Bäitrag getagged ‘advanced chemistry’

Wat mécht HipHop a Lëtzebuerg, während en aanecht wou an d’Joeren kennt?

Geschriwwen den 8/12/2009 vum Thorben7 Kommentaren

Ech hunn op Spotify Tobi & Das Bo fir mech remendeckt. Beim stöbern an der Wikipedia hunn ech dann eng Foto vum Bo gesinn, an geduecht “merde, ass deen aal”. Hien ass 33. An dunn duecht ech mir: Jo, déi éischt Spueren vun Hiphop op Däitsch kommen vun Ufank 80er, och wann dat éischter e Witz wor. Mä wéi et dann richteg lassgoung, woren mer awer nach 1987, wéi Heidelberg déi éischt däitsch Rap-Haaptstaad ginn ass, fir dann an den 90er vun Hamburg, an dann, tragescherweis, vu Berlin oofgeléist gouf. Et ass also guernet verwonnerlech, dass den Torch 1971 gebuer ass, an am selwechten Joerzéngt vill vun deenen Rapper, déi fir mech haut nach emmer wichteg sinn. De Sido ass 1980 gebuer. Net méi relevant.

Mä wat ass eigentlech mat Lëtzebuerger Rap? Do gouf et dann mol d’LCS Mafia, belächelnswäert Initiativen wéi 100GN oder Aggro Biergem wou den T-Way sech bis haut nach seng Pubertéitsproblemer vum Häerz schwätzt. An dann ginn et natierlech Beschnidden Mee Kathoulesch (naja, Rap?) an De Läb déi fantastesch Saache maan.

Well eis Lieser so Intelligenzbommen sinn: Wou ass dee richteg coolen lëtzebuergeschsproochegen Hiphop? Wou sinn Texter mat Wuertwitz, Stil an Flow?

10 mol däitschen Hiphop éier een décidéiert, e wier näischt

Geschriwwen den 11/02/2009 vum Thorben9 Kommentaren

Däitschen Hiphop? Sido, Frauenarzt an Bushido. Scheisse. An oft wann een seet et lauschtert ee gären Hiphop, gesin d’Leit een scho viru sech mat der Hand am Schrëtt an der schiefer Kaap. Blödsinn. Dofir kommen hei 10 Songs déi ech jhidderengem un d’Häerz leen, éier en décidéiert, däitschen Hiphop wier Schäiss. Däitschen Hiphop kënnt och net wierklech aus dem aarmen Ecken wéi Berlin-Kreuzberg oder sou. Dass “Gangsteren” ob Däitsch gerappt hun ass réicht vill méi spéid komm. D’Story fänkt un 1980 mam Sexauer, Laufenberg an dem Thomas Gottschalk. Richteg. Deen. Déi hun de Song Rappers Delight gecovert.
YouTube Preview Image
Kee Wonner dat dono 10 Joër keen Hiphop an däitscher Sproch méi bruecht gouf. (more…)

Plazen 225-201

Geschriwwen den 7/07/2007 vum Chris3 Kommentaren

A weider geet et.

(more…)


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags