Ouni vill Trara. Et war schon haart genug d’Informatiounen zesummen ze sammelen… a wierklech, boah, sinn ech midd, déi zeng menger Meenung no wichtegste Filmkomponisten vun 2000-2009:
#10 Jon Brion (Punch-Drunk Love, I Heart Huckabees, Eternal Sunshine of the Spotless Mind; Synecdoche, New York)
#09 James Newton Howard (The Village, Collateral, Batman Begins, King Kong, Michael Clayton, The Happening, The Dark Knight, Defiance, Duplicity)
#08 Alberto Iglesias (Hable con ella, La mala educación, The Constant Gardener, Volver, The Kite Runner, Ché, Los abrazos rotos)
#07 Yann Tiersen (Le fabuleux destin d’Amélie Poulain; Goodbye, Lenin!)
#06 Howard Shore (The Lord of the Rings Trilogy, Gangs of New York, The Aviator, The Departed, Eastern Promises, Doubt)
#05 Gustavo Santaolalla (Amores perros, 21 Grams, Diarios de motocicleta, Brokeback Mountain, Babel)
#04 Thomas Newman (Road to Perdition, Finding Nemo, Cinderella Man, Jarhead, Little Children, The Good German, Wall-E, Revolutionary Road)
#03 John Williams (AI: Artificial Intelligence, Harry Potter and the Sorceror’s Stone, Minority Report, Harry Potter and the Chamber of Secrets, Catch Me If You Can, Star Wars Episode II, Harry Potter and the Prisoner of Azkaban, Memoirs of a Geisha, Munich, Indiana Jones and the Kingdom of the Crystal Skull)
#02 Clint Mansell (Requiem for a Dream, The Fountain, The Wrestler, Moon)
#01 Alexandre Desplat (Sur mes lèvres, Girl with a Pearl Earring, Birth, De battre mon coeur s’est arrêté, Casanova, Syriana, The Queen, The Painted Veil; Lust, Caution; The Golden Compass, The Curious Case of Benjamin Button, Chéri, Coco avant Chanel, Un prophète, Julie & Julia, Fantastic Mr. Fox, The Twilight Saga: New Moon)
Éierbar Erwienungen: Clint Eastwood, Tan Dun, Danny Elfman, Michael Giacchino, Philip Glass, Jonny Greenwood, Dario Marianelli, Hans Zimmer
00:52 Red Carpet Show. D’Joffer op Sky schwätzt nëmme Brach. Den David Frost war fuerchtbar cool. Lo just huet eent gesot d’Angelina Jolie sollt gewannen – I don’t think so.
00:53 Schéine gudden Owend awer nach, d’Marisa Tomei gesäit … hach … aus.
00:56 “A Hi to anyone who’s mad enough to stay up and watch this!” D’Kate Winslet huet mir gewénkt!!
00:58 Am Internet kurséiert d’Gerücht, dass Waltz with Bashir géint de japanesche Film Departures den Oscar verléire kéint. Ech gleewen drun, dass Waltz gewënnt, mee vu dass ech ëmmer enttäuscht ginn, wier ech o net iwwerascht. Ech soe just Gomorra.
Frost/Nixon

01:07 Ech hu grad gelies, dass bis halwer all d’Teléssender mussen vum Red Carpet wegschalten. Dat ass okay, ech hu grad d’Natalie Portman an engem wonnerschéine rosa Rack gesinn. Dat geet mir duer.
01:12 D’Kate Winslet dréit en Yves Saint-Laurent Rack, falls et iergendeen interesséiert. Ah jo.
Milk

01:15 Ech froe mech grad firwat d’Heidi Klum bei d’Oscars dierf, an ech net. D’Liewen ass net fair. Wat huet d’Heidi Klum do verluer? D’Miley Cyrus hält jo och keng Ried bei der TED Konferenz.
01:21 Oh Merde, déi wäerten haut jo na ophalen iwwer d’Kleeder ze schwätzen. Ech gi mer eppes ze drénke sichen.
01:22 En Zesummeschnëtt iwwer britesch Oscargewënner, a wéiee Lidd leeft am Hannergrond? Natierlech “Viva la Vida” vu Coldplay. Dat Lidd a “Gobbledigook” sollte fir sou eppes verbuede ginn.
The Curious Case of Benjamin Button

01:32 An et geet lass! Wëllkomm zu den 81. Academy Awards! Vill Gléck Hugh Jackman, dass de dat gutt hikriss.
01:39 Coolsten Optakt ever! Standing Ovations.
01:44 Eng Montage iwwer Supporting Actresses. Meh. Dat ass e riesegeN Downer nom Jackman sengem Danz a Gesang, deen absolut brilliant war.
01:46 Oscar fir d’Niewenduerstellerin. Fënnef Presentatricen, déi mol de Präis gewonn hunn. Go Penélope.
01:49 Féck, wann se sou viru fueren, geet déi Show bis an d’Onendlechkeet weider. 20 Minuten a nach näicht iwwereescht. Déi fënnef Dammen schwätze jo ganz schéin, mee et hält net op.
01:50 The Oscar goes to… Penélope Cruz. Hatt seet dem Pedro Almodóvar merci. Sweet. :)
01:54 D’Screenplay Awards komme lo. Tina Fey a Steve Martin. “It has been said that to write means to live forever.” – “The man who said that is dead.”
01:58 Den Oscar fir Original Screenplay geet un Milk. Den Dustin Lance Black mat enger schéiner Prop 8 Kritik. Genial Ried.
02:01 Adapted Screenplay. Alles anescht wéi de Simon Beaufoy wier eng rieseg Iwweraschung.
02:03 Voilà. Slumdog Millionaire gewënnt alt rem e Präis. Ech son lo mol, dass et ee vun 7-9 den Owend ass.
02:05 D’Jennifer Aniston an den Jack Black presentéiren beschten animéierte Film.
02:08 Eng Montage iwwer animéierte Film a Waltz with Bashir kënnt net dra vir. Niewebäi ass et komesch, dass den Jack Black presentéiert, vu dass heen d’Haaptroll a Kung Fu Panda geschwat huet.
02:09 Wall-E huet gewonn. Let’s move on.
02:11 Animéierte Kuerzfilm. La maison en petits cubes. Ah tient. E Japaner huet de Film gema a säin Englesch ass net gutt.
Slumdog Millionaire

02:14 Okay, eng kuerz Paus, da kann ech jo mol soen, dass den Hugh Jackman immens ass bis well, d’Bühn gefällt mer ganz gutt an d’Präisser ware bis ewell wéi z’erwaarden.
02:16 Art Direction. Go Ben Button! D’Carrie Breadshaw (wéi heescht et scho méi?) an den James Bond iwwereeschen de Präis. D’Bühneshow ass sou cool.
02:18 Yes, yes, yes. Ben Button gewënnt de Präis an huet e wierklech, wierklech verdéngt.
02:19 Baussen gi grad Leit grölend laanscht. Se feiere wuel Ben Button. Lo kënnt Costume Design.
02:21 The Duchess gewënnt de Präis fir d’drëtte Kéier an de läschten dräi Joer. (Marie Antoinette an de Film, deen net genannt gëtt si jo wuel den nämlechte Film wéi desen.)
02:24 A sou séier geet et. Ben Button huet schon den Oscar fir Makeup gewonn. Yes.
02:25 Uuuuuh, déi zwee aus Twilight. *gaaaaaps*
02:26 Eng Montage iwwer Romance 2008. Rot mol wéieng Musék spillt! Genee: Coldplay. “Lovers in Japan”.
The Reader

02:30 Forgetting Sarah Marshall an Nick and Norah’s Infinite Playlist gehéiren zu de Romanze vum Joer a kommen an enger Montage bei den Oscars vir. Interessant.
02:32 Best Cinematography. Ben Stiller an Natalie Portman (hach). De Stiller mecht den Joaquin Phoenix no. Cool.
02:35 An d’Slumdog Wackelkamera gewënnt. Wéi Children of Men nominéiert war hu se nach d’Schéinheet vum Bild an net d’Innovatioun gewielt. Lo ass et anescht, an eigentlech net wierklech verdéngt. Schued. De Wally Pfister hätt et verdéngt gehat.
02:40 D’Jessica Biel schwätzt iwwer d’Sci-Tech Awards. Hatt ass ontalentéiert, mee schéin. Dofir duerft et déi iwwereeschen. Mee déi Idiote vu Sky weisen se net mol. Respektlos.
02:46 Ech verstinn dat lo grad net. Ech mengen, et ass dem Judd Apatow seng Comedy-Montage. Mee et ass komesch. Schlechten Empfang kënnt na dobäi.
02:47 Den James Franco, Seth Rogen an Janusz Kaminski iwwereeschen den Oscar fir beschte Kuerzfilm an et ass Spielzeugland.
02:49 De Regisseur vum Film ass aus Ostdäitschland an huet eng Glatz. Aha.
02:53 Empfang ass lo richteg fuerchtbar. An den Hugh Jackman sengt an danzt rem. Sou wéi ech et gäer hunn. Just dat Beyoncé do op der Bühn misst net sinn.
02:56 An d’High School Musical Kanner sinn och well do. Gott bewahr.
02:59 Sou villes ass anescht. Herno wäert souguer d’Queen Latifah d’Original Song Kategorie net presentéiren. Dat ass jo awer well eng Institutioun zënter opmannst 1953. An op Sky TV schwätzen se rem nëmme Schäiss.
03:02 Ech menge lo kritt den Heath Ledger säi Präis. Christoper Walken, Kevin Kline, Cuba Gooding Jr, Alan Arkin an Joel Gray iwwereeschen. Gëtt och Zäit, dass mol rem e Präis iwwereescht gëtt. Ech wëll an d’Bett.
03:08 Lange Rede, kurzer Sinn. Den Heath Ledger huet den Oscar fir déi beschte Performance vum Joer gewonn. Säin Joker ass eng Roll fir d’Geschichtsbicher. Meng Aen si ganz éierlech liicht wässreg. Sou e wonnerbart Talent huet eis verlooss. Ech hoffen, dass et a sengem klenge Matilda weiderlieft.
03:12 Beschten Documentaire. Déi Musék am hannergrond ass fuerchtbar schéin. Doduerch gi meng Tréinen net zréck. Man on Wire… boah, all Kéier s wann ech de Petit um Seel gesinn kënnt dat immenst Gefill rem rop. An de Werner Herzog ass dat Intelligentst wat et an der Filmwelt gëtt.
03:14 De Bill Maher presentéiert. Ech si sauer mat em, well en e Freideg net ganz fein iwwer d’Kate Winslet geschwat huet.
03:15 A gewonn huet Man on Wire. Kuckt en, Jongen a Meedercher! Dee Philippe Petit ass sou en arrogant coolen Typ. A lo direkt Documentaire Kuerzfilm.
03:18 De Gewënner ass Smile Pinki. Muss deen dann iergendwou fannen. Ech wëll, dass méi Kuerzfilmer an de Kino kommen. Se sinn oft immens, a wann net, huet ee manner Zäit verluer, wéi wann een Changeling oder Defiance kuckt. Brrrrr.
03:21 Wann op Sky TV nach eng Kéier ee seet The Dark Knight wier dest Joer “slightly ignored” ginn, geheien ech mäi Macbook d’Fënster raus. 8 Nominéirungen, krëtjëft. “If Heath would have been nominated had he been among us, is to be debated.” Fuck off, a lies e Buch. Vu Film an Oscars, keng Anung.
03:23 Okay, de Stream ass hänke bliwwen. Panik setzt an.
03:25 An et geet rem. Eng Montage iwwer Actionfilmer. MTV Movie Awards oder Oscars? Ech wees et net méi.
03:26 Uh, uh, uh. De Will Smith.
03:27 Visual Effects. The Curious Case of Benjamin Button. Oh yeah, bescht Effekter aller Zäiten. Ech soe just. Fir déi, déi sech nach dovun iwwerzeege wëllen.
03:29 D’Soundkategorien si lo drun. The Dark Knight gewënnt Editing.
03:31 An d’Bild hänkt nees. Sound Mixing wier lo drun.
03:32 Slumdog Millionaire huet gewonn. Mir deet et haut nach wéi vun deem Kaméidi, deen am Film war. Ech verstinn net, wéi dee Film do konnt nominéiert ginn.
03:34 Beschte Schnëtt. Meng Lieblingskategorie nieft dem original Dréibuch.
03:35 Ech hu well op Auto-Complete emgeschalt, ëmmer wann ech Oscar Slumdog Millionaire aginn, schreift mäin neiste selwer geschriwwene Wordpress Plugin direkt Slumdog Millionaire hannendrun. Dat mecht et fir mech wesentlech méi liicht.
03:39 Ech froe mech grad wéieng Kategorien nach ausstinn, vu dass Slumdog réicht véier gewonn huet. Regie, Film, wat nach?
03:40 Ze séier geschoss, lo fällt et mer nees an: d’Musékkategorien kommen nach, déi e gewënnt.
03:42 Den Jerry Lewis gewënnt den Humanitarian Award, deen ech bis haut net verstinn. A rot wéiee Lidd an sénger Montage leeft? Genee: “Viva la Vida”.
03:44 Et war awer léif vun hinnen, dass den Eddie Murphy de Präis iwwereeschen duerft. Hat en och mol en Oscar Slumdog Millionaire an der Hand.
03:48 D’Sky TV Leit si rem um sabbelen. Nëmme Schäiss. D’Beyoncé huet anscheinend just “Dreamgirls” gedréit bis well. Hey, wat ass mat “Austin Powers: Goldmember”?
03:51 Best Original Score. Dem Alexandre Desplat séng Aarbecht fir Button ass sou wonnerschéin. Genee sou Defiance vum James Newton Howard. Milk war immens. Wall-E bezaubernd. Slumdog Millionaire kléngt besser vum Orchester bei den Oscars wéi am Film.
03:53 A scho rem D’HSM Kanner. An d’Gréit huet den Alexandre Desplat “Alejandre” ausgeschwat. Domm Klont. Slumdog huet natierlech gewonn.
03:56 Best Original Song. D’M.I.A. trëtt net op. An den John Legend séngt “Down to Earth”.
03:58 Also ech menge mol, dass dat den John Legend war.
03:58 Firwat wees ech eigentlech wen den John Legend ass?
04:02 Oscar Slumdog Millionaire. Sensationell wéi deen Auto-complete funktionnéiert. An “Jai Ho”, dat schwächsten nominéiert Lidd huet gewonn. Den Dev Patel verbréngt séng Zäit iwwregens domadder de Mond net zouzekréien a bléckt permanent ronderem sech.
04:06 De Liam Neeson an d”Freida Pinto iwwereesche lo beschten auslännesche Film.
04:07 A wéi ganz um Ufank ugekënnegt huet Departures wierklech gewonn. Major fuck-up nennen ech dat do lo mol. Mee ech hunn de Film jo net gesinn. Dese Japaner ka grad sou wéineg Englesch wéi dee virdrun.
04:11 In Memoriam. An d’Queen Latifah séngt dozou.
04:15 Schéi gema, d’Kameraschwenks ware liicht hektesch. Mee wéi all Joer si rem vill grouss Leit vun eis gaang, déi bekannt Nimm, an déi, déi am Schied fir d’Schéinheet vum Film zoustänneg waren.
04:19 D’Reese Witherspoon iwwereescht geschwënn dem Danny Boyle den Oscar Slumdog Millionaire, deen dem David Fincher zousteet, ass wéi ëmmer witzeg, mee huet e Rack un, deen deen Numm net verdingt huet.
04.21 Oscar Slumdog Millionaire.
04.23 Séng Tigger Ried war immens. Déif a méngem Häerz fannen ech den Danny Boyle jo schon immens. Mee, David Fincher…
04:25 Bescht Schauspillerin. Ass et endlech um Kate? Oder gewënnt d’Meryl Streep säin drëtten? Oder iwwerascht d’Melissa Leo?
04:27 Sofia Loren, Shirley McLaine, Halle Berry, Nicole Kidman, Marion Cotillard presentéiren.
04:28 No beschte Schauspiller ginn ech iwwregens an d’Bett.
04:29 NOT.
04:32 KAAAAAAAATE! :)
04:36 Ried vum Owend. Subjektiv an objektiv. An et geet virun bei de beschte Schauspiller.
04:37 Robert de Niro, Ben Kingsley, Anthony Hopkins, Adrien Brody a Michael Douglas heeschen d’Presentateuren. Wat e Line-up.
04:43 Ech mengen deen Typ aus Twilight ass wierklech e Vampyr. An de Sean Penn gewënnt säin zweeten Oscar!
04:45 De Sean Penn ass witzeg an den Dustin Lance Black kräischt. Dat zweet ass net sou iwweraschend, dat éischt extrem. Wat ass dann hei lass?
04:53 An de Steven Spielberg iwwereescht Slumdog Millionaire lo hieren aachten Oscar. Keng Iwweraschung. Bis d’néchst Joer. Gutt Nuecht.
“The Painted Veil” ass e weideren gudde Film, deen aus dem Joer 2006 ervir gaang ass. Et ass eng roueg Erzielung, iwwert eng Bezéiung an eng Léift, déi während enger Cholera-Epidemie a China entsteet.
Als grousse Fan vum Edward Norton (“Primal Fear”, “American History X”, “Fight Club”) an dem Naomi Watts (“Mulholland Dr.”) hunn ech net laang missen zécken fir dëse Film kucken ze goen, och op de Risque hin, dass se dru scheitere kéinten glafwierdeg Englänner ze spillen. All Zweifel un hirer Fähegkeet war allerdéngs sënnlos, well och wann se natierlech net déi Iwwerzeegungskraaft wéi richteg Englänner konnten hunn, ass et awer e feine, gelongene Versuch Briten ze spillen, den Accent (ech wees, et sinn d’Amerikaner déi den Accent hunn, net d’Englänner) ze schwätzen an dobäi net un Ausdrock ze verléiren.
D’Geschicht bestëcht doduerch, dass se obschons se wierklech em puer kritesch, dramatesch Szenen duerchgeet ëmmer roueg bleift. Déi Rou get virun allem och duerch den Edward Norton ausgestrahlt, dee sech trotz all dem Misär keng staark Emotiounen zougesteet. Et sinn och d’Spill mat de schéine chinesesche Landschaften, d’Kameraaarbecht, sou wéi d’Kostümer, déi dem Film zu séngem Charme verhëllefen, well se schéin, mee awer op eng gewëss Aart a Weis bescheiden riwwer kommen. Et get keng Ufäll vu Pomp, wéi et sou oft de Fall ass, wann e Film d’Leit a friem Länner féiert.
Sou begleet de Film also, déi bestuete Koppel Walter a Kitty Fane, wéi hir Bezéiung an hir Léift sech entwéckelt, verschidde Stadien vun Haass, Bewonnerung an Ofneigung duerchleeft fir um Schluss an absoluter Stëll an hirem logesche Schluss opzegoen. Et ass sécherlech net de ganz grousse Kino, mee awer vun der éischter bis zur läschter Minut, trotz em puer Längten ënnerhalsam a schéin.
Dat Gréisst um Film ass sécherlech d’Musék vum Alexandre Desplat, dee, wéi och an “The Queen” genee de richtegen Toun trëfft fir d’Biller an d’Handlung ze begleeden. Eng Filmmusék ass nëmme da gutt, wa se net just begleet, mee als artistescht Element wierklech an d’Geschicht mat afléisst an als erzielerescht Mëttel genotzt get. An dat geléngt momentan vläicht kengem Komponist sou exzellent, wéi dem Desplat.
Ech géif jidderengem, dee Loscht op e flotten Owend am Kino huet an ofschalte wëll, recommandéiren sech dem John Curran säin “The Painted Veil” unzekucken, well et eng Geschicht mat Häerz a Schéinheet ass, déi sech liicht verdaue léisst an déi een net schlecht fanne kann.