Bäitrag getagged ‘amy adams’

Kuerz kritiséiert

Geschriwwen den 17/09/2009 vum Chris4 Kommentaren

500-days1

500 Days of Summer (****)
Säit e puer Joer hunn ech schon en heemleche Crush wat d’Zooey Deschanel betrëfft, dat läit wahrscheinlech och dorunner, dass et meeschtens getypecast gëtt, an déi Zort Dramgirl ouni wierklech Substanz a ville Filmer anhëllt. Sou och hei, mä egal wéi negativ dat kléngt, de Film ass brillant. D’duerchschnëttlech Performance vum Deschanel zesumme mam Joseph Gordon-Levitt senger immenser schauspillerescher Leeschtung sinn d’perfekt Mëttel fir dat clevert a wonnerbart Dréibuch iwwert eng Koppel där hir Bezéiung net funktionnéiert zum Liewen ze bréngen. Dëst zesummen mat der schier perfekter Regie vum Marc Webb mécht aus (500) Days of Summer de perfekte Film fir de Summer. Ech géif bal soen, et wier déi innovativsten Rom-Com zënter Annie Hall, mä noolt mech net dorop fest.

(more…)

Enchanted

Geschriwwen den 21/11/2007 vum ChrisKee Kommentar

Kënnt der iech un déi schéin Zäit erënneren, wéi déi meeschte Kannerfilmer nach gezeechent waren an Disney de Marché regéiert huet mat immense Filmer?

Ech weess et ass laang hir. Dëst Chrëschtdag bréngt Disney eng Zort Parodie op d’Genre vum Märcheprinzessinnefilm raus, déi gläichzäiteg en nostalgesche Réckbléck dierft sinn. Dat ass och gutt, well nëmme Kannerfilmer, déi vun spriechenden Autoen ouni den David Hasselhoff um Steier, fuerzende grénge Monsteren oder danzende Pinguinen, wier a méngen Aen net z’erdroen. “Enchanted” gesäit effektiv no engem gudde Kannerfilm aus, an éischte Reviews no ass en dat och. E Spaass fir Grouss a Kleng. (Dat wollt ech nach ëmmer eng Kéier schreiwen.)

YouTube Preview Image