Dem Chris säi WM-Tagebuch, oder: firwat Vuvuzelas heiansdo nach méi haart si sollten.
All Dag während der Weltmeeschterschaft schreift de Chris iwwer Fussball, d’WM a wéi hien se erlieft.

Am Viraus beäntweren ech d’Fro déi ech gëschter opgeworf hunn. A leider war meng Äntwert falsch. Kee Schal wier richteg gewiescht. War wuel och eng gutt Idee vum Jogi, well sou wéi Däitschland gespillt huet, wier e wuel och ze vill an d’Schweesse geroden, hätt en e Schal ugehat. Eng insgesamt einfach nëmme perfekt Leeschtung vun Däitschland, bei där een héchstens bemängele kann, dass se net méi héich gewonn huet. Wann ech ufänken mech iwwer däitsch Goler ze freeën, mussen se iergendeppes sensationell richteg maachen. An op den Thomas Müller (deen ech mer fir 0,8 Mio. Euro am Kicker Interactive Manager Spill kaf hat) ze setzen, war zimlech richteg.
Eng falsch Decisioun hu se allerdéngs zu Mainz getraff. Dës war et dem Bela Rethy e Mikro ze ginn. Beim Bela Rethy senge Kommentaren wënscht een sech wierklech, dass ee während 90 Minutten zwou Vuvuzelas direkt nieft den Ouere plazéiert huet, fir sech dat net undoen ze mussen. Toppen konnt de Bela eigentlech just d’Katrin Müller-Hohenstein, wat an der Halbzeit déi sensationell Phrase “Für Miroslav Klose ein innerer Reichsparteitag” bruecht huet. Wann et domat net dat gemengt huet, wat ech mengen, dass et gemengt huet, ëm Gottes Wëllen, kläert mech op, wat et da war. Mir ass de Mond oppe stoe bliwwen.
De Mond oppe stoe bliwwen war bei der WM 2006 dem Asamoah Gyan, wéi en sech géint Tschechien, wéinst engem ze fréi geschossenen Eelefmeter, déi zweet giel Kaart am Tournoi ofgeholl huet an doduerch Aachtelfinale géint Brasilien verpasst huet. Ech weess nach wéi Leed mer hien deemools gedoen huet. Haut huet en dogéint alles richteg gemaach an säin Eelefmeter géint Serbien verwandelt a sou den Afrikaner déi éischt Victoire am Tournoi besuergt, an dat och, well den Kevin-Prince Boateng enorm staark war. Dass hien richteg gutt Fussball spille kann, wäert munch Däitschen iwwerrascht hunn, well e mat deem Wëssen net sou wonnerbar zum Buhmann gemaach kéint ginn.
Den drëtte Match vum Dag, deen anscheinend grotteschlecht war, hunn ech verpasst, well ech mat menger gudder Mamm an de Restaurant war. Z’iesse gouf et villes, an ech hu meng Léift zu hir ausgedréckt an deem s ech hir d’Biografie vum Stieg Larsson besuergt hunn. Informatiounen, déi der wierklech net wollt, mä vue dass de Larsson Antifaschist war, hunn ech mech eventuell rëm bis zum Katrin Müller-Hohenstein senger Ausso zréck gekämpft. Wéi kann ee sou eppes um Fernseh soen, ouni dass een et matkritt? Oder hunn ech et wierklech falsch verstan? Hoffe mer dat bescht.
Held vum Dag: Asamoah Gyan, Ghana
Beschte Spiller vum Dag: Thomas Müller, Däitschland
Schlechteste Spiller vum Dag: d’Australier ware sou schlecht, dass keen et verdéngt hätt net hei ernimmt ze ginn.
Weblink vum Dag: Bela Rethy sucks
photo cc by coda


Jo. Do steet en Schreiffeeler. An awer net.