Dem Chris säi WM-Tagebuch, oder: firwat Italien guer net gewanne konnt.
Italien – Peru 1:1
Italien – Argentinien 1:1
Italien – Mexiko 1:1
Italien – Chile 2:2
Italien – Mexiko 1:1
Italien – USA 1:1
Italien – Paraguay 1:1
Dir frot iech vläicht, wat wëll déi wilkürlech ausgewielten Rei vu Fussball-Resultater hei virun dem Artikel? Gutt Fro. D’Äntwert ass awer och genee sou séier parat. Et sinn d’Resultater vun italienesche Virronnematcher géint amerikanesch Ekippen zënter 1982. Wéi der gesitt, hu se (bis op 1990 am eegene Land géint d’USA) ëmmer gläicht gespillt. En anert Resultat, wier also guer net dra gewiescht.
Dovun ofgesinn war Italien géint Paraguay de beschte Match, deen ech bis ewell bei der WM gesinn hunn. D’WM-Touristen ënnert iech wäerte lo just hir Vuvuzelas verschléckt hunn, wéi se dat gelies hunn, well ech net geschriwwen hunn, dass Däitschland géint Australien de beschte Match war. Mä fir mech ass e gudden – am Géigesaz zu engem kuckenswäerte – Match, een an deem béid Ekippen sech op engem ähnlech staarken Niveau befannen. Dat war bei Italien a Paraguay op jidfer Fall esou. D’Qualitéite vun den Teams ware méi wéi erkennbar, an dass et nach weidert Steigerungspotenzial bei allen 28 agesate Spiller gëtt, ass och villverspriechend.
Absolut näischt versprach hunn souwuel Japan a Kamerun. Während ech mech iwwer d’japanesch Victoire e bësse gefreet hunn, well déi manner katastrophal Ekipp gewonn huet, froen ech mech wat der Däiwel sech d’Traineren vu béiden Ekippen bei deenen Opstellungen geduecht hunn. Et ass mer einfach onerkläerlech, mä erkläre muss mer wuel och kee méi et, well déi zwee Länner lo wuel nach je 6 Punkten un Holland an Dänemark ginn, an dann dierfen se et a Brasilien rëm probéieren.
Zum Match Holland géint Dänemark bleift net vill ze soen, ausser, dass wuel den Eljero Elia nächste Kéier vun Ufank u spillt. D’hollännescht Spill war laang zerfuer an ass wierklech réischt passabel ginn, wéi d’Dänen hinnen den 1:0 geschenkt hunn. Mä an engem éischte Match muss een och wierklech nach net brilléieren.
No menger Rage op de Bela Rethy an der KMH-Affär hunn ech haut, no deem ech et nach emol bei ARD an RTL probéiert hunn, decidéiert d’Matcher um Belsch ze kucken. Dat war eng gutt Entscheedung, well se do wierklech einfach net sou domm hir sabbelen.
Held vum Dag: Daniele de Rossi, Italien
Beschte Spiller vum Dag: Eljero Elia, Holland
Schlechteste Spiller vum Dag: Benoit Assou-Ekotto, Kamerun
Weblink vum Dag: Schwarze und Weisse op 11Freunde.de

