Top 250 Lidder
#250 Weezer – Buddy Holly
Ech wollt de Buddy Holly gäer zweemol an der Lëscht hunn, mee mir ass kee Lidd vun em agefall, wat ech hätt kënnen huelen. Also duecht ech mer, huele mer alt déi gutt al Weezer, mat deenen hat ech ëmmer Freed an de Video zum Lidd ass och flott. E Klassiker quasi.
#249 Boney M – Ma Baker
Keng Lëscht ouni Boney M. Et ass wahrscheinlech eng vun den nullste Gruppen, déi et jemols gouf, mee trotzdem wen dorop net abgeht, huet e Briet am Aasch.
#248 Imogen Heap – Hide and seek
Wat dat Lidd a ménger Lëscht verluer huet, wees ech lo selwer net, mee ‘t schéngt awer dran ze sinn. Lo no 3 Lidder fänken ech scho rem un d’Lëscht schäiss ze fannen.
#247 Sex Pistols – Anarchy in the UK
Ech si kee Fan vun de Sex Pistols. Absolut net. Mee wann een eng Lëscht vun 250 Lidder mécht, kënnt ee schwéier laanscht se. A sou schlecht ass dat rëffegt Asilidd jo och rem net, gell?
#246 Oasis – She’s Electric
Ech wollt en Equiliber an d’Lëscht bréngen, dofir hunn ech ganz um Ufank direkt mol en Lidd vun Oasis bruecht. Op “She’s Electric” hunn ech zu Glasgow am “Guru” mam Marie stackbesoffe gedanzt, et war herrlech. Sou wéi d’Lidd, an Oasis generell.
#245 ABBA – Waterloo
Wann ech mer et sou iwwerleen, hätt ech dat Lidd och méi no vir kënne setzen. Ech fanne vun ABBA geet iergendwéi sou eppes faszinantes aus, wat ech selwer net wierklech novollzéie kann. Onvergiesslech zu dësem Lidd bleift awer ëmmer déi herrlech Szen bei de Simpsons, wou de Smithers dem Burns séng Kassett iwwerspillt huet.
#244 The Police – Roxanne
Ech géif gäer The Police live gesinn dëse Summer. De Sting alleng bréngt et net, mee zu drëtt ass et genial. “Roxanne” ass sou en typescht Lidd, wat all Mënsch iergendwéi ënnerschätzt, obwuel et dach fierchterlech cool ass.
#243 Ween – Buenas Tardes Amigo
Dat Lidd leeft a “Lammbock” an an “Herr Lehmann”. Dofir kennen ech et. Et besëtzt sou e gewësse Charme vun engem Lidd, wat eng richteg Geschicht erzielt, mat engem Monolog an deels schéi ruppeg verzerrt gespillte Gitaren. Genee mäi Goût.
#242 David Bowie – Changes
Ech si kee Bowie-Fan. Mee iergendee Lidd vun em muss jo awer dra sinn, also “Changes”, dat ass net schlecht.
#241 Absolute Beginner – Füchse
“Ein Fuchs muss tun, was ein Fuchs tun muss.” Recht hunn d’Hären Jan Delay, Denyo 77 a Samy Deluxe an dësem absolut geniale Lidd, mam (wann ech d’Wuert benotzen dierf) fetteste Bass, deen d’Mënschheet je héieren huet.
#240 Beyoncé – Crazy in Love
Lo wäerten déi éischt opgehal hunn ze liesen, mee ech fannen dat Lidd wierklech gutt. Et muss jo net ëmmer alles kulturell wertvoll an intelligent sinn. E bësse Mutschemusék kann dach och säi Charme hunn.
#239 Blur – Boys & Girls
Dass dat Lidd eppes huet, brauch ech jo wuel kengem ze soen. Wat et ass, wees och jiddereen. An zwar en hypnotesch zum Matsangen an -danzen zwéngende Refrain.
#238 King Crimson – In the Court of the Crimson King
Aus der Këscht: “Was Mutti gut fand.” Et huet awer eppes, nee?
#237 Television – Marquee Moon
Television si sou wéi hir Nofolger The Strokes. Extrem cool, mee op Dauer langweileg. Trotzdem besser wéi di meescht aner.
#236 The Beatles – She Loves You
Iergendwann muss et och mat der gréisster Band aller Zäite lassgoen. Et kënnt nach méi dovunner. Och empfielenswäert déi wonnerbar witzeg Iwwersetzung, déi hinnen de Camillo Felgen geschriwwen huet: “Sie liebt dich”.
#235 Smashing Pumpkins – Today
Un d’Groussaartegkeet vun deem Lidd sinn ech erënnert ginn, wéi ech déi éischt puer Akkorden vun hirem Optrëtt bei Rock am Ring um MTV gesinn hunn. Et war elektriséirend a grandios.
#234 The Roots – The Seed 2.0
Dat Lidd huet en onwahrscheinleche Groove (all déi gutt Wierder hunn ech well benotzt, da gräife mer lo zu der zweeter Klass). Et lued einfach, vum ?uestlove gedriwwen zum Kappnicken an.
#233 Red Hot Chili Peppers – Under the Bridge
Ech hunn d’läscht rem dat grujhelegt Cover vun All Saints am Radio héieren, an et ass mer kal de Bockel rofgelaf. Wéi kann ee sou Klassiker einfach op déi Aart a Weis verschandelen.
#232 The Velvet Underground – I’m Waiting for the Man
De legendären Album mat der Banann vir drop, huet méi wi nëmme Banannen dran (dee Saz ass express sou null, ech wëll wëssen wéi et ass, wann ee fir d’Tageblatt schreift). De Lou Reed ass scho saucool.
#231 The Stone Roses – Your Star Will Shine
Wann ech de Gerüchter gleewen dierf, waren d’Stone Roses 1990 mol déi gréisste Band op der Welt. Dat hätt ech gäer erliewt, genee sou wéi den Ufank vun de Beatles a vun Oasis. Den Ufank vun den Arctic Monkeys ass en drëschene Fuerz dogéint. Dëst Lidd ass aus hirem zweeten a läschten Album “Second Coming” vun 1994. ‘t ass schued, dass net méi aus der groussaarteger Grupp ginn ass.
#230 Moby – Bodyrock
Wéi genial muss dat Lidd réicht op Ecstasy sinn?
#229 Oasis – Married with Children
Super Text vum Noel Gallagher, passend zu der roueger, quasi minimalistescher Musék. Et kënnt na souvill méi vun Oasis, dofir spueren ech méng Wierder nach.
#228 The Rolling Stones – Sympathy for the Devil
Heinsdo mécht den Titel vum Lidd och villes aus. Well wann ee liest “Sympathy for the Devil”, denkt ee schon, dat muss jo eppes sinn. Dass et herno eppes, mee net vill ass, ass dann och egal.
#227 Trio – Da Da Da
Dat Lidd gehéiert rem zu der Kategorie: sou schäiss, dass et scho rem gutt ass. Mir imponéiert nach ëmmer wéi hiren Drummer während dem Spillen en Apel iesse kann.
#226 Muse – Unintended
Mir ass dat Lidd nie wierklech opgefall, bis ech um Concert war. Éierlech gesot war ech wuel daf bis dohinner, oder einfach nëmmen e riesegen Idiot.
#225 Adriano Celentano – Azzurro
E bëssen internationale Flair soll méng Lëscht jo och hunn, an do trëfft et sech net schlecht, dass et den Adriano Celentano get. Well dat Lidd ass lëschteg, peppeg an ech kann et matsangen. Dat ass ëmmer gutt.
#224 Janis Joplin – Piece of my heart
E gudden, ale “Wunderbare Jahre”-Klassiker. Iergendwéi kann ech mech net vun däer Serie trennen, obwuel se scho laang net méi leeft. An och déi Musék verfollegt mech, obwuel ech se eigentlech nie lauschteren.
#223 The Avalanches – Since I Left You
Ech mengen, dee Video ass einfach e Klassiker, a wann d’Musék dozou schlecht wier, hätt ech en wuel nie bis zum Schluss gekuckt. Mee dat Lidd war effektiv mäi Lieblingslidd deemols (viru laanger, laanger Zäit).
#222 The Eagles – Hotel California
Ech kréien et net op d’Rei, wat all Mënsch mat deem Lidd huet. Ech fannen et jo och net schlecht, mee ass et wierklech sou grandios? Fir mech ass et duerchschnëttlechen 60s Rock, mee awer gutt genug fir a méng Lëscht.
#221 Yeah Yeah Yeahs – Maps
Dat Lidd huet eng magesch Wierkung op mech, et verzaubert mech all Kéiers. Et ass rem su e Lidd, wat een hypnotiséiert mat der Widderhuelung vu sénger Aussoo “They don’t love you like I love you”. Onvergiesslech, wéi ech am Pukkelpop mam Marie am Reen do stoung, Fritten z’iessen an der immenser Performance vun de Yeah Yeah Yeahs nogelauschtert hunn.
#220 Manic Street Preachers – If You Tolerate This Your Children Will Be Next
Iergendwéi sinn d’Manic Street Preachers um Kontinent net wierklech bekannt, oder? Dobäi sinn et op der Insel zimmlech grouss Stars, wann ech hir Verkafszuelen kucken. Dëst Lidd ass wahrscheinlech hiert bekanntst an och bescht. An e bësse Sozialkritik hu mer jo alleguerte gäer.
#219 The Beatles – Ticket to ride
Majo, ne. Et kommen der nach genug.
#218 The Streets – Fit but you know it
Ofgesinn dovunner, dass ech de Mike Skinner absolut genial fannen, séng Aussprooch nach méi, an d’Zeil “maybe even 9 and a half in four beers time” am allerbeschten, ass et virun allem de Film “Notes on a scandal”, dee mech dozou bewegt huet fir dëst Lidd an d’Lëscht opzehuelen. Erklärung: de 15jährege Jong mat deem d’Cate Blanchett grad geschlof huet, seet zu him: “You are really fit” an hatt äntwert: “but my gosh don’t I just know it”.
#217 M.I.A. – Galang
Fir e bëssen beim Grime ze bleiwen, gi mer da lo op d’M.I.A. iwwer. Déi jonk Joffer rappt mech mat séngen absolut éierlechen, komeschen Texter an der nach méi komescher Musék einfach vum Hocker. Dofir wënschen ech mer, dass et och vläicht mol an engem Radio gespillt géif ginn. Mee deen Dag fänke wahrscheinlech Fësch un ze fléien.
#216 The Cure – Close to me
Dat Lidd ass eigentlech sou banal, mee et huet sou en niedleche Charme. Eent vun den Highlights vun The Cure hierer net grad sou düsterer Phase.
#215 The Righteous Brothers – Unchained Melody
Ech soen nëmmen “Wunderbare Jahre” a soss näicht.
#214 The Strokes – Someday
Kaméidi aller éischter Klass. Ech sinn net méi grad sou e grousse Fan vun de Strokes wéi nach vrun e puer Joer, mee hey “Is this it” ass e grandiosen Album.
#213 Advanced Chemistry – Fremd im eigenen Land
Ech fannen d’Fantastische Vier zwar cool, mee Advanced Chemistry sinn awer d’Pappen vum däitschen HipHop.
#212 Green Day – Good riddance
Ech si kee Fan vu Green Day, mee dat Lidd ass einfach schéin, sou einfach wéi et ass.
#211 IAM – Dangereux
Aus dem beschten europäeschen HipHop-Album, deen et get, dat coolste Lidd, wat IAM ze bidden hunn. Freck, wat sinn ech op VIIe dorobber abgaang.
#210 Maxïmo Park – Apply some pressure
Säit Franz Ferdinand an The Libertines, menge jo all d’Musékjournalisten all nei britesch Band wier “the next big thing”. Wann ech also lo d’Aarbecht vun all den “next big things” ukucken, da stellen ech fest, dass Maxïmo Park, obschon ech um Ufank Zweifel hat, no hirem zweeten Album konfirméiert hunn, dass se déi bescht jonk britesch Band sinn (déi nach existéiert).
#209 Simon & Garfunkel – Bridge over troubled water
Ganz grousse Kino. Wa mer dat Zitat aus “Almost Famous” géif afalen, géif ech et lo schreiwen. Et war iergendeppes mat “poetry”.
#208 Johnny Cash – I Walk the Line
Ech war schon als Kand e Fan vum Johnny Cash, mee zemols de Film huet mer en rem méi no bruecht. An “I Walk the Line” ass e grandiost Lidd.
#207 Interpol – NYC
Interpol sinn an Amerika, wat Maxïmo Park a UK sinn: déi bescht vum neie Joerdausend. Dëst Lidd, benannt no hirer Heemechtstad, fënnt sech op hirem éischten Album an bestëcht duerch séng calm, mee awer iergendwéi sphäresch Ausstrahlung.
#206 The Troggs – Wild Thing
Eigentlech ass dat Lidd jo zimmlech prolleg, mee ech hat als Kand ëmmer de Film “Die Indianer von Cleveland” mam Charlie Sheen gäer, an dofir och d’Lidd.
#205 Cornershop – Brimful of Asha
Hach, eent vu méngen éischte Lidder op MTV. Ech vergiessen de Video nie, well e sou schéi faarweg ass.
#204 Freundeskreis – Mit dir
Am Benjamin v. Stuckrad-Barre séngem “Remix 2″ get et eng fiktiv Szen an däer d’Richterin Barbara Salesch mengen ech dat Lidd als “Geiles Lied” bezeechent (ech kucken et lo net no). Mee op jidfer Fall hat se recht. An et ass jo och schéin, dass bei den Opnahmen zum Lidd de Max Herre an d’Joy Denalane sech fonnt hunn.
#203 Bob Dylan – The Times they are a-changin’
De Bob ass mäin Idol, ech hunn e souguer am Premièresexamen zitéiert. Ech hätt och gäer säin Talent a séng Krauselen.
#202 Indochine – Trois nuits par semaine
Dat ass mäi vollen Eescht. Mir gefällt dat Lidd saugutt, mee et wier awer wierklech ze penibel fir et nach méi wäit no vir an d’Lëscht ze setzen.
#201 Prince – Purple Rain
cf. #202
#200 Daft Punk – Harder Better Faster Stronger
Mat der Meenung, dass Daft Punk dat beschten franséischt Elektronikduo ass (obwuel Justice op engem saugudde Wee sinn), stinn ech am Blogklumpen wahrscheinlech ganz alleng do. Mee domat kann ech liewen. Als Uspilltipp: dem Kanye West séng nei Single “Stronger” samplet dëse wonnerbaren elektroneschen Ergoss.
#199 The Beatles – Hey Jude
E bëssen onkonventionell ass et schon, dat wuel bekannteste Lidd vun de Beatles sou wäit hannen ze placéiren, wann nach sou viller vun hinne kommen. Mee iergendwéi verstinn ech net, wat d’Leit mat “Hey Jude” hunn. Et ass jo immens, mee awer näicht verglach mat sou munch anerem Klassiker vun der gréisster Band, déi et je gouf.
#198 Oasis – D’You Know What I Mean?
Dat drëtt Lidd vun der coolster Band, déi et jemols gouf op der Lëscht, an et ass keen Enn a Siicht. Mee ëmmerhin ass dat heien dat längste vun hire Lidder, ze fannen op hierem Koks-Album “Be Here Now”. Wahrscheinlech ass “Be Here Now” souguer hiere beschten Album, just mierkt dat kee Mënsch, well en zevill no Koks kléngt. An niewebäi fënnt den Noel den Album och schäiss. Mee wann iergendeng Newcomerband dësen Album produzéiert hätt, géif et als Meeschterwierk bezeechent ginn.
#197 My Bloody Valentine – Only Shallow
De Problem vu My Bloody Valentine ass hieren numm, well déi genial Band opgrond dovunner oft fälschlecherweis an den Emo-Eck vu My Chemical Romance an Bullet for my Valentine gedréckt get. Do huet MBV awer näicht verluer, ëmmerhin ware si scho genial, wéi MyChem a Konsorten na net mol an d’Spillschoul gaang sinn. Ech droen also de Message vu MBV an d’Welt an verteidegen se géint des Uschëllegungen.
#196 The Clash – London Calling
The Clash si scho cool, an dann däerf natierlech “London Calling” an dëser Lëscht net feelen.
#195 Travis – Why Does It Always Rain On Me?
Kennt der de Video vun dësem Lidd? Ech ka mech nach drun erënneren, wéi ech e fir d’éischt op MTV gesinn hunn. Säit deem Dag sinn ech an Travis verléift. Den ultimativen Travis-Moment bis lo war awer, wéi de Fran Healy bei engem Liveoptrëtt bei MTV am wahrscheinlech 30 Grad waarme Studio en décke Wollplover an eng Mutz unhat, “Sing” gesong huet an plätschnaass vu Schweess war.
#194 Van Halen – Jump
Sou asozial, dass et scho rem gutt ass.
#193 Yann Tiersen – La valse d’Amélie
D’Iddi de Yann Tiersen an d’Lëscht ze setzen ass mer just komm, well den Thorben et och gemaach hat. An en hat recht, well d’Musék aus “Le fabuleux destin d’Amélie Poulain” ass sou brillant, dass se roueg däerf als Deel vun der Rock/Pop-Geschicht ugesi ginn.
#192 The Who – Won’t get fooled again
Fir mech als relativ grousse Fan vun “CSI: Miami” ass et ëmmer rem e gutt Gefill dëst Lidd ze héiren. Mee wat mech un der Série stéiert: firwat benotzen se ëmmer Täscheluuchten amplaz déi grouss Luucht unzeman?
#191 Portishead – Numb
Coolt Lidd, méi kann ech net soen. Ausser, dass den Albumcover vun “Dummy” grotteschlecht ass.
#190 The Doors – Riders on the Storm
The Doors heesche jo lo Riders on the Storm, sou wéi d’Lidd. Den Jim Morrison ass net méi den Jim Morrison, mee e jonken Jim Morrison Look-alike. Mee hir Musék ass nach ëmmer sou gutt wéi viru 40 Joer.
#189 Bob Marley – Sun is shining
An dësem Moment, wou ech dat tippen mécht se et tatsächlech mol eng Kéier.
#188 Coldplay – A Rush of Blood to the Head
Hach, dat Lidd huet sou en immensen Text a sou eng Melodramatik, dass ech all Kéiers dohi schmëlze kéint, wann ech et héieren. Am léifsten haart am Auto opdréien, an mat dem ganze Volumen vun der Stëmm (dee relativ bescheiden ass) iwwert dem Fueren matsangen.
#187 NWA – Express Yourself
Ech mengen, dat Lidd op iergendengem “Tony Hawk’s Pro Skateboarding” fir d’éischt héiren ze hunn. An ech mengen, souguer Leit, déi keen HipHop gäer hunn, mussen zouginn, dass et einfach nëmme Spaass mecht dat Lidd ze lauschtren.
#186 Run DMC – It’s Like That
Ouni Aerosmith. An zwee Klassiker vum HipHop aus den 80er direkt hannereneen. Ween och haut, wou leider schon ee vun den 3 Hären leider verstuerwen ass, net op e bësse Run DMC verzichte kann, dee ka jo op MTV déi fierchterlech gestallten an idiotesch Sendung “Run’s House” kucken.
#185 Justice – D.A.N.C.E.
Ech hunn einfach e Lidd rausgeheit fir Justice abauen ze kënnen, vu dass se jo nach ganz nei am Business sinn. Sou sinn ech eben, mee ech hat all Recht dozou, well déi zwee Fransousen sooooou (mat 5 o) genial sinn.
#184 Nancy Sinatra – These boots are made for walkin’
Extrem cool Sängerin, mat extrem coolem Papp, séngt en extrem coolt Lidd.
#183 Sonic Youth – Drunken Butterfly
Kaméidi op engem ganz héijhen Niveau. Ech freen mech fir se um Pukkelpop ze gesinn, wou se d’Marquee Stage zum Brennen bréngen wäerten.
#182 Sportfreunde Stiller – Ein Kompliment
Och wann hiere Sänger definitiv net sange kann: des Öfteren geschitt et him awer, dass en e genialen Text schreift. A wann dëst Lidd net den Inbegriff vun Teenagerléift ass, da get et keng méi. Den Text ass sou zockerséiss, an d’Melodie och ganz charmant.
#181 Patti Smith – Because the night
Scho rem ménger Mamm hier Musék. Dat schlëmmst drun ass, wéi se Smith ausschwätzt, neemlech ongeféier “Smiss”. Berk. Wann d’Musék net awer gutt wier, géif ech d’Patti Smith fir déi Aussprooch vu ménger Mamm haassen.
#180 Kante – Warmer Abend
Eng batter Enttäuschung fir den Thorben, dass d’Lidd nëmme sou wäit hannen ze fannen ass, mee bon et ass jo méng Lëscht. Textlech an musikalesch uerdentlech Aarbecht awer vun de Jongen.
#179 NTM – Laisse pas traîner ton fils
NTM war méng Lieblingsgrupp. Op VIIe. Mee schlecht si se haut na net, zemols den immensen Text, vun dësem häerzzerräissende (wow, orthographesch interessant Wuert) Lidd. Alleng dofir géif ech nach emol mäin alen T-Shirt vun der Mark “2High” auspaken, déi dem Kool Shen gehéiert.
#178 Beastie Boys – Sabotage
De Video zum Lidd ass legendär a vill Leit vergiessen dobäi, dass d’Lidd zum Video e Meeschterwierk ass. Dat Remgebläerts, den dreiwende Rhythmus, deen engem richteg duerch d’Blutgeféisser fiert: et ass e Genoss.
#177 Blur – Coffee & TV
Nach e legendäre Video. Ween erënnert sech net un déi vermëssten Mëllechtuut, déi um Schluss an den Himmel flitt? Dat war den éischte Video op MTV, deen ech wierklech grandios fonnt hunn, och wann ech do virdrun scho gudder gesinn hat. Mee “Coffee & TV” ass eppes besonneges.
#176 Lou Reed – Perfect Day
De Klassiker aus “Trainspotting”. Och wann d’Jongen (Renton & Sickboy) dem Reed séng Solosaachen ufanks kritiséiren, “Perfect Day” ass awer e Lidd, opgrond vun deem een him verzeien misst.
#175 Red Hot Chili Peppers – Scar Tissue
Dat ass e Lidd aus ménger drëtteelster CD op déi ech houfreg sinn. “Californication” ass eng gutt CD, déi éischt wierklech gutt vun den Chili Peppers, an “Scar Tissue” ass e rouegt Lidd fir wann d’Wieder sou ass, wéi lo just: also gutt.
#174 Simon & Garfunkel – Scarborough Fair/Canticle
“The Graduate” ass bekanntlech ee vu ménge Lieblingsfilmer an dëst Lidd leeft öfters, wann de Benjamin ze Berkeley ass an dem Elaine fiirchterlech op de Su geet. Opgrond vun der wonnerschéiner Melodie gefällt d’Lidd mer besonneg gutt.
#173 Wir sind Helden – Soundso
Dëst Lidd aus dem neien Album vun den Helden huet et mer wierklech ugedon, zemols wéinst der Zeil “Soundso warst du schon immer/ Genau so nur kleiner.” Mee textlech a melodesch sinn d’Helden jo souwisou… Helden, ne.
#172 Badly Drawn Boy – How?
De Mann mat der Mutz séngt “How can I give you the answers you need when all I possess is a melody?” an ech denke mer schäiss op d’Äntwerten, méi wéi déi Melodie verlaangen ech jo guer net.
#171 Bruce Springsteen – Thunder Road
Et ass lo wierklech en Zoufall, dass ech dem Badly Drawn Boy säin Idol, de Bruce Springsteen direkt virun e gesat hunn. Mee “Thunder Road” ass einfach dat beschte Lidd vum Boss, an huet sech séng (bescheiden) 171. Plaz verdéngt.
#170 Pixies – Debaser
Den Optakt vun hirem legendären Album “Doolittle” ass wéi eng Explosioun. De Frank Black blärt jo souwisou scho vill, mee et ass einfach nëmmen nach cool, wann e permanent “Debaser” blärt. D’Lidd ass vum Buñuel séngem “Un chien andalou” inspiréiert, an de Kurt Cobain huet mol behaapt d’Bassline vun “Smell Like Teen Spirit” wier op “Debaser” opgebaut. Majo dann.
#169 The Ramones – Blitzkrieg Bop
Einfach nëmme bescheuerte Schäiss.
#168 Daft Punk – Around the World
Hunn ech scho mol erwähnt, dass ech Daft Punk cool fannen? Passend zum Lidd, muss natierlech den immensen, onverständlechen mee witzegen Videoerwähnt ginn.
#167 The Strokes – Hard to explain
An drësseg Joer ginn d’Strokes wahrscheinlech sou ugesinn, wéi hautesdags The Velvet Underground an Television. Dat heescht d’Leit zielen se als Klassiker, mee als déi grouss Vedetten vun hirer Zäit dierfen se net hirhalen. D’Liewen ass heinsdo ongerecht, vu dass déi aarm Kärelen hautesdags scho vu Leit wéi de Kaiser Chiefs an de Schied gestallt ginn.
#166 The Byrds – Mr. Tambourine Man
Anscheinend hunn d’Byrds sech um Ufank geweigert d’Lidd anzespillen, well se zevill Respekt virum Bob Dylan haten. Et wier schued gewiescht, well hir Versioun, déi e bësse méi poppeg ass, wéi dem Dylan säin Original ass aus der Rock/Popgeschicht net weg ze denken.
#165 Eagle Eye Cherry – Save Tonight
Wann ech virdrun bei den Chili Peppers sot, dass et den drëtteelsten Album ass, op deen ech houfreg sinn e kaf ze hunn, dann ass “Desireless” vum Eagle Eye Cherry den eelsten. D’CD ass net brillant, mee awer gutt, an déi zwee Hits “Save Tonight” a “Falling in love again” sinn prägend Lidder fir mech als 10jähregen gewiescht.
#164 Moby – Why does my heart feel so bad?
Firwat eigentlech?
#163 Smashing Pumpkins – Tonight, tonight
Ech sinn ze enttäuscht vum Concert fir lo eppes Positives ze schreiwen.
#162 Elliott Smith – Needle in the hay
D’Selbstmordszen aus “The Royal Tenenbaums” get mat dësem Lidd ënnerluecht an dat ass et wahrscheinlech, wat mer déi Szen speziell an de Film insgesamt sou an d’Gedächtnis gespillt huet. De Richie Tenenbaum, gespillt vum Luke Wilson, ass sou en zerbriechleche Personnage, wéi all Kompositioun vum Elliott Smith och an d’Zesummespill tëscht him sénger Musék an dem Wilson séngem Schauspill suergt fir d’quasi Epescht un dëser Szen.
#161 Beck – Loser
Dass ech eng Affinitéit fir de Beck besëtzen, hunn ech, denken ech, scho mol erwähnt. Mee leider erméiglecht en et engem net onbedéngt vill vu sénge Lidder a sou eng Lëscht anzebauen. Se sinn dach ze speziell. Ausser “Loser”, dat muss dran.
#160 Madonna – Like a prayer
Ech si säit ménger Kandheet e Fan vu sénger Musék, an ech schumme mech net dofir.
#159 Buddy Holly and The Crickets – Peggy Sue
E Lidd wat no him benannt as befënnt sech op Plaz 250. Ouni heen géife mer haut net vun de Beatles schwätzen. Déi hunn hiren animaleschen Numm neemlech gewielt an Uleenung un hirem Idol séng Crickets. De gudde Jong ass mat 22 gestuerwen, an hautesdags schwätzt all Mënsch vum Elvis. Sou spillt d’Liewen engem heinsdo.
#158 Black Sabbath – Paranoid
Den Ozzy Osbourne ass e fiirchterlechen Asi, ech wees. Mee dat Lidd ass awer gutt.
#157 Blondie – Heart of Glass
Ech ka kengem Mënsch et verdenken, deen d’80er als geschmacklost Joerzéngt bezeechent, mee Blondie hat dach eppes. Dat Lidd ass eng groussaarteg Popkompositioun, mee et kritt net de Respekt, deen et verdéngt.
#156 The White Stripes – Seven Nation Army
Dat beléiftste Lidd vun der gréisster Band vun dësem Joerdausend (wann een Acclaimedmusic.net gleewe kann). Ech hunn et och ganz gäer, an ech stéire mech och net drun, dass nodeem Italien Weltmeeschter ginn ass, et fir Fussballfans zum Kult ginn ass, d’Melodie vum Lidd ze grölen.
#155 Muse – New Born
Grandiost Geklimpers zum Ufank, deen Opbau deen zur Explosioun féiert, einfach nëmmen e Genoss. Wann ech dat Lidd mat 14 rop a rof gelauschtert hunn, huet sech mäi Konsum lo ageschränkt, mee genéisse kann ech et awer nach.
#154 The Rolling Stones – Ruby Tuesday
Ass et net e schéint Lidd? Dach, ass et. Ze bewonneren och am immense Film “Children of Men”.
#153 Ben E. King – Stand by me
Dat Lidd kennt all Schwäin. Mee wee kennt den Numm Ben E. King? Déi wéinegst denken ech. Mee d’Lidd ass immens, genee sou wéi de Film mam River Phoenix, deem d’Lidd säin Numm ginn huet.
#152 The Cardigans – I need some fine wine and you need to be nicer
Vum Titel hir läit d’Lidd op Plaz 1, mee och d’Musék vu ménge léiwe Cardigans aus dem beschauleche Schweden ass wonnerbar.
#151 The Beatles – Let it be
Wat mech do rem geridden huet, dat Lidd just op 151 ze setzen wees ech net. Wann ech méng Lëscht néchst Joer opraumen kënnt et ënnert déi éischt 50, djëft. ‘t ass e Klassiker an ech muss wuel einfach dogéint pöbelen, ech Asi. Mee ganz éierlech, déi meescht Lidder vun de Beatles gehéiren dohinn.
#150 Belle & Sebastian – The State I Am In
Lëschtegen Zoufall, dass den éischte Bäitrag aus dem schéine Schottland mat der beschter schottescher Band ufänkt. A Gott, wat hunn d’Schotte Belle & Sebastian gäer, dat gleeft ee kaum. Mat Recht.
#149 Bloc Party – Banquet
D’Aart a Weis, wéi bei Bloc Party d’Gitaren géintenee spillen, gedriwwe vum pulséirende Bass an den upäitschenden Drums ass sensationell an a kengem Lidd fënnt een dat sou gutt, wéi a “Banquet”. Cause I’m on fire.
#148 The Jimi Hendrix Experience – All along the watchtower
Wat hunn ech mer dann deen Dag geduecht? Keng Aanung, mee schlecht ass et jo net.
#147 Oasis – Slide away
Aaaah, Oasis. “Slide away” geet oft ënner, wann d’Leit vun “Definitely Maybe” schwätzen, mee firwat? Den Intro ass brillant, an och de Rescht ass Oasis op allerhéchstem Niveau.
#146 Ryan Adams – Wonderwall
Uuh, vun de läschten dräi Lidder waren der zwee Coverversiounen. An dëst Lidd ass e Cover vun der eenzeger vun den 3 erwiente Gruppen, déi net gecovert huet. Oder sou ähnlech. D’Lidd ass sou gutt, dass den Noel dem Ryan Adams séng Versioun op Concerte léiwer spillt wéi séng eegen. Sou wäit géif ech dann awer net goen.
#145 Eminem feat. Dido – Stan
Do gëtt ee richteg nostalgesch. Dat interessant un deem Lidd awer ass, dass ech et gelauschtert hunn, wéi ech keen Englesch konnt a well et sou deskriptiv ass iwwer d’Joeren rausfonnt hunn, wat den Eminem an däer fierchterlech traureger Geschicht z’erzielen huet. Wier séng Musék haut nach op deem Niveau…
#144 Justice vs. Simian – We are your friends
You’ll never be alone again, well come on, come on, come on. An dat eng véirel Stonn laang. Da léiert een d’Liewen ze schätzen.
#143 Iggy Pop – Lust for Life
Manner wéinst dem Lidd, wat gutt ass, méi wéinst dem Intro vun “Trainspotting”, wat genial ass.
#142 The Buzzcocks – Ever fallen in love?
Dat Lidd hat ech scho rem anz vergiess, mee firwat eigentlech? Ass dach super. Schued, dass se keen zweet Lidd vun deem Kalber rausbruecht hunn.
#141 Kraftwerk – Das Model
Och wann ech “Autobahn” ganz vill gäer hunn, sou gesinn ech “Das Model” awer ëmmer als dat beschte Wierk vun deene verréckte Preisen un, déi d’Musék revolutionnéiert hunn.
#140 Kettcar – 48 Stunden
D’Lidd huet vill u Reiz verluer, zënter dass den Thorben mer gesot huet, dass et fir den Thees Uhlmann geschriwwen ass, mee besser fir en, wéi vun em geschriwwe, gell? Textlech ganz grousse Kino + dem Marcus Wiebusch séng immens Stëmm.
#139 Run DMC vs. Aerosmith – Walk this way
Wann ee Saache mecht, déi een net mësche soll, kënnt oft eppes Wonnerbares dobäi raus. Sou och bei dësem Beispill vu Crossover, deen den Jay-Z a Linkin Park ouni Erfolleg probéiert hunn, nozemaachen. Iwwerloosst dat neechste Kéier de Groussen.
#138 The Cure – Lullaby
Ech sinn e grousse Fan vun The Cure, wéi der vläicht wësst an dat “Lullaby” genannte Schauermärchen hei, ass besonneg interessant, opgrond vun der wéi e Schloflidd engem net aus dem Kapp wëllender Melodie.
#137 The Police – Every Breath You Take
Einfach nëmme legendär, a sou gutt, dass net mol de Puff daddy et verschandele konnt.
#136 The Arcade Fire – Neighbourhood #1 (Tunnels)
De Piano um Ufank, den Text, dem Win Butler séng Stëmm, déi sech ëmmer méi steigert, d’Zesummespill vun der beschter Band vum 21. Joerhonnert: alles dat steigert sech an dësem wonnerbare Lidd zu enger Sinfonie vu Gléck, déi ee seele bei Musék verspiert.
#135 Kate Bush – Running up that hill
Dat Lidd passt gutt zu ménger momentane Situatioun, well ech all Dag en Hiwwel ropgoe muss fir heem. Mee och an anere Liewenslagen, ass ëmmer op dat Lidd verlooss.
#134 Grandmaster Flash and the Furious Five – The Message
Allgemeng gëllt dat Lidd als dat éischt erfollegräicht HipHop-Lidd. Mee net just dowéinst, mee och wéinst dem wierklech immense musikalesche Wert, ass dat Lidd e Must fir all Top-Lëscht.
#133 The Arcade Fire – Intervention
Scho rem déi beschte Band vum neie Joerdausend. Déi pompös Uergel, agespillt an enger extra dofir gelountener Kiirch, begleet dem Win Butler säin Text iwwert de Krich perfekt, wéi e Militärmarsch.
#132 Oasis – Hello
Extrem ofwiesslungsräich war ech wuel wéi ech bei dësem Deel vun der Lëscht ukomm sinn. Egal “Hello” ass de genialen Opener vum beschten Album aller Zäiten. An Oasis kéinten och nach eng Kéier sou oft op der Lëscht optauchen, ouni dass e schlecht Lidd dobäi wier.
#131 The Beatles – All you need is love
An d’Beatles dierfen natierlech och a kengem vun de Segmenter feelen. Vun de Beatles kéinte 6 mol sou vil Lidder an der Lëscht sinn, an et wier nach keent dobäi wat qualitativ net mathale kéint.
#130 Simon & Garfunkel – The Boxer
Alleng wéinst dem Geräich, wat no all “Leilelei” kënnt hunn ech dat Lidd gäer. Dat “Psch” ass dat witzegste Geräich an der Musékgeschicht.
#129 U2 – Sunday Bloody Sunday
#128 U2 – Sweetest Thing
U2 gëtt oft onrecht gedon, wéi ech fannen. Oft gi se als Kommerz, oder soss iergendeppes kritiséiert, mee a méngen Aen ass dat Quatsch. Och wann hir nei Lidder Stadionrock sinn, a fir virun 100000 Leit gespillt ze ginn, geschriwwe sinn, mee hiert Material aus den 80er ass brillant.
#127 Nouvelle Vague – Love will tear us apart
E Cover vun Joy Division. Iwwerhaapt gouf et vill Covers an dësem Ofschnëtt. Mee wa se vun dëser Qualitéit sinn: bring it on.
#126 Sonic Youth – Teenage Riot
Den Ufank vum legendären “Daydream Nation” ass en ezellenten Ausdrock vu Kraaft, an naja… Riot. Schued, dass Sonic Youth, genee sou wéi d’Pixies, nie de Respekt kruten, deen Nirvana, déi hir Musék wëll bei deenen zwee Bands zesummegeklaut hunn, bis haut genéisst.
#125 Pink Floyd – Wish You Were Here
Op dat Lidd sinn ech opmierksam ginn duerch d’Coverversioun vum Wyclef Jean, deen ech fréier mol gäer gelauschtert hunn. Verréckt, mee eppes gudds hat et jo awer. Mee och soss hätt ech deen absolute Klassiker wuel net verpasst.
#124 The La’s – There She Goes
Op dat Lidd sinn ech opmierksam ginn duerch d’Coverversioun vun Sixpence None the Richer, déi ech fréier mol gäer gelauschtert hunn. Verréckt, mee eppes guddes hat et jo awer. Mee och soss hätt ech deen absolute Klassiker wuel net verpasst.
#123 Coldplay – Green Eyes
De Géigendeel vu Radiohead hierem “Creep”, sou kënnt et mir mol vir. An dëser Versioun kritt en d’Joffer. Textlech um nämlechten Niveau, mee et feelt e bëssen u Selbstmatleed.
#122 Joy Division – Atmosphere
Schued, dass et Joy Division just dräi Joer gouf… “Atmosphere” ass immens wéinst deem, wat den Titel seet, der Atmosphär, déi d’Musék kreéiert. Einfach nëmme wonnerbar.
#121 Fugees – Killing Me Softly
Definitiv déi beschte Versioun vun dësem Lidd. An do wiere mer jo rem beim Wyclef Jean. PS: d’Lauryn Hill ass mam Zach Braff an d’Schoul gaang, a se waren déi beschte Frënn. Wat ech net alles weess…
#120 Manu Chao – Bongo Bong
Wat der Deiwel, nëmmen 120? Wat huet mech dann do geridden, dat Lidd ass dat coolste Lidd aller aller Zäiten, an de Manu Chao de coolste Fransous aller Zäiten… (naja…)
#119 Placebo – Every Me Every You
Jojo, all blöde Lëtzebuerger huet Placebo gäer, mee se si jo awer och verdammt gutt. An niewebäi kann ech da mol rem eng Kéier behaapten, dass ech na nie de Film “Cruel Intentions” mam Buffy Sarah Michelle Gellar gesinn hunn, an deem dëst Lidd virkënnt.
#118 Rage Against the Machine – Killing in the Name of
E bëssen Agressivitéit stécht jo och a ménger verkannte plüscheger Glücksbärchiséil. An besser ofbauen kann een déi mat kengem anere Lidd, äusser vläicht mat SoaD…
#117 The Mamas & The Papas – California Dreaming
Besser hätt ech dee Kontrast lo awer net kënnen hikréien… ech sinn einfach de Chef. An ech haassen déi fiirchterlech schappeg Technoversioune, déi vun all de schéine Klassiker gema ginn. Sidd kreativ, an denkt iech är Musék selwer aus, dir domm Säck amplaz Klassiker ze verschandelen! (Pardon fir d’Gebrëlls.)
#116 The Police – Message in a Bottle
Wat ech méi driwwer nodenken, wat mer d’80er besser gefalen. The Police si phänomenal gutt gewiescht, eppes anescht kann een net soen. Dat Lidd kënnt iwwregens säugutt, wann ee stacksat no der Fouer heemgefouert gëtt, all d’Fënstere vum Auto op sinn a jidderee matséngt.
#115 The Doors – Break on through
Bëssen The Doors muss och ëmmer sinn, obwuel ech net méi sou verléift a se sinn wéi nach op IIe.
#114 Elvis Presley – Jailhouse Rock
Et kann ee soe wat ee wëll, mee ouni de King hätte mer haut net déi Musékszen, wéi mer se hunn. A gutt Musék huet e jo och alt heinsdo gema. Dee Mann war schon extrem talentéiert.
#113 Muse – Time is running out
Hach, war dat schéin um Concert. Zënter dass ech “Absolution” fir d’éischte Kéier geläuschtert hunn war et mäi Lieblingslidd vu Muse an dat wäert sech kaum iergendwann änneren.
#112 The Billy Corgan Show Smashing Pumpkins – Disarm
Den Drecksak huet et net gespillt um Concert. If the killer in me erwëscht you.
#111 Tocotronic – Wir sind hier nicht in Seattle, Dirk
Und das ist auch gut so.
#110 The Beatles – Here Comes the Sun
Ech denken, dëst ass eent vun de meescht ënnerschatene Lidder vun de Beatles. Dobäi ass et dach wonnerschéin. Erënnert mech drun wéi méng Mamm mech mat hirem Cabrio an de Cactus fuere geloss huet, an ech haart Beatles geläuschtert hunn.
#109 Oasis – Supersonic
“Ich bin bereit, gib mir Korn und Sprite” ass d’Äntwert vun Tomte. Mee mir sinn net nëmme prett, mir fillen eis supersonic. Méng Léift zu där Band ass einfach onbeschreiflech grouss, wéi der vläicht mierkt.
#108 Massive Attack – Unfinished Sympathy
Kee Witz, just wéinst Massive Attack hunn ech mech zu Bristol un der Uni ugemellt. D’Säck hu mech net ugeholl, mee ech ech wollt jo souwisou op Glasgow (Belle & Sebastian!!).
#107 Depeche Mode – Enjoy the Silence
Nach méi onbeschreiwlech gutt 80er Mucke. ‘t ass schon ongerecht, wéi krass d’80er gehaasst ginn, éierlech lo. D’90er déi ware vill méi schro (ofgesi vun Oasis, Blur, Radiohead a sou…).
#106 Radiohead – Karma Police
Onvergiesslech war de Singalong vun dësem Lidd um Pukkelpop. 40’000 Leit, déi “I lost myself” sangen, einfach nëmmen Hingerhautstëmmung. An natierlech net ze vergiessen “Her Hitler hairdo is making me feel ill”. Ganz grousse Kino.
#105 The Libertines – Up the Bracket
De Pete Doherty zesumme mam Carl Barât war e musikalescht Duo mat souvill Kraaft, dass et mer am Häerz wéi deet drun ze denken, wat se hautesdags fir Musék man. Näicht géint d’Babyshambles, mee et feelt dach d’uerdnend Hand vum Barât a bei den Dirty Pretty Things feelt de chaoteschen Input vum Doherty.
#104 The Velvet Underground – Heroin
Aaaah, Drojhe si bah. Dat ass festgestallt, lo kann ech da jo soen, dass et kee Lidd gëtt, wat besser e visuellt Erliewnis duerstellt wéi dëst. Du läuschters d’Musék a gesäis dem Lou Reed séng Wierder virun der sech zu engem Bild zesummesetzen. Ganz ouni Drojhen ze huelen.
#103 Jerry Lee Lewis – Great Balls of Fire
Wat hunn ech mer da scho rem heibäi geduecht? D’Lidd ass jo gutt an alles, mee awer net um Niveau vun de Lidder, déi virdru komm sinn. Wat sinn ech dach e blöde Vull. (Iwwerhaapt gëtt an deem Artikel vill geflucht, fällt mer op.)
#102 Red Hot Chili Peppers – Californication
Ee vun den éischten Alben op deen ech haut nach stolz sinn e kaf ze hunn. De Video war deemols eppes kmplett neies, wonnerschéines, wéi ech seelen gesinn hat. Dat huet mech faszinéiert. A faszinéiert mech haut nach.
#101 Louise Attaque – J’t’ emmène au vent
Dat ultimativt Remhopps a Matsanglidd. Dat Lidd, wat all Lëtzebuerger gäer huet. DAT Lidd.
#100 Badly Drawn Boy – A Minor Incident
En Abschiedsbréif vun enger Selbstmörderin un hiere Jong a Liddform, komponéiert fir d’Verfilmung vum Nick Hornby séngem “About a Boy”. Den Text ass (natierlech) fierchterlech bedréckend, mee sensationell gutt. D’Lidd ass einfach wonnerschéin an traureg.
#099 The Fratellis – Chelsea Dagger
Déi Glasgow-Hymn. Champions League Match 2006 am Celtic Park. Celtic spillt géint Manchester United, Schottland géint England, natierlech eng gewëss Brisanz. 90. Spillminut, et steet 0:0, de Shunsuke Nakamura trëtt zum Fräistouss un a setzt dem Edwin van der Sar de Ball an d’Kräiz. Celtic klappt United a wéiee Lidd gëtt gespillt? Genee “Chelsea Dagger” vun de Fratellis, déi säitdeem onstierwlech sinn. Just witzeg, dass sie et réicht eng Woch méi spéit gewuer gi sinn, well se sou haart virun der Telé gebläert hunn, dass se net matkruten, dass hiert Lidd gespillt ginn ass.
#098 A-Ha – Take on me
Op 3e hunn ech mol mam Thorben eng Wett gema vu wou A-Ha wieren, ech duecht se wieren aus Norwegen, heen aus Schweden. All Mënsch huet dem Thorben Recht ginn. Just Wikipedia war richtegerweis der Meenung se wieren aus Norwegen, wouduerch ech e Mini gewonn hat. Mee net dowéinst, mee wéinst der immenser, engem net méi aus dem Kapp goender Poppegkeet (jo, ech hunn dat Wuert grad erfonnt) steet dëst Lidd op Plaz 98 vu méngem Countdown.
#097 Franz Ferdinand – Take me out
Als Ursprong vun der neier Britpopwell gi Franz Ferdinand gäer bezeechend. Dat kann een als Luew, wéi och als Kritik gesinn. Mee eppes muss een hinne lossen, et geléngt hinne Meedercher a Glücksbärchis zum Danzen ze bréngen. An ech son et ëmmer rem gäer, den éischten Deel vum Lidd ass besser wéi den zweeten, an et ass eng Schan, dass et DJe gëtt déi den éischten Deel einfach wegschneiden. Dat ass dach net serieux.
#096 Gang of Four – Damaged Goods
Ha, dat kennt lo kee Schwäin, huelen ech un. Gang of Four sinn déi, déi wi Bloc Party geklong hunn, wéi et nach keng Bloc Party gouf. Alles verstan? Souzesoen si se also eng vun hieren Inspiratioune gewiescht. Immens, gell?
#095 Faithless – Insomnia
An do scheeden sech lo wuel d’Geeschter. Fir mech als bekennenden Dänzer ass “Insomnia” su ongeféier DAT elektronescht Lidd. Et kann een driwwer denke, wat ee wëll, mee ech denke jidderee muss zouginn, dass enorm vill kreativ Kraaft an deem Lidd stëcht, wat op Drogen bestëmmt den Hummer ass. Mee dat muss ech nie rausfannen. Egal Faithless top, “Insomnia” tiptop.
#094 Johnny Cash – Folsom Prison Blues
Ach jo, den Johnny Cash huet e Mann ze Reno erschoss, nëmme fir e stierwen ze gesinn. Dat son net ech, dat séngt hien. Ech fannen et just immens, dass en et séngt.
#093 The Monkees – I’m a believer
Dat ass rem sou en typescht “Life Time – The Sound of the Sixties”-Lidd, wat een als Kand ëmmer an de Reklammen op Eurosport gesinn/lauschtert huet. Rem eng Kéier, d’Lidd ass kee Konschtwierk wéi soe mer Saache vu Sigur Rós (vu dass déi jo momentan everybody’s darling sinn), mee einfach nëmme fein zum Danzen, an dobäi drénken.
#092 My Bloody Valentine – Sometimes
Lo komme mer zum Konschtwierk. “Loveless” vu My Bloody Valentine ass ee vun de beschten Alben iwwerhaapt, do gëtt et näicht ze soen. “Sometimes” ass d’Goldstéck vun deem Album a gewënnt nach u Schéinheet wann d’Sofia Coppola et mat Biller vun Tokyo ënnerleet. Sofia Coppola ass immens, My Bloody Valentine och, ech kann et net oft genug soen.
#091 U2 – Beautiful Day
Dat Lidd ass einfach eppes ganz Besonneges. All Mënsch ass glécklech wann en et héiert, denken ech. Oder? An iwwregens, dobäusse schéngt grad d’Sonn. Dat passt dach: it’s a beautiful day!
#090 R.E.M. – Losing My Religion
Et gi souvill gutt Lidder vun R.E.M., mee iergendwéi hunn der net vill et a méng Lëscht gepackt. Egal, ech stellen einfach ee fir allemol fest, dass et eng vun de beschte Bands aller Zäiten ass. “Losing My Religion” ass also souzesoen just exemplaresch fir e ganzt Wierk ze gesinn.
#089 Sufjan Stevens – Chicago
De Sufjan Stevens huet no séngem Album “Michigan” aus Witz behaapt all Joer en Album iwwert en aneren amerikanesche Staat rauszebréngen, bis dass en se alleguer duerchhätt. Dat Joer drop ass “Illinois” rauskomm an op deem war dat absolut bezaubernd “Chicago” ze fannen, an dat een sech direkt verléift. Wuelfilllidder mat Gefill a grousser Melodie léise bei mir eng Zort pavlovsche Reflex vu Sympathie aus.
#088 Nine Inch Nails – Hurt
an Johnny Cash – Hurt
Den Trent Reznor, Sänger vun Nine Inch Nails, sot nodeem en dem Johnny Cash séng Versioun vum Lidd héiren huet, dass d’Lidd net méi him gehéire géif, mee dem Cash säint wier. Sou wäit géif ech net goen, mee ech ka mech net decidéiren, wéieent ech besser fannen. D’Zerbriechlechkeet vum ale Mann, oder dach d’klaustrophobesch Verzweiflung vun der Jugend? Ech iwwerlossen iech et z’entscheeden.
#087 Jacques Brel – Amsterdam
Muss een dozou iergendeppes soen? Aus der schéiner Zäit, wéi an der Telé nach gefëmmt gouf.
#086 Echo & The Bunnymen – The Killing Moon
D’Ufankssequenz aus “Donnie Darko”, wéi den Donnie zu dësem Lidd op séngem Velo heem fiert ass scho bal legendär. Déi meescht Leit erënnere sech bal besser un dëst Lidd, wéi un dem Gary Jules säin “Mad World” am Zesummenhang mam Film. Mee lo mol éierlech, och ofsäits vum Film ass d’Lidd wonnerbar düster an dach iergendwéi liicht.
#085 The Beatles – Lucy in the Sky with Diamonds
An do si se alt rem. Dëst war deemols, wéi ech de Film “I Am Sam” gesinn hat mäin éischt Lieblingslidd vun de Beatles. Eng Schan eigentlech, wéi ech drop komm sinn. Mee d’Lidd bleift, opgrond vu sénger Melodie, séngem lëschtegen Text, deen ech mol ganz ouni Drojhebezuch ophuelen, einfach nëmmen e wonnerschéint Erliewnis.
#084 Oasis – Champagne Supernova
Eent vun de Lidder, wat den Thorben an ech zu Lloret am “St. Tropez” voll wéi d’Lächer gesong hunn. Schéin och wéi et am Benjamin von Stuckrad-Barre séngem Buch “Soloalbum” virum Noel séngem Wunnsëtz Supernova Heights vum Haaptpersonnage zesumme mat alkoholiséierten Englännerinne gesong gëtt, nodeem se alleguer den drëtten Oasis Album “Be Here Now” kaf hunn. ‘t ass eventuell dat hymneschste Lidd vun Oasis.
#083 Coldplay – In My Place
“A Rush of Blood to the Head” ass mäi léifsten Album, an “In My Place” ass e wahnsinneg gutt Lidd fir matzesangen, och beim Autofueren matzen an der Nuecht unzeroden, well ee sécher net aschléift. Néchst Joer kënnt eng nei CD vu Coldplay an dir kënnt drop wetten, dass ech mer se den éischten Dag besuergen.
#082 Yann Thiersen – Comptine d’un autre été: L’après-midi
“Le fabuleux destin d’Amélie Poulain” ass e fabuléise Film. D’Musék geet a geet engem net aus dem Kapp an zemols dëst Lidd schwirrt engem deeglaang am Kapp rem. ‘t ass herrlech. Déi Melodie, de Piano, a lo kënnt et: déi Melancholie. Herrlech.
#081 The Cure – A Forest
En düsteren Ofschloss fir dësen Artikel. Um Cheesy Pop an der QMU spillen se ëmmer “Friday I’m In Love”, woubäi “A Forest” dach vill méi cool ass, an ech och nach besser dorobber danze kéint. Mee hey, ech si schon zefridden, dass se iwwerhaapt The Cure spillen. Wou fënnt een dat da soss? Néirens. Äusser wann ech DJ wier, da géif awer béis “A Forest” gespillt ginn an net ze knapps.
#080 The Beatles – I am the Walrus
D’Beatles si wéi der mierkt zimmlech staark vertrueden. “I am the Walrus” ass vläicht net sou en héich ageschatent Lidd, mee ech fannen et einfach nëmme musikalesch an textlech brillant. (Net wéinst dem Oasis Cover.)
#079 Elliott Smith – Miss Misery
Mat dësem Lidd sinn ech op den Elliott Smith opmierksam ginn, wéi ech et fir d’éischt an den End Credits vu “Good Will Hunting” héiren hunn. Awer réicht no em puer Joer hunn ech mech wierklech fir den Elliott Smith ugefaang z’intresséiren, leider war en du schon dout. Hee war ee vun den interessantesten an talentéiertse Singer-Songwriter aller Zäiten, just ass e leider net op dëser Welt eens ginn. Säi Selbstmord (ech denken net, dass et ee war) ass einfach nëmmen e ganz trauregt Kapitel an der Musékgeschicht.
#078 Noir Désir – À ton étoile (Yann Tiersen Mix)
Vun engem traurege Kapitel zum néchsten. Dem Bertrand Cantat séng Geschicht dierft och bekannt sinn. Ofgesinn dovunner muss een awer soen, dass en rem eng Kéier en extrem talentéierte Muséker, ech géif eigentlech soen Poet ass. “À ton étoile” rappt een einfach mat, net souvill an der Originalversioun, mee dofir ëmsou méi am Yann Tiersen séngem Mix an an der Liveversioun op “Noir Désir En Public”.
#077 Bob Marley – Redemption Song
Ech sinn eigentlech kee grousse Fan vu Reggae a vum Bob Marley. Ech héiren et awer ëmmer rem, well mäi Brudder et gäer huet. “Redemption Song” ass sécherlech dat schéinste Lidd vum Bob Marley, an ech sinn réicht rem sou richteg drop opmierksam ginn, wéi de Youssou N’Dour, de Bono an de Bob Geldof d’Lidd zu Heiligendamm um Anti-G8 Concert gesongen hunn, deen ech op der ARD verfollegt hunn. Et war e sensationellen Optrëtt, deen awer net un d’Original rugereecht huet.
#076 Pet Shop Boys – West End Girls
Ech denken net mol dru mech heifir ze rechtfertegen. D’Pet Shop Boys si grousse Kino. Dat muss einfach sinn.
#075 Simon & Garfunkel – The Only Living Boy in New York
Ech weess net wéi oft ech den Album “Bridge Over Troubled Water” scho gelauschtert hunn, mee dat Lidd, wat bei mir de gréissten Androck hannerléisst, ass “The Only Living Boy in New York. Firwat? Wéinst dëser Zeil: Half of the time we’re gone, but we don’t know where. Wann déi net immens ass, da sinn ech wierklech mat méngem Latäin um Enn.
#074 The Beatles – Help!
Ah, do si se jo scho rem. Däerf ech et sou soen? “Help!” ass dat coolste Lidd vun de Beatles, et huet de meeschte Groove an keen anert Lidd geet sou ab wéi “Help!”… obwuel… et kommen der jo nach vläicht…
#073 The White Stripes – Fell in Love With a Girl
Acclaimedmusic.net no sinn d’White Stripes déi gréisste Band vun dësem Joerdausend. Wann déi Säit dat sou seet, dann ass dat och sou. An dofir op Plaz 73 hiert bescht Lidd, wat op eng grujheleg Aart a Weis vum Joss Stone verschandelt gouf. Kuckenswäert ass och de legendäre Lego-Video zum Lidd.
#072 Grandmaster Flash and Melle Mell – White Lines
Dubi dubi du bidu bass… White Lines, silver dreams of passion, going through my mind… Ehm pardon, ech hu mech matrappe geloss. Old School HipHop ass wonnerbar Musék, déi vill ze oft duerch hier heiteg Nofolger mat an den Dreck gezu gëtt. Éierlech lo, Grandmaster Flash hunn et net verdéngt, dass Leit wéinst Hampelmänner wéi dem halwen Euro behaapten HipHop wier schäiss.
#071 Steve Miller Band – The Joker
Gutt al Kiermesmusék. Op dëst Lidd sinn ech opmierksam ginn duerch déi saugutt däitsch Adaptatioun vu Fettes Brot, déi ech deemols rop a rof gelauschtert hunn. An da gëtt et natierlech och déi Simpsons-Episode an däer den Homer et séngt. An dass den Homer e gudde Muséksgoût huet ass gewousst.
#070 The Undertones – Teenage Kicks
Extrem ausgefeilten Text mat enger eleganter, komplizéierter, usprochsvoller Melodie. Alles dat bidden d’Undertones net. Mee einfach nëmmen eng gutt danzbar a matgrölbar Punknummer.
#069 Fugees – Fu-Gee-La
Déi Anekdot, dass d’Lauryn Hill mam Zach Braff an d’Schoul gaang ass, hunn ech scho mol bruecht. Also soen ech ganz einfach, dass d’Fugees et fäerdeg bruecht hunn mat wierklech just engem eenzegen Album zu der meeschtrespektéierter HipHop-Grupp vun den 90er ze ginn. Wou ech grad dovu schwätzen, kéint ech di CD och mol läuschtren.
#068 Pink Floyd – Shine On You Crazy Diamond
Dorobber huet mech op 3e de Pit bruecht, deen hei ëmmer matliest, mee nie kommentéiert. An de Pitti huet scho Recht, et ass immens. Wat soll een och soss soen?
#067 Coldplay – Yellow
Dat war ëmmer mäi Lieblingslidd vu Coldplay. Ob et et lo nach ass, verroden ech net, ëmmerhin komme jo na 66 Lidder. Mee dass ech e grousse fan vu Coldplay sinn a bleiwen ass wuel kee Geheimnis.
#066 Outkast – Hey Ya!
Ech denken, ech wäert an de Kommentarer wuel déi éischte Kéier héieren, dass iergendeen dat Lidd net gäer huet. Mee ech kenne keen, deen eppes dogéint huet. Ech hu souguer scho Metaller gesinn, déi dat Lidd matgesongen hunn. Sou gutt a beléift ass et.
#065 Queen – Bohemian Rhapsody
Nëmmen op Plaz 65? Dat ass rem sou eng bescheuert Aktioun vu mir gewierscht. Dat Lidd gehéiert an d’Top 20, ech verbruetenen Aasch. Muss ech déi legendär Szen aus “Wayne’s world” zitéiren? Ech mengen net. Hale mer fest, ech hätt léiwer den Freddie Mercury géif haut nach iwwer Bühnen hopsen, wéi den nach all ze aktiven Mick Jagger.
#064 Beastie Boys – Intergalactic
Alt rem eng Kéier sou e Klassiker vun de Beastie Boys, deen e sensationelle Video huet. Robot-Dance gëtt iwwerhaapt ënnerschat.
#063 Radiohead – Exit Music (for a Film)
Den Thom Yorke huet deemols de Baz Luhrman gefrot, dass deen d’Lidd net op de Soundtrack vu “Romeo & Juliet” setze sollt. D’Lidd huet sou eng perséinlech Bedeitung fir hee gehat, dass en et just op engem Radiohead Album veröffentleche wollt. Dat gëtt mol gemunkelt. Dass et e faszinant Lidd ass, steet äusser Fro.
#062 The Beatles – Eleanor Rigby
Textlech gesinn, ass “Eleanor Rigby” wahrscheinlech dat beschten Lidd vun de Beatles. Eigentlech hätt ech dat och méi héich astufe sollen, well ech et wierklech léiwer hunn wéi sou munch anert Lidd, wat nach kënnt. Mee et trëfft een eben eng Decisioun a wëll se dann net méi iwwert de Koup werfen. Egal, Plaz 62 ass jo schon zimmlech gutt.
#061 The Kinks – Lola
D’Claire, wat géigentiwwer vu mir wunnt. (Dat heescht hat wunnt am Zëmmer 3 an ech am Zëmmer 4.) ass e riesege Fan vun de Kinks. Ech fannen se och ganz gutt, “Lola” ass e Klassiker, dee batter vun der Coca Col-Reklamm verschandelt gouf. Ech haasse sou Reklammen…
#060 Elvis Presley – Blue Suede Shoes
De King of Rock’n’Roll war wierklech e King. Munchereen ënnerschätzt hautesdags séng Musék, well en déi läscht Joeren vu séngem Liewen einfach nëmmen nach eng traureg Gestalt war. Mee ech muss einfach soen, dass säin Talent d’Leit zum Danzen ze bréngen sech haut nach ëmmer beweist an en also guer net sou schlecht gewiescht si kann.
#059 Leonard Cohen – Suzanne
Méng Mamm huet den nämlechten Album vum Cohen op Plack, wéi ech op CD. Dat seet dach eigentlech schon alles.
Ech sinn einfach ze al fir mäin Alter.
#058 The Beach Boys – God Only Knows
Lauter Legenden tummelen sech op de Plazen 62 – 58. “God Only Knows” vun de Beach Boys war deemols an de 60er anscheinend e kontroverst Lidd, well et dat éischt Rock/Pop Lidd war an deem de Gott ernimmt ginn ass. Vu dass de Musékstil deemols na net wierklech acceptéiert war, war dat natierlech scho gewot, och wa mir hautesdags doriwwer laache géifen. Zemols wann ee bedéngt wéi schéin, léif an harmlos d’Lidd dach ass.
#057 Tocotronic – Pure Vernunft darf niemals siegen
Dat Lidd huet fir mech sou schéi vill Erënnerungen, well ech et ëmmer gelauschtert hunn, wann ech (besoff) aus dem Philo heemgetiirkeltgaang sinn. Momentan ass dat net méi méiglech, mee soubal sech mer d’Chance rem bitt, gëtt et gema. Den Text ass einfach nëmme wonnerbar, zemols no em puer Dikkrecher.
#056 Stars – Your Ex-Lover Is Dead
D’Stars aus Kanada si keng Stars. Leider denkt den Autor vun dësen Zeilen sech, well et wier dach schéin, méi sou sympathesch, talentéiert Kanadier an den Zeitungen ze gesinn. Mee dat wëllen si wahrscheinlech guer net. Hiert Lidd, wat en Dialog tëscht enger fréierer Koppel duerstellt ass eng modern Pärel vu seelener Schéinheet. When there’s nothing left to burn you have to set yourself on fire.
#055 John Lennon – Imagine
Jojo, lo wou ech déi Zeilen tippen muss ech un “The Big Lebowski” denken, wéi den Dude de Lenin zitéire wëll, den Donnie awer Lennon versteet. E Klassiker vun engem Witz. An dëst ass e wierkleche Klassiker vun engem Lidd, wat all dohirgelafene Popmuséker mengt sangen ze mussen fir hier musikalesch Wuerzelen ze weisen. Dat muss ménger Meenung no net sinn, well sou gutt wéi de Lennon kritt dach keen et hin.
#054 The Shins – New Slang
Mäi Liewe verännert, wéi d’Sam (Natalie Portman) et a “Garden State” behaapt huet dëst Lidd net, mee trotzdem gesinn ech dass et d’Potenzial dozou hu kéint. Mee ech denken d’Natalie Portman kéint mäi Liewen och veränneren, wann et da wéilt (call me!).
#053 Wir sind Helden – Denkmal
Grousse Kino.
#052 Jeff Buckey – Hallelujah
Wéi ech dat rem fäerdeg bruecht hunn de Leonard Cohen an eng Coverversioun vun engem Lidd vun em an ee Block ze stiechen ass genial. Dem Jeff Buckey säi Werdegang ass en trauregen, genee wéi beim Elliott Smith ass ee vun den talentéiertsen Singer/Songwriter aus der rezenter Vergangenheet verluer gaang an et hätt ee wuel nach vill vun em erwaarde kënnen. Amplaz gëtt lo all traureg Szen a Filmer/Telésserien mat séngem Lidd ënnerluecht.
#051 Roxy Music – More than this
Dem Bill Murray séng gesanglech Fähegkeeten si beschränkt, dofir ass d’Karaokeszen a “Lost in Translation” wou en dëst Lidd séngt awer net schlecht. Trotzdem hunn ech léiwer wann de Bryan Ferry d’Lidd séngt, well séng Stëmm dach e bësse besser kléngt.
#050 Peter, Björn & John – Young Folks
Dat Gepäifs begléckt d’Menschheet zënter 2004 an alljährlech gëtt d’Lidd rem iergendwou “nei entdeckt” an zum Hit vum Joer bestëmmt. Mir soll et Recht sinn, well d’Lidd dat ass, wat ee wuel als instant classic bezeechent, en Ohrwurm sonner Gläichen, dee mir awer nie op d’Strëmp geet.
#049 Oasis – Don’t Look Back In Anger
2008 soll en neit Oasis rauskommen. Mir kënnt d’Schafen vun Oasis momentan vir wéi eng Parabole. Se hu ganz uewen ugefaang mat “Definitely Maybe” a “Morning Glory”, si gesonk mat “Be Here Now”, nach gesonk mat “The Masterplan” an um Buedem ukomm mat “Standing on the Shoulders of Giants”, du rem gestigen mat “Heathen Chemistry”, weider rop mat “Don’t Believe the Truth”. Wa se unnähernd un d’Klass vun “Don’t Look Back In Anger” rukommen, dierft d’Parabole sou gutt wéi perfekt sinn.
#048 City – Am Fenster
Dat Lidd ass eng vu méngen eelste musikaleschen Erënnerungen, well mech de Rhythmus ëmmer rem opmierksam gema huet, bei all de Kéieren, dass d’Lidd fréier um RTL Radio gelaf ass. E weidere Beweis, dass och aus kommunisteschen Diktaturen Guddes komme kann. Deen anere Beweis ass Tetris. (Iwwregens ech hu grad gemierkt, dass City nach ëmmer existéiert!)
#047 Bob Dylan – Blowin’ in the Wind
Den Dylan ass méi wéi e Musiker, et ass e Poet. An ech hunn en a méngem englesche Premièresexamen zitéiert. An zwar aus dësem Lidd. Ech klenge Klugscheisser.
#046 New Order – Blue Monday
(A wéienger Reklamm op der Telé leeft dat Lidd na méi?) D’Nofolger vun Joy Division hate méi Succès wéi d’Band mam Ian Curtis un der Spëtzt. Hautesdags gi se oft e bësse manner beuecht, an enger Zäit wou déi laang ignoréiert Joy Division gutt fannen als kulturelle Must gëlt. Dat fannen ech schued, well och wa se eng aner Richtung ageschloen hunn, hu se sech awer kengesfalls verschlechtert.
#045 Smashing Pumpkins The Billy Corgan Show – 1979
#044 The Rolling Stones – Paint It, Black
Oh freck, mat méngem Muséksgoût kéint ech wierklech an der Reklammebranche schaffen. Mee egal, jidderee fënnt dat Lidd jo awer gutt, firwat soll ech also net?
#043 Led Zeppelin – Stairway to Heaven
Bon, keng Aanung, wat ech lo dozou soe soll.
#042 Travis – Love Will Come Through
Fir all d’Fans vu “Grey’s Anatomy”: dëst Lidd leeft an der läschter Episode vun der zweeter Staffel. Fir all déi di keng Fans vun däer Serie sinn: et ass trotzdem genial a leeft um originale Site vum Zach Braff séngem “Garden State”.
#041 U2 – With or Without You
Anscheinend ass “The Joshua Tree” vun U2 lo just rereleased ginn. Dat ass mir awer egal. Wat soll ech mat dem ganzen Album, wann ech nëmmen dat eent Lidd brauch?
#040 Radiohead – Idioteque
Munch Leit haassen dëst Lidd wéi d’Pescht. A méngen Aen ass et den Héichpunkt vun der Kid A/Amnesiac Ära. Dat éischt Lidd vu Radiohead, wat souguer danzbar wier! An da na sou schéin a mysteriéis. ‘t ass eng immens musikalesch Collage, déi kaum z’iwwertreffen ass.
#039 Manau – La tribu de Dana
Wéi ech 10-11 Joer al war, hunn ech et fäerdeg bruecht dat Lidd ganz mat ze rappen. Hautesdags klappt dat net méi, mee et ass trotzdem e wichtegen Deel vu ménger fréie Jugend. Duerch Manau sinn ech op Rap komm, an hunn eng éischt Iddi vu gudder franséischer Musék kritt.
#038 The Verve – Bittersweet Symphony
Dëst Lidd war dat läscht Opbäumen virum Dout vum 90er Britpop. Oasis hunn hiert Drogenalbum opgeholl a Blur hu sech nei erfonnt. Vu Pulp a Suede guer net ze schwätzen. Wieren The Verve clever genug gewiescht net gréissewansinneg ze ginn, a wieren se zesumme bliwwen, géife se haut vläicht manner belächelt.
#037 The Clash – Should I Stay or Should I Go
Mir egal, bleift hei a sangt e Lidd driwwer.
#036 The Beatles – Yesterday
Méng These: “Yesterday” kéinten déi meescht Leit matsangen, och wa se et na nie héieren hunn. D’Lidd ass sou logesch, präsent a gutt. ‘t ass am Fong erschreckend, wéi gutt et ass.
#035 Queen – Don’t Stop Me Now
A “Shaun of the Dead” rifft de Shaun “Kill the queen!” wéi d’Lidd an der Jukebox leeft a si grad en Zombiestuerm ofwähren. Perfekten Humor, ënnerluecht mat engem perfekte Lidd.
#034 Interpol – Evil
Déi éischt zéng Sekonne vum Lidd si sou gutt. Beschten Ufank vun engem Lidd aller Zäiten. Ofgesinn natierlech vum Britney Spears séngem neie Lidd, mee deen Ufank ass op enger aner Aart a Weis gutt. ;)
#033 Sugarhill Gang – Rapper’s Delight
Old Skool Hip Hop ass nach ëmmer de coolste Musékstil. A jiddereen, egal watfreng Musék e gäer huet, steet op dëst Lidd, behaapten ech lo mol. De Rhythmus ass undreiwend an d’Melodie en absolute Klassiker.
#032 Bob Dylan – All Along the Watchtower
No reason to get excited? Majo dach, grad. Bob Dylan = Gott.
#031 Blur – Song 2
Woohoooo.
#030 Badly Drawn Boy – Once Around the Block
Ech wäert et nie vergiessen, wéi den Damon Gough dat Lidd fëmmend zum beschte ginn huet. En immenst Erliewnis. Mäin Tipp: kuckt iech de Video un, einfach nëmmen herrlech.
#029 The Doors – Light my Fire
Keng Lëscht ouni dat Lidd. Ech mengen, dat steet schon an der amerikanescher Verfaassung. A vu dass Guantanamo mech wéineg reizt, halen ech mech alt dorunner.
#028 The Rolling Stones – (I Can’t Get No) Satisfaction
Eng vu ménge Lieblingsszenen am Francis Ford Coppola séngem “Apocalypse Now” ass déi Szen wou de Laurence Fishburne op hierem Boot steet, zu dësem Lidd ze danzen. Iergendwéi huet een d’Gefill, dass iwwerall Gefoere ronderem hee laueren, mee dass dat him ugedriwwe vun dësem Lidd schnuerzpipsegal ass. An dat ass sou bëssen d’Stäerkt vum Lidd: et gëtt engem alles egal.
#027 The Beach Boys – Good Vibrations
Nach sou e Lidd. Méng Lëscht mech mech richteg frou, lo wou ech se rem erfuerschen. Brillante Choix, Chris.
#026 Simon & Garfunkel – Mrs. Robinson
D’60er Joeren si staark vertrueden an dësem Deel vun der Lëscht. Als grousse Fan vun “The Graduate” muss ech natierlech och de Soundtrack vu Simon & Garfunkel wierdegen. Wuel oder iwwel wäert dëst Lidd dat bekannteste Stéck sinn, wat fir e Film geschriwwe gouf. A mat Recht.
#025 Noir Désir – Le vent nous portera
Gesang vum Bertrand Cantat + Gitar vum Manu Chao = musikalescht Gold. Hoffe mer, dass de Cantat rem eng Kéier sou Lidder schreiwe wäert.
#024 The Byrds – Turn! Turn! Turn!
Ech menge keen anert Lidd, ass sou oft an der groussaarteger Telésserie “The Wonder Years” (”Wunderbare Jahre”) gelaf. Ëmmer wann ech et héiren hunn ech Monologen a méngem Kapp, déi ongeféier sou kléngen: “Auch wenn ich es damals noch nicht wusste, so war ich meinem Vater doch näher als jemals zuvor…” Déi Kevin Arnold Sprëch wäert ech op éiweg mat dem Lidd assoziéiren.
#023 The Who – My Generation
Nach 60er Geschir. Bring it on. The Who sinn och haut nach cool, mee trotzdem sollten se endlech ophale Concerten ze spillen.
#022 Chuck Berry – Johnny B. Goode
Eng vu ménge Lieblingsszenen an “Back to the Future” ass déi, wou de Marty op séngen Elteren hierem Bal dat heite Lidd spillt, an de Sänger vun der Band, déi eigentlech spille sollt, séngem Cousin urifft an ongeféier eppes seet wéi “Chuck, you gotta hear this song!” Ech hu sou Referenzen einfach gäer.
#021 Johnny Cash – Ring of Fire
Sou just un den Top 20 laanscht geschrummt. Am léifsten hätt ech op mannst 5 vun dëse Lidder dra gesat. Mee et kënnt eben na besser. Trotzdem ass den Johnny Cash e Gott.
#020 The Stone Roses – I Wanna Be Adored
Wahrscheinlech dat am mannste bekannte Lidd vun deenen déi sech an den Top 20 fannen. D’Stone Roses hunn et an hirer Carrière op grad mol 2 Alben bruecht bevir se sech 1994 no gutt 10 Joer Bandgeschicht getrennt hunn. An trotzdem si se musikalesch einfach net wegzedenken, zemols wéinst hierem selwerbetitelten Debütalbum op deem sech och des Pärel fënnt.
#019 The Beatles – I Want to Hold your Hand
Wahrscheinlech mat den dëmmsten Text, deen d’Beatles geschriwwen hunn, mee iergendwéi huet d’Lidd sech an déi Top 20 gepackt. Ech muss mol nach emol nozielen, wéivill vun hiere Lidder dra sinn. Wéi opmierksam Lieser gemierkt hunn: et sinn der vill. Ob et wuel heimadder fäerdeg ass?
#018 The Velvet Underground – Sunday Morning
Den Album mat der Banann drop. Net onbedéngt genee dat richtegt fir e Sonndegmoien, mee dofir fir e Samsdegowend. Am beschten sech dohi sëtzen, eng Fläsch Béier am Grapp, Plack opleen an einfach genéissen.
#017 Cali – Elle m’a dit
Dat ultimativt Lidd fir gebrachen Häerzen. “Mourir d’amour n’est plus de mon âge”. Ech ka just soen, ech hu léiwer e schreift Lidder driwwer, wéi dass en dowéinst stierwt.
#016 Massive Attack – Teardrop
Massive Attack si legendär a Pionéieren vun der moderner Musék. “Teardrop” geet engem sou un d’Häerz. ‘t ass eent vun deene Lidder déi di positiv Säite vun den 90er Joeren definéieren. (Déi negativ Säiten gi vu “Rhythm is a Dancer” etc. iwwerholl.)
#015 The Animals – House of the Rising Sun
Rem sou e Lidd aus den “TimeLife – die Superhits der Sixties” Reklammen. Mee hey ech si vum Fernseh erzu ginn, och musikalesch an do wonnert et da wuel net, dass dat Lidd bei mer hänke bliwwen ass.
#014 Simon & Garfunkel – The Sound of Silence
D’Schlussszen an “The Graduate” huet dëst Lidd berühmt gema. Mee déi speziell Expositioun hätt et net mol gebräucht fir haut nach eent vun de beléifteste Lidder iwwerhaapt ze sinn. Textlech a musikalesch, ganz grousse Kino.
#013 The Arcade Fire – Rebellion (Lies)
Wann een dat Lidd live erlieft huet, kann een einfach net anescht. Ech hunn et zwee Mol live erlieft an dat Kribbelen am ganze Kierper ass onbeschreiflech. Wann all Mënsch eng Kéier op engem Concert vun Arcade Fire gewiescht wier, da wier des Welt eng besser, soen ech lo mol ganz pauschal.
#012 Coldplay – Don’t Panic
Dat éischt Lidd um éischten Album vu ménger (nieft Oasis) léifste moderne Band. Do fällt mer grad de Witz aus “The 40 Year Old Virgin” an: “You know how I know you’re gay?” – “No?” – “You like Coldplay.” Wann dat wouer wier, wier ech de Präsident vun all den internationalen LGBT Verbänn. ;)
#011 Oasis – Wonderwall
Waaaaaaat??! Dee Kärel ass verréckt no Oasis, mee “Wonderwall” ass net an den Top 10?? Wat fir immens Lidder mussen da lo na kommen???? Sou ongeféier stellen ech mer d’Reaktioun vun de Leit fir, wa se dat gesinn. Natierlech kann ech mech do och e klitzeklengt bësse verschat hunn. Mee Plaz 11 ass bal Plaz 10, also mat iech net an d’Box: Oasis sinn awer nach ëmmer méng (vulgär) Götter.
#010 Public Enemy – Fight the Power
Public Enemy si wahrscheinlech déi berühmtesten a beléifsten HipHop Band aller Zäiten. “Fight the Power” ass eent vun deene Lidder, déi éiweg aktuell a gutt bleiwen. Och wann de Flavor Flav momentan éischter duerch bescheuert Telésserien an der Opmierksamkeet steet, sou ass säi musikalescht Wierk, wat en zesumme mam Rescht vu Public enemy kreéiert huet awer onstierwlech gutt.
#009 The Doors – The End
Den Ufank vun “Apocalypse Now” ass eng vun de berühmtesten Filmszenen aller Zäiten. De Martin Sheen a séngem Zëmmer zu Saigon an d’Bild vun engem Napalmugrëff op e vietnamesesche Bësch si legendär an hunn “The End” zu engem Lidd gema, wat op Éiwegkeet eng Plaz an der Film- a Musékgeschicht sécher huet.
#008 The Cure – Boys Don’t Cry
The Cure hunn an hierer Carrière vill Facette gewisen. Düster wéi a Lidder wéi “A Forest” a “Lullaby” waren se, poppeg an “The Lovecats”, “Friday I’m in Love” oder “Close to me”. Am beschte gefällt mer awer d’Punkballad “Boys Don’t Cry”, déi vläicht eng fierchterlech einfach a banal Melodie an e wéineg komplizéierten Text huet, mee dofir awer grad na méi schéi gëtt.
#007 Oasis – Live Forever
Natierlech ass een Oasis Lidd an den Top 10. “Live Forever” vum Debütalbum “Definitely Maybe” ass dat schéinste Lidd wat d’Kinnéke vum Britpop bis well erausbruecht hunn. Maybe I just wanna fly, wanna live, don’t wanna die, maybe I just wanna breathe, maybe I just don’t believe, maybe you’re the same as me, we see things they’ll never see, you and I are gonna live forever.
#006 Coldplay – Trouble
“Trouble” hunn ech deemols wéi et räuskomm ass wéi oft am Radio/op MTV héiren, an et huet mech ëmmer rem begeeschtert. Ech hat d’CD just net. D’Zäit ass vergaang an iergendwann krut ech d’CD. Duerno hunn ech d’Lidd warscheinlech 250 Mol an engem Mount geläuschtert oder sou. ‘t läit och vir bei de Lidder, déi am meeschten op méngem iPod gespillt goufen.
#005 Radiohead – Creep
Zu “Creep” hunn ech eng Anektdote, déi ech nach kengem gezielt hunn. Ech war 18 an hunn de Führerschäin gema. Op der Streck vun Dikrech op Eechternoach zréck, kuerz virun deem ech an Eechternoach ragefuer sinn, ass d’Lidd op ee Mol am Radio komm. Dat huet mech sou ofgelenkt, dass ech mech net méi op d’Strooss konzentréiert hunn an ech während dem Refrain no lénks gezu sinn an ze Eechternoach virun der Gare op der falsche Stroossesäit gefuer sinn. Mäi Fuerlehrer huet näicht gemierkt.
#004 The Beatles – Strawberry Fields Forever
“Strawberry Fields Forever” ass vläicht kee Choix, deen ee sech sou erwaarde géif, mee et ass effektiv mäi léifste Lidd vun de Beatles. D’Beatles sinn ouni Zweifel déi gréisste Band aller Zäiten, warscheinlech och, well se einfach e Schlussstrëch gezunn hunn, wéi de Moment do war. (Zyniker géife soen, dat hunn Nirvana och gema.)
#003 Bob Dylan – Like a Rolling Stone
De Bob Dylan (ech widderhuele mech gäer) ass e Poet. An a kengem Lidd geléngt et em sou Musék an Text sou perfekt ze verbannen, wéi a “Like A Rolling Stone”. Ech kéint souvilles driwwer soen an ech géif awer na net unnähernd treffen, wéi genial dat Lidd ass.
#002 Joy Division – Love Will Tear Us Apart
Joy Division sinn am Moment jo d’Band déi all Mënsch gutt fanne muss, soss huet en näicht vun der Musékgeschicht verstan oder sou. Zemols lo wou “Control” rauskomm ass, muss jiddereen op se flippen. Ech ka mat Stolz behaapten, dass ech scho Fan war, virun deem se 27 Joer no hierer Opléisung nei gehypet goufen. “Love Will Tear Us Apart” ass trotzdem, egal ob gehypet, e grandiost Lidd, wat ëmmer gutt bleiwe wäert.
#001 Pixies – Where is my mind?
Bräuch ech iergendeppes ze soen?

interssant, misst dat mol noomaan. e puer lidder dovun sin den owend rem am fly gelaa.
wierklech interessant (och wann menger meenung daat eent oder aanert lidd feelt)…mee sou eng lescht ass secher affaire de goût…
interessant wier fir sou eng lescht och an aaneren musiksrichtungen opzestellen…oder no engem bestemmten thema…
froen mech grad wei ech hei gelandt sin. mee egal :>. flott lescht. just: fiirwaat sin television langweileg? villäicht nemmen, well do eigentlech venus, an net marquee moon stoen misst :>. falls de d’lescht weidermess: big star an d’replacements geheieren obaddefall ran …. ;>
Cool Lëscht, kenne vill Lidder vun deenen nët, di gi sech mol gekropt he so!
Uzkapp Mann, ween huet dech dann heihi gefouert?