Us Kids Know
E Freideg war ech um Concert vun Arcade Fire. Well dës Band ouni Zweifel momentan eng vun de gréissten op der Welt ass, a wuel déi kënschtleresch bescht vum 21. Joerhonnert, wäert et och kee verwonneren, dass de Concert genial war. Mat e bëssen Distanz gesäit ee meeschtens Saache méi kloer, mee ech kann och lo na näischt anescht soen, keng nëmmen usazweis negativ Kritik schreiwen, déi mech als net komplett agehollenen Fanboy duerstelle géif. Dofir: keng Review.
Vill méi d’Fro vu wou dës Léift zu Arcade Fire kënnt.
Et ass deemols (lang lang ist’s her) 2005 lassgaang, wéi ech bei Amazon net op 20 € komm sinn, a fir kee Porto bezuelen ze missen nach eppes a mäi Kuerw leeë misst. De Gedanken dee mer du komm ass, war engersäits naiv, anerersäits brilant, wéi ech spéider feststellen duerft: Kaf der eng CD vun enger Band, vun däers de na nie eppes héiren hues! A méngen Recommandatiounen hunn ech du fir 9 € “Funeral” vun Arcade Fire fonnt. “Zack, an de Kuerw domat”, sot ech mer.
3-4 Deeg drop war de Päckelchen do an d’Begriefnis am CD-Spiller, während ech dunn dem Michel Houellebecq séng elementär Particule gelies hunn, hunn ech mech fir d’éischte Kéier vun de kanadesche Klangwelte vun Arcade Fire beriesele geloss. Méng éischt Reaktioun war Iwweraschung an Erliichterung (well ech déi 9 € net falsch investéiert hat). Den Opener “Neighbourhood #1 (Tunnels)” fannt der jo schon a méngen Top 250. Mee och de Rescht vum Album war eppes komplett neies, frësches, wat sech vun dem Alternative-Indie-Neo-Meedercherzumdanzebréng-Britpop ofgesat huet, deem ech zu däer Zäit ganz batter verfall war. An der Joeresendofrechnung ass “Funeral” als mäin zweetléifsten Album ofgestempelt ginn hannert “A Certain Trigger” vu Maxïmo Park. Déi zwee wäerten och dëst Joer nees em den Topspot kämpfen.
Du koum laang nix, den Album hunn ech ëmmer weider gelauschtert, mee vu dass ech anscheinend den eenzege war vu ménge Frënn, wousst ech o net wierklech ob ech se lo als eng vu ménge perséinleche Favoriten ugesinn.
2007 ass dunn d’”Neon Bible” opgaang an huet sech makellos un “Funeral” ugekett. Perséinlech Lieblingslidder vun dësem Album: “Intervention” an “No Cars Go”. An du sollt ech se endlech live gesinn, de 17. August 2007 um Pukkelpop an et war direkt mäi léifste Concert, well Arcade Fire eng Show bidden, déi s de soss (ech iwwerdreiwen) néirens kriss. De Concert an der SECC e Freideg stung deem an näicht no. E war deelweis souguer méi intensiv, well méng Begleeder dës Kéier d’CDen scho virum Concert haten an net réicht dono begeeschtert kaf hunn.
Als Ofschloss zitéiren ech da mol nach aus “Rebellion (Lies)” vun hierem Debütalbum, an zwar eng Zeil déi hier Musék wonnerbar beschreiwe kéint:
Come on baby in our dreams, we can live our misbehaviour.
