D’Pianocktail-Mixtape-Stöckchen

mixtapeNodiems d’Diskussioun obkoum ob Mixtapes nach “In” wieren oder net, hun ech mer iwwerluecht, eng uraal Idee ze réaniméiren. Déi funktionéiert sou: Fréier gouf et deen “besseren” Kettenbréif, wou een eng Kassett krut, e Lidd drob gemaach huet, an se weidergin huet.

Ech géing gären probéiren, dat ganzt Web 2.0-fäheg ze man.

  1. Mir stellen e Song online um Pianocktail
  2. Dann siche mer e Blog aus, deen den zweeten Song soll stellen
  3. Deen hellt eis MP3, hänkt en zweeten Song drun.
  4. Dann mecht en e Post mat folgenden Punkten: Numm vum Lidd, wat en bei desem Lidd denkt an e Bild wat en mat désem Lidd verbënnt, e Link ob den MP3 – an mecht en Trackback ob dëss Säit (wichteg!)
  5. Dann sicht en sech en aanern Blog aus, deen dat soll weiderman

Ziel ass et, en Blogger-Mixtape mat 10 Songs ze sammelen, dat dann vun eis e schéinen Cover kritt an un all Participant geschéckt gëtt, ausserdem verlousen mir dat Mixtape ennert 5 Lieser, déi nach nie e Kommentar oofgin hun. Also lass…

Lidd Nummer Eent…

…kennt vum Thorben
…heescht Je t’emmène au vent vu Louise Attaque
…bedeit him laang Owenter bis moies em véier am Flying mat sou villen Leit an esou villen gudden Momenter.
…an passt heibai

Lidd Nummer Zwee…

…kennt vum Chris
…heescht Skinny Love vum Bon Iver
…bedeit him e wonnerbaren Album, deen en am Dezember 2008 entdeckt huet a bis well rop a rof läuschtert.
…an passt heibai

Lidd Nummer Dräi…

…kennt vum Joël
…heescht There Are Some Remedies Worse Than The Disease vun This Will Destroy You
…bedeit him een Lidd, waat wéi gemaach ass fir dobai ze schreiwen, am Reen mam Auto ze fueren an dobai ze fëmmen, fir d’Gedanken op d’Rees iwert groniweleg Länner ze maachen, iwert denen en Zeppelin schwiewt.
…an passt heibai

Lidd Nummer Véier…

…kennt vum:
…heescht:
…bedeit him:
…an passt heibai:

Lidd Nummer Fënnef…

…kennt vum:
…heescht:
…bedeit him:
…an passt heibai:

Lidd Nummer Sechs…

…kennt vum:
…heescht:
…bedeit him:
…an passt heibai:

Lidd Nummer Siwen…

…kennt vum:
…heescht:
…bedeit him:
…an passt heibai:

Lidd Nummer Aacht…

…kennt vum:
…heescht:
…bedeit him:
…an passt heibai:

Lidd Nummer Néng…

…kennt vum:
…heescht:
…bedeit him:
…an passt heibai:

Lidd Nummer Zéng…

…kennt vum:
…heescht:
…bedeit him:
…an passt heibai:

Technesch Infoen:

  • Fir d’MP3en eenegen mer eis ob MP3 mat enger Kalitéit vun 128kbps, méi bréngen Kassetten jo souwisou net
  • Dat neit Lidd soll mam Lidd vu virdrun iwwerblenden. Ausnahm: Wann een CC-Musék benotzt. Anecht ass d’Iwwerblendung aus rechtlechen Grënn wichteg.
  • Den Trackback soll ob d’URL vun deser Säit geschéckt gin. Wann een domat Problemer huet, soll en eis Bescheed soen. Et ass just wichteg, dass mer um Stand bleiwen, wou mer mam Tape drusin
  • Et sollen am léifsten Lëtzebuerger Blogger sin, déi Deelhuelen
  • Alles ass erlaabt, ausser den FR David an den Rick Astley. Mir rickrollen keen.
  • Lidder uneneen hänken geet ganz toll mat GarageBand op Apple an mat villen aaneren tollen Programmer ob Windows. Wien Hëllef brauch, kritt se vun eis.

Ee Kommentar zu “D’Pianocktail-Mixtape-Stöckchen”

So eis wat s de denks!

(required)

(required)