Ech si sou, sou, sou gespaant, wéi den neie Film vum Judd Apatow am Endeffekt si wäert. Desen Trailer gesait engersäits fuerchtbar aus, anerersäits huet e meng Erwaardung nach emol gesteigert. Erklär mir een dat.
PS: E Méindeg, meng alljährlech Filmvirschau, mat den 10 meeschterwaartete Filmer vum Joer.
De P.T. Anderson ass e groussaartege Regisseur an Dréibuchauteur, deen absolut skurril an iwwerspëtzte Geschichten erzielt, an dat awer op eng Manéier hikritt, wéi keen et kann.
De Barry (Adam Sandler) ass e liicht beschränkten Loser, deen versicht séng Firma un d’Lafen ze kréien an dobäi dauernd vu sénge Schwësteren fäerdeg gemaach get. Säi Liewen verännert sech awer komplett, wéi en Telefonsexring ufänkt en z’erpressen, an hien sech gläichzäiteg verléift…
Adam Sandler Filmer si jo normalerweis net ze toppen u platte Witzer (ech kucke se trotzdem gäer), mee Punch-Drunk Love ass do scho ganz erfrëschend. Och wann de Sandler rem en Eefalt spillt, kënnt de Film des Kéier awer ouni Fäkalwitzer aus. De Film ass relativ kuerz a bréngt et awer fäerdeg déi zwee komplett verschidden Handlungssträng mateneen ze verbannen, ouni dass iergendeng Froen opbleiwen. Interessant sinn och dem Barry séng ëmmer rem kommend Wutausbrech, déi ëmmer dann optrieden, wann en emotional am meeschte matgerappt ass, wat an der wuel bizarrster Liebeserklärung mënd, déi ech je héiren hunn: “I’m lookin’ at your face and I just wanna smash it. I just wanna fuckin’ smash it with a sledgehammer and squeeze it. You’re so pretty.”
Wonnerschéin ass och wéi den P.T. Anderson verschidden Symboler abaut, wéi den Harmonium, deen dem Barry séng Léift duerstellt. Oder och déi rout Faarw, déi de Barry ëmmer vu geforen weg leed. An dann natierlech d’Spill mat Faarwen, Téin an onerwaarte Szenen, wat de Chaos am Barry séngem Kapp duerstellt.
Punch-Drunk Love get doduercher zu engem Film, deen een ëmmer rem kucke wëll, an deem een ëmmer rem nei Saachen entdeckt.