New York, and would connect to the reservoir. Whenever people cried themselves to sleep, the tears would all go to the same place, and in the morning the weatherman could report if the level of the Reservoir of Tears had gone up or down, and you could know if New York was in heavy boots. And when something really terrible happened – like a nuclear bomb, or at least a biological weapons attack – an extremely loud siren would go off, telling everyone to get to Central Park to put sandbags around the reservoir. 

Anyway.”

Et as wierklech ee wonnerschéint Buch, perfekt fier reenereg Hierschtdeeg.


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags