Pianocktail » amy adams

Kuerz kritiséiert
500 Days of Summer (****)

Säit e puer Joer hunn ech schon en heemleche Crush wat d’Zooey Deschanel betrëfft, dat läit wahrscheinlech och dorunner, dass et meeschtens getypecast gëtt, an déi Zort Dramgirl ouni wierklech Substanz a ville Filmer anhëllt. Sou och hei, mä egal wéi negativ dat kléngt, de Film ass brillant. D’duerchschnëttlech Performance vum Deschanel zesumme mam Joseph Gordon-Levitt senger immenser schauspillerescher Leeschtung sinn d’perfekt Mëttel fir dat clevert a wonnerbart Dréibuch iwwert eng Koppel där hir Bezéiung net funktionnéiert zum Liewen ze bréngen. Dëst zesummen mat der schier perfekter Regie vum Marc Webb mécht aus (500) Days of Summer de perfekte Film fir de Summer. Ech géif bal soen, et wier déi innovativsten Rom-Com zënter Annie Hall, mä noolt mech net dorop fest.

Antichrist (***1/2)

Ech weess net wéi een eng Kritik iwwert e Film wéi Antichrist schreiwe soll, deen een psychologesch esou fuerdert, dass ee wierklech net weess, wat et ass, wat een do gesinn huet. D’Biller maachen esou e staarken Androck, an d’Iddien déi een huet fléien engem just duerch de Kapp an engem Chaos, wat kaum ze léise sinn dierft. De Film ass ass en extrem perséinleche Film, dora vergläichbar mat Synecdoche, New York an The Fountain, e spillt mat Ängscht, mat Wahn, mat Glawen (net onbedéngt chrëschtlechen) a mat purer Béisheet zu engem gläichen Undeel an doduerch kreéiert en déi nämlech Gefiller am Spectateur. De Lars von Trier ass sécherlech e Provocateur, dee senges gläiche sicht, an och hei geléngt et em rëm op eng göttlech (pun intended) Aart a Weis. Wat ee mat Sécherheet soe kann, allerdéngs, ass, dass d’Uschëllegungen, de Film wier misogyn absolute Blödsinn sinn – vill méi ass et e weibleche Film – een, deen de Mann als eng grad esou ekleg an eventuell souguer wesentlech méi geféierlech Waff uféiert, ewéi d’mental zerstéiert Fra. An bei all de staarke Gefiller, déi de Film ausléist – et ass am Endeffekt net de von Trier oder d’Charlotte Gainsbourg, mä den Anthony Dodd Mantle deen d’Haaptluew verdéngt. Seng Kameraaarbecht an Slumdog Millionaire, fir déi en ëmmerhin en oscar gewonn huet, wierkt wéi e Pittisaufsatz verglach mat deem, wat en hei bréngt.

The Hurt Locker (***1/2)

The Hurt Locker ass generell als den éischten erfollegräichen Irakfilm ugesinn. Dat géif ech net onbedéngt ënnerschreiwen, mä dass d’Geschicht iwwert eng Bommenentschärfertrupp, déi nach knapps e Mount am Land hunn, fesselnd an intelligent ass, ass zweifelslos wouer. D’Cinematographie ass de groussen Mëttelsmann tëscht Public a Film, vu dass doduerch d’Intensitéit vun der Situatioun, der Hëtzt, der Nervositéit vum Zaldot, der Angscht wierklech staark riwwerbruecht gëtt. Trotzdem ass de Film a gewësser Siicht mangelhaft, well d’Kathryn Bigelow seng Iddi, “dass Krich eng Drog ass”, pertinent mat senge Biller weist, mä et dobäi net beloosse wëll. Regisseuren, déi hirem Wierk net trauen, di mer oft leed, well se d’Intelligenz vum bewegte Bild ënnerschätzen – sou versicht d’Bigelow ze vill an ze repetitiv säi Message ënnerzebréngen, amplaz d’Geschicht fir sech schwätzen ze loossen.

Julie & Julia (***)

E Film, deen e sou ouni Konflikter verleeft muss scho wierklech iwwerzeegen a senger propperer, steriler Duerstellung vun enger net extrem faszinéierender Geschicht fir net langweileg ze sinn. A bon, dat packt en och, haaptsächlech duerch déi super Aarbecht vum explosiv witzegen Meryl Streep, an de manner opfällegen, mee  trotzdem subtil staarken Leeschtungen vum Amy Adams an Stanley Tucci. Alles an allem huet de Film wéineg Substanz, vu dass e wierklech just d’Geschicht vum Julia Child, an déi vum Julie Powell, wat säi Kachbuch nokacht an driwwer bloggt erzielt a béid Geschichten net spannend sinn. Mä ënnerhalsam ass et trotzdem. E Film iwwert e Blog, wéi e Blog – duerch déi eenzel kleng Stécker gëtt e gewierzt, net alles ass nämlecht schmackhaft, mä den Gesamandrock kënnt iwwer d’Komponenten. An déi si ganz okay.

Enchanted
Kënnt der iech un déi schéin Zäit erënneren, wéi déi meeschte Kannerfilmer nach gezeechent waren an Disney de Marché regéiert huet mat immense Filmer?

Ech weess et ass laang hir. Dëst Chrëschtdag bréngt Disney eng Zort Parodie op d’Genre vum Märcheprinzessinnefilm raus, déi gläichzäiteg en nostalgesche Réckbléck dierft sinn. Dat ass och gutt, well nëmme Kannerfilmer, déi vun spriechenden Autoen ouni den David Hasselhoff um Steier, fuerzende grénge Monsteren oder danzende Pinguinen, wier a méngen Aen net z’erdroen. “Enchanted” gesäit effektiv no engem gudde Kannerfilm aus, an éischte Reviews no ass en dat och. E Spaass fir Grouss a Kleng. (Dat wollt ech nach ëmmer eng Kéier schreiwen.)

Click here to view the embedded video.