2000-09: Dem Chris säi filmesche Réckbléck (2/8)

Ech weess, et ass eng ganz komesch Saach, dass ech e schlecht Gewëssen géigeniwwer Filmer hunn, wann ech se gär hunn, mä se net a meng Lëschte ragezwängt kréien. Et ...

Allerlee

Et ass Sonnden nomëtteg an et ass langweileg zu Heidelberg. Kee gutt Wierder fir raus, ze faul fir eppes ze léieren, also maache mer mol Äerdbier-Molbier-Crème an hannerloosse mol rëm eng kéier ...

Dreams Off

Et ass een opgereegt obwuel een eigentlech guer näischt ze maachen huet.  Et gesäit e Leit rem bei deenen et engem rem bewosst get weivill een dat hei alles vermësst ...

Top 10 Filmer vum Joer 2009

#10 THE INFORMANT! (Steven Soderbergh) Ech hu mer et zur Gewunnecht gemaach, dass op menger zengter Plaz e Film ass, deen ech perséinlech extrem interessant fonnt hunn, mä wou ech ...

Filmer vum Joer 2009: Éierbar Erwienungen

Antichrist (Lars von Trier) De Lars von Trier ass vläicht mëll, mä grad esou genial – an ech sinn em onendlech dankbar dofir, dass e mer d’Méiglechkeet gëtt de Begrëff ...
Virdrun 1 2 3 4 5 Weider

E puer Gedanken zu Inception

Geschriwwen den 28/07/2010 vum Jacques17 Kommentaren

Wéi ech beim Chris sengem Post scho kommentéiert hunn, fannen ech dëse Film immens a ginn him ****/**** . Ech mengen net, datt et immens vill Sënn mécht, nach eng weider Kritik zum Film ze schreiwen, well ech net mengen, datt ech een dovun ofhalen oder encouragéiere wäert, de Film kucken ze goen. Ech ginn dovun aus, datt déi meescht Lieser vun dësem Blog scho säit Joere wëssen, datt dëse Film gemaach gëtt, an datt et – wéi all Film vum Christopher Nolan – e Muss fir all Kinogänger ass, alleng fir matschwätzen ze kënnen. Nuff said. Dofir just nach e puer Gedanken zum Film. . .

Wéivill dem Film seng aktuell Popularitéit vun der Popularitéit vum Regisseur a vu sengem Cast ofhänkt, weess ech net. Mä ech mengen, datt d’ Handlung vum Film esou einfach an awer uspriechend ass, datt et guer net verwonnerlech ass, datt de Film esou e grousst Publikum fënnt: e Groupe vun “Agente” kritt eng Missioun z’ erfëllen, eng extrem schwéier Missioun, si hunn och e Plang, mä bei deem Plang klappt net ëmmer alles esou wéi erwaart, an et kënnt zum Konflikt, dee bis zum Schluss vum Film muss geléist ginn. Dat Rezept funktionéiert am Kino ëmmer erëm, ech denken elo u Filmer wéi ‘Oceans Eleven’ a seng Fortsetzungen, oder och un d’ ‘James Bond’-Filmer.

Wat bei ‘Inception’ nei dobäi kënnt ass d’ Tatsaach, datt sech déi ganz Missioun an der Dramwelt vun engem anere Mënsch ofspillt, an do gesäit ee menger Meenung no, datt den Nolan e Genie ass. Leit wéi den David Lynch oder vum Charlie Kaufman wësse wéi een en Dram a senger ganzer Absurditéit op d’Leinwand bréngt: Do tauchen op emol Elementer oder Persounen aus dem Naischt op, an den Afloss vun der Aussewelt op den Dram ass – wann iwwerhaapt – schwéier z’ erkennen. Net esou beim Nolan: d’ Dreem, wann och immens fantastesch a bombastesch duergestallt, hunn immens kloer Strukturen, äiskal Regelen déi net gebrach ginn. Alles wat am Film virkënnt huet e ganz kloeren Ursprong, näischt ass dem Zoufall iwwerlooss. Dat widdersprécht zwar wahrscheinlech der Art a Weis, wéi déi meescht vun eis hir Dreem erliewen, ass awer fir en Thriller wéi deen hei noutwendeg. Falls dat anescht gemaach gi wier, hätt d’ Aktioun entweder net funktionéiert, oder et wier net dee konventionellen Thriller ginn, deen den Nolan geplangt hat.

Plot holes ginn et menger Meenung no keng, a fir d’ Handlung kënnen nozevollzéie, muss ee während der éischter Stonn vum Film op all Wuert lauschtere wat geschwat gëtt, well an där Stonn ginn d’ Regele vum Dram (an domat och déi Regelen, déi fir de Rescht vum Film gülteg sinn) erklärt. Wann een déi Spillregelen net matkritt, verléiert een de Fuedem, an et kritt een héichstens nach eenzel Deeler vun engem Puzzle mat, deen een herno net méi zesummegeluecht kritt. Et ass bestëmmt e Film, deen ee soll méi wéi eemol kucken, bei enger zweeter Kéier kann ee bestëmmt den Drama, d’ Action-Sequenzen oder déi freudianësch a jungianësch Symbolik méi appréciéieren, well een da weess wéi den Hues leeft.

Ech hunn Leit héieren, déi dem Film virgeworf hunn, et misst ee sech vill ze vill konzentréiere, fir nach iwwerhaapt eppes ze verstoen, ech dogéint fannen et grad gutt datt mol rëm ee Film am Kino ass, dee vu séngem Public verlaangt, datt en aktiv nolauschtert (- wann ee bedenkt, datt déi meescht Blockbuster haut esou opgebaut sinn, datt een nach ëmmer alles verstoe soll, wann ee während dem Film op d’Toilette geet, ass daat definitiv eng Seelenheet). Et kann een dem Film vläit virwerfen e wier iwwerlueden, oder e géif sech fir méi clever hale wéi en ass, mä ech mengen net datt dat de Fall ass. Filmer, deenen een dat vill méi kéint virwerfe sinn z.B. ‘Fight Club’, ‘The Sixth Sense’ oder ‘The Usual Suspects’ déi zum Schluss ëmmer op een absurde plot twist zeréckgräife fir nach kënne méi interessant ze wierken (wee lo domat net d’ accord ass, ka mer eng Email schreiwen). Bëlleg Tricks ginn et beim Christopher Nolan keng: Op A follecht B. B gëtt meilewäit am Viräus ugedeit. Op B follecht logescherweis C. asw. Et ass am Fong esou einfach, wéi den Nolan de Plot vun dësem Film opgebaut huet. Komplex ass just d’ Welt an där sech dës Geschicht ofspillt, an ech wäert mer eng Freed draus maachen, mer déi Welt nach e puer mol unzekucken. Den Owend zum Beispill.

Arcade Fire live an denger Stuff.

Geschriwwen den 28/07/2010 vum Chris3 Kommentaren

Fir all Fan vun Arcade Fire dierft et kee Geheimnis sinn, dass e Méindeg de laang erwaartenen drëtten Album The Suburbs e Méindeg eraus kënnt – yay. Wat dat ganzt nach besser mécht, ass, dass Arcade Fire decidéiert hunn hire Concert, den 5. August zu New York am Madison Square Garden fir jiddereen zougänglech ze maachen.

A mat zougänglech maachen, mengen ech lo net, dass der iech an e Fliger sëtze sollt fir op New York an do de Concert ze genéissen. Nee, de Concert kënnt an är Stuff/Schlofzëmmer, well e live op Youtube iwwerdroe gëtt: http://www.youtube.com/arcadefirevevo.

A well dat hei natierlech nach net genuch Leckerli ass fir all eis Lieser ze begeeschteren (obwuel eise Jacques sech bommen um Arcade Fire Concert ameséiert hat), kann ech dann nach als zousätzlech Info matdeelen, dass keen aneren wéi den Terry Gilliam (Time Bandits, Brazil, Twelve Monkeys) d’Regie vun der Iwwerdroung iwwerhëlt.

[via]

Kuerz kritiséiert: Sense & Sensibility

Geschriwwen den 24/07/2010 vum Chris9 Kommentaren

Okay, sorry, ech wäert net wierklech iwwer Sense & Sensibility schreiwen, och wann dem Ang Lee seng Verfilmung vum Jane Austen sengem Roman natierlech e Genoss ass. (Dat wier mol eng Idee, en Artikel iwwer Austen Verfilmungen. Any takers?) Wat hei geschitt ass, ass, dass ech mer en Titel gesicht hunn, deen iergendwéi op eng spilleresch Aart a Weis Inception an Toy Story 3 ëmschreift, déi zwee wuel am meeschten erwaarte Filmer vum Summer 2010. An ech soen iech dann och mol am Viraus, dass der vum drëtt- respektiv aachtbeschte Film aller Zäiten net wäert enttäuscht sinn. (*houscht*)

(more…)

35 Filmer an 2 Minutten

Geschriwwen den 23/07/2010 vum Thorben6 Kommentaren

Ech sinn e grousse Fan vum Schwed, dien an 8 Minutten 32 Popsongs an eng Medley krut. Dofir huet mir natierlech och dee folgenden Video gefall, dien Pianocktails hiert Lynn mir gewissen huet. Véier Gesellen hu sech hei d’Freed gemaach, ze probéieren, an zwou Minutten 35 Referenzen ob 35 Filmer visuell duerzestellen. E puer dovunner sinn offensichtlech, e puer méi kniffleg. Meng Lieblingsreferenz ass Psycho. Wat ass äer? A packen mir et, all d’Filmer an den Comments zesummen ze kréien?

The Accidental Billionaires

Geschriwwen den 22/07/2010 vum Chris3 Kommentaren

Et war emol op Pianocktail eng Diskussioun an där hu mer gestridden. Déi Diskussioun huet mir keng Freed bereet an iech och net. Allerdéngs huet se mech zum Entschloss bruecht e Buch ze liesen. Dat Buch heescht The Accidental Billionaires (Amazon Link), ass vum Ben Mezrich, an ass d’Virlag fir de Film The Social Network vum David Fincher.

Vue dass ech säit e Sonndeg zu Glasgow sinn a gëschter bëssen Zäit hat, sinn ech mer an de Waterstone’s ëm puer Bicher siche gaang, ënnert anerem eben d’Geschicht iwwer d’Grënnung vu Facebook. A lo kënnt dat, wat iech alleguer interesséiert: nee, den Zuckerberg gëtt net glorifizéiert. E gëtt fair an oppen behandelt an et geet just ëm d’Businesssäit vun der Geschicht, also net ëm d’Moral vum Site selwer. A virun allem: jo, d’Geschicht ass sou, dass een e Film draus maache kann. Also eigentlech net just een, mä eben speziell de Mann deen aus Zodiac – enger net spannender Geschicht – ee vun de beschte Filmer vum Joerzéngt gemaach huet.

Op der Walz

Geschriwwen den 13/07/2010 vum Lynn2 Kommentaren

Op d’Walz goen ass eng joerhonnertenal Traditioun doruechter d’Welt. Fir déi di nit direkt wëssen wat dat ass, d’Walz, oder d’Gesellewanderung, sinn dräi Joer (an een Dag) an deenen ee Gesell ier en d’Meeschterprüfung maachen däerf duerch d’Land reest. Hee reest vu Stad zu Stad, ëmmer zu Fouss oder per Anhalter a schafft wou en eben Schaff fënnt fir friem Gebraich a Regioune kennen ze leieren a vläicht dat eent oder anert baizeleieren. Sou gi Gesellen vun all Handwierk an hirer traditioneller Kluft och haut nach op d’Walz, réischt de metten hunn ech ee gesinn, a senger weider Box, mam Ouerrank a sengem Bengel.

Lo hu sech zwee Studenten vu Weimar geduecht dass si dat fir hiert Diplom och maachen. Si studéieren visuell Kommunikatioun a versti sech als Designer och als Handwierker a reesen ab Enn Juli zwar fir nëmmen 10 Wochen, mee ëmmerhin, duerch Däitschland a wëllen probéieren mat hiren Iddien Firmen weiderzebréngen. Ech fannen dat ass en interessante Projet an eng flott Iddi, a wäert op Facebook kucken wei sie weiderkommen. Kuckt wei si sech dat virstellen a wat si wëllen erreechen (a sot mer ob et iech och sou geet oder ob et u mär läit, mee ech fannen dass dee Blonden ausgesäit wei de Neil Patrick Harris).

Behuelt Iech dach mol!

Geschriwwen den 13/07/2010 vum Thorben6 Kommentaren

Wann et eppes gëtt, woufir ech mengen Eltren dankbar sinn, dann ass et ënner anerem dofir, dass ech e Grond-Set vu Manéieren hunn. Ma dat bedeit net dass se perfekt sinn, ech halen awer nach Messer a Forschett de falschen Wee, vergiessen Nimm vu Leit déi ech kennen léieren oder iwwerginn mech virun Disco’en. Trotzdem uechten ech Saachen wéi en festen Hänndrock, Aenkontakt oder héiflech sinn. Ausser an de Kommentarer.

Ma d’däitsch Telekom huet e Site namens eEtiquette gestart wou si sou Saachen kloerstellen fir den Internet. Behuelreegelen fir den Internet, wéi zB dass Interpunktioun an Grouss- a Klengschreiwung wichteg sinn, dass een am Restaurant dierf SMSen schecken, awer dat soll um Desch man, an sou weider. Kuckt mol eran an huelt Iech e Beispill!

The Social Network

Geschriwwen den 8/07/2010 vum Chris51 Kommentaren

Den éischten Teaser zum David Fincher sengem “Facebook-Film” The Social Network hunn ech net interessant genuch fonnt fir en hei ze bréngen. (Dovun ofgesinn, dass ech ze liddereg gewiescht wier.) Dësen zweeten Teaser, deen sech de Facebook theme zu Notzen mécht, huet mech awer komplett iwwerzeegt. Sou hunn ech Trailer an Teaser gär – wa se kreativ sinn an net all ze vill eweg ginn. Sécherlech nieft Toy Story 3, Scott Pilgrim vs. the World, Somewhere an The Tree of Life dee Film op deen ech mech 2010 am meeschte freeën.

UPDATE (10/07/10; 18:24): Fir déi, déi de Kommentaren no eventuell der Meenung waren, dass de Film eng “Glorifizéierung” vum Mark Zuckerberg kéint sinn, hunn ech hei zur Berouegung en Artikel vu /Film.

Your Secret

Geschriwwen den 7/07/2010 vum Lynn2 Kommentaren


Hei um Blog ass et mol rëm eng kéier roueg. Jiddereen huet grad aneres ëm d’Oueren, an eigentlech misst ech och grad schaffen, mee hei an der Bibliothéik léisst et sech och gutt bloggen.

Wat ech grad a mengem Reader fonnt hunn an iech weise well ass ee wonnerschéine Video vum Jean-Sébastien Monzani, dee, wéi ech erausfonnt hunn ee Schwäizer Graphikdesigner a Photograph ass. Hien huet sech mat Geheimnisser beschäftegt, dei jo jiddereen huet, a fuerdert den Zuschauer op ee Geheimnis mat him ze deelen, op eng léif a witzeg Art a Weis. An et ass schéin wei ee mierkt wat engem alles an de Kapp kennt.

An iwwregens, fir dei di am Summer mol ee Nomëtten nit wëssen wat se solle maachen, gitt an de Mudam. D’Sketches of Space Ausstellung ass sou eppes vun kuckenswäert (bis de 19. September), besonnesch d’Installatioun vum Raffaella Spagna an Andrea Caretto, mee wierklech, si sinn all derwäert.

Dem Chris säi WM-Tagebuch: oder wei ech an der Vakanz déi éischt Sensatioun erlieft hunn.

Geschriwwen den 17/06/2010 vum Chris3 Kommentaren

Net vun doheem ze bloggen, an zemools wann ee schon ee bis déi aner 12 Patt eran huet, ass meeschtens zimlech komplizéiert. Ma trotzdem hunn ech mech engem Service u meng Lieser ausgesat, deen ech lo gefällegst och anhale sollt.

An awer muss ech mech kuerz halen, well en Donnerwieder opzitt, an ech als almoudesche Kärel an deem Moment léiwer de PC ausmaachen. Ech tippen op enger Azerty Tastatur, wat et och net wierklech méi einfach mécht. Ma bon, en einfacht Spill haten d’Spuenier och net, wei se verdengtermoossen fir déi éischt Sensatioun vum Tournoi gesuergt hunn a géint d’Schwäiz verluer hunn. D’Spuenier waren zwar de ganze Match aktiv, ma et war kaum zwéngendes an hiren Aktiounen dobäi. Egal wei, dëst Resultat, war genee dat, wat dësen Tournoi nach gebraucht huet.

An den Owend ass dunn dat geschitt, wat dësen Tournoi absolut net gebrauche konnt, an zwar hunn d’Bafana Bafana verluer. Et ass dat geschitt wat oft mat afrikaneschen Ekippen geschitt, wa se e klengt Erfollegserliefnis hunn: se fänken u Quatsch ze spillen. Virun allem natierlech den Siphiwe Tshabalala, deen sech wuel sou iwwert säin Gol gefreet huet, dass en onbedéngt nach ee schéisse wollt an domat d’Spill vun der Ekipp an der éischten Halschent zerrass huet. Et ass just gutt, dass se de leschte Match just nach géint Frankräich spille mussen an net geint eng Ekipp vum Kaliber vu Mexiko oder Japan. Do bleiwen nach all Chance bestoen.

Wat awer wierklech haut festzehale war, war den 1:0 vu Chile an hir Spillweis. Ech hu se virum Tournoi als Kandidat fir d’Halleffinale bezeechent a fille mech lo och bestätegt. Wa se nach e bësse méi effektiv spillen, kennen se wäit kommen.

Eppes wat un dësem Tournoi well endlech och opdaucht ass d’Kritik un den Arbitteren, an während ech net denken, dass bis well katastrophal Entscheedunge getraff gi sinn, well ech eppes bemängelen, wat reng objektiv besser lafe misst. Ech fannen dass insgesamt komesch Decisiounen an der Bewäertung vu giele Kaarte getraff ginn. Dat kann un enger Virgab vun der FIFA leien (bei där et ëmmer gutt ass als éischt mol d’Schold ze sichen), kann awer och just um Feelen vun enger kloerer Linn bei den Offizielle leien.

Held vum Dag: Gelson Fernandes, Schwaiz
Beschte Spiller vum Dag: Diego Forlan, Uruguay
Schlechteste Spiller vum Dag: David Silva, Spuenien