Bäitrag getagged ‘500 days of summer’

Top 10 Filmer vum Joer 2009

Geschriwwen den 25/02/2010 vum Chris5 Kommentaren

#10 THE INFORMANT!
(Steven Soderbergh)

Ech hu mer et zur Gewunnecht gemaach, dass op menger zengter Plaz e Film ass, deen ech perséinlech extrem interessant fonnt hunn, mä wou ech vläicht net onbedéngt der Meenung sinn, dass en eng Top 10-Plaz hu misst. No Man on Wire an Into the Wild ass dat dëst Joer dem Steven Soderbergh säin absolut genialen The Informant! bei deem s de duerch dem Matt Damon seng beschte schauspilleresch Leeschtung bis haut ni wierklech weess wou s de dru bass. Wéi gesot, e wonnerbare Film mat wonnerbarem Cast.
(more…)

Star Wars

Geschriwwen den 9/01/2010 vum Chris8 Kommentaren

Wéi de Jacques mer sot, ass e wichtege Grond firwat hien sech iwwert “Avatar” hei um Blog geiergert huet meng a sengen Aen ze héich Bewertung vum Film mat dräi Stären. Mir ass opgefall, dass dat net déi éischte Kéier war, dass mäi Stäresystem d’Leit gestéiert huet, an dofir wëll ech dann hei lo no 3 Joer wou ech e scho benotzen vläicht och mol eng Erklärung dofir ofginn. (Dorun hätt ech och éischter denke kënnen, ech ginn et zou.)

Véier Stären ass de Maximum, deen ee kréie kann. Dat ass fir munchereen, dee weess wéi besiess ech mat ronnen Zuele sinn vläicht iwweraschend, mä vu dass ech bei engem Stär an net bei null Stären ufänken, gëtt dat mir siwe Valeuren, déi ech Filmer gi kann. An ech denken, dat ass och genug. D’Feinofstëmmung bannent all méiglecher Note gëtt an eventuelle Fäll duerch explizit Kritike gemaach an anere Fäll eben net.

Wann ech mer d’2009er Filmer ukucken, déi ech bis well gesinn hunn ukucken, sou fällt mer op, dass ech effektiv all Note op mannst eng Kéier verginn hunn. Dir kënnt och hei noliesen, wéi eng Bewertungen ech all Film ginn hunn. Beispiller sinn, an ech wiele Filmer wou ech denken, dass vill Leit se gesinn hunn:

**** The Princess and the Frog
***1/2 Zombieland
*** Public Enemies
**1/2 Where the Wild Things Are
** Away We Go
*1/2 X-Men Origins: Wolverine
* The International

Wéi der gesitt ass domat Where the Wild Things Are de Film, deen souzesoen eng Grenz Bild. An och wa fir de Roger Ebert zwee an en halwe Stär thumbs down bedeit, sou ass dat fir mech déi Kategorie an déi d’Filmer falen, déi ech respektéieren, mä net wierklech gutt fannen. Et ass souzesoen d’Kategorie an déi déi Filmer falen vun deenen ech mer wënschen, dass ech se besser fanne géif. Ab dräi Stären sinn also d’Filmer déi mer gefalen, un deenen ech definitiv Saachen auszesetzen hunn, mä déi mech awer insgesamt iergendwéi iwwerzeegen. Op lëtzebuergesch Schoulnoten ëmgerechent kéint een dat Ganzt also sou kucken, dass dräi Stären assez bien bis nidderege bien ass, während zwee an en halwen Stär suffisant bis eng kleng Datz duerstellt. Alles ënner zwee an en halwe Stär wëll ech dogéint net méi rëmgesinn. Dat sinn déi richteg Datzen, wou gréisser Makel dra sinn, déi heinsdo duerch kleng Elementer ugehuewe ginn, mä leider ganz oft och net.

Déi wierklech gutt Filmer kréien dräi an en halwe Stär, wann et soe mer wierklech just eppes bedeitendes gëtt, wat mech un hinne stéiert, an véier Stären, wann kleng Feeler net wierklech an d’Gewiicht falen. Sou ass et kloer, dass ech dëst Joer aacht Filmer eng Wäertung vu véier Stäre ginn hunn, mä dat awer net bedeit, dass ech all déi Filmer um Niveau vun de beschte Filmer vun allen Zäite gesinn. Fir et ganz däitlech ze soen: (500) Days of Summer ass keen 8 1/2 oder 12 Angry Men, mä awer e Film deen op ganzer Linn iwwerzeegt, an deen dofir och d’Beschtwäertung verdéngt.

A fir all déi, déi et interesséiert: (500) Days of Summer, Antichrist, Bright Star, Coraline, Duplicity, Fantastic Mr Fox, The Hurt Locker, Harry Potter and the Half-Blood Prince, The Informant!, In the Loop, Moon, The Princess and the Frog, Un prophète, A Serious Man, Star Trek an Zombieland sinn déi siechzéng Filmer vun den 53 déi ech vun 2009 bis well gesinn hunn, déi nach an der Course sinn fir eng Plaz op menger Top 10 vum Joer. Mä dozou méi an e puer Wochen, wann ech mat The Lovely Bones de leschte wichtege Release vun 2009 gesi wäert hunn.

Filmpouster vum Joer 2009

Geschriwwen den 9/12/2009 vum Chris13 Kommentaren

Filmpouster si sou eng Saach. Wat ass e gutt Pouster? Eent, wat eppes iwwert de Film ausseet? Eent, wat d’Leit an de Kino lackelt? Eent, wat fir sech artistesch wertvoll ass? Sécher, kann een op déi dräi Saache kloer mat “Jo” äntwerten.

Sou huet e Filmpouster fir “Beowulf” sécherlech keen artistesche Reiz, bréngt et awer fäerdeg Séancen ze fëllen. Et ass vläicht net gutt, mee effizient. Anerersäits kann en effizient Pouster och säugutt sinn, sou wéi d’knätschgielt Pouster zu méngem Film vum Joer 2006 “Little Miss Sunshine”.

Sou hunn ech virun zwee Joer an och d’lescht Joer mäin Artikel ugefaang, an ech wëll et wéi der gesitt dëst Joer nees sou man. Bei der schier onendlecher Zuel vu grausam ellene Filmpouster, déi all Joer eis Kinoe verpeschten, muss een einfach och déi wierdegen, déi eppes besonnesches duerstellen. Muncht Pouster op menger Lëscht ass vläicht net besonnesch kreativ, mä huet awer e speziellt Gefill mat deem et de Film ëmschreiwt, deen et virstelle soll.

Jo, ech recycléiere schamlos d’Texter, déi ech an de leschte Joeren scho gebraucht hunn. Mä wat gëtt et ze soen? Ech maachen net méi, wéi eng kleng Sammlung vu schéin ze kuckende Filmpouster. Do brauch et net vill Wierder, d’Biller schwätze fir sech.

(more…)

Independent Spirit Awards

Geschriwwen den 1/12/2009 vum ChrisKee Kommentar

An domat geet et lass. Eng nei Saison Oscar-Diskussiounen op Pianocktail, pünktlech um 1. Dezember. Als éischt eeschtzehuelend Organisatioun hunn d’amerikanesch Independent Spirit Awards hir Nominéierungen fir hir Präisser déi traditionell den Dag virun den Oscars an engem Zelt iwwerreescht ginn, bekannt ginn. Villes wat een erwaarde konnt, mä och ëm puer klenger Iwwerraschungen. Sou zum Beispill feelt A Serious Man an de Kategorien “Beschte Film” an “Beschte Schauspiller”, während an dëser den Hal Holbrook fir That Evening Sun och net optaucht.

Munchereen wäert The Hurt Locker vermëssen, mä dem Film säi Star, den Jeremy Renner war komescherweis d’lescht Joer schon nominéiert, obwuel en nach néierens äusserhalb vu Festivals gelaf war. Anyway, long story short, Precious an The Last Station kruten déi meescht Nominéirungen an ech froe mech ob den Independent Spirit-Fluch Precious ka schueden. Vun de meeschte Leit als de Favorit op den Oscar fir de “Beschte Film” gesinn kéint eng Victoire hei entweder bedeiten, dass de Fluch, dass kee Film bei béide Präisiwwerreeschungen gewënnt, gebrach gëtt oder et kéint effektiv bedeiten, dass en anere Film d’Iwwerhand behält.

Meng léifsten Nominéirungen? Déi dräi Erwienungen vun (500) Days of Summer, Un prophète fir den auslännesche Film. Op Incontention.com fannt der déi ganz Lëscht.

Kuerz kritiséiert

Geschriwwen den 17/09/2009 vum Chris4 Kommentaren

500-days1

500 Days of Summer (****)
Säit e puer Joer hunn ech schon en heemleche Crush wat d’Zooey Deschanel betrëfft, dat läit wahrscheinlech och dorunner, dass et meeschtens getypecast gëtt, an déi Zort Dramgirl ouni wierklech Substanz a ville Filmer anhëllt. Sou och hei, mä egal wéi negativ dat kléngt, de Film ass brillant. D’duerchschnëttlech Performance vum Deschanel zesumme mam Joseph Gordon-Levitt senger immenser schauspillerescher Leeschtung sinn d’perfekt Mëttel fir dat clevert a wonnerbart Dréibuch iwwert eng Koppel där hir Bezéiung net funktionnéiert zum Liewen ze bréngen. Dëst zesummen mat der schier perfekter Regie vum Marc Webb mécht aus (500) Days of Summer de perfekte Film fir de Summer. Ech géif bal soen, et wier déi innovativsten Rom-Com zënter Annie Hall, mä noolt mech net dorop fest.

(more…)

Filmvirschau

Geschriwwen den 23/02/2009 vum Chris6 Kommentaren

Wéi all Joer kann ech et och dest Joer et net loossen, mer scho méintelaang am Viraus Gedanken ze man, wat dat Joer wuel fir Filmer op mech duerkommen. Vu ménge meeschterwaartene Filmer vum läschte Joer hunn der genee zwee et an d’Top 10 vum Joer gepackt, dofir awer och op déi Positiounen, déi se an där Lëscht schon anhaten. Interessant.

Animania
Ofgesinn vun den animéierte Filmer, déi nach a ménger Top 10 optauchen gëtt et nach eng Rëtsch interessantes op dat een sech freen dierf. Do wieren den net amerikanesche Virtuosen Sylvain Chomet an Hayao Miyazaki hir neiste Wierker: L’Illusioniste an Gake no ue no Ponyo. An dann awer och den a Lëtzebuerg produzéierte 9, dee fuerchtbar interessant ausgesait, souwéi dem Pianocktail Lieblingsregisseur Wes Anderson Fantastic Mr. Fox. A schlussendlech nach dem Robert Zemeckis säin A Christmas Carol mam Jim Carrey.

Fir ze laachen
Op éischter Plaz muss do natierlech de Brüno erwient ginn, den neiste Film mam Sasha Baron Cohen a senger bekannter Roll als schwult éisträichescht Watochëmmer. (500) Days of Summer vum Marc Webb kléngt wéi eng interessant Romanz mam Joseph Gordon-Levitt a Zooey Deschanel. Nailed vum David O. Russell handelt vun enger jonker Fra, déi sech en Nol an de Kapp schéisst an duerno d’Welt e bëssen anescht gesäit. An de Sam Mendes, wéi och de Fatih Akin betrieden en neien Terrain mat hire Komödien Away We Go an Soul Kitchen. Den Ed Wright bréngt an där Zäit eng Comicadaptatioun mam Michael Cera, déi sech Scott Pilgrim vs. The World nennt, während den Jason Reitman den George Clooney an Up in the Air zum Profirausgeheier gi léisst.

D’Dammen hannert der Kamera
The Hurt Locker
vum Kathryn Bigelow, e Film iwwert e bekannte momentanen amerikanesche Krich ass 2008 scho mat Succès op Festivale gelaf, an dem Jane Campion säin neisten Bright Star, ass alleng vum Numm vun der Regisseurin hir jo schon en absolute Must. D’Anna Boden huet zesumme mam Ryan Fleck nach Sugar gedréit. Iwwert en Baseballspiller.

Action, Action, Action
Comicadaptatiounen sinn och dest Joer nees drun: Wolverine a Watchmen sinn do déi mam meeschte Profil. An da gëtt et natierlech na sou Filmer, déi sech Terminator:Salvation an Star Trek nennen.

Europäesch Starregisseuren um Wierk
Souwuel den Alejandro Amenabar an de Lukas Moodysson beginn d’Doudsënn en amerikanesche Film ze dréien. Dem Moodysson säi neiste Film Mammoth ass zu Berlin scho relativ gefloppt, während dem Amenabar säi Projet Agora, deen am réimeschen Ägypten spillt, mech net interesséire géif, wann ech heen net immens fanne géif. Dann gëtt et endlech nees eppes Neies vum Lars von Trier: Antichrist ass de wonnerschéinen Titel fir säin neiste Film. D’Briten Stephen Frears an Paul Greengrass bréngen engersäits en Kostümdrama mam Michelle Pfeiffer mam Numm Chéri, an fir de Greengrass eng weider Kollabo mam Matt Damon am Krichsfilm Green Zone. An de Guy Ritchie bréngt de Sherlock Holmes zréck an de Kino.

Déi Grouss aus Amerika
Den Terrence Malick ass bekannt als Philosoph vum Kino an och a sengem neisten The Tree of Life, iwwert eng Famill an de 50er mam Brad Pitt als Papp, wäert e vill Geleenheete fannen, Wisen an den Himmel ze filmen. De Michael Mann ass och rem do mat séngem Public Enemies, engem Gangsterfilm mam Johnny Depp an Christian Bale. De Rob Marshall dogéint dréit d’Musical Nine an deem sechs (!) Oscargewënner dra virkommen: Daniel Day-Lewis, Sofia Loren, Penélope Cruz, Nicole Kidman, Judi Dench a Marion Cotillard. Dobäi gesellt sech nach d’nominéiert Kate Hudson. Wow. An d’Fergie vun de Black Eyed Peas. Haha. An de Clint Eastwood dréit den Morgan Freeman a Mandela an allebéid wäerten se wuel nees en Oscar gewannen.

Déi vum läschte Joer remkommen an dem Ledger säi wierklech läschten
Nee, The Dark Knight war net dem Heath Ledger seng läschte Roll, dat ass The Imaginarium of Doctor Parnassus. Vu dass en deen allerdéngs net fäerdeg gedréit krut, an dat deet nach ëmmer wéi, hunn den Johnny Depp, Jude Law an Colin Farrell seng Roll weidergespillt. Des weideren kommen dann The Lovely Bones (Peter Jackson), an The Soloist (Joe Wright) dest Joer wierklech an de Kino.

where-the-wild-things-are-20081213081203698_640w

Where the Wild Things Are

(more…)