Bäitrag getagged ‘awards’

Oscar Liveblog 2010

Geschriwwen den 7/03/2010 vum Chris39 Kommentaren

19:27 Et geet lass. First things first:
Wiem ech d’Präisser wënschen:
Beschte Film – A Serious Man
Bescht Regie – Kathryn Bigelow
Beschte Schauspiller – Colin Firth
Bescht Schauspillerin – Gabourey Sidibe
Beschten Niewenduersteller – Christoph Waltz
Bescht Niewenduerstellerin – Vera Farmiga
Bescht originalt Dréibuch – A Serious Man
Bescht adaptéiert Dréibuch – In the Loop
Beschten auslännesche Film – Un prophète
Beschten animéierte Film – Fantastic Mr. Fox
Beschten Documentaire – The Cove
Beschte Schnëtt – The Hurt Locker
Beschte Kamera – The Hurt Locker
Bescht Art Direction – Avatar
Beschte Kostümdesign – Bright Star
Beschte Makeup – District 9
Beschte Filmmusek – Up
Bescht Lidd – “The Weary Kind” aus Crazy Heart
Sound Editing – The Hurt Locker
Sound Mixing – The Hurt Locker
Visuell Effekter – Avatar
Bei de Kuerzfilmer hunn ech ausser Wallace and Gromit: A Matter of Loaf and Death kee gesinn, an enthale mech dofir.

(more…)

Pianocktail.lu Oscar Pool

Geschriwwen den 3/02/2010 vum Chris5 Kommentaren

De Joël huet mech gefrot gehat fir eng Oscar Pool opzestellen fir eis Lieser vu Pianocktail, an domat huet en eigentlech fir déi Nofro gesuergt op déi ech säit Joeren scho waarden fir endlech sou eppes ze bréngen. Wéi dir wësst sinn haut d’Nominéierunge bekannt ginn, an domat ass lo och d’Course op fir bei Pianocktail beim Tippspill mat ze maachen.

Gitt op AwardsPicks, registréiert iech, an sicht no der “Pianocktail.lu Oscar Pool” , trëtt hir bäi a gitt är Pronosticen of, déi der natierlech all Moment bis zum Dag vun den Oscars verännere kënnt.

A fir et alles e bëssen ze wierzen, gewënnt deen deen déi meeschte Punkten erreecht eng DVD vun engem fir de beschte Film nominéierte Film, déi en sech selwer raussichen dierf. Dir musst just eben matmaachen. Fir e méigleche Gläichstand ze léisen, gitt schéckt mer eng E-Mail op chris ät pianocktail punkt lu mat ärem Tipp fir d’Persoun déi am schéinste wäert ugedoen sinn um Owend vun den Oscars. Do bestëmmen ech natierlech dee Moment wiem déi Éier zou ze spriechen ass. Bonne chance.

De Chris traut sech an mécht Oscar-Pronosticen.

Geschriwwen den 1/02/2010 vum Chris8 Kommentaren

Muer ass et souwäit, den Dag op deen all Oscar-Enthusiast méi waart, wéi op den Dag vun den Oscars selwer. D’Nominéirungen gi muer de Moien um 5.30 lokaler Zäit zu Los Angeles vum AMPAS President Tom Sherak an dem Anne Hathaway annoncéiert. A well ech d’lescht Joer net wollt beim Prognostizéierspill matmaachen, muss ech mech dëst Joer wuel oder iwwel zréck kafen. An dofir hei meng onqualifizéiert Tipps, wou garantéiert all eenzelne Wackelkandidat falsch ass.

Best Picture
Avatar
Crazy Heart
District 9
An Education
The Hurt Locker
Inglourious Basterds
Precious
A Serious Man
Up
Up in the Air

Aacht Stéck schénge sécher. D’Wackelkandidaten hei si wuel Crazy Heart an A Serious Man, bei Up sinn ech mer well awer zimlech sécher, dass en et packt. Ech weess ech si mëll, dass ech Invictus net dra setzen, mä se sinn wierklech net sou verréckt nom Clint Eastwood wéi ech ëmmer behaapten. Okay, dach, sinn se. Mä loosst mer et. Eigentlech denken ech jo och, dass Star Trek eng gutt Chance huet, mä dräi Science Fiction Filmer schénge mer awer ze vill. Een ass meeschtens schon ze vill. (500) Days of Summer ass wuel wierklech just eng Illusioun, déi ech mer selwer maachen, während Julie & Julia sécher och eng Méiglechkeet si kéint. Et war méi einfach mat 5. An et sinn awer net méi wéi 4 Filmer, déi herno iwwerhaapt nach d’Chance hunn ze gewannen.

(more…)

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Film Tags:,

Independent Spirit Awards

Geschriwwen den 1/12/2009 vum ChrisKee Kommentar

An domat geet et lass. Eng nei Saison Oscar-Diskussiounen op Pianocktail, pünktlech um 1. Dezember. Als éischt eeschtzehuelend Organisatioun hunn d’amerikanesch Independent Spirit Awards hir Nominéierungen fir hir Präisser déi traditionell den Dag virun den Oscars an engem Zelt iwwerreescht ginn, bekannt ginn. Villes wat een erwaarde konnt, mä och ëm puer klenger Iwwerraschungen. Sou zum Beispill feelt A Serious Man an de Kategorien “Beschte Film” an “Beschte Schauspiller”, während an dëser den Hal Holbrook fir That Evening Sun och net optaucht.

Munchereen wäert The Hurt Locker vermëssen, mä dem Film säi Star, den Jeremy Renner war komescherweis d’lescht Joer schon nominéiert, obwuel en nach néierens äusserhalb vu Festivals gelaf war. Anyway, long story short, Precious an The Last Station kruten déi meescht Nominéirungen an ech froe mech ob den Independent Spirit-Fluch Precious ka schueden. Vun de meeschte Leit als de Favorit op den Oscar fir de “Beschte Film” gesinn kéint eng Victoire hei entweder bedeiten, dass de Fluch, dass kee Film bei béide Präisiwwerreeschungen gewënnt, gebrach gëtt oder et kéint effektiv bedeiten, dass en anere Film d’Iwwerhand behält.

Meng léifsten Nominéirungen? Déi dräi Erwienungen vun (500) Days of Summer, Un prophète fir den auslännesche Film. Op Incontention.com fannt der déi ganz Lëscht.

Oscars Liveblog 2009

Geschriwwen den 23/02/2009 vum Chris18 Kommentaren

00:52 Red Carpet Show. D’Joffer op Sky schwätzt nëmme Brach. Den David Frost war fuerchtbar cool. Lo just huet eent gesot d’Angelina Jolie sollt gewannen – I don’t think so.

00:53 Schéine gudden Owend awer nach, d’Marisa Tomei gesäit … hach … aus.

00:56 “A Hi to anyone who’s mad enough to stay up and watch this!” D’Kate Winslet huet mir gewénkt!!

00:58 Am Internet kurséiert d’Gerücht, dass Waltz with Bashir géint de japanesche Film Departures den Oscar verléire kéint. Ech gleewen drun, dass Waltz gewënnt, mee vu dass ech ëmmer enttäuscht ginn, wier ech o net iwwerascht. Ech soe just Gomorra.

Frost/Nixon
YouTube Preview Image

01:07 Ech hu grad gelies, dass bis halwer all d’Teléssender mussen vum Red Carpet wegschalten. Dat ass okay, ech hu grad d’Natalie Portman an engem wonnerschéine rosa Rack gesinn. Dat geet mir duer.

01:12 D’Kate Winslet dréit en Yves Saint-Laurent Rack, falls et iergendeen interesséiert. Ah jo.

Milk
YouTube Preview Image

01:15 Ech froe mech grad firwat d’Heidi Klum bei d’Oscars dierf, an ech net. D’Liewen ass net fair. Wat huet d’Heidi Klum do verluer? D’Miley Cyrus hält jo och keng Ried bei der TED Konferenz.

01:21 Oh Merde, déi wäerten haut jo na ophalen iwwer d’Kleeder ze schwätzen. Ech gi mer eppes ze drénke sichen.

01:22 En Zesummeschnëtt iwwer britesch Oscargewënner, a wéiee Lidd leeft am Hannergrond? Natierlech “Viva la Vida” vu Coldplay. Dat Lidd a “Gobbledigook” sollte fir sou eppes verbuede ginn.

The Curious Case of Benjamin Button
YouTube Preview Image

01:32 An et geet lass! Wëllkomm zu den 81. Academy Awards! Vill Gléck Hugh Jackman, dass de dat gutt hikriss.

01:39 Coolsten Optakt ever! Standing Ovations.

01:44 Eng Montage iwwer Supporting Actresses. Meh. Dat ass e riesegeN Downer nom Jackman sengem Danz a Gesang, deen absolut brilliant war.

01:46 Oscar fir d’Niewenduerstellerin. Fënnef Presentatricen, déi mol de Präis gewonn hunn. Go Penélope.

01:49 Féck, wann se sou viru fueren, geet déi Show bis an d’Onendlechkeet weider. 20 Minuten a nach näicht iwwereescht. Déi fënnef Dammen schwätze jo ganz schéin, mee et hält net op.

01:50 The Oscar goes to… Penélope Cruz. Hatt seet dem Pedro Almodóvar merci. Sweet. :)

01:54 D’Screenplay Awards komme lo. Tina Fey a Steve Martin. “It has been said that to write means to live forever.” – “The man who said that is dead.”

01:58 Den Oscar fir Original Screenplay geet un Milk. Den Dustin Lance Black mat enger schéiner Prop 8 Kritik. Genial Ried.

02:01 Adapted Screenplay. Alles anescht wéi de Simon Beaufoy wier eng rieseg Iwweraschung.

02:03 Voilà. Slumdog Millionaire gewënnt alt rem e Präis. Ech son lo mol, dass et ee vun 7-9 den Owend ass.

02:05 D’Jennifer Aniston an den Jack Black presentéiren beschten animéierte Film.

02:08 Eng Montage iwwer animéierte Film a Waltz with Bashir kënnt net dra vir. Niewebäi ass et komesch, dass den Jack Black presentéiert, vu dass heen d’Haaptroll a Kung Fu Panda geschwat huet.

02:09 Wall-E huet gewonn. Let’s move on.

02:11 Animéierte Kuerzfilm. La maison en petits cubes. Ah tient. E Japaner huet de Film gema a säin Englesch ass net gutt.

Slumdog Millionaire
YouTube Preview Image

02:14 Okay, eng kuerz Paus, da kann ech jo mol soen, dass den Hugh Jackman immens ass bis well, d’Bühn gefällt mer ganz gutt an d’Präisser ware bis ewell wéi z’erwaarden.

02:16 Art Direction. Go Ben Button! D’Carrie Breadshaw (wéi heescht et scho méi?) an den James Bond iwwereeschen de Präis. D’Bühneshow ass sou cool.

02:18 Yes, yes, yes. Ben Button gewënnt de Präis an huet e wierklech, wierklech verdéngt.

02:19 Baussen gi grad Leit grölend laanscht. Se feiere wuel Ben Button. Lo kënnt Costume Design.

02:21 The Duchess gewënnt de Präis fir d’drëtte Kéier an de läschten dräi Joer. (Marie Antoinette an de Film, deen net genannt gëtt si jo wuel den nämlechte Film wéi desen.)

02:24 A sou séier geet et. Ben Button huet schon den Oscar fir Makeup gewonn. Yes.

02:25 Uuuuuh, déi zwee aus Twilight. *gaaaaaps*

02:26 Eng Montage iwwer Romance 2008. Rot mol wéieng Musék spillt! Genee: Coldplay. “Lovers in Japan”.

The Reader
YouTube Preview Image

02:30 Forgetting Sarah Marshall an Nick and Norah’s Infinite Playlist gehéiren zu de Romanze vum Joer a kommen an enger Montage bei den Oscars vir. Interessant.

02:32 Best Cinematography. Ben Stiller an Natalie Portman (hach). De Stiller mecht den Joaquin Phoenix no. Cool.

02:35 An d’Slumdog Wackelkamera gewënnt. Wéi Children of Men nominéiert war hu se nach d’Schéinheet vum Bild an net d’Innovatioun gewielt. Lo ass et anescht, an eigentlech net wierklech verdéngt. Schued. De Wally Pfister hätt et verdéngt gehat.

02:40 D’Jessica Biel schwätzt iwwer d’Sci-Tech Awards. Hatt ass ontalentéiert, mee schéin. Dofir duerft et déi iwwereeschen. Mee déi Idiote vu Sky weisen se net mol. Respektlos.

02:46 Ech verstinn dat lo grad net. Ech mengen, et ass dem Judd Apatow seng Comedy-Montage. Mee et ass komesch. Schlechten Empfang kënnt na dobäi.

02:47 Den James Franco, Seth Rogen an Janusz Kaminski iwwereeschen den Oscar fir beschte Kuerzfilm an et ass Spielzeugland.

02:49 De Regisseur vum Film ass aus Ostdäitschland an huet eng Glatz. Aha.

02:53 Empfang ass lo richteg fuerchtbar. An den Hugh Jackman sengt an danzt rem. Sou wéi ech et gäer hunn. Just dat Beyoncé do op der Bühn misst net sinn.

02:56 An d’High School Musical Kanner sinn och well do. Gott bewahr.

02:59 Sou villes ass anescht. Herno wäert souguer d’Queen Latifah d’Original Song Kategorie net presentéiren. Dat ass jo awer well eng Institutioun zënter opmannst 1953. An op Sky TV schwätzen se rem nëmme Schäiss.

03:02 Ech menge lo kritt den Heath Ledger säi Präis. Christoper Walken, Kevin Kline, Cuba Gooding Jr, Alan Arkin an Joel Gray iwwereeschen. Gëtt och Zäit, dass mol rem e Präis iwwereescht gëtt. Ech wëll an d’Bett.

03:08 Lange Rede, kurzer Sinn. Den Heath Ledger huet den Oscar fir déi beschte Performance vum Joer gewonn. Säin Joker ass eng Roll fir d’Geschichtsbicher. Meng Aen si ganz éierlech liicht wässreg. Sou e wonnerbart Talent huet eis verlooss. Ech hoffen, dass et a sengem klenge Matilda weiderlieft.

03:12 Beschten Documentaire. Déi Musék am hannergrond ass fuerchtbar schéin. Doduerch gi meng Tréinen net zréck. Man on Wire… boah, all Kéier s wann ech de Petit um Seel gesinn kënnt dat immenst Gefill rem rop. An de Werner Herzog ass dat Intelligentst wat et an der Filmwelt gëtt.

03:14 De Bill Maher presentéiert. Ech si sauer mat em, well en e Freideg net ganz fein iwwer d’Kate Winslet geschwat huet.

03:15 A gewonn huet Man on Wire. Kuckt en, Jongen a Meedercher! Dee Philippe Petit ass sou en arrogant coolen Typ.  A lo direkt Documentaire Kuerzfilm.

03:18 De Gewënner ass Smile Pinki. Muss deen dann iergendwou fannen. Ech wëll, dass méi Kuerzfilmer an de Kino kommen. Se sinn oft immens, a wann net, huet ee manner Zäit verluer, wéi wann een Changeling oder Defiance kuckt. Brrrrr.

03:21 Wann op Sky TV nach eng Kéier ee seet The Dark Knight wier dest Joer “slightly ignored” ginn, geheien ech mäi Macbook d’Fënster raus. 8 Nominéirungen, krëtjëft. “If Heath would have been nominated had he been among us, is to be debated.” Fuck off, a lies e Buch. Vu Film an Oscars, keng Anung.

03:23 Okay, de Stream ass hänke bliwwen. Panik setzt an.

03:25 An et geet rem. Eng Montage iwwer Actionfilmer. MTV Movie Awards oder Oscars? Ech wees et net méi.

03:26 Uh, uh, uh. De Will Smith.

03:27 Visual Effects. The Curious Case of Benjamin Button. Oh yeah, bescht Effekter aller Zäiten. Ech soe just. Fir déi, déi sech nach dovun iwwerzeege wëllen.

03:29 D’Soundkategorien si lo drun. The Dark Knight gewënnt Editing.

03:31 An d’Bild hänkt nees. Sound Mixing wier lo drun.

03:32 Slumdog Millionaire huet gewonn. Mir deet et haut nach wéi vun deem Kaméidi, deen am Film war. Ech verstinn net, wéi dee Film do konnt nominéiert ginn.

03:34 Beschte Schnëtt. Meng Lieblingskategorie nieft dem original Dréibuch.

03:35 Ech hu well op Auto-Complete emgeschalt, ëmmer wann ech Oscar Slumdog Millionaire aginn, schreift mäin neiste selwer geschriwwene WordPress Plugin direkt Slumdog Millionaire hannendrun. Dat mecht et fir mech wesentlech méi liicht.

03:39 Ech froe mech grad wéieng Kategorien nach ausstinn, vu dass Slumdog réicht véier gewonn huet. Regie, Film, wat nach?

03:40 Ze séier geschoss, lo fällt et mer nees an: d’Musékkategorien kommen nach, déi e gewënnt.

03:42 Den Jerry Lewis gewënnt den Humanitarian Award, deen ech bis haut net verstinn. A rot wéiee Lidd an sénger Montage leeft? Genee: “Viva la Vida”.

03:44 Et war awer léif vun hinnen, dass den Eddie Murphy de Präis iwwereeschen duerft. Hat en och mol en Oscar Slumdog Millionaire an der Hand.

03:48 D’Sky TV Leit si rem um sabbelen. Nëmme Schäiss. D’Beyoncé huet anscheinend just “Dreamgirls” gedréit bis well. Hey, wat ass mat “Austin Powers: Goldmember”?

03:51 Best Original Score. Dem Alexandre Desplat séng Aarbecht fir Button ass sou wonnerschéin. Genee sou Defiance vum James Newton Howard. Milk war immens. Wall-E bezaubernd. Slumdog Millionaire kléngt besser vum Orchester bei den Oscars wéi am Film.

03:53 A scho rem D’HSM Kanner. An d’Gréit huet den Alexandre Desplat “Alejandre” ausgeschwat. Domm Klont. Slumdog huet natierlech gewonn.

03:56 Best Original Song. D’M.I.A. trëtt net op. An den John Legend séngt “Down to Earth”.

03:58 Also ech menge mol, dass dat den John Legend war.

03:58 Firwat wees ech eigentlech wen den John Legend ass?

04:02 Oscar Slumdog Millionaire. Sensationell wéi deen Auto-complete funktionnéiert. An “Jai Ho”, dat schwächsten nominéiert Lidd huet gewonn. Den Dev Patel verbréngt séng Zäit iwwregens domadder de Mond net zouzekréien a bléckt permanent ronderem sech.

04:06 De Liam Neeson an d”Freida Pinto iwwereesche lo beschten auslännesche Film.

04:07 A wéi ganz um Ufank ugekënnegt huet Departures wierklech gewonn. Major fuck-up nennen ech dat do lo mol. Mee ech hunn de Film jo net gesinn. Dese Japaner ka grad sou wéineg Englesch wéi dee virdrun.

04:11 In Memoriam. An d’Queen Latifah séngt dozou.

04:15 Schéi gema, d’Kameraschwenks ware liicht hektesch. Mee wéi all Joer si rem vill grouss Leit vun eis gaang, déi bekannt Nimm, an déi, déi am Schied fir d’Schéinheet vum Film zoustänneg waren.

04:19 D’Reese Witherspoon iwwereescht geschwënn dem Danny Boyle den Oscar Slumdog Millionaire, deen dem David Fincher zousteet, ass wéi ëmmer witzeg, mee huet e Rack un, deen deen Numm net verdingt huet.

04.21 Oscar Slumdog Millionaire.

04.23 Séng Tigger Ried war immens. Déif a méngem Häerz fannen ech den Danny Boyle jo schon immens. Mee, David Fincher…

04:25 Bescht Schauspillerin. Ass et endlech um Kate? Oder gewënnt d’Meryl Streep säin drëtten? Oder iwwerascht d’Melissa Leo?

04:27 Sofia Loren, Shirley McLaine, Halle Berry, Nicole Kidman, Marion Cotillard presentéiren.

04:28 No beschte Schauspiller ginn ech iwwregens an d’Bett.

04:29 NOT.

04:32 KAAAAAAAATE! :)

04:36 Ried vum Owend. Subjektiv an objektiv. An et geet virun bei de beschte Schauspiller.

04:37 Robert de Niro, Ben Kingsley, Anthony Hopkins, Adrien Brody a Michael Douglas heeschen d’Presentateuren. Wat e Line-up.

04:43 Ech mengen deen Typ aus Twilight ass wierklech e Vampyr. An de Sean Penn gewënnt säin zweeten Oscar!

04:45 De Sean Penn ass witzeg an den Dustin Lance Black kräischt. Dat zweet ass net sou iwweraschend, dat éischt extrem. Wat ass dann hei lass?

04:53 An de Steven Spielberg iwwereescht Slumdog Millionaire lo hieren aachten Oscar. Keng Iwweraschung. Bis d’néchst Joer. Gutt Nuecht.

Baftas

Geschriwwen den 9/02/2009 vum NicKee Kommentar

Bis virun e puer Deeg stung op Times Online nach “Baftas more daring than Oscars” (oder sou ähnlech). Well ech dest Joer net wierklech an Oscar-Stemmung kommen kann hun ech alt ob d’Baftas gehofft.

Leider waren d’Entscheedungen awer net sou “daring”.

Schued, mais héi sin se, mat engem “Iwwerraschungs-rating”  vun 1 bis 10, woubai 1 fierauszesoen war, an 10 vollkommen onerward:

(more…)

Oscars 2009

Geschriwwen den 21/01/2009 vum Chris5 Kommentaren

Ech war lo just am gaang méng Pronosticen fir d’muereg Oscar Nominéirungen ze tippen, wéi ech decidéiert hunn, dest Joer keng ze verëffentlechen. Firwat? Well ech einfach net wees, fir ween ech mech decidéire soll an insgesamt mer mäi Gefill seet, dass den allgemenge Konsens am Internet herno awer (leider) richteg si wäert. Muer kommentéiren ech dann d’Nominéirungen, mee zu méi gesinn ech mech momentan net am Stand.

Mee et sief awer nach gesot, dass ech selwer fest dru gleewen, dass Wall-E fir de beschte Film nominéiert gëtt, an net The Dark Knight, wéi mech d’Internet gleewe losse wëll. Och wann et absolut onwoerscheinlech ass.

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Film Tags:,

Doc Oscar 2

Geschriwwen den 19/11/2007 vum Chris2 Kommentaren

Zu deene 7 Filmer, déi ech e Samsdeg ugekënnegt hunn, kommen da lo offiziell nach 8 dobäi. Hei sinn se:

Sou, dat wieren der da 15. Schro fannen ech, dass bei der Plot Synopsys zum läschte Film op IMDb dach net wierklech dobäi steet: “Warning. May contain spoilers!”

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Film Tags:,

Doc Oscar

Geschriwwen den 17/11/2007 vum Chris2 Kommentaren

Vu dass ech weess, dass vill Leit sech fir Dokumentarfilmer interesséiren, ginn ech iech mol d’Informatioun weider, dass d’AMPAS e Méindeg annoncéiert wéieng Filmer an d’Virausscheedung fir d’Oscars kommen. Déi sinn deementspriechen offiziell extrem kuckenswäert. Wat een dorober gi kann, weess ech als Net-Expert um Nonfictiongebitt net.

Hei déi Filmer iwwert déi gewousst ass, dass se op der Lëscht sti wäerten:

Erstaunlecherweis nëmme 4 vu 7 Filmer prangeren d’US-Regierung bis well un. Ech hat geduecht, dat wier hautesdags de Sënn vun all Documentaire. (Opgepasst: Sarkasmus.)
Normalerweis ginn ongeféier 15 Filmer an d’Virausscheedung geholl, also rechent domadder, dass sech dës Lëscht nach verduebelt. E Méindeg informéiren ech iech dann iwwert déi ganz Lëscht.

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Film Tags:,

Clipstar Analyse

Geschriwwen den 10/06/2007 vum Chris6 Kommentaren

Gëschter war Clipstar, de Kuerzfilmconcours, deen ech scho mol erwähnt hunn. Als éischt mol e grousst Luew un all déi, déi sech d’Méi gemaach hunn, eppes ze produzéiren. Hei eng kuerz Analyse vun deem wat ze gesi war.
Action/Drama

  • Mona: E Film a schwaarz/wäiss mam zentralen Thema Kannermëssbrauch. Alles an allem verstéirend a beklemmend, also genee dat, wat e wuel si sollt. Mee a méngen Aen huet e sou vu Bedeitung getrieft, dass et scho rem net méi ganz sou gutt war. D’Iddi war gutt, d’Thematik wichteg, mee d’Ausféirung war ze gezwongen. Et ass engem mam Hummer ageschloe ginn, wat sech d’Filmemaacher dobäi geduecht hunn. Méng Preferenz ass jo éischter alles, wat méi am Subtext matschwëmmt. Trotzdem huet de Film den éischte Präiss gewonn, mee ech hu jo och näicht ze soe gehat.
  • Solus: E Film vum Meris, an den eenzegen an der Kategorie, deen net schwaarz/wäiss war. Ech géif soen, et war an dëser Kategorie sécherlech de Film, deen de gréissten Ecart tëscht Input an Output hat (ech muss d’Eco rem aus dem Kapp kréien). D’Iddi, sprëch och d’Story war interessant an ass koherent gezielt ginn, mee natierlech huet hei e bëssen d’Qualitéit an der Ausféirung, verglach mat der Konkurrenz, gefeelt. Insgesamt hunn ech d’Aarbecht fir mech awer méi uspriechend fonnt, wéi den éischte Film, wann ech och soe muss, dass deen natierlech impecabel gedréiht war.
  • Déjeuner du matin: mäi perséinleche Favorit an deser Kategorie, well: éischtens hunn ech et eng schéin Iddi fonnt e Gedicht vum Jacques Brel z’adaptéiren, an zweetens ass mat ganz minimalem Opwand, an ouni grouss bombastesch, frappéirend Biller a Szen ze setzen eng sécherlech genee sou tragesch Thematik behandelt ginn, wéi a “Mona”: de Krich. De Schluss vum Film war virauszegesinn (mee dat war dee vu “Mona” och), mee trotzdem ass e mir perséinlech méi no gaang, well d’Symbios tëscht Biller, Musék, an der Handlung perfekt war, ouni grouss Wellen ze schloen.
  • Blanc: dëse Film war sécherlech o net schlecht, well en em puer speziell Iddien hat, an déi adäquat developpéiert huet. D’Iwwergäng tëscht Schachspill, wäisser Couche, Koks, wäissem Päerd an Dout waren dach iergendwéi interessant a verständlech. Ech hunn et awer witzeg fonnt, dass se dem Stanley Kubrick séng Lieblingsmusék fir de Film gewielt hunn, à propos Hybris a sou.

Dokumentatioun

  • Déi radikal Borschten mam roude Fändel: Doku iwwer d’Lëtzebuerger Revolutioun 1971 am Dikkrecher Lycée. Schéin Originalopnahmen, zesummen mat Zeienaussoen. Insgesamt witzeg a sympathesch, eng kuerz, an oft vergiessen Episod aus der Lëtzebuerger Geschicht, wierdeg verpackt, an dofir och de gerechte Gewënner.
  • La Boca Tango: E Film, gedréiht a La Boca, Buenos Aires, deen d’Ufäng vum Tango nozeechent an em puer Infos iwwert deen dach speziellen Danz get. Et wier déi beschten Doku gewiescht, hätten sech d’Danzszenen zum Schluss net minuttelaang widderholl.
  • Mon ami: Guy Bollendorff: e Film iwwert e Veiner Keramiker, léif gema, mee ouni grouss Aussoo. Trotzdem fannen ech alleng d’Iddi scho léif e Film iwwert e gudde Frënd ze dréihen.

Comedy/Sketcher

  • Blind Date: e Film vum fläissegen Olivier Koos. Zwar dee schwächste vu séngen dräi Bäitreeg, mee awer ganz amüsante Film iwwert e méi oder manner fatalen Iertum.
  • Something about Pizza: rem vum Olivier Koos, an de Gewënner vun der Kategorie. De Film war lëschteg, hat schéin Referenzen op Hitchcock, an “American Pie”, wann ech mech net ieren a war léif gedréiht. Wierklech recht witzeg, an wéinst der gudder Ausféirung och de verdéngte Gewënner.
  • Deem Engen säi Stierwe, deem Aneren säin Ierwen: de Film, gedréit vun 13-14jähregen hat eng fierchterlech Kameraféirung a Qualitéit, mee et war ganz sécherlech de witzegsten vun den dräi Filmer. Ech hu gutt dobäi gelaacht, a wann se hir Technik nach verbesseren, gewannen se d’néchst Joer (wann et de Concours nach emol get).

Minispots

  • La Naturaleza: de Film ass vu Frënn vu mer gedréiht an huet schéin Naturbiller agefaang, an déi zu “Don’t Panic” vu Coldplay lafe geloss. Mir gefällt en, well e propper geschafft ass, an d’Iwwergäng propper sinn an et och iergendwéi alles homogen an harmonesch wierkt.
  • Super Mario: zwou Minutte laang, de Super Mario aus de Spiller an echt nogespillt. Déi éischt hallef Minutt saukomesch, duerno manner komesch, well et sech dach widderholl huet. Dass de Film dës Kategorie gewonn huet, ass schued, well et souVideoen genuch op Youtube get.
  • Bikers Club: kuerze Film, kuerze Witz, kuerz gelaacht, fäerdeg.
  • Stop Motions: den drëtte Film vum Olivier Koos, dat bescht wat deen Owend gelaf ass, an dach just läschten an dëser Kategorie. Et muss e fierchterlechen Opwand gewiescht sinn, fir dëse Film ze maachen, dee wéi den Numm scho seet op der Stop Motion Technik baséiert. Genial gema.
Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Film Tags:,
Older Posts »