Webkonfusionen: Who links Arcade Fire?
TimeOut D’britescht Magazin TimeOut
huet eng Lëscht vun den 100 beschte britesche Filmer aller Zäiten zesumme gesat. Gewielt vu sou wichtege Leit wéi de Pianocktail Award Nominees™ Wes Anderson an Sally Hawkins, awer och anere Gréissten wéi dem Ken Loach oder Alfonso Cuarón.
Coming Soon Gerüchter iwwer den Joseph Gordon-Levitt an d’Marion Cotillard als Alberto Falcone an Talia Al Ghul am Christopher Nolan sengem The Dark Knight Rises. Dat géif ech eng gutt Idee fannen. Mä bon, Gerüchter eben. Wat denkt dir?
David Bordwell Wéi mer Filmer kucken, a firwat mer Feeler an der Kontinuitéit seele bemierken. Faszinéierenden Artikel, um Beispill There Will Be Blood. Natierlech gëtt et an deem Film eigentlech keng Feeler. *houscht*
The Film Experience Well gëschter anscheinend Vältesdag war, e schéin ze liesenden Artikel iwwer mäin #3 Film 2009, a meng #19 vum leschte Joerzengt.
Who is Arcade Fire Fir déi, déi eis net op Facebook verfollegen, nach emol dës wonnerbar Zesummestellung vu Leit, déi keng Anung hunn wien Arcade Fire sinn, déi e Sonndeg bekanntlech e Grammy fir ‘Album of the Year’ gewonn hunn. Wéinstens huet et de Kanye gefreet.
The King of Limbs
Ech entschëllegen mech dir desen Post. Pardon Chris, pardon aaner Pianocktailer, pardon Lieser. Ech wëll menge Gefiller awer fräie Laaf loossen.
Aaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaah. Oh mäi Gott. Oh mäi Gott. OH MÄI GOTT!
Hëllef!!!! Aaaaaaah! Panik! Haha!!!! Aah-haha-haha-hahahahaha.
Boaaah! Ech gi mëll!!! Chrëschtdaaaag! Just vill besser!
Mega! Mega! Mega!
Jo. En Samsten kënnt dee neien Radiohead Album, The King of Limbs raus.
Dorop freen ech mech baal esou vill, wéi op d’Lynn, wat e Mëttwoch scho kënnt. Dat heite gëtt déi bescht Woch vum Joer. Bis well.
Explosionen
Tocotronic an ech. Dat ass eng Léift déi mech säit gutt 10 Joer verfollegt. An ech si mir nie sécher ob et Tocotronic oder Tomte ass, déi Band déi mech am meeschten beaflosst huet. Wat dat fir mäin Ego bedeit ass och kloer – schaffen Tocotronic an Tomte jo awer op zwee komplett ënnerscheedlechen Poler. Et ass onméiglech, e bescht Lidd vun Tocotronic ze fannen, mä ech well iech hei eent präsentéiren, wat guernet oft genuch kann geluewt ginn. Explosion vum Album Kapitulation.
Kannst du vor deinen AugenDie Explosionen sehen?Ein Feuerwerk in der NachtKannst du in den PfützenDie Wolkenfetzen sehen?Spiegel in der InnenstadtKannst du in den BäumenDie Tonbandfetzen sehen?Wer hat sie dorthin gebracht?Alles gehört dirEine Welt aus PapierAlles explodiertKein Wille triumphiert
Ass dat net herrlech, wéi Ausdréck vu Muecht, Zerstéirung an Gewalt gepuert ginn mat Fragilitéit an Eleganz? Wéi Riefenstahl (Triumph des Willens), Nietzsche (Jugendschriften) an Schopenhauer (Die Welt als Vorstellung) an de Kontext gesat ginn?
Dobäi kënnt dann awer d’Signatur vu villen Tocotronic-Lidder: En endlosen Obbau. An der Studioversioun vum Lidd dauert den Gitaarsintro 1:36 Minutten, an der Berlin String Theory Versioun vum Lidd (B-Säit vun Für Immer Jung) dauert en 2:19 an an der Versioun vum Album Kapitulation Live suguer 2:55 Minutten. Op villen aaneren Concerten hu se dat suguer nach getoppt, an dorauser en epescht Lidd voller Kraaft gemaach.
Ech fannen déi Versioun vum Kapitulation Live Album am stäerksten, an sinn heiansdo stonnelaang Auto gefuer an haat emmer just den Intro vum Lidd laafen. Et ass e Wahnsinns-Song. Lauschtert en alleguerten. A lauschtert net op mech. A kuckt deen heite Video vum Miriam Schaaf:
Fir en YouTuber ze zitéiren: warum wird eigentlich sowas wie Effi Briest als Kulturgut bezeichnet und Lieder wie dieses nur als popmusik?
En Tour duerch d’Pixar Studios
Ech géif léien, wann ech soe géif, dass ech net scho mol dovu gedreemt hunn bei Pixar ze schaffen. Ech géif och do botzen, wann et bedeite géif, dass ech e bësse vun hirem Feeëstëbs matkréien. Dass d’Aarbecht bei Pixar immens si muss, hat ech iergendwéi schon am Gefill, mä wéi vill Spaass een an dem Bürokomplex vu Pixar Studios nieft der Aarbecht hu kann, huet mech trotzdem erstaunt.
D’New York Times duerft Pixar besichen, an huet gesinn a wéi engen Halen Toy Story 3 zu Stan komm ass. Hei ass de Video:
Webkonfusiounen: Basket of Links
Cinemablend Den James Marsh (Man on Wire) schwätzt driwwer firwat de Kevin Smith en Aasch ass. Recht huet en.
The Carpetbagger Interview mam Yorgos Lanthimos, Regisseur vun Dogtooth, dem fir en Oscar nominéierte, griechesche Meeschterwierk, dat der bei MUBI kucke kënnt. Méi zu Dogtooth, wa mer zu menger Top 10 vum Joer kommen.
The AV Club Rattle and Dumb: 13 rock movies that make their subjects look like dicks.
Guardian zum Kinostart vun True Grit, déi zéng bescht Kino-Cowboys.
Basket of Kisses BRING BACK MAD MEN IN 2011 PETITION.
Wat am Moment tëscht AMC an Lionsgate ofgeet ass einfach nëmmen eng Schan. Mad Men ass déi beschte Serie op der Telé an et gi Millioune Fans, déi vun Ufank un dobäi waren, an et net verdéngt hunn dass d’Serie éiweg op sech waarde léisst, just well d’Produzenten profitgiereg sinn. Kuckt dass de Matthew Weiner sou séier wéi méiglech rëm dru schreiwe kann, a gitt iech eens.
2000-09: dem Chris säi filmesche Réckbléck (8/8)
Dat hei ass de leschten Deel vun dëser relativ laanger Serie vu Bäitreeg, an hei spillen ech als éischt emol mat Zuele rëm.
50 Filmer ware logescherweis a menger Top 50. Dovu sinn e ganz groussen Deel engleschsproocheg Produktioune gewiescht, awer och véier däitsch, véier franséisch, an zwee spuenesch Filmer, ee brasilianeschen, een italieneschen, een itsraeleschen, ee schwedeschen, ee mexikaneschen, ee bosneschen Film, sou wéi nach een aus Taiwan an een aus Hong Kong. Vun den engleschsproochege Produktioune waren véier haaptsächlech britesch, all déi aner gréisstendeels aus den USA, och wann d’Regisseuren wéi Cuarón, Jackson oder och Lee net onbedéngt Amerikaner waren.
Lauschtert The Streets: Computers and Blues
Wéi ech schon öfters, wann och wuel net hei um Blog, festgehalen hunn, gëtt et a mengen Aen musikalesch näischt méi innovatives a kreatives wéi gudde Rap. Hey, déi beschte Lëtzebuerger Formatioun am Moment ass de Läb, an dat mat engem gréissere Virsprong. Vue dass an der Ëffentlechkeet awer leider déi manner gutt Vertrieder vun dëser Museksriichtung méi Opmierksamkeet kréien, ass de Genre zimlech a Verruff geroden. Dofir freeën ech mech ëmmer wann déi talentéiert Artisten awer iergendwéi wouer geholl ginn. Natierlech ganz héich op der Lëscht vun respektabele Museker ass do The Streets, déi ech schon öfters mol erwänt hunn. (Woubäi mer afällt, dass ech déi Lëscht vun de beschte Museker vum Joerzéngt ni fäerdeg geschriwwen hunn. Hmm… The Streets wier an den Top 10 gewiescht.)
Anyway, de Guardian huet haut dem Mike Skinner säin neisten Album virgestallt, an et kann een sech dat gutt Stéck um Site ganz ulauschteren. An, jo, et ass gutt. Keen Original Pirate Material oder A Grand Don’t Come for Free, mä awer en extrem gelongent Wierk. Dofir: Lauschteren.
Pianocktail Oscar Pool
Sou, wéi d’lescht Joer och schon, organiséieren ech dëst Joer nees meng Oscar Pool, an där et drëm geet d’Oscars richteg ze tippen. (Ech muss mer bëssen eng iwwerleeën mat de Punkten allerdéngs, well ech e Gefill hunn, dass dëst Joer d’Kuerzfilmer soss d’entscheedend Gewiicht hu wäerten, well ee Film alles anescht dominéiere kéint.)
Vue dass ech d’Pool d’lescht Joer gewonn hat, huet sech keen de Präis ergattert, deen et ze gewanne gouf. Dëst Joer maache mer dat anescht. Ech spillen zwar mat, mä och wann ech gewanne sollt (a maache mer eis näischt vir…), kritt den zweetplazéierten e Präis vun DVDs, eventuell CDs a Bicher. Wat a wéivill et gëtt, decidéieren ech réischt, wann ech gesinn wéivill Leit deel huelen – d’CEDIES bezillt, an wat méi Leit mat maachen, wat de Präis besser gëtt.
Also maacht iech bäi, an fëllt ären eegene Stëmmziedel an. Dir hutt Zäit bis zum Oscarowend selwer.
Pianocktail Oscar Pool op Picktainment
(Passwuert: nocki)
Modern Family
Hunn ech iech eigentlech scho vu menger neier temporärer* Lieblingssendung gezielt?
Se nennt sech Modern Family, ass eng Sitcom, an ass dat witzegst wat der am Moment op der Telé fannt. Wann ech beschreiwe misst wourëms et geet, géif ech soen et ass eng Mëschung aus Arrested Development an The Office, mat enger Pris vun deem Wonnermëttel wat een no enger halwer Stonn vu Full House awer net an de Suizid gedriwwen huet. Dat heescht et ass eng clever Serie iwwert eng erweidert Famill, déi ausgefalen Storylines huet an sech viru kengem nach sou kontroverse Witz scheit, an awer extrem vill Häerz huet.
Dass Modern Family Präiser en masse ofraumt (Emmys, DGA, SAG, etc.) misst well relativ bekannt sinn, dass d’Serie se och méi wéi verdéngt huet, ass allerdéngs nach net esou bekannt an eise Gefilden. D’Mëschung aus Personnagen, de Respekt virun de Kanner als eegestänneg Figuren an net just Undreiwer fir d’Handlungen vun den Erwuessenen a virun allem déi wonnerschéin Akzeptanz vun sou zimlech all Dommheet, déi engem an de Sënn komme kann, maachen aus Modern Family eng Serie, déi méi wéi eng üblech Sitcom iwwert eng Famill mat engem trottelege Papp ass. Et ass e wonnerschéint Bild dovu wéi lëschteg an harmlos eist Liewen dach eigentlech ass.
Wien et nach net kuckt, séier erbäi maachen. Ech weess dir wësst alleguer wou der dru kommt mat ären net ganz legale Methoden.
*Temporär /tempɵ’ræə/, Adjektiv,
Ausdrock vun enger Zäitspan an där een eppes anescht mécht wéi Mad Men kucken.
Kuerz kritiséiert: Schwaarz Stonnen
127 Hours (Boyle, ***1/2)
Ee Kommentar zum Boyle sengem leschte Film Slumdog Millionaire an deem ech als pussy bezeechent gi sinn, huet eng ganz déif Plaz a mengem Häerzen. Ech hu mech deemools fierchterlech geiergert, well de Kommentator guer net verstan huet, wat mäi Problem vum Film war. Mä dës kuerz Kritik ass vläicht meng Renaissance a sengen Aen, well ech hunn et duerch d’Zeen an där den Aron Ralston – en immensen James Franco – sech säin Aarm ofschneid, gepackt, an mir gefällt de Film trotzdem. Sou eng pussy kann ech da jo wuel net sinn.

Wéi Freaks and Geeks um Enn vum leschte Joerdausend op der amerikanescher Chaîne NBC gelaf ass, ass eigentlech alles schif gelaf, wat fir eng Serie ka schif lafen. Onattraktiv, a ...
Dee beschten Zäitpunkt rem méi ze bloggen ass wann ee grad dräi Hausarbeiten an eng Bachelor-Arbescht ze schreiwen huet, wéini soss. Also hei sinn ech a stellen iech d’Erika M. ...
One top ten list isn’t cool. You know what’s cool? Three top ten lists. Wéi virun enger Woch ugekënnegt hei dann elo den éischten – a wahrscheinlech leschte – Podcast, ...
Fir Chrëschtdaag gouf et e Kindle vun Amazon. De Kindle ass d’eBook-Liesgerät vun Amazon. Amazon huet haut grad ugekënnegt, dat méi wéi 50% vun hieren verkaafenen Bicher well eBooks sinn. ...
Okay, okay, dat hei hätt scho laang solle riwwer sinn. Dat ginn ech zou. Mä ech hat keen Internet an der Wunneng a sou och keng grouss Loscht ze bloggen. ...