Bäitrag getagged ‘antichrist’
Antichrist (Lars von Trier)
De Lars von Trier ass vläicht mëll, mä grad esou genial – an ech sinn em onendlech dankbar dofir, dass e mer d’Méiglechkeet gëtt de Begrëff tour de force ze benotzen. Well dat ass dësen Film, deen gläichzäiteg déi schéinsten an zerstéierendste Biller vum Joer liwwert.
(more…)
Déi ganz Geschicht »
Aus der Kategorie: Featured, Film
Tags:a single man, antichrist, armando ianucci, colin firth, coraline, david yates, duplicity, harry potter, henry selick, in the loop, jason reitman, lars von trier, oran moverman, peter jackson, reuben fleischer, the lovely bones, the messenger, tom ford, tony gilroy, up in the air, zombieland
Filmpouster si sou eng Saach. Wat ass e gutt Pouster? Eent, wat eppes iwwert de Film ausseet? Eent, wat d’Leit an de Kino lackelt? Eent, wat fir sech artistesch wertvoll ass? Sécher, kann een op déi dräi Saache kloer mat “Jo” äntwerten.
Sou huet e Filmpouster fir “Beowulf” sécherlech keen artistesche Reiz, bréngt et awer fäerdeg Séancen ze fëllen. Et ass vläicht net gutt, mee effizient. Anerersäits kann en effizient Pouster och säugutt sinn, sou wéi d’knätschgielt Pouster zu méngem Film vum Joer 2006 “Little Miss Sunshine”.
Sou hunn ech virun zwee Joer an och d’lescht Joer mäin Artikel ugefaang, an ech wëll et wéi der gesitt dëst Joer nees sou man. Bei der schier onendlecher Zuel vu grausam ellene Filmpouster, déi all Joer eis Kinoe verpeschten, muss een einfach och déi wierdegen, déi eppes besonnesches duerstellen. Muncht Pouster op menger Lëscht ass vläicht net besonnesch kreativ, mä huet awer e speziellt Gefill mat deem et de Film ëmschreiwt, deen et virstelle soll.
Jo, ech recycléiere schamlos d’Texter, déi ech an de leschte Joeren scho gebraucht hunn. Mä wat gëtt et ze soen? Ech maachen net méi, wéi eng kleng Sammlung vu schéin ze kuckende Filmpouster. Do brauch et net vill Wierder, d’Biller schwätze fir sech.
(more…)
Déi ganz Geschicht »
Aus der Kategorie: Featured, Film, Lëschten
Tags:500 days of summer, antichrist, in the loop, julie & julia, los abrazos rotos, moon, taking woodstock, the imaginarium of doctor parnassus, up in the air, where the wild things are

500 Days of Summer (****)
Säit e puer Joer hunn ech schon en heemleche Crush wat d’Zooey Deschanel betrëfft, dat läit wahrscheinlech och dorunner, dass et meeschtens getypecast gëtt, an déi Zort Dramgirl ouni wierklech Substanz a ville Filmer anhëllt. Sou och hei, mä egal wéi negativ dat kléngt, de Film ass brillant. D’duerchschnëttlech Performance vum Deschanel zesumme mam Joseph Gordon-Levitt senger immenser schauspillerescher Leeschtung sinn d’perfekt Mëttel fir dat clevert a wonnerbart Dréibuch iwwert eng Koppel där hir Bezéiung net funktionnéiert zum Liewen ze bréngen. Dëst zesummen mat der schier perfekter Regie vum Marc Webb mécht aus (500) Days of Summer de perfekte Film fir de Summer. Ech géif bal soen, et wier déi innovativsten Rom-Com zënter Annie Hall, mä noolt mech net dorop fest.
(more…)
Déi ganz Geschicht »
Aus der Kategorie: Film
Tags:500 days of summer, amy adams, anthony dodd mantle, anthony mackie, antichrist, charlotte gainsbourg, jeremy renner, jgl, julie & julia, kathryn bigelow, lars von trier, marc webb, meryl streep, stanley tucci, the hurt locker, willem dafoe, zooey deschanel
Geschriwwen den 27/06/2009 vum Thorben8 Kommentaren
Ech setzen elo an der Lobby vum Sheraton, an vill Aarbecht fällt haut net méi un. Dofir hei meng Highlights vum EIFF.
Highlights
De Forum vum UK Film Council zesummen mat der Cinema Exhibitors Association iwwer Digitalkino war ganz interessant. Se hun Lëtzebuerg eng Pionnéierroll am DCinema zougestan an kloer gemaach dat Digital wäert kommen. Dorun zweifelen ech net. Iwwer 3D gouf och vill geschwat, mee dat eng aaner Kéier.
Dem Ted Shilowitz vun RED wor do. RED ass eng jonk Firma, déi 1999 gegrennt gouf an bis elo réicht eng Kamera gebaut huet, déi awer d’Kamerawelt obgewullt huet. Mat enger Obléisung vu 4k huet d’RED ONE sech well als digitalen Standart etabléiert, an dat net zulescht weinst dem Spottpräis vun $17500. Dem Lars Von Trier sain Antichrist an dem Steven Soderbergh seng Filmer sin ob Red gedréint, de Lynch dréint ob RED etc. Gescht huet hien dun e Prototyp vun der RED SCARLET an der RED EPIC dobäi gehat, déi eng kascht $2500 an huet eng 4k Obléisung. D’EPIC bréngt bis zu 9k momentan, et goufen awer Biller vun engem 28k Modul, dat sin 216 Megapixel.
En Engleschen Regisseur huet mir an aaneren Leit Noohellefstonnen a Final Cut gin. An endlech huet en Apple Mataarbechter agestan, dat Apple net capabel ass, richteg Hardware ze bauen. Deen neien Mac Pro ass trotzdem immens.
Weapons on Set wor e Workshop iwwer wéi Waffen kennen an dierfen ob Filmsets agesat gin, a wéi kriddeleg dat ass, zumols hei an Groussbritannien, wou d’Police emmer e bessen en nervösen Fanger um Oofzoch huet.
Filmer déi ech kucken wor an den 10 Deeg woren Painting With Light, Wide Open Spaces, Elkland, Pardon My French, Antichrist an Adventureland. Ausser dem Wide Open Spaces woren se all gudd..
Den EIFF ass immens, an ech well nächst Joer onbedengt rem dohin.
Geschriwwen den 25/06/2009 vum Thorben16 Kommentaren
Ech kommen grad aus der UK Première vum Lars Von Trier sengem Antichrist. Filmer reviewen ass zwar dem Chris säin Terrain – mee als Frénd vum Lars Von Trier huelen ech mer dat Recht elo mol raus.
De Film ass optesch immens uspriechend gemaach. Dat ass virun allem dem Anthony Dod Mantle seng Schold, den Cinématograh vum Film (an Slumdog Millionaire, Festen, 28 Days Later) dien och uwiesend wor. Gedréint ass de Film ob enger Phantom HD Highspeed Kamera, déi am 2k Modus ca. 1000 Biller pro Sekonn dréiht. Dat gouf onmoosseg beandrockend fir d’Sexszenen um Ufank geholl, déi duerch den Highspeedeffekt eng Eleganz kritt hun, zesummen mat der Musek, déi soss kaum gesin gouf. Dat gesäit een doran, dat d’Haut douce Wellen werft, wann een se upeekt oder Waasserdrepsen an der Dusch komplett plastesch wierken. Deen aaneren Deel gouf mat 2 RED ONE Kameras gedréiht, wat, obwuel d’RED ONE schon eng Zäit um Marché ass, dat ganzt awer relativ interessant mecht. Zooms am Film goufen net mat der Kamera gemaach, mee digital. D’Auswahl vun de Biller ass fantastesch, déi visuell Effekter clever gesaat.
Clever gesaat ass och de Sound, dien wéi d’Fauscht ob d’Aan passt. De Sound ennerstëtzt déi ganz Atmosphär vun der Angscht an Ongwessheet.
Vum Inhalt hier kann een doriwwer Bicher schreiwen. Et fänkt un bei Hellefslosegkeet, Identitéit vu Fraen bis zu Foltermethouden aus dem Mettelalter. E porträitéiert déi Helleflosegkeet vun engem Mann vis-a-vis vu senger Fraa, déi psychologesch um Enn ass, an hien – Psychotherapeut – net capabel hier ze hellefen. Am Publikum hu Leit gesot, de Film wier misogen. En ass bestëmmt net fir Emanzen, mee de Film ass awer net Fraenfeindlech. En deckt e riesegt Spektrum oof. En schneid dat awer net nemmen un, mee geet oft ganz wäit. Wat dése Film natierlech speziell mécht, ass de Fakt dass en immens grafesch ass. Ech hun nach kee Film gesin dien grafesch esou brutal an verstéirend ass, wéi den Antichrist. Oofgesin von den echten, expliziten Sexszenen. Firwat en dat mécht ka verschidden Grénn hun. Engersäits packt den Von Trier et sou, e Kinopublikum wat gewinnt ass 3-5 Filmer den Daag ze kucken, rem obzemaan fir den Horror am Film. Doduerch dat d’Grenzen vum Bekannten gebrach gin, gin d’Leit vläit méi empfänglech. Aanerersäits awer: Firwat net? Firwat soll desen Film, dien am Lars Von Trier sengem Kapp entstaanen ass, iergendwelch Rücksicht ob aaner Leit huelen. E wier bal net um EIFF gelaaf, well en vum briteschen Filmrood laang net zougelooss gouf, mee firwat net? Et ass wichteg a gudd dat en (ausser an Dänemark a Schweden) réicht ab 18 ass, well ech schlofen den Owend och net roueg. Mee dovunner mol oofgesin, wann dat d’Story ass, soll se och sou gewissen gin.
Den Antichrist ass a mengen Aen staark, an ech wier baal gaangen well ech zevill gefaart hun. Ech kann awer verstoen, wann een net frou domat ass. Mee ech wees net, ob en Leit ka kaal loossen.

Wéi all Joer kann ech et och dest Joer et net loossen, mer scho méintelaang am Viraus Gedanken ze man, wat dat Joer wuel fir Filmer op mech duerkommen. Vu ménge meeschterwaartene Filmer vum läschte Joer hunn der genee zwee et an d’Top 10 vum Joer gepackt, dofir awer och op déi Positiounen, déi se an där Lëscht schon anhaten. Interessant.
Animania
Ofgesinn vun den animéierte Filmer, déi nach a ménger Top 10 optauchen gëtt et nach eng Rëtsch interessantes op dat een sech freen dierf. Do wieren den net amerikanesche Virtuosen Sylvain Chomet an Hayao Miyazaki hir neiste Wierker: L’Illusioniste an Gake no ue no Ponyo. An dann awer och den a Lëtzebuerg produzéierte 9, dee fuerchtbar interessant ausgesait, souwéi dem Pianocktail Lieblingsregisseur Wes Anderson Fantastic Mr. Fox. A schlussendlech nach dem Robert Zemeckis säin A Christmas Carol mam Jim Carrey.
Fir ze laachen
Op éischter Plaz muss do natierlech de Brüno erwient ginn, den neiste Film mam Sasha Baron Cohen a senger bekannter Roll als schwult éisträichescht Watochëmmer. (500) Days of Summer vum Marc Webb kléngt wéi eng interessant Romanz mam Joseph Gordon-Levitt a Zooey Deschanel. Nailed vum David O. Russell handelt vun enger jonker Fra, déi sech en Nol an de Kapp schéisst an duerno d’Welt e bëssen anescht gesäit. An de Sam Mendes, wéi och de Fatih Akin betrieden en neien Terrain mat hire Komödien Away We Go an Soul Kitchen. Den Ed Wright bréngt an där Zäit eng Comicadaptatioun mam Michael Cera, déi sech Scott Pilgrim vs. The World nennt, während den Jason Reitman den George Clooney an Up in the Air zum Profirausgeheier gi léisst.
D’Dammen hannert der Kamera
The Hurt Locker vum Kathryn Bigelow, e Film iwwert e bekannte momentanen amerikanesche Krich ass 2008 scho mat Succès op Festivale gelaf, an dem Jane Campion säin neisten Bright Star, ass alleng vum Numm vun der Regisseurin hir jo schon en absolute Must. D’Anna Boden huet zesumme mam Ryan Fleck nach Sugar gedréit. Iwwert en Baseballspiller.
Action, Action, Action
Comicadaptatiounen sinn och dest Joer nees drun: Wolverine a Watchmen sinn do déi mam meeschte Profil. An da gëtt et natierlech na sou Filmer, déi sech Terminator:Salvation an Star Trek nennen.
Europäesch Starregisseuren um Wierk
Souwuel den Alejandro Amenabar an de Lukas Moodysson beginn d’Doudsënn en amerikanesche Film ze dréien. Dem Moodysson säi neiste Film Mammoth ass zu Berlin scho relativ gefloppt, während dem Amenabar säi Projet Agora, deen am réimeschen Ägypten spillt, mech net interesséire géif, wann ech heen net immens fanne géif. Dann gëtt et endlech nees eppes Neies vum Lars von Trier: Antichrist ass de wonnerschéinen Titel fir säin neiste Film. D’Briten Stephen Frears an Paul Greengrass bréngen engersäits en Kostümdrama mam Michelle Pfeiffer mam Numm Chéri, an fir de Greengrass eng weider Kollabo mam Matt Damon am Krichsfilm Green Zone. An de Guy Ritchie bréngt de Sherlock Holmes zréck an de Kino.
Déi Grouss aus Amerika
Den Terrence Malick ass bekannt als Philosoph vum Kino an och a sengem neisten The Tree of Life, iwwert eng Famill an de 50er mam Brad Pitt als Papp, wäert e vill Geleenheete fannen, Wisen an den Himmel ze filmen. De Michael Mann ass och rem do mat séngem Public Enemies, engem Gangsterfilm mam Johnny Depp an Christian Bale. De Rob Marshall dogéint dréit d’Musical Nine an deem sechs (!) Oscargewënner dra virkommen: Daniel Day-Lewis, Sofia Loren, Penélope Cruz, Nicole Kidman, Judi Dench a Marion Cotillard. Dobäi gesellt sech nach d’nominéiert Kate Hudson. Wow. An d’Fergie vun de Black Eyed Peas. Haha. An de Clint Eastwood dréit den Morgan Freeman a Mandela an allebéid wäerten se wuel nees en Oscar gewannen.
Déi vum läschte Joer remkommen an dem Ledger säi wierklech läschten
Nee, The Dark Knight war net dem Heath Ledger seng läschte Roll, dat ass The Imaginarium of Doctor Parnassus. Vu dass en deen allerdéngs net fäerdeg gedréit krut, an dat deet nach ëmmer wéi, hunn den Johnny Depp, Jude Law an Colin Farrell seng Roll weidergespillt. Des weideren kommen dann The Lovely Bones (Peter Jackson), an The Soloist (Joe Wright) dest Joer wierklech an de Kino.

Where the Wild Things Are
(more…)
Déi ganz Geschicht »
Aus der Kategorie: Film
Tags:500 days of summer, 9, a christmas carol, agora, ang lee, antichrist, away we go, bright star, chéri, coraline, fantastic mr fox, funny people, green zone, harry potter, henry selick, invictus, jean-pierre jeunet, judd apatow, l'illusioniste, los abrazos rotos, mammoth, martin scorsese, micmacs à tire-larigot, nine, pedro almodóvar, pete docter, ponyo, public enemies, scott pilgrim, sherlock holmes, shutter island, soul kitchen, spike jonze, sugar, taking woodstock, terminator: salvation, the hurt locker, the imaginarium of doctor parnassus, the lovely bones, the soloist, the tree of life, up, up in the air, watchmen, whatever works, where the wild things are, wolverine, woody allen