Archiv fir d'‘Webkonfusiounen’ Kategorie:

Webkonfusiounen: Misère, nei Blogs an Schlofmusek

Geschriwwen den 18/10/2010 vum Thorben2 Kommentaren

Aus der Sektioun Lëtzebuerger Blogs gëtt et Beauty a form of Genius (sic!). Et ass en Fashionblog, e Muséksblog an sou (dee schon säit 2 Méint nemmi geupdated gouf). Net sou spektakulär, mä flott ze kucken. Just saying.

Face Your Pockets ass eng russesch Internetsäit, déi Leit dozou obfuerdert, dat wat een an den Täschen huet a seng eegen Gosch ob e Scanner ze leen an ze scannen. Natierlech net an d’Luucht kucken. Dat gëtt da ganz witzeg an interessant. Ausser mäi Blackberry a mäin Portmonni hunn ech just Nuesschnappescher an der Täsch.

Twinkle Twinkle Little Rockstar ass eng Grupp, déi aus bekanntenen Songs Schlooflidder mecht. Modern Talking hätten et net besser maache kënnen.

Gehierlos cool ass deen heite Video, deen clever geschnidd Kameraen weist, déi faale gelooss goufen.

Den absoluten Highlight vun dese Webkonfusiounen ass awer den Misery Bear. Him geet et ëmmer schlecht. An dat fanne mir witzeg.

http://www.youtube.com/watch?v=AjVVqWSpkrw&feature=channel

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Webkonfusiounen Tags:

Webkonfusiounen: Film, Moud an Faarw

Geschriwwen den 3/10/2010 vum Thorben2 Kommentaren

En absoluten Brilliant an der Sammlung vun Internetsäiten ass de Filmguide Movieguide, e Site dien vun engem chreschtlechen Medienkonzern bedriwwen gëtt an en “family guide to movies and entertainment” ass. Iwwert dem Chris säi Lieblingsfilm seet en ënnert anerem ETERNAL SUNSHINE OF THE SPOTLESS MIND is a miscast, ill-conceived work that probably will bore as many people as it will enthrall. The relationship between Joel and Clementine, who’s played by an unappealing Kate Winslet, is irritating and confusing. The other characters are equally unattractive. Though clever in parts, the movie also contains lots of strong foul language and some adult sexual themes.

Am léifsten hunn ech awer d’Beschreiwung vu mengem Venedeg-Liebling Machete vum Robert Rodriguez

Evil, rotten, disgusting, humanist, nihilistic, Communist, politically correct, pro-revolution, pro-illegal immigration worldview with extreme Anti-Christian blasphemy and sacrilege (including a corrupt priest), racist elements, anti-white elements, anti-American, and anti-capitalist content, radical feminist elements, overt discussion of incest, and other anti-family content; 68 obscenities and 17 profanities; ultra-graphic, gory, very bloody, snuff extreme, constant violence such as gruesome decapitations, limbs severed, eye shot out, numerous gun battles, woman dresses as nun and mows down people with machine gun, man disemboweled and intestines used to rappel off building, priest nailed to a cross, torture, electrocution, etc.; extreme sex includes group sex, exhibitionism, and overt discussion of incest; extreme nudity includes full frontal female nudity; alcohol use and drunkenness; smoking cigarettes, marijuana use and selling drugs; and, very strong miscellaneous immorality includes lying, cheating, kickbacks, blackmail, betrayal, manipulation, corruption, greed, envy, reverse racism rationalized, and revenge.

Weiss’ bescheid, ne?

An da ginn et do d’Jill an d’Pauline, déi ech net kennen, awer ob hieren Blog Applied Art Revelation gestouss sinn. Moud, Musék, Fotoen, eben dat wa Meedercher man, wann se aus hierer Päerds-Phas raus sinn. Oder Vampirphas. Dat ass jo anscheinend déi nei Päerdsphas. Ma ob allen Fall ass net esou vill do lass, mä de Blog ass léif ze kucken, an et soll een jo d’New Kids on the Block e besse förderen.

Faarw. Wéi gëtt eingentlech Drockerfaarw gemaach? Ech hätt et net gewosst. Si erklären et:

Who the hell is Dr. Lyle Evans?

Geschriwwen den 25/08/2010 vum Chris5 Kommentaren

Schon ëm puer mol hu mir iwwer clever Reklammen hei geschwat, an ech denken et ass zemools den Thorben, deen sech ëmmer rëm doriwwer freet. Clever Reklammen ass d’Façade fir d’Welt vu Mad Men, der beschter Serie, déi momentan fir de Fernseh produzéiert gëtt. Während ech scho laang no engem Virwand gesicht hunn, meng Léift fir Mad Men an engem Bäitrag ze erklären – dir wëllt net wëssen, wéivill Drafts ech geläscht hunn, respektiv nach hei leien hunn, déi ech der Serie net wierdeg fonnt hunn – huet de Matthew Weiner a säi writing staff mer lo endlech e gudde Grond ginn.

An der Episod vun e Sonndeg gouf nämlech déi cleverste Reklamm bis ewell geschalt, an déi Kéier keen “it’s toasted” oder “Carousel” Pitch vum Don Draper, mä et ass eng Reklamm fir d’Serie selwer. Mad Men gëtt meta, a kënnt am Joer 2010 un.

Wéi de Pete Campbell am Joer 1965, 20 Joer nom Enn vum 2.Weltkrich wëll Honda zum Client vun der Agence maachen, reegt sech de Roger Sterling, Chef vun der Agence, deen am Pazifik gekämpft huet op an seet dat eenzegt wat méi schlëmm wier wéi e Japaner a senger Agence, wier den Dr. Lyle Evans. Kuerz nodeem de Sterling schnaubend de Sall verléisst, seet de Pete: “Who the hell is Dr. Lyle Evans?” “Who the hell indeed?” hu sech eng jett Fans geduecht an et gegoogelt, just fir ze mierken, dass déi Persoun absolut net diskussiounswierdeg war. Well se net existéiert.

Mad Men hunn de Leit souzesoen eng Virlag geliwwert fir op den Internet ze goen an mateneen ze diskutéieren, wien déi Persoun wier, déi do erwient ginn ass. A während dës Show sécherlech scho relativ bekannt ass, ka se doduerch trotzdem just d’Interesse vun de Leit steigeren. Dat nennen ech verdammt cleveren Marketing.

Mä manner hätt ech mer wierklech och net erwaart vun enger Show, déi all Woch nees u Grenze geet, déi sech vill aner Serien guer net virstelle kënnen. Eng Serie, bei där d’Personnagen, ouni sech grouss ze veränneren, awer ëmmer méi räich un Facetten ginn. Eng Serie an där et keng Béiser, a keng Gudder gëtt, mä just Leit, déi wëlle liewen, a liewen a liewen. Bon, zu menger manescher Veréierung vun Mad Men en vue vun deene Punkte vläicht eng aner Kéier.

Et gëtt leider keen Ausschnëtt vun der Zeen op Youtube. Ech hunn zwee Deeg mam Artikel gewaart, an der Hoffnung, dass een optaucht. Méi laang konnt ech net méi waarden.

35 Filmer an 2 Minutten

Geschriwwen den 23/07/2010 vum Thorben6 Kommentaren

Ech sinn e grousse Fan vum Schwed, dien an 8 Minutten 32 Popsongs an eng Medley krut. Dofir huet mir natierlech och dee folgenden Video gefall, dien Pianocktails hiert Lynn mir gewissen huet. Véier Gesellen hu sech hei d’Freed gemaach, ze probéieren, an zwou Minutten 35 Referenzen ob 35 Filmer visuell duerzestellen. E puer dovunner sinn offensichtlech, e puer méi kniffleg. Meng Lieblingsreferenz ass Psycho. Wat ass äer? A packen mir et, all d’Filmer an den Comments zesummen ze kréien?

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Film, Webkonfusiounen Tags:

Behuelt Iech dach mol!

Geschriwwen den 13/07/2010 vum Thorben6 Kommentaren

Wann et eppes gëtt, woufir ech mengen Eltren dankbar sinn, dann ass et ënner anerem dofir, dass ech e Grond-Set vu Manéieren hunn. Ma dat bedeit net dass se perfekt sinn, ech halen awer nach Messer a Forschett de falschen Wee, vergiessen Nimm vu Leit déi ech kennen léieren oder iwwerginn mech virun Disco’en. Trotzdem uechten ech Saachen wéi en festen Hänndrock, Aenkontakt oder héiflech sinn. Ausser an de Kommentarer.

Ma d’däitsch Telekom huet e Site namens eEtiquette gestart wou si sou Saachen kloerstellen fir den Internet. Behuelreegelen fir den Internet, wéi zB dass Interpunktioun an Grouss- a Klengschreiwung wichteg sinn, dass een am Restaurant dierf SMSen schecken, awer dat soll um Desch man, an sou weider. Kuckt mol eran an huelt Iech e Beispill!

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Webkonfusiounen Tags:

Dem Chris säi WM-Tagebuch, oder: wéi ech rausfonnt hunn, dass ech zu Südafrika halen.

Geschriwwen den 12/06/2010 vum Chris4 Kommentaren

All Dag während der Weltmeeschterschaft schreift de Chris iwwer Fussball, d’WM a wéi hien se erlieft.

Wéi ech gëschter Mëtten bei menger Mamm op der Aarbecht ukomm sinn fir mat hir eppes iessen ze goen, huet si direkt an hir Posch gegraff fir mer dat ze ginn, wou se wousst, dass ech et wéilt. 22 un der Zuel waren et dës Kéier. Gutt getosch, duecht ech mer. Lo nach 40. Dëst Joer kéint et endlech klappen.

Säit 1996 sammelen ech well Panini-Biller, an ech hunn et nach ni gepackt en Album ze fëllen. 2006 hu mer der 11 gefeelt, an anere Joer méi oder manner. Dës Kéier also nach 40, an ech hu fest wëlles et hin ze kréien. Ee vu menge Sticker, an den ech mech direkt verléift hunn dëst Joer war deen vum Siphiwe Tshabalala, éischten Buteur vum Tournoi. Net dass ech de Spiller kannt hätt, et wier eng absolut Ligen dat ze behaapten. Mä den Numm ass sou cool. Eng vun de Saachen déi ech immens fannen un de Panini-Albummen, ass, dass een Spiller kenne léiert a souguer appreciéiere léiert, déi een nach ni spille gesinn huet. Sou war et bei mir mam Tshabalala.

Deementspriechend hunn ech mech dunn och gefreet, wéi ech gëschter d’Opstellung vun de Bafana Bafana gesinn hunn. Dass en duerno souguer e Gol schéisse géif – an e sensationell schéinen dobäi – konnt ech dee Moment nach net wëssen. Um Späicher hat ech mäi Südafrika-Trikot vun der WM 2002 opgedriwwen a sinn doranner an Iechternach an e Café gaang, wou ee wonnerbar konnt op der Terrass de Fussball kucken. Obwuel ech mech vun Ufank un als Supporter vun de Südafrikaner gesinn hunn, hunn ech wierklech réischt nom Rafael Marquez sengem 1:1 gemierkt, dass ech zu den Ausriichter halen. Dat Gefill néiergeschloen ze sinn, dass d’Ekipp net méi vir loung huet mech wierklech iwwerzeegt, dass ech de Bafana Bafana d’Daumen drécken.

Owes huet dunn och nach Uruguay géint 11 franséisch Spiller, déi fir soss kee wéi sech selwer untrieden, gespillt. Et war net déck a mäin Häerz ass just eng Kéier an d’Box gerutscht, wéi den Diego Forlán de Ball aus 13-14 Meter lénks laanscht gesat huet, a wéi den Luis Suarez ausgewiesselt gouf. Wat eng Schan.

Held vum Dag: Siphiwe Tshabalala, Südafrika
Beschte Spiller vum Dag: Giovani dos Santos, Mexiko
Schlechteste Spiller vum Dag: Nicolas Ankelka, Frankräich
Weblink vum Dag: When Bafana Wins
photo cc by Development Works Photos

Ken Loach op Youtube

Geschriwwen den 11/05/2010 vum ChrisKee Kommentar

No deem haut annoncéiert gouf, dass dem Ken Loach säin Route Irish als leschte Bäitrag an der Competitioun um Festival zu Cannes untriede wäert, hunn ech mer geduecht, dass dat e gudde Moment wier meng Lieser op weider gratis Filmschätz opmierksam ze maachen. Ob déi sech lo op engem iPad spille loossen ass mir sou eppes vu wurscht, just dass der et wësst.

Dës Filmschätz ass d’Filmographie vum Ken Loach, déi der op YouTube kucke kënnt. All Woch kënnt e Film bäi, bis dass se alleguer zesumme sinn. Am Moment fannt der sou ënnert anerem zwee vu senge beschte Filmer, Kes an Ae Fond Kiss, wéi och Hidden Agenda, Riff-Raff, The Navigators, Cathy Come Home a Poor Cow. Et gëtt also keng Excuse sech d’Filmer vun dësem groussen Auteur entgoen ze loossen.

Webkonfusiounen: Musikalesches

Geschriwwen den 8/05/2010 vum Thorben3 Kommentaren

Eis über-Kategorie Webkonfusiounen.

Läscht Nuecht wor ech beim Yasha Büffelgrasvodka drenken. De Yasha ass en Hamburger Bouf an en huet mir den neien Live-Duebelalbum vu Fettes Brot viirgespillt. Dass Fettes Brot einfach nëmmen cool sinn, ass e Fakt wéi St. Pauli an der éischter Liga oder dass et Lëtzebuerger Whisky gëtt. Bei deem neien Fettes Brot Album koumen mir e puer Mol d’Schudderen, sou gutt ass en. An am Februar schon hu Fettes Brot eng 2010 Versioun vun hierem fantasteschten “Jein” rausbruecht. Wann ech gelifft. Fuckin’ hell!

Dann huet eiser aller Liebling Regina Spektor Radiohead hiert “No Surprises” gecovert. Fir den emotionalen Deel vum Owend ze assuréieren.

Dann gëtt et den Internetsite Hype Machine, wou, e bëssen wéi Blip.fm MP3′s vu Blogs gecrawled ginn an dann zum lauschtren do sinn. Immens fir Remixen vun all méiglecher Musék ze fannen. An Bastard Pop. À propos Basterd: College Humor huet eng Parodie op “Grammar Nazis”, dat si Leit, déi wann ee seet “an UK” dann an de Kommentarer soen “et misst am UK heeschen”.

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Musék, Webkonfusiounen Tags:

Huet de Yuppi rem um Computer gespillt [Update 2]

Geschriwwen den 11/04/2010 vum Thorben14 Kommentaren

Wéi ech et gëscht fir t’éischt gesinn hat, wollt ech et posten. An dunn hunn ech mir geduecht, dat passt dach guernet hei hinner, an ass nemmen Schadenfreude. Lo ass dat awer schon 24h hier – wat et rechtfäerdegt, awer doriwwer ze schwätzen.

Wann ee momentan op Cactus.lu geet, gesäit een dat. Mir hunn keng Informatiounen iwwert d’Zort vum Hack. Trotzdem ginn et am Internet Spueren, dass dee Mensch, dien sech elemento_pcx nennt, einfach just schlecht gemaachtenen an schlecht ënnerhaalen Internetsäiten raussicht, an iwwer Feeler an der Programméierung sougenannten Rootkits, fir iwwert de Server zum Beispill Spam ze versenden.

Et ass penibel dass no 24 Stonnen dee Feeler nach net behuewen ass, well een, wann ee Facebook kuckt, hallef Lëtzebuerg well weess, dat Cactus.lu net geet. Wann en Mataarbechter bei Cactus de Site mecht, da sollt en e Méinden am beschten mat enger Kartonskëscht kommen, da kann en nodeems en de Site gefléckt huet och gläich seng Saache paaken. Wann se eng extern Firma hunn, dierft do de Kontrakt och riwwer sinn.

Wat awer nach méi schlemm wier, wier wann d’Cactus Kaart an hier Datenbanken ob der selwechter Maschinn leien oder verbonnen sinn. Och wann een an desem Fall kann hoffen, dass den Hacker net realiséiert, wat Cactus.lu ass, well et him guernet dorems geet (soss knackt en Universitéiten, Homepagen vu Gemengen oder sou). Normalerweis ass et esou, dass Kaartensystemer wéi d’Cactus-Kaart vu spezialiséierten Firmen gemaach ginn, an dedizéiert Serveren d’Aarbecht iwwerhuelen, déi normalerweis just ob Querys äntweren, awer keng Daten richteg austauschen. Sou weess ech zum Beispill aus Kinoen, dass den Ticketing, den e-Ticketing an den Internetsite dräi onoofhängeg Systemer sinn, déi just um Niveau vum Informatiounsaustausch verbonnen sinn, awer net um Niveau vun den Datenbanken. Am schlëmmsten Fall awer géingen d’Donnéen vun Cactus.lu an der selwechter Datenbank leien, a mam selwechten User zougänglech sinn vum Internetserver vun Cactus.lu. An dësem Fall géingen däer Persoun, déi den Cactus-Server ënner Kontroll huet, d’perséinlech Donnéen an Kaafgewunnechten vun dausenden Lëtzebuergern obstoen.

Loosst eis net den Däiwel un d’Wand molen, an hoffen dass Cactus hier Cactus-Kaart professionellen Informatiker unvertraut huet, an just de Site den Stümpern iwwerlooss huet. En PR Desaster fir de Cactus sollt et allemols sinn. Och wann dat doten näischt ass, wat eng Firma kann zerstéieren. Net de Cactus.

C3L huet nach net réagéiert. Wourob waard dir, Jongen?

Update: D’Piratepartei huet en Commuiqué geschriwwen. Den Essentiel huet en Artikel doriwwer. Deen eenzegen dien bis elo net (8:22GMT, 9:22CET) fir néideg hällt sech ze äusseren ass….de Cactus. Dofir awer Scheckremisen an Auszeechnungen fir hier Léierbouwen a Meedercher. Op d’Piratepartei de Cactus wuel nach zu engem Statement fuerdert, oder ob de Cactus dat wäert ënnert den Teppech kieren, sou wéi…ach, nee, e Vergläich wier hei net ubruecht.

Update 2: Cactus huet mir grad de Communique gescheckt. Anscheinend konnten keng Userdonneen opgegraff ginn.

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Webkonfusiounen Tags:

Webkonfusiounen: Slap!

Geschriwwen den 15/03/2010 vum Chris3 Kommentaren

Heiansdo fannen ech jo Lëschten ganz interessant, wéi der vläicht wësst. An Ranker.com hunn eng wonnerschéin Lëscht vun de beschte bitch slaps an Filmer gemaach. An tjo, do sinn ëm puer wierklech legendär Szenen dran. Den immensen In the Heat of the Night ass d’Nummer 1 op der Lëscht. An Gott, There Will Be Blood ass e gudde Film. An do fällt mer rëm an: gläich kënnt eise Réckbléck op déi beschte Filmer vum Joerzéngt. Gläich, gläich.

[via AwardsDaily]

« Newer PostsOlder Posts »

Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags