Info
Wat ass Pianocktail?
Pianocktail ass e Begrëff, erfonnt vum Boris Vian, an den an him séngem Wierk L’écume des jours optaucht.
Eng Randnotiz a ménger Ausgab erkläert dat schéint Wuert sou: “Le pianocktail, création fictionnelle qui unit deux plaisirs sensuels, le gustatif et l’auditif [...]“. Kléngt dach schéin.
De Blog ass online zënter November 2006, ass zënterhir steteg gewuess an am Januar 2009 op säin eegene Server geplënnert.
Wen ass Pianocktail?
Chris Pesch
Aus purer Arroganz an Selbstgefällegkeet huet et mech géint Enn des Joeres 2006 zum Bloggen gezunn. Deemols nach als Student am Eechternoacher Lycée, hunn ech et als eng Méiglechkeet gesinn méng Leidenschaft fir Popkultur mat anere Leit ze deelen. Ech beriichten iwwert sou munches, wann och mäin Haaptaemierk op Film, Musék an Medienkritik läit.
Haut studéiren ech Englesch Literatur a Linguistik un der University of Glasgow mam Zil iergendwann am Lëtzebuerger Educatiounssystem méng Plaz ze fannen. Dat bedeit allerdéngs net, dass ech mech opginn hunn, wéi munchereen vläicht unhëllt, mee dass ech effektiv gleewen, dass ech eppes bewierke kann.
Kontakt: chris at pianocktail punkt lu
Nic G.
Just e puer Wochen nodeems ech fier d’éicht eppes um Pianocktail gelies hun war ech och schon Auteur um Site. Bis dohin haat ech nach absolut keng Erfahrung waat Bloggen ugeht an war ganz nei an där Welt. Daat war Ufank 2007. Haut schreiwen ech nach emmer fier de Pianocktail an konzentréiren mech virun allem op Filmer. Ech hun mer awer fest fiergeholl am Joer 2009 méi Beräicher an Themen unzegoen.
Ech sin momentan, wéi et sech um Pianocktail gehéiert, an Groussbritannien, wou ech Englesch Literatur, Linguistik an Geschicht op der University of Glasgow studéiren.
Kontakt: nic at pianocktail punkt lu
Thorben Grosser
Ech hun ugefangen ze bloggen am Joer 2003. Ab 2005 hun ech bei “Where cookie monster commits suicide…” polemesch Banalitéiten ob amüsant Aart a Weis probéiert ze präsentéiren. 2008 wor mir dat awer ze blöd an ech hun de “Cookie Monster” si gelooss. Wéi ech dun vu mengem Lieblingsblog eng Offer krut fir Auteur ze gin, hun ech direkt ugeholl. Schwéierpunktméisseg hun ech mech mat Medien, Technik a Marketing sou wéi der lëtzebuerger Netzwelt.
Momentan sin ech zu Edinburgh, der Haptstad vu Schottland, a studéiren un enger vun de klengsten Universitéiten vu Groussbritannien Events management an Marketing management an hoffen iergendwou an derKinowelt domat Fouss ze faassen.
Kontakt: thorben at iceberg punkt lu
Lynn Klein
Ech fier main Deel kampfe mech am richtegen Liewen (ganz ontypesch fier Pianocktail) duerch den daitschen Uni-Wahnsinn zu Heidelberg wou ech, stets op engem gesonden Koffeeintrip, teschent der Anglistik an der Germanistik rempendelen.
Fier de Rescht interesseieren ech mech fier Film, Konscht, Theater, Musik a Literatur, a weart da probeieren an deenen Beraicher Interessantes hei ze posten.
Kontakt: kleinlynn at ymail punkt com
Jacques Schiltz
Ech sin en Deel vum Deel deen Ufanks alles wor, an aanere Wieder: e richtegen Däiwelsbrot. Wéi och de Chris befannen ech mech am Moment op engem (Ego-)Trip duerch Groussbritannien, wou ech op der Royal Academy of Dramatic Art probéieren eng Äntwert iwwert déi onerklärlech Froën vum Sinn oder Nët-Sinn ze fannen.
Mat enger grousser Leidenschaft fir Theater a Film (a menger Meenung no och engem äusräichende Wëssen an deene Beräicher) maulen ëch säit kuerzem och hei op Pianocktail rëm, och wann et keen interesséiert, an och wann et dem Chris an aanere Leit ëmmer erem laanscht de Stréch geet.
Voilà, lo gin ech eng fëmmen.
Kontakt: jacques at pianocktail punkt lu
Wat soen aner Leit iwwer Pianocktail?
“Dass ich jetzt Pianocktail verteidige obwohl der Autor desselben und ich uns ständig uneins sind, spricht wohl für dieses Blog. Es gibt sehr viele interessante Filmkritiken auf Pianocktail, und seine aktuelle Liste der 250 besten Lieder ist auch sehr ausführlich geschrieben, gibt es doch zu jedem Lied einen kurzen Text der erklärt warum genau dieses Lied es in die Liste geschafft hat.”
- Thierry, 8. November 2007 am Schundblog
“Du bass an du bleiws dat dommst wat an der L-Blogger-Scène ënnerwee ass.”
- Maach4un, 2. Februar 2008 op benem.lu
“Ech fannen däi Blog kinopädagogesch immens wäertvoll a vu que dass ech e Fernseh-Muffel sinn an zum Kino-Muffel ‘gezwongen’ sinn, ass Pianocktail eng gutt Adress fir dank DVD dat nozehuelen wat een am Kino verpasst huet.”
- Georges, 6. Mäerz 2008 als Kommentar
Mir iwwerhuele keng Responsabilitéit zu den Inhalter vu verlinktene Säiten. All d’hei publizéiert Texter si vun eis geschriwwen, et sief dann et wier anescht vermierkt, a stinn ënner Copyright vun de jeweilegen Auteuren.

Sorry, mä hei gëtt de Moment net kommentéiert.