Bäitrag getagged ‘ang lee’
Et gëtt näicht méi schéines, wéi wann e Filmpouster weess, wourem s de Film sech dréit an aus der üblecher “Bild vum Film mat enger latzeger Tagline” Routine ausbrécht. No Where The Wild Things Are an Los Abrazos Rotos ass dest den drëtte Pouster vum Joer, deen absolut genial ass, an deen d’Thema vum Film respektvoll remgëtt. Chapeau.
(InContention.com)
Lues awer sécher fänken ech un mech ze froen, wéini ech eigentlech soll zum Studéire kommen, wann permanent Filmer rauskommen, déi mech interesséieren. Dass ech eng Schwächt fir den Ang Lee hunn, wësst der opmannst duerch meng Verteidegungstaktiken fir seng Versioun vun Hulk, dass den Demetri Martin ee vu menge Lieblingskomiker ass, dierft och bekannt sinn, an da wier do nach den Emile Hirsch, deen an allem brilliant ass, an mat Into the Wild an als menger Meenung no beschtem Niewenduersteller a Milk grad op enger Well vu Succès schwëmmt.
Klak nach e bësse Rock’n'Roll dobäi, nenne mer et mol de gréisste Rockfestival an der Geschicht vun der Mënschheet, an du hues e Film, deen ech net verpasse wëll. An dese Film nennt sech Taking Woodstock an huet well en Trailer:
Wéi all Joer kann ech et och dest Joer et net loossen, mer scho méintelaang am Viraus Gedanken ze man, wat dat Joer wuel fir Filmer op mech duerkommen. Vu ménge meeschterwaartene Filmer vum läschte Joer hunn der genee zwee et an d’Top 10 vum Joer gepackt, dofir awer och op déi Positiounen, déi se an där Lëscht schon anhaten. Interessant.
Animania
Ofgesinn vun den animéierte Filmer, déi nach a ménger Top 10 optauchen gëtt et nach eng Rëtsch interessantes op dat een sech freen dierf. Do wieren den net amerikanesche Virtuosen Sylvain Chomet an Hayao Miyazaki hir neiste Wierker: L’Illusioniste an Gake no ue no Ponyo. An dann awer och den a Lëtzebuerg produzéierte 9, dee fuerchtbar interessant ausgesait, souwéi dem Pianocktail Lieblingsregisseur Wes Anderson Fantastic Mr. Fox. A schlussendlech nach dem Robert Zemeckis säin A Christmas Carol mam Jim Carrey.
Fir ze laachen
Op éischter Plaz muss do natierlech de Brüno erwient ginn, den neiste Film mam Sasha Baron Cohen a senger bekannter Roll als schwult éisträichescht Watochëmmer. (500) Days of Summer vum Marc Webb kléngt wéi eng interessant Romanz mam Joseph Gordon-Levitt a Zooey Deschanel. Nailed vum David O. Russell handelt vun enger jonker Fra, déi sech en Nol an de Kapp schéisst an duerno d’Welt e bëssen anescht gesäit. An de Sam Mendes, wéi och de Fatih Akin betrieden en neien Terrain mat hire Komödien Away We Go an Soul Kitchen. Den Ed Wright bréngt an där Zäit eng Comicadaptatioun mam Michael Cera, déi sech Scott Pilgrim vs. The World nennt, während den Jason Reitman den George Clooney an Up in the Air zum Profirausgeheier gi léisst.
D’Dammen hannert der Kamera
The Hurt Locker vum Kathryn Bigelow, e Film iwwert e bekannte momentanen amerikanesche Krich ass 2008 scho mat Succès op Festivale gelaf, an dem Jane Campion säin neisten Bright Star, ass alleng vum Numm vun der Regisseurin hir jo schon en absolute Must. D’Anna Boden huet zesumme mam Ryan Fleck nach Sugar gedréit. Iwwert en Baseballspiller.
Action, Action, Action
Comicadaptatiounen sinn och dest Joer nees drun: Wolverine a Watchmen sinn do déi mam meeschte Profil. An da gëtt et natierlech na sou Filmer, déi sech Terminator:Salvation an Star Trek nennen.
Europäesch Starregisseuren um Wierk
Souwuel den Alejandro Amenabar an de Lukas Moodysson beginn d’Doudsënn en amerikanesche Film ze dréien. Dem Moodysson säi neiste Film Mammoth ass zu Berlin scho relativ gefloppt, während dem Amenabar säi Projet Agora, deen am réimeschen Ägypten spillt, mech net interesséire géif, wann ech heen net immens fanne géif. Dann gëtt et endlech nees eppes Neies vum Lars von Trier: Antichrist ass de wonnerschéinen Titel fir säin neiste Film. D’Briten Stephen Frears an Paul Greengrass bréngen engersäits en Kostümdrama mam Michelle Pfeiffer mam Numm Chéri, an fir de Greengrass eng weider Kollabo mam Matt Damon am Krichsfilm Green Zone. An de Guy Ritchie bréngt de Sherlock Holmes zréck an de Kino.
Déi Grouss aus Amerika
Den Terrence Malick ass bekannt als Philosoph vum Kino an och a sengem neisten The Tree of Life, iwwert eng Famill an de 50er mam Brad Pitt als Papp, wäert e vill Geleenheete fannen, Wisen an den Himmel ze filmen. De Michael Mann ass och rem do mat séngem Public Enemies, engem Gangsterfilm mam Johnny Depp an Christian Bale. De Rob Marshall dogéint dréit d’Musical Nine an deem sechs (!) Oscargewënner dra virkommen: Daniel Day-Lewis, Sofia Loren, Penélope Cruz, Nicole Kidman, Judi Dench a Marion Cotillard. Dobäi gesellt sech nach d’nominéiert Kate Hudson. Wow. An d’Fergie vun de Black Eyed Peas. Haha. An de Clint Eastwood dréit den Morgan Freeman a Mandela an allebéid wäerten se wuel nees en Oscar gewannen.
Déi vum läschte Joer remkommen an dem Ledger säi wierklech läschten
Nee, The Dark Knight war net dem Heath Ledger seng läschte Roll, dat ass The Imaginarium of Doctor Parnassus. Vu dass en deen allerdéngs net fäerdeg gedréit krut, an dat deet nach ëmmer wéi, hunn den Johnny Depp, Jude Law an Colin Farrell seng Roll weidergespillt. Des weideren kommen dann The Lovely Bones (Peter Jackson), an The Soloist (Joe Wright) dest Joer wierklech an de Kino.

Where the Wild Things Are
(more…)
Déi ganz Geschicht »
Aus der Kategorie: Film
Tags:500 days of summer, 9, a christmas carol, agora, ang lee, antichrist, away we go, bright star, chéri, coraline, fantastic mr fox, funny people, green zone, harry potter, henry selick, invictus, jean-pierre jeunet, judd apatow, l'illusioniste, los abrazos rotos, mammoth, martin scorsese, micmacs à tire-larigot, nine, pedro almodóvar, pete docter, ponyo, public enemies, scott pilgrim, sherlock holmes, shutter island, soul kitchen, spike jonze, sugar, taking woodstock, terminator: salvation, the hurt locker, the imaginarium of doctor parnassus, the lovely bones, the soloist, the tree of life, up, up in the air, watchmen, whatever works, where the wild things are, wolverine, woody allen
EFW = ënnerbewertete Film vun der Woch. Wéi den Numm scho seet, ass dëst eng Serie, déi all Dënschdeg op Pianocktail lafe wäert. Dat hei ass déi véiert Episode.
“Hulk” (2003)
Regie: Ang Lee
Dréibuch: Stan Lee an eng jett anerer
Cast: Eric Bana, Nick Nolte, Jennifer Connelly, Josh Lucas
Okay, ech huelen un, dass méng Aussoo, dass dëse Film ënnerbewert wier zimmlech kontrovers ass. Stëmmt, ass se. Ech ginn zou: de Film ass net immens gutt. Mee, en ass net su schlecht wéi e gema gëtt. An zwar well den Ang Lee eng aner Approche zum Thema hat, wéi d’Maacher vun de “Spider-Man” an den “X-Men” Filmer se hunn/haten. “Hulk” ass visuell anescht, et huet en anere Rhythmus an der Erzielstruktur.
Eigentlech denken ech souguer, dass de Film ufänglech souguer ganz staark ass, d’Schwächte leien eendäiteg an der läschter halwer Stonn vum Film, déi einfach nëmmen nach katastrophal sinn an de Film ënnergoe lossen. Dem Nick Nolte säi Personnage vum Bruce Banner séngem Papp huet kee Bezuch zu der Geschicht, en ass sënnfräi duergestalt an d’Konfrontatioun tëscht him a séngem Jong ass iwwerhast an gefilllos ofgerattert. Mee dovun ofgesinn fënnt een awer e visuellt Konzept, wat méi wéi déi einfach VFX benotzt, mee probéiert eng Struktur ronderëm d’Geschicht opzebauen, déi no um Comic läit. Den Ang Lee geet méi wäit wéi déi meescht aner Regisseuren virun him (an och no him), mee et feelt awer iergendwéi u läschter Konsequenz.
Mäi Statement: de Film ass ënnerbewert, mee kee Meeschterwierk.
Et muss viru gon, dofir man ech lo mol eng Kéier zwou Plazen mateneen. Ab #16 komme just nach Filmer déi ech bedingungslos gäer hunn, da wäert ech och rem méi schreiwen. An dann sinn dat hei o nach net amerikanesch Filmer, dat ass och interessant.
“Cidade de Deus” ass den eenzegen brasilianesche Film, deen ech a méngem Liewe gesinn hunn. “Wo Hu Cang Long” bei wäitem net den eenzegen chineseschen. Wat béid Filmer an éischter Linn gemeinsam hunn, ass dass se sensationell sinn, wat all technesch Mëttel betrëfft, beim Meirelles séngem Film haaptsächlech d’Kameraféirung an de Schnëtt, mee och d’Bühnebiller, beim Lee sinn et och déi Saachen an et kënnt virun allem d’immenst Faarwespill dobäi.
Déi zwee Filmer hunn absolut näicht mateneen zedinn, ofgesinn vun hierer gudder Ausféirung. Net, dass ech sou en Androck erwecken. Mee se erzielen allebéid faszinant Geschichten an engem grad sou faszinante Gewand. (De chinesesche Kino ass iwwerhaapt ze recommandéiren, an net nëmmen déi nei Epochefilmer, mee och kontemporär Saache wéi “In the mood for love”.) Hätt ech dës Lëscht vrun zwee Joer geschriwwen, wier “Wo Hu Cang Long” ënnert den éischte 5, mee ech hunn e scho laang net méi gesinn… bon. Den Ang Lee ass einfach e geniale Regisseur an och wann déi meescht mech lo stengege wäerten, mee souguer säin “Hulk” ass guer net mol sou schlecht. Dat läit gréisstendeels dorunner, dass den Ang Lee e Perfektionist ass, deen nom schéine Bild an de Filmer sicht, wéi wéineg regisseuren hautesdags.
De Fernando Meirelles dogéint spezialiséiert sech op eng aussergewéinlech Kamera- a Schnëttaarbecht, déi als spannungserzeegend Elementer a sénge Filmer e grousse Standpunkt beasprochen.
Wann de Lee monumental Biller erzeuge wëll, wëll de Meirelles domadder spillen.