Web 2.0, ouni Riets
Niewt dem Coverage vun der Film/Musékwelt an eiser investigativer Recherche iwwer d’nei Medielandschaft a Lëtzebuerg, läit Pianocktail et um Häerzen, eng an eisen Aen enorm wichteg Aktioun ze starten:
Web 2.0, ouni Riets
Mir, d’Auteuren vu Pianocktail si schockéiert iwwert déi sech neierdéngs manifestéirend Well vu rietsem Gedankegutt, déi am Web 2.0 promulgéiert gëtt. Eng sëllechen Gruppen op Facebook, Blogantreeg, an aner Internetoptrëtter beweisen, dass a Lëtzebuerg ëmmer méi Leit sech enger Ideologie vu Xenophobie a mëssverstanenem Patriotismus ënnerwerfen, déi mir net matdroen, an géint déi mir eis wiere wëllen.
Mir beschränken eis Aktioun net op e bestëmmte politesche Spektrum – egal wéieng politesch Gesënnung der hutt, ob kommunistesch, anarchistesch, gréng, liberal, konservativ, sozialdemokratesch, oder soss eng politesch Iwwerzeegung –, mee mer wëllen sou vill Mënsche wéi méiglech hannert der Iddi vun Fräiheet a bewosster Ausernanersetzung mat de Geforen vu rietsextremen Philosophien verbannen.
Dofir bidde mir iech dëse Button un, deen der op ärem Blog, ärem Internetsite, ärem zap.lu-Site, ärem Myspace-Profil, ärem Facebookgrupp oder op soss enger Plaz fräi duerstelle sollt fir är Solidaritéit mat der Aktioun ze weisen.
Hei eng Lëscht vun de Leit an hire Siten, déi sech un der Aktioun bedeelegen:
Blogs
- Blo:geescht
- Charles Betz
- Dan Kerschen
- Fireball’s Weblog
- Mol Sonn, mol Reen
- Oppenen Bréif
- Pianocktail
- Roude Stär
- Scotland’s for Me
- Sokrates
- Wortgefecht
Soss am Web
Liesenswertes
- L’ADR au sein du nationalisme. (Sokrates.lu)


Sorry, mä hei gëtt de Moment net kommentéiert.