Pianocktail » TV

Charlie Brooker – Black Mirror
Den Charlie Brooker ass e Phänomen. Fir dat kuerz an de Kontext ze setzen: Stellt iech en Typ viir, deen en dommt Aarschlach ass, wéi den Charlie Sheen, deen intelligent ass wéi den Sheldon Cooper, an dien d’Kulturkritik huet wéi den Joy Hoffmann. Dann hutt dir den Charlie Brooker. Dir kennt en, well an ären Facebook Timelines ëmmer rem Kommentarer vun him optauchen déi hien geschriwwen huet, wou en seng ganz misanthrop an onzefridden Gedanken lassgëtt: Iwwer Discoen, déi en haasst, iwwer säi Frust iwwer Leit déi sech am Kino net em Aspect Ratios schären oder em dem Cameron seng nei Visioun vu Briteschem Kino.

An eben dësen Charlie Brooker huet eng 3-Deeleg Mini-Series rausbruecht, déi Black Mirror heescht. Black Mirror ass dat bescht op engem Ecran gesinn hunn an deenen leschten 2 Joër. An ech wor do op dräi groussen Filmfestivals, an hunn eng geschaaten 150 Filmer gesinn an eng 200 Folgen Teléserien (wéi kann ech eigentlech meng Schoul gepackt hunn?).

Genuch geluewt. Em wat geet et?

Déi dräi Folgen hu net wierklech vill mateneen ze dinn, ausser dass se allen dräi an enger dystopescher nooer Zukunft spillen, an där alles techniséiert ass.

An der éischter Folg gëtt de Premierminister vu Groussbritannien nuets aus dem Bett geschellt, mat der Nooriicht, dass en Kindnapper d’Prinzessin vun England a senger Muecht huet an hat ëmbréngt, wann den Premier net bis Mëttes véier Auer live op allen wichtegen Kanäl Sex mat engem Schwäin huet. Dat kléngt absurd, mä den Handlungsstrang ass däermoossen gutt an plausibel ausgeluecht, dass een sech zum Schluss freet: Firwat eigentlech nit. Eng abstrus Geschicht, déi d’Problemer mat absoluter Vernetzung, Vermëschung vun Press, Politik an Privatem weist an eng Kritik stellt zur allgéigenwäerteger Ëffentlechkeet vun all Persoun zu all Moment.

Déi zweet Folg spillt an enger Welt, wou Leit just liewen, fir Punkten ze sammelen, an enger gamifizéierter Welt, wéi Spiller wéi Farmville oder World of Warcraft se scho proposéiren. E jonken Mann gëtt all seng Punkten fir engem Meedchen, dat him sympathesch ass, an enger Zort DSDS opzedtrieden. Hei ass eng immens Kritik un der Plastikwelt vun der Telé, vun Massenfernsehkonsum an der absoluter Ënneruerdnung vun Menschen ënnert der Ënnerhaltung. Suguer wann ee kritesch ass, wéi dëss Folg weist.

Déi läscht Folg spillt an enger Welt, an däer bal jhiddereen en Grain hannert dem Ouer huet, e klengen Chip, mat diem een alles ophëllt, an rem oofspullen kann, sou dack ee wëllt. Et ass déi eenzeg Folg, déi net vum Brooker selwer geschriwwen gouf, an si bënnt um Nietzsche sengen Usiichten zur Vergiesslechkeet un. Wéi wichteg dass et ass, dat Leit kënnen vergiessen an vergiessen, wéi geféierlech et ass, wann all Moment vun all Liewen gespäichert gëtt. Keen Zoufall also, dass dee Menu mat deem ee seng Gedanken kann oofspillen Timeline heescht, wéi den Facebook Feature, deen am Prinzip dat selwecht mëcht. E weist wéi problematesch et ass, wa mir keng Geheimnisser kënnen hunn, viru kengem, weder den Autoritéiten, nach eisen Partner.

De “Problem” mat Black Mirror ass, dass alles denkbar ass. Déi éischt Folleg ass perfekt méiglech, mir brauchen an eiser Welt keng Innovatiounen fir dat wouer ze man. Déi zwee aaner Folgen brauchen e bessi technesch Innovatioun, mä Elementer dorauser fannen mir lo schon an eiser Welt. Ouni Problem.

Den Charlie Brooker mecht dat, wat Aarschlächer gären man. Se weisen engem, wéi fuerchtbar domm een ass. Dat ass sou wéi déi Leit, déi bei Vegetarier hauséiren ginn, just fir hinnen ze soen, dass Pesto net vegetaresch ass. Den Charlie Brooker seet net, dass eis Obsessioun mat Technik falsch ass, just dass et eng Drog ass, an mir eis mussen den Niewenwierkungen bewosst sinn.

Fir Leit mat briteschem VPN oder déi hei wunnen gëtt et Black Mirror legal op 4OD. D’DVDen kommen am Februar raus, a wann der net waarden kënnt, wësst dir jo och alleguerten, wéi een u Serien kënnt, ouni se ze kaafen.

Gleewt mer, et ass wierklech sou gutt wéi ech soen. Ech hätt iech schon am Dezember solle Bescheed soen.

Freaks and Geeks
Wéi Freaks and Geeks um Enn vum leschte Joerdausend op der amerikanescher Chaîne NBC gelaf ass, ass eigentlech alles schif gelaf, wat fir eng Serie ka schif lafen. Onattraktiv, a wiesselnd Zäiten fir d’Ausstrahlung hunn um Enn dofir gesuergt, dass no 12 ausgestrahlten  Episode Schluss war. Déi 6 weider produzéiert Episoden si réischt méi spéit a Reruns gewise ginn.

Freaks and Geeks war e Konzept, wat eigentlech ni funktionéiere konnt. Eng als Comedy klassifizéiert Serie, déi awer eng Stonn laang dauert, gëtt et scho seelen. Dass d’Serie, fir déi Zäit onvirstellbar, ouni “laughter track” auskoum, ass nach méi iwwerraschend. De wierklechen Doudesstouss huet sech d’Serie awer doduerch ginn, dass se direkt an der éischter Episod – an eigentlech och an den nächste 17 Versich – op grouss Witzer verzicht huet, an probéiert huet eng naturalistesch Approche anzegoen. Freaks and Geeks sollt realistesch sinn an net an d’Zort Hyperrealitéit schweifen, déi een vu villen Comedy-Serien gewinnt ass. An dat ass der Serie och gelongen. Allerdéngs war et wuel e Feeler dëse Realismus sou z’interpretéieren, dass just virun der éischten Ënnerbriechung fir Reklammen d’amerikanescht Publikum virun den Apparaten domat konfrontéiert gi sinn, wéi e behënnerte Jong vun enger Tribün fällt a sech den Aarm brécht. Wéineg iwwerraschend, hunn d’Leit duerno a Massen ëmgeschalt, ouni op d’Serie zréck ze kommen, sou dass doraus am Endeffekt gouf, wat ee sou schéin eng “noble failure” nennt.

Wourëms geet Freaks and Geeks? D’Serie ass am Joer 1980 zu Detroit placéiert an erzielt iwwer d’Liewen vun amerikaneschen High School Schüler, déi direkt an der éischter Zeen an verschidde Lager agedeelt ginn: vun de Sportler gi mer riwwer bei d’Droge konsuméierend Freaks, a weider bei d’Geeks, déi hir Zäit domat verbréngen de Bill Murray a Caddyshack ze zitéieren. Wéi den Titel schon undeit mécht d’Serie bewosst eng Ënnerscheedung tëscht de verschiddene Gruppen, mä huet mat sengem Haaptpersonnage Lindsay (Linda Cardellini, ER) eng Persoun fonnt, déi tëscht de Gruppe schwankt, a souwuel als Geek duerch geet, wéi sech awer och wënscht zu de Freaks zielen ze kënnen.

D’Grondkonzept ass also e wesentlech méi subtilt, wéi den Titel vun der Serie et schénge léisst. Vill méi wéi dass se déi verschidde Lager beliicht, iwwerschneiden sech d’Erzielungen ëmmer nees, et gi Parallelen opgebaut, an et ginn Ënnerscheeder als Quatsch duergestallt: d’Serie weist ouni et grouss exposéieren ze mussen, dass am Endeffekt Jugendlecher guer net sou verschidden sinn, well se alleguer no eppes sichen, wat se definéiert, an se sech alleguer als eenzegaarteg gesinn. En Highlight vun der Serie kënnt an der leschter Episod, wéi den Haaptfreak Daniel Desario (gespillt vum James Franco) mat de Geeks Dungeons & Dragons spillt – an domat eigentlech d’Ausso vun der Serie perfekt duerstellt. Doduercher ass Freaks and Geeks eng vun den éierlechsten Siichten op d’Liewe vu jonke Mënschen, déi mir bis ewell begéint sinn. Dass d’Serie net méi wéi 18 Episoden ëmfaast ass dofir ëmsou méi schued, well se einfach sou gutt ass. Leider ass se zu enger Zäit produzéiert ginn, wéi d’Qualitéit vum Gewisenen net feelend Quot konnt iwwertrompen.

Sou ass et am Fong witzeg fir haut op dës Serie zréck ze kucken, well een quasi all déi jonk Schauspiller an der Serie kennt. Do wieren d’Geeks: den John Francis Daley spillt haut de Psycholog Sweets an der Serie Bones, de Samm Levine ass en Inglourious Basterd, an de Martin Starr huet an Niewerollen an Knocked Up an Adventureland iwwerzeegt. Nach méi berühmt sinn d’Freaks: den Jason Segel spillt de Marshall Eriksen an How I Met Your Mother, d’Busy Phillips ass a Cougar Town, de Seth Rogen ass en internationale Comedy Star wéinst, nach emol Knocked Up oder Pineapple Express, a schliesslech dem James Franco, deen ech wuel net weider virstelle muss. Och hannert der Kamera stounge mam Judd Apatow als Produzent an dem Paul Feig als Auteur zwee Leit, déi hautdesdaags enormen Erfolleg an Hollywood hunn.

A sou ass et natierlech ëmsou méi iwwerraschend, dass dës Usammlung vun enorm talentéierte Mënschen net en undauernden Erfolleg zu Stan bruecht hunn mat hirer Serie, mä et ass vläicht och e Seegen. Déi 18 Episoden, bei där keng schlecht dobäi ass, stinn esou als e perfekt klengt Wierk fir d’Éiwegkeet do, wat net duerch falsch Entscheedungen a spéideren Staffelen verduerwe gouf.

Webkonfusiounen: Basket of Links
Cinemablend Den James Marsh (Man on Wire) schwätzt driwwer firwat de Kevin Smith en Aasch ass. Recht huet en.

The Carpetbagger Interview mam Yorgos Lanthimos, Regisseur vun Dogtooth, dem fir en Oscar nominéierte, griechesche Meeschterwierk, dat der bei MUBI kucke kënnt. Méi zu Dogtooth, wa mer zu menger Top 10 vum Joer kommen.

The AV Club Rattle and Dumb: 13 rock movies that make their subjects look like dicks.

Guardian zum Kinostart vun True Grit, déi zéng bescht Kino-Cowboys.

Basket of Kisses BRING BACK MAD MEN IN 2011 PETITION.

Wat am Moment tëscht AMC an Lionsgate ofgeet ass einfach nëmmen eng Schan. Mad Men ass déi beschte Serie op der Telé an et gi Millioune Fans, déi vun Ufank un dobäi waren, an et net verdéngt hunn dass d’Serie éiweg op sech waarde léisst, just well d’Produzenten profitgiereg sinn. Kuckt dass de Matthew Weiner sou séier wéi méiglech rëm dru schreiwe kann, a gitt iech eens.

Modern Family
Hunn ech iech eigentlech scho vu menger neier temporärer* Lieblingssendung gezielt?

Se nennt sech Modern Family, ass eng Sitcom, an ass dat witzegst wat der am Moment op der Telé fannt. Wann ech beschreiwe misst wourëms et geet, géif ech soen et ass eng Mëschung aus Arrested Development an The Office, mat enger Pris vun deem Wonnermëttel wat een no enger halwer Stonn vu Full House awer net an de Suizid gedriwwen huet. Dat heescht et ass eng clever Serie iwwert eng erweidert Famill, déi ausgefalen Storylines huet an sech viru kengem nach sou kontroverse Witz scheit, an awer extrem vill Häerz huet.

Dass Modern Family Präiser en masse ofraumt (Emmys, DGA, SAG, etc.) misst well relativ bekannt sinn, dass d’Serie se och méi wéi verdéngt huet, ass allerdéngs nach net esou bekannt an eise Gefilden. D’Mëschung aus Personnagen, de Respekt virun de Kanner als eegestänneg Figuren an net just Undreiwer fir d’Handlungen vun den Erwuessenen a virun allem déi wonnerschéin Akzeptanz vun sou zimlech all Dommheet, déi engem an de Sënn komme kann, maachen aus Modern Family eng Serie, déi méi wéi eng üblech Sitcom iwwert eng Famill mat engem trottelege Papp ass. Et ass e wonnerschéint Bild dovu wéi lëschteg an harmlos eist Liewen dach eigentlech ass.

Wien et nach net kuckt, séier erbäi maachen. Ech weess dir wësst alleguer wou der dru kommt mat ären net ganz legale Methoden.

*Temporär /tempɵ’ræə/, Adjektiv,

Ausdrock vun enger Zäitspan an där een eppes anescht mécht wéi Mad Men kucken.

Who the hell is Dr. Lyle Evans?
Schon ëm puer mol hu mir iwwer clever Reklammen hei geschwat, an ech denken et ass zemools den Thorben, deen sech ëmmer rëm doriwwer freet. Clever Reklammen ass d’Façade fir d’Welt vu Mad Men, der beschter Serie, déi momentan fir de Fernseh produzéiert gëtt. Während ech scho laang no engem Virwand gesicht hunn, meng Léift fir Mad Men an engem Bäitrag ze erklären – dir wëllt net wëssen, wéivill Drafts ech geläscht hunn, respektiv nach hei leien hunn, déi ech der Serie net wierdeg fonnt hunn – huet de Matthew Weiner a säi writing staff mer lo endlech e gudde Grond ginn.

An der Episod vun e Sonndeg gouf nämlech déi cleverste Reklamm bis ewell geschalt, an déi Kéier keen “it’s toasted” oder “Carousel” Pitch vum Don Draper, mä et ass eng Reklamm fir d’Serie selwer. Mad Men gëtt meta, a kënnt am Joer 2010 un.

Wéi de Pete Campbell am Joer 1965, 20 Joer nom Enn vum 2.Weltkrich wëll Honda zum Client vun der Agence maachen, reegt sech de Roger Sterling, Chef vun der Agence, deen am Pazifik gekämpft huet op an seet dat eenzegt wat méi schlëmm wier wéi e Japaner a senger Agence, wier den Dr. Lyle Evans. Kuerz nodeem de Sterling schnaubend de Sall verléisst, seet de Pete: “Who the hell is Dr. Lyle Evans?” “Who the hell indeed?” hu sech eng jett Fans geduecht an et gegoogelt, just fir ze mierken, dass déi Persoun absolut net diskussiounswierdeg war. Well se net existéiert.

Mad Men hunn de Leit souzesoen eng Virlag geliwwert fir op den Internet ze goen an mateneen ze diskutéieren, wien déi Persoun wier, déi do erwient ginn ass. A während dës Show sécherlech scho relativ bekannt ass, ka se doduerch trotzdem just d’Interesse vun de Leit steigeren. Dat nennen ech verdammt cleveren Marketing.

Mä manner hätt ech mer wierklech och net erwaart vun enger Show, déi all Woch nees u Grenze geet, déi sech vill aner Serien guer net virstelle kënnen. Eng Serie, bei där d’Personnagen, ouni sech grouss ze veränneren, awer ëmmer méi räich un Facetten ginn. Eng Serie an där et keng Béiser, a keng Gudder gëtt, mä just Leit, déi wëlle liewen, a liewen a liewen. Bon, zu menger manescher Veréierung vun Mad Men en vue vun deene Punkte vläicht eng aner Kéier.

Et gëtt leider keen Ausschnëtt vun der Zeen op Youtube. Ech hunn zwee Deeg mam Artikel gewaart, an der Hoffnung, dass een optaucht. Méi laang konnt ech net méi waarden.

Alt erëm e Sherlock Holmes
D’ Holmes-Fans hu Grond zur Freed: No Joere vu mannerwäertegen, stümperhafe Versich hire Lieblingsdetektiv op den Écran ze bréngen, nodeems Nimm wéi Basil Rathbone oder Jeremy Brett scho bal vergiess goufen, ginn et säit e puer Joeren eng ganz Rei qualitativ héichwäerteg Reboots oder Neierfannunge vum Arthur Conan Doyle sengem Stoff. Et gëtt House M.D., déi dem Holmes seng Kriminalfäll a medizinesch Fäll verwandelt, et gëtt dem Guy Richie säi Sherlock Holmes, dee méi a Richtung Action-Film tendéiert, an elo gëtt et säit kuerzem och Sherlock, eng nei Série op BBC 1, vun där déi éischt Episod A Study in Pink de 25. Juli ausgestrahlt gouf.

A Study in Pink erënnert selbstverständlech un A Study in Scarlet, dat éischt Sherlock-Holmes-Buch vum Doyle. Och wann d’ Geschicht an déi modern Zäit verréckelt gouf, an och wann deen een oder anere Plotdetail verännert gouf, kann een d’ Parallelen tëscht där neier Série an deem ale Buch net iwwersinn. Zumools bei där Zeen, an där de Sherlock Holmes an den John Watson sech kenneléiere, gouf praktesch de gesamten Dialog vun 1887 bäibehal (de Watson kënnt esouguer a béide Versiounen aus dem Afghanistan-Krich heem). Den Holmes gëtt gespillt vum Benedict Cumberbatch, de Watson vum Martin Freeman (The Hitchhiker’s Guide to the Galaxy, The Office). Allebéid si se immens charismatesch, a passen op hir Rolle wéi den Nol op de Kapp. Obwuel d’ Geschicht haut spillt, huet dem Holmes seng Apparence, seng Diktioun a seng Kleedung nach ëmmer eppes vun engem viktorianeschen Dandy à la Oscar Wilde, an heiansdo dauert et bis en eng SMS schreift (säin allerléifsten Hobby, anscheinend) bis den Zuschauer sech drun erënnert, datt et net de Sherlock Holmes aus dem 19. Joerhonnert ass.

Geschriwwe gouf Sherlock vum Steven Moffat (dee fir de Reboot vun Dr. Who verantwortlech ass a mam Edgar Wright zesummen d’ Dréibuch fir deen neien Tintin geschriwwen huet) a vum Mark Gatiss (fréieren Auteur a Schauspiller fir League of Gentlemen), deen och selwer an der Série matspillt. Mat Hëllef vun deenen zwee immens cleveren Scénaristen huet Sherlock et fäerdegbruecht eng gutt Balance tëscht Spannung, Vitesse an Humor ze fannen, an dobäi nach dem Doyle trei ze bleiwen. D’ Ëmsetzung ass duerchaus originell, ech ginn dëser éischter Episod ****/**** a recommandéiere se jidderengem, dee Loscht op e gudde Krimi mat gudde Charakteren huet.

Pushing Daisies
Pushing Daisies as eng Telésserie déi 2007 vum Bryan Fuller kreéiert gouf an vun där zwou Staffele gedréint goufen, déi bis 2009 ausgestrahlt goufen. An obwuel dei Sendung scho laang ofgesat gouf well ech iech dovun erzielen well et eng wonnerschéin, faarweg a verzaubernd Serie ass, déi leider vill ze frei vum Sender ABC gecancelled gouf.

De Protagonist Ned stellt als Bouf fest dass hien ee ganzt besonnescht Talent huet; hee kann Doudeger rëm zum Liewen erwächen, nëmmen andeems hien se upäckt. Sai magesche Fanger entdeckt hien wei säin Hond Digby vun engem Camion iwwerrannt gëtt an hien en rëm zum bille bréngt. Leider huet dee Cadeau och Niewewierkungen, déi hee schmäerzhaft erausfënnt wei seng Mamm onerwaart stierft. Hee kann zwar di Doudeg rëm zréckbréngen, mee soubal hien se eng zweete kéier upäckt stierwen se rëm, fir ëmmer. Ausserdeem kann hee nit nëmmen Liewen ginn, mee hien hëllt och Liewen, sou dass en aus Versinn de Papp vu sengem Childhood Sweetheart ëmbréngt wei en seng Mamm méi laang wéi eng Minutt um Liewen hält. Aus Angscht viru sengem ongewinnten Talent, versicht de Ned ee normaalt Liewen ze feieren ouni dovun ze profitéieren, a sou gëtt hien zum Taartebäcker, deen a sengem ‘Pie Hole’ onopfälleg säi Liewe lieft.

Bis ee Privatdetektiv, den Emerson Cod, rausfennt wat de Ned alles kann ausser Taart baaken, a vue dass et vill méi einfach ass rauszefannen vu weem e Mënsch ëmbruecht ginn ass wann een e froe kann, ginn di zwee Partner.

An an der éischter Folg taucht dann bei der Opklärung vun engem Mord dem Ned seng al Léift, d’Chuck op, an hee bréngt et nit fäerdeg hat rëm ëmzebréngen nodeems en hat gefrot huet ween et erwiergt huet. Hien hält hat um Liewen mee kann et awer nie mei upaken well et jo soss rëm géif stierwen. Lo kann d’Chuck nit méi heem bei seng zwou agoraphob an depressiv Tattaen an hëlleft sou dem Ned an dem Emerson hier dacks mysteriéis Fäll ze léisen.

Wat d’Serie sou besonnesch mécht, si nit nëmmen d’Geschichten déi erzielt ginn, vun Nonnen, Liichtierm, Clownen, Synchronschwemmerinnen an ëmmer mat ganz vill Taarten mee virun allem d’Opmaachung an déi vill Detailer. Alles ass faarweg, dem Ned säin Taarterestaurant huet en Taartendaach, d’Nimm hu Widderhuelungen an Alliteratiounen, wei Charlotte ‘Chuck’ Charles, Boutique Travel Travel Boutique oder The Darling Mermaid Darlings. D’ Personnagen fueren mat Oldtimeren a schwätzen heiansdo sou séier dass een se knapps versteet an den Erzieler seet engem nit nëmmen wei al ee Personnage grad a Joer ass, mee och d’Wochen, Deeg a Minutten.  Eng Fra schmëlzt op enger grousser Luucht nodeems se ëmbruecht gouf a gesäit dann wei ee riesegt Spigelee aus dat an der Morgue gebrode gouf. Hier Ausflich an d’Morgue sinn iwwerhaapt ëmmer skurril a liicht makaber well di doudeg déi de Ned rëm fir eng Minutt zum Liewen erwächt jo ni enges normalen Dout gestuerwe sinn.

All dëst mécht Pushing Daisies zu enger wonnervoller, léiwer Sendung, déi een direkt verzaubert, wuertwiertlech. D’Schauspiller iwwerzeegen, den Erzieler huet eng angenehm Stemm, d’Musik ass flott an d’Visual Effects si gutt gemaach. Ech kann déi Serie vun där am Ganzen nëmmen 22 Folgen gedréint goufen wierklech wäermstens u jiddereen deen et gär faarweg an e bëssi verréckt huet empfielen.

Webkonfusiounen: Reklammen, Viral Musek an Strécken
OK Go ass eng Band, déi deenen meeschten YouTube Fans (an dat si mir dach alleguerten) obgefall ass duerch e Video, wou si, wéi Hennessen ob Laafbänner Akrobatik vollbréngen (Here It Goes Again). Domat gëllen si bis haut nach als Pappen vun de sougenannten viralen (wéi ech dat haassen) Reklammen fir Musék. Mir sinn 2010, an jhiddereen, dee mol e Buch iwwer Marketing gelies huet an Photoshop kennt, mengt e wier de King – dofir och eng Schwemm un virale Videoen. Eent wat viru kuerzem rauskomm ass, a rem rausstécht ass dee neien Clip vun OK Go. Kennt ee vun Iech nach Professor Tim’s Incredible Machine?

<object width="500" height="306"><param name="movie" value="http://www.youtube.com/v/qybUFnY7Y8w&fs=1"></param><param name="allowFullScreen" value="true"></param><param name="allowscriptaccess" value="always"></param><embed src="http://www.youtube.com/v/qybUFnY7Y8w&fs=1" type="application/x-shockwave-flash" width="500" height="306" allowscriptaccess="always" allowfullscreen="true"></embed></object>

Infoanimatiounen an Infografiken si sexy. All Joers kënnt eng nei “Did You Know” raus, an derteschent e puer anerer, net manner interessanter. Déi heiten huet eist Lynn mir geschéckt an se befaasst sech mam Internet. Meng Lieblingszuel: Bal duebel sou vill Europäer wéi Nordamerikaner benotzen den Internet.

<object type="application/x-shockwave-flash" data="http://vimeo.com/moogaloop.swf" width="500" height="375"><param name="allowscriptaccess" value="always"/><param name="allowfullscreen" value="true"/><param name="movie" value="http://vimeo.com/moogaloop.swf"/><param name="flashvars" value="clip_id=9641036&color=00adef&fullscreen=1&server=vimeo.com&show_byline=1&show_portrait=1&show_title=1"/></object>

An dann nach eng schéi Reklamm, déi ech Iech net well virenthalen, mat Making Of.

<object width="500" height="306"><param name="movie" value="http://www.youtube.com/v/FQ-mVJEbJpE&fs=1"></param><param name="allowFullScreen" value="true"></param><param name="allowscriptaccess" value="always"></param><embed src="http://www.youtube.com/v/FQ-mVJEbJpE&fs=1" type="application/x-shockwave-flash" width="500" height="306" allowscriptaccess="always" allowfullscreen="true"></embed></object>

Sou, ech stinn elo op

Lehmann beim Kerner
No knapp enger Minut vum Interview seet de Jens Lehmann, Goalkeeper vum VfB Stuttgart, eppes entscheendes. Op d’Fro no der well vill diskutéierten Aktioun vum leschte Sonndeg an där de Lehmann, kuerz virdrun wéinst enger Tätlechkeet vum Terrain geflunn, engem Fan vu Mainz de Brëll geklaut huet. De Lehmann seet, hie wier op sou Situatiounen net virbereed, dass en schon ënner Drock aus engem Stadion kënnt an e Fan vun der géignereschen Ekipp hien bedrängt während Kameras op hie geriicht sinn. De Kerner wier jo och net dorop virbereed, dass een vu senge Mataarbechter zu him um Wee aus dem Studio géif soen, hie sollt mol besser Froe stellen fir méi Quot ze bréngen.

De Kerner nickt. Soss näischt.

An dat ass d’Diskussiounskultur wéi se bei däitschen Talkshows, bei Kerner, Jauch, Beckmann, Maischner an Illner normal ass. Et gëtt keen Nohoken, et gëtt keng kritesch Froen, et gëtt just genickt. E gudde Journalist hätt gesot: e wier villäicht op net all Situatioun virbereed, mä e sozialt Verhalen wier him awer bäibruecht ginn, wat en och a sou Situatiounen ofruffe kann. Mä net beim Kerner. De Kerner gëtt just Virlagen, a stellt keng Froen. De Kerner weess scho ganz genee wat als Äntwert komme wäert, a wann e bestätegt gëtt ass en zefridden. De Kerner huet net den Usproch Informatioun ze leeschten – et geet ëm Show a Sympathien. Sou sëtzen sech mat Lehmann a Kerner zwee Typen géigeniwwer, déi net méi verschidde kéinte sinn – den een ambitiéis, aggressiv an kontrovers, den aneren bescheiden, an onmotivéiert: mä awer gi se sech genee dat wat se brauchen. An zwar eng Plattform op där se allenzwee als Sympathiedréier ausgesinn.

D’Resultat: déi lächerlechsten Excuse fir en Interview, op dat vill Leit gewaart hunn, säit laangem.

Lektiounen vum Malcolm Tucker
Malcolm Tucker.

Tucker.

Tucker. Tucker. Tucker.

De Malcolm Tucker ass dem Premierminister vu Groussbritannien säin Press- an PR-Beroder an dem Premierminister säin Spin-Dokter am A. Ianucci senger brillianter Komédie “The Thick of It” an am Spin-Off “In The Loop”. Déi meescht Lieser, och wann se Serien-Fans sinn, wäerten “The Thick of It” vläit net kennen, well d’Serie zimmlech UK-laaschteg ass, an vläit obgrond vun zevillen Insiderwitzer ausserhallef net esou gutt fonktionéiert. Graff gesot ass “The Thick of It” eng Versioun vun “The Office” déi an engem Ministère, dem DoSAC (Department of Social Affairs and Citizenship) spillt, wou inkompetent Ministeren an inkompetent Mataarbechter sech wéi kleng Kanner opféieren. Eben sou, wéi am richtege Liewen.

De Malcom ass Schott a kënnt dohier als eng modern Versioun vum William Wallace: En agressiven, mëttelaalen Mann, dee liicht gereizt gëtt, an deem säin Archiv un perfiden, brutalen an erniddregenden Beleidegungen esou onendlech schéngt, wéi d’Lëscht vu Saachen, déi mir allerguerten nach gären géingen bei Amazon kaafen. Dobäi sinn e Koup vu sengen Beleidegungen trotzdem ganz afallsräich, mat Momenter suguer geeschträich. Dat ass och net weider verwonnerlech, well, trotz aller Brutalitéit ass de Malcolm Tucker virun allem eppes: Genial an e Meeschter an deem, wat e mecht.

Wat kann een vum Malcolm Tucker léiren, deem brutalen Schott, dee jhiddereen haasst an dee keng Frënn huet, dofir awer d’Regierung esou gutt et geet zesummenhällt?

De Malcolm Tucker ass e Beispill dofir, wéi et vläit heiansdo einfach gerechtfäerdegt ass, puer Gewalt unzewennen, wann een weess, dass et dat Richtegt ass. Zwar huet den Tucker – the all-swearing eye – an deenen läschten Episoden Feeldécisiounen getraff. Mä trotzdem wor hien meeschtens dofir zoustänneg, fir d’Kaar aus dem Dreck ze zéihen, ze spinnen, wou et geet. An wou et hëlleft.

De Malcolm Tucker ass e Beispill dofir, wéi Testosteron an Andrenalin Aufgaben heiansdo besser bewältegen, wéi Rouh an Iwwerleeung. Well et Momenter ginn, an deenen Rouh an Iwwerleeung einfach falsch ass, an net ubruecht ass.

<object style="width: 324px; height: 200px;" classid="clsid:d27cdb6e-ae6d-11cf-96b8-444553540000" width="324" height="200" codebase="http://download.macromedia.com/pub/shockwave/cabs/flash/swflash.cab#version=6,0,40,0"><param name="src" value="http://www.youtube.com/v/LugJd6uGJqI&hl=en_GB&fs=1&" /><param name="align" value="right" /><param name="vspace" value="5" /><param name="hspace" value="5" /><embed style="width: 324px; height: 200px;" type="application/x-shockwave-flash" width="324" height="200" src="http://www.youtube.com/v/LugJd6uGJqI&hl=en_GB&fs=1&" hspace="5" vspace="5" align="right"></embed></object>Dat ganzt gëtt emsou méi kloer, wann een dem Malcolm seng lénks Hand kuckt, den Jamie McDonald, och Schott. Hien ass soueppes wéi eng krass Versioun vum Tucker. Dat kann ee sech sou viirstellen, wéi wann et géing eng béis Versioun vum Voldemort géing ginn, oder eng nerveg Versioun vum Björk. Den Jamie McDonald ass einfach nemmen brutal an kaal, an weist dofir awer kaum en Zeechen vu Cleverness oder Iwwerleeung. An dat mécht en manner impressionant wéi den Malcolm.

An der 5ter Episod vun der drëtter Staffel huet de Malcolm en Nervenzesummenbroch an fänkt mat Momenter quasi u mat kräischen. D’Figur Tucker kritt doduerch en Twist, deen ee scho laang vermudd huet: Kee Mensch ka nëmmen béis sinn, an och en Malcolm Tucker huet seng Momenter wou et net geet.

De Malcolm Tucker ass en genialen Charakter an der soss och genialer Serie “The Thick Of It”. Et ass sécherlech an deenen wéinegsten Fäll sënnvoll, eng Firma, eng Grupp oder eng Natioun mat kaaler Brutalitéit ze féieren, mä heiansdo ass et wichteg, einfach mol duerchzegräifen. An einfach mol op den Desch ze klappen. An de Malcolm Tucker liwwert saucool Spréch fir dat ze man.