Dem Chris säi WM-Tagebuch, oder: wéi de beschte Spiller op der Welt de Gol net gerode wollt.
All Dag während der Weltmeeschterschaft schreift de Chris iwwer Fussball, d’WM a wéi hien se erlieft.
Hätten d’Englänner op den Dizzee Rascal gelauschtert a just bëssen souvill Asaz wéi hien, dann hätten se och gëschter gewonnen obwuel hire Golkipp net gutt genuch fir Luna Uewerkuer ass. Mä bon, ech zitéiere mäi Brudder: “Déi lescht Ekipp, déi op enger WM 1:1 géint d’USA gespillt huet ass Weltmeeschter ginn.” Wëllen d’Englänner dat packen, mussen se sech awer e bëssen um Rimm rappen, denken ech mol.
Um Rimm gerappt huet sech den Diego Armando Maradona, an ass zum Match komm. Net dass dat sou iwwerraschend wier, mä et hätt och kënnen anescht kommen. Säi legitimen Nofolger Lionel Messi huet an deem Match geschaten 172 Golchance gehat. Ouni ze treffen. Mä dofir haten d’Argentinier jo e Verteideger dee getraff huet.
Och getraff hunn zwee Koreaner – an dat huet mer richteg gutt gefall.Et muss een déi Südkoreaner einfach gutt fannen, denken ech. Nach besser hu mer allerdéngs meng 8 nei Panini-Biller gefall, déi ech haut krut, woumat mer well bei 32 feelende Biller wieren. Wat zimlech gutt ass op menger Panini/Coolheet-Skala, denken ech. Besser op alle Fall wéi d’Rap-”Analys” vu Blumentopf op ARD, déi dës als hip duerstelle soll. Et wëll einfach net a mäi Kapp eran firwat déi Däitsch ëffentlech rechtlech net verstinn, dass een net mat deem wat virun 10 Joer interessant war, lo punkte kann. Dat Onverméigen momentan Trends z’erkennen an sech ze änneren ass eigentlech scho bal rëm eng interessant soziologesch Studie wäert, déi ech opgrond vu mengem Desinteresse u Soziologie ni maache wäert.
De Match Algerien-Slowenien wäert ech haut verpassen, well Mammendag ass, an ech e bëssen e gudde Jong sinn a mat menger Mamm iesse ginn. D’Daumen ginn awer menge Kölner Novakovic a Brecko gedréckt. An muer schwätze mer dann driwwer ob ech dem Jogi Löw säi Schal richteg getippt hunn, ech soen: beige.
Depp vum Dag: Robert Green, England
Beschte Spiller vum Dag: Park Ji-Sung, Südkorea
Schlechteste Spiller vum Dag: Angelos Charisteas, Griechenland
Weblink vum Dag: Warten auf die Damenwahl bei 11Freunde.de
