Anscheinend ginn déi Saache jo souguer vu munche Leit gelies, also denken ech mer, dass lo wou d’Wieder sou gutt ass de richtege Moment ass sech virun de Computer ze sëtzen a weider drun ze schaffen, gell?
Nom Broch komme se.
(more…)
Ech sollt léiren. Mee wat man ech? Ech stellen en Archiv vun all méngen Alben (kaf a gebrannt) zesummen. Mat Bewertungen.
DAT ASS KRANK.
Dofir get de 15. Mee mäi PC weggespaart, fir dass ech net a Versuchung kommen, mech vum Léiren oflenken ze lossen (well och wann den Thorben, mer dat lo net gleeft: et ass guer net mol sou mann!).
Mee dofir wees ech awer lo folgendes:
- Ech besëtzen anscheinend iwwer 180 Alben (kaf oder gebrannt). Livealben, Best Ofs, OSTs net matgezielt. Dat hätt ech net geduecht, well ech ëmmer der Meenung war, net souvill Musék ze hunn.
- Méng fënnef Lieblingsalben (Bewertung 10/10) sinn Blur – 13; Coldplay – A Rush Of Blood The Head; My Bloody Valentine – Loveless; Oasis – [What's The Story] Morning Glory?; The Velvet Underground – The Velvet Underground.
- Déi fënnef schlechtsten sinn: Maroon 5 – Songs about Jane; Nelly – Country Grammar; The Calling – Camino Palmero; Silbermond – Verschwende deine Zeit; Royce Da 5’9” – Rock City.
- Vun den 12 Beck-Alben ass “Odelay” de beschten. Duerchschnëttlech ass en Album vum Beck sou gutt wéi zum Beispill “Winning Days” vun The Vines, oder “Menteur” vum Cali.
- Ech neigen dozou Leit aus Matleed besser wegkommen ze lossen, wéi se et verdéngt hunn. Dat wousst ech awer och schon éischter.