Bäitrag getagged ‘arctic monkeys’

Lidder vum Joer

Geschriwwen den 7/12/2009 vum Chris5 Kommentaren

wolfgang-amadeus-phoenix-album-coverAll Joer hunn ech eng bëssen anescht Aart a Weis fir meng léifste Lidder vum Joer virzestellen, an amplaz rëm eng Lëscht vu 50 Lidder ze presentéieren hunn ech mech dëst Joer dofir decidéiert déi am Endeffekt awer zimlech normal Zuel vun 20 Lidder rauszeschielen an déi hei an alphabetescher Reiefolleg ze feieren. Mol eppes anescht, he so?

Wéi all Joer hunn ech bestëmmt iergendeppes vergiess, ech sinn hei net esou genau wéi ech et bei Lëschten iwwer Filmer sinn, also maacht kee Kéipi wan äert Lieblingslidd net dobäi ass. Et ka sinn, dass ech einfach net dru geduecht hunn. An deem Fall dierft der et roueg an de Kommentaren erwienen. Oder et ass effektiv schäiss. An deem Fall kënnt der et fir iech behalen.

(more…)

#13 Arctic Monkeys

Geschriwwen den 4/12/2009 vum ChrisKee Kommentar

Wéi den 23. Januar 2006 Whatever People Say I Am, That’s What I’m Not an den CDs-Butteker stoung war ech mer net ze schued no der Schoul en Emtour ze maachen, fir mer déi laang erwaarten CD sichen ze goen. Doheem ukomm hunn ech déi puer Lidder, déi ech sch vu Myspace kannt hunn genee sou wéi déi mir bis dohin onbekannte Stécker einfach nëmme genoss. Ech wousst, dass hei eppes grousses ruwiisst. A sou ass et kaum iwweraschend, dass d’Arctic Monkeys haut dofir respektéiert ginn, dass se net nëmmen hir Instrumenter beherrschen wéi soss kaum eng Band, mä och dofir, dass se eng Intelligenz an hiren Texter hunn, déi et bei wéinegen anere Britpop Bands nach gëtt. (Ausser natierlech Maxïmo Park, mä dozou méi spéit.)

Witzegerweis hunn d’Arctic Monkeys, denen hiren éischten Album nach ëmmer den sech am séierste verkafenden Debütalbum vun enger Band a Groussbritannien ass, ee Joer méi spéit hiert fréit Meeschterwierk musikalesch nach emol toppe kënnen. Favourite Worst Nightmare war just ee Joer no sengem Virgänger schon de Beweis vun engem Reifeprozess fir deen vill Bands eng Éiwegkeet brauchen. An obwuel den Alex Turner, hire Sänger an Texter, deemols grad emol 21 Joer al war, huet en et awer fäerdeg bruecht ze kléngen, wéi wann e schon éiweg Joeren Liewenserfuerung hannert sech hätt.

Selwer duerft ech d’Arctic Monkeys 2006 um Pukkelpop erliewen. Et huet gereent, mä d’Band war fantastesch an hunn sou déi ganz Tristess vum Wieder weggeblosen. Hei hir Lidder “I Bet You Look Good on the Dancefloor” an “Fluorescent Adolescent”:

MTV “Europe” Music Awards

Geschriwwen den 3/11/2006 vum Chris7 Kommentaren

Gëschter waren, wéi all Joer rem d’MTV Europe Music Awards.
Wéi all Joer rem war och déi iwwerwältegend Zuel un europäeschen Nominéierten rem ee vun den Haaptgrënn, firwat ech naicht vun dem ganze Geschir halen. Insgesamt hunn et mat Muse, Keane, dem Robbie Williams an den Arctic Monkeys, sou wéi Justice vs. Simian tatsächlech 5 Europäer gepackt nominéiert ze ginn. E Prais krute souguer 2 vun hinnen (Muse fir Best Alternative an Justice vs. Simian fir de “Best Video”). Mecht 2 Präisser vun 12 méiglechen. E véirels vun den Nominéirungen huet zu engem Präis geleet. Dofir meng Schlussfolgerung: Kann et sinn, dass vill Europäer méi vun der europäescher Musék halen, wéi MTV hinnen zoutraut? Firwat sech net mol trauen an Placebo, déi ee vun de beschten Alben vum Joer produzéiert hunn, fir “Best Rock” nominéiren amplaz vun Evanescence, déi net mol en Album raushaten, wéi d’Nominéirungen bekannt gema goufen. Oder The Streets fir “Best HipHop” amplaz vum P.Diddy, dem Missy Elliott an dem Snoop, déi allen drai keen Album bis zu den Nominéirungen dest Joer zestan bruecht hunn. Et wier alt mol en Duerchbroch.

D’Highlight vum Owend huet dann wuel dach de Kanye West (dee, wann ee seng Konkurrenz kuckt mat Recht “Best HipHop” gewonn huet) geliwwert, deen opgrond vu senger Néierlag an der Kategorie “Best Video” géint de wonnerschéine Video vun Justice vs. Simian, op d’Bühn gesprong ass an d’Gewënner vernannt a beleidegt huet.

Tjo, heinsdo sinn d’Europäer einfach déi besser a richteg Gewënner.


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags