Bäitrag getagged ‘armando ianucci’

Filmer vum Joer 2009: Éierbar Erwienungen

Geschriwwen den 24/02/2010 vum Chris4 Kommentaren

Antichrist (Lars von Trier)
De Lars von Trier ass vläicht mëll, mä grad esou genial – an ech sinn em onendlech dankbar dofir, dass e mer d’Méiglechkeet gëtt de Begrëff tour de force ze benotzen. Well dat ass dësen Film, deen gläichzäiteg déi schéinsten an zerstéierendste Biller vum Joer liwwert.

(more…)

Lektiounen vum Malcolm Tucker

Geschriwwen den 13/12/2009 vum Thorben45 Kommentaren

Malcolm Tucker.
Tucker.
Tucker. Tucker. Tucker.

De Malcolm Tucker ass dem Premierminister vu Groussbritannien säin Press- an PR-Beroder an dem Premierminister säin Spin-Dokter am A. Ianucci senger brillianter Komédie “The Thick of It” an am Spin-Ofpeter-capaldi-thick-of-it-001f “In The Loop”. Déi meescht Lieser, och wann se Serien-Fans sinn, wäerten “The Thick of It” vläit net kennen, well d’Serie zimmlech UK-laaschteg ass, an vläit obgrond vun zevillen Insiderwitzer ausserhallef net esou gutt fonktionéiert. Graff gesot ass “The Thick of It” eng Versioun vun “The Office” déi an engem Ministère, dem DoSAC (Department of Social Affairs and Citizenship) spillt, wou inkompetent Ministeren an inkompetent Mataarbechter sech wéi kleng Kanner opféieren. Eben sou, wéi am richtege Liewen.

De Malcom ass Schott a kënnt dohier als eng modern Versioun vum William Wallace: En agressiven, mëttelaalen Mann, dee liicht gereizt gëtt, an deem säin Archiv un perfiden, brutalen an erniddregenden Beleidegungen esou onendlech schéngt, wéi d’Lëscht vu Saachen, déi mir allerguerten nach gären géingen bei Amazon kaafen. Dobäi sinn e Koup vu sengen Beleidegungen trotzdem ganz afallsräich, mat Momenter suguer geeschträich. Dat ass och net weider verwonnerlech, well, trotz aller Brutalitéit ass de Malcolm Tucker virun allem eppes: Genial an e Meeschter an deem, wat e mecht.

Wat kann een vum Malcolm Tucker léiren, deem brutalen Schott, dee jhiddereen haasst an dee keng Frënn huet, dofir awer d’Regierung esou gutt et geet zesummenhällt?

De Malcolm Tucker ass e Beispill dofir, wéi et vläit heiansdo einfach gerechtfäerdegt ass, puer Gewalt unzewennen, wann een weess, dass et dat Richtegt ass. Zwar huet den Tucker – the all-swearing eye – an deenen läschten Episoden Feeldécisiounen getraff. Mä trotzdem wor hien meeschtens dofir zoustänneg, fir d’Kaar aus dem Dreck ze zéihen, ze spinnen, wou et geet. An wou et hëlleft.

De Malcolm Tucker ass e Beispill dofir, wéi Testosteron an Andrenalin Aufgaben heiansdo besser bewältegen, wéi Rouh an Iwwerleeung. Well et Momenter ginn, an deenen Rouh an Iwwerleeung einfach falsch ass, an net ubruecht ass.

Dat ganzt gëtt emsou méi kloer, wann een dem Malcolm seng lénks Hand kuckt, den Jamie McDonald, och Schott. Hien ass soueppes wéi eng krass Versioun vum Tucker. Dat kann ee sech sou viirstellen, wéi wann et géing eng béis Versioun vum Voldemort géing ginn, oder eng nerveg Versioun vum Björk. Den Jamie McDonald ass einfach nemmen brutal an kaal, an weist dofir awer kaum en Zeechen vu Cleverness oder Iwwerleeung. An dat mécht en manner impressionant wéi den Malcolm.

An der 5ter Episod vun der drëtter Staffel huet de Malcolm en Nervenzesummenbroch an fänkt mat Momenter quasi u mat kräischen. D’Figur Tucker kritt doduerch en Twist, deen ee scho laang vermudd huet: Kee Mensch ka nëmmen béis sinn, an och en Malcolm Tucker huet seng Momenter wou et net geet.

De Malcolm Tucker ass en genialen Charakter an der soss och genialer Serie “The Thick Of It”. Et ass sécherlech an deenen wéinegsten Fäll sënnvoll, eng Firma, eng Grupp oder eng Natioun mat kaaler Brutalitéit ze féieren, mä heiansdo ass et wichteg, einfach mol duerchzegräifen. An einfach mol op den Desch ze klappen. An de Malcolm Tucker liwwert saucool Spréch fir dat ze man.

In the Loop

Geschriwwen den 24/04/2009 vum Chris3 Kommentaren

Ech zweiflen ganz staark drun, mä ech hoffen awer, dass dëse Film a Lëtzebuerg an de Kino kënnt. Eng absolut brillant Comédie mat eeschtem Hannergrond, eng Zort “The Office” op zwou (herrlech) Stonnen ausgebreet, déi bescht britesch Comédie op mannst zënter Hot Fuzz.

Fir jiddereen op der Insel: direkt kucke goen. Fir jiddereen um Festland: ech drécken d’Daumen, dass en et bis dohi packt.

Bewertung: ***1/2 / ****


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags