Geschriwwen den 6/03/2010 vum Thorben2 Kommentaren
OK Go ass eng Band, déi deenen meeschten YouTube Fans (an dat si mir dach alleguerten) obgefall ass duerch e Video, wou si, wéi Hennessen ob Laafbänner Akrobatik vollbréngen (Here It Goes Again). Domat gëllen si bis haut nach als Pappen vun de sougenannten viralen (wéi ech dat haassen) Reklammen fir Musék. Mir sinn 2010, an jhiddereen, dee mol e Buch iwwer Marketing gelies huet an Photoshop kennt, mengt e wier de King – dofir och eng Schwemm un virale Videoen. Eent wat viru kuerzem rauskomm ass, a rem rausstécht ass dee neien Clip vun OK Go. Kennt ee vun Iech nach Professor Tim’s Incredible Machine?
Infoanimatiounen an Infografiken si sexy. All Joers kënnt eng nei “Did You Know” raus, an derteschent e puer anerer, net manner interessanter. Déi heiten huet eist Lynn mir geschéckt an se befaasst sech mam Internet. Meng Lieblingszuel: Bal duebel sou vill Europäer wéi Nordamerikaner benotzen den Internet.
An dann nach eng schéi Reklamm, déi ech Iech net well virenthalen, mat Making Of.
Geschriwwen den 17/12/2009 vum Chris14 Kommentaren
No knapp enger Minut vum Interview seet de Jens Lehmann, Goalkeeper vum VfB Stuttgart, eppes entscheendes. Op d’Fro no der well vill diskutéierten Aktioun vum leschte Sonndeg an där de Lehmann, kuerz virdrun wéinst enger Tätlechkeet vum Terrain geflunn, engem Fan vu Mainz de Brëll geklaut huet. De Lehmann seet, hie wier op sou Situatiounen net virbereed, dass en schon ënner Drock aus engem Stadion kënnt an e Fan vun der géignereschen Ekipp hien bedrängt während Kameras op hie geriicht sinn. De Kerner wier jo och net dorop virbereed, dass een vu senge Mataarbechter zu him um Wee aus dem Studio géif soen, hie sollt mol besser Froe stellen fir méi Quot ze bréngen.
De Kerner nickt. Soss näischt.
An dat ass d’Diskussiounskultur wéi se bei däitschen Talkshows, bei Kerner, Jauch, Beckmann, Maischner an Illner normal ass. Et gëtt keen Nohoken, et gëtt keng kritesch Froen, et gëtt just genickt. E gudde Journalist hätt gesot: e wier villäicht op net all Situatioun virbereed, mä e sozialt Verhalen wier him awer bäibruecht ginn, wat en och a sou Situatiounen ofruffe kann. Mä net beim Kerner. De Kerner gëtt just Virlagen, a stellt keng Froen. De Kerner weess scho ganz genee wat als Äntwert komme wäert, a wann e bestätegt gëtt ass en zefridden. De Kerner huet net den Usproch Informatioun ze leeschten – et geet ëm Show a Sympathien. Sou sëtzen sech mat Lehmann a Kerner zwee Typen géigeniwwer, déi net méi verschidde kéinte sinn – den een ambitiéis, aggressiv an kontrovers, den aneren bescheiden, an onmotivéiert: mä awer gi se sech genee dat wat se brauchen. An zwar eng Plattform op där se allenzwee als Sympathiedréier ausgesinn.
D’Resultat: déi lächerlechsten Excuse fir en Interview, op dat vill Leit gewaart hunn, säit laangem.
Geschriwwen den 13/12/2009 vum Thorben45 Kommentaren
Malcolm Tucker.
Tucker.
Tucker. Tucker. Tucker.
De Malcolm Tucker ass dem Premierminister vu Groussbritannien säin Press- an PR-Beroder an dem Premierminister säin Spin-Dokter am A. Ianucci senger brillianter Komédie “The Thick of It” an am Spin-Off “In The Loop”. Déi meescht Lieser, och wann se Serien-Fans sinn, wäerten “The Thick of It” vläit net kennen, well d’Serie zimmlech UK-laaschteg ass, an vläit obgrond vun zevillen Insiderwitzer ausserhallef net esou gutt fonktionéiert. Graff gesot ass “The Thick of It” eng Versioun vun “The Office” déi an engem Ministère, dem DoSAC (Department of Social Affairs and Citizenship) spillt, wou inkompetent Ministeren an inkompetent Mataarbechter sech wéi kleng Kanner opféieren. Eben sou, wéi am richtege Liewen.
De Malcom ass Schott a kënnt dohier als eng modern Versioun vum William Wallace: En agressiven, mëttelaalen Mann, dee liicht gereizt gëtt, an deem säin Archiv un perfiden, brutalen an erniddregenden Beleidegungen esou onendlech schéngt, wéi d’Lëscht vu Saachen, déi mir allerguerten nach gären géingen bei Amazon kaafen. Dobäi sinn e Koup vu sengen Beleidegungen trotzdem ganz afallsräich, mat Momenter suguer geeschträich. Dat ass och net weider verwonnerlech, well, trotz aller Brutalitéit ass de Malcolm Tucker virun allem eppes: Genial an e Meeschter an deem, wat e mecht.
Wat kann een vum Malcolm Tucker léiren, deem brutalen Schott, dee jhiddereen haasst an dee keng Frënn huet, dofir awer d’Regierung esou gutt et geet zesummenhällt?
De Malcolm Tucker ass e Beispill dofir, wéi et vläit heiansdo einfach gerechtfäerdegt ass, puer Gewalt unzewennen, wann een weess, dass et dat Richtegt ass. Zwar huet den Tucker – the all-swearing eye – an deenen läschten Episoden Feeldécisiounen getraff. Mä trotzdem wor hien meeschtens dofir zoustänneg, fir d’Kaar aus dem Dreck ze zéihen, ze spinnen, wou et geet. An wou et hëlleft.
De Malcolm Tucker ass e Beispill dofir, wéi Testosteron an Andrenalin Aufgaben heiansdo besser bewältegen, wéi Rouh an Iwwerleeung. Well et Momenter ginn, an deenen Rouh an Iwwerleeung einfach falsch ass, an net ubruecht ass.
Dat ganzt gëtt emsou méi kloer, wann een dem Malcolm seng lénks Hand kuckt, den Jamie McDonald, och Schott. Hien ass soueppes wéi eng krass Versioun vum Tucker. Dat kann ee sech sou viirstellen, wéi wann et géing eng béis Versioun vum Voldemort géing ginn, oder eng nerveg Versioun vum Björk. Den Jamie McDonald ass einfach nemmen brutal an kaal, an weist dofir awer kaum en Zeechen vu Cleverness oder Iwwerleeung. An dat mécht en manner impressionant wéi den Malcolm.
An der 5ter Episod vun der drëtter Staffel huet de Malcolm en Nervenzesummenbroch an fänkt mat Momenter quasi u mat kräischen. D’Figur Tucker kritt doduerch en Twist, deen ee scho laang vermudd huet: Kee Mensch ka nëmmen béis sinn, an och en Malcolm Tucker huet seng Momenter wou et net geet.
De Malcolm Tucker ass en genialen Charakter an der soss och genialer Serie “The Thick Of It”. Et ass sécherlech an deenen wéinegsten Fäll sënnvoll, eng Firma, eng Grupp oder eng Natioun mat kaaler Brutalitéit ze féieren, mä heiansdo ass et wichteg, einfach mol duerchzegräifen. An einfach mol op den Desch ze klappen. An de Malcolm Tucker liwwert saucool Spréch fir dat ze man.
Geschriwwen den 10/12/2009 vum Jacques4 Kommentaren
Säitdem ech mam Musical “Ultima Ora” zu Iechternach fäerdeg sinn, hunn ech rëm e bessi méi Zäit fir meng absolut Lieblingsbeschäftegung: Telé kucken! Ech hunn endlech mat “True Blood” ugefaang, déi Série, vun där vill vu menge Kollege scho säit méi laangem schwärmen, an ech si begeeschtert dovun. Ech hunn déi éischt Staffel elo esou gudd wéi fäerdeggekuckt, a kucken nach gär déi zweet, virun deems ech en Artikel iwwert déi Série schreiwen, fir datt ech um neieste Stand wäert sinn.
“True Blood” huet mech -wéi sou vill Sérien- u meng Lieblingssérie erënnert, dem David Lynch säi Meeschterwierk “Twin Peaks”. Et ginn zweifellos Parallelen: d Präsenz vu Gewalt, vun Drogen, a vu paranormale Phänomener an klenge Kaff voll Leit, déi ee scho bal kéint als Hinterwäldler bezeechenen, skurill Charakteren, d Onméiglechkeet tëscht gudd a Béis kënnen ze ënnerscheeden, eng gesond Dosis vu Cliffhangeren, asw.
Mer sinn hautzudaags zimlech verwinnt. D Amerikaner produzéieren eng gudd Série no där anerer a se sinn technësch einwandfrei. Dat war nët ëmmer sou, mer hunn dat enger Entwëcklung ze verdanken déi an den 90er Joëre stattfonnt huet… ugefaange mat “Twin Peaks”! Fir d éischte Kéier haat e Regisseur d Ambitioun, d Cinematographie vun der Telé op dee selwechten Niveau wéi déi vum Kino ze hiewen.
Of gesinn dovunn, datt “Twin Peaks” fir 1990 komplett revolutionär war, haat d Série e Reiz, dee bis haut nët verluer gaang ass: Et fänkt u mat dem Intro, dem berouegenden “Twin Peaks Theme”, dem Schëld mat der Opschrëft: “Welcome to Twin Peaks / Population 51, 201″. Et ginn tatsächlech immens vill Grënn fir d Série ze kucken: den herrleche Plot, dem Special Agent Dale Cooper seng herrlech Sprëch à la “Damn good coffee!” oder “This must be the place where pies go to die!”, d “Laura Palmer Theme” bei deem et engem all Kéiers kaal de Rëck erofleeft (an daat ee während 45 Minutten ongeféier 10 Mol héiert), oder d Dramsequenzen, déi wéi gewinnt immens lynchy sinn.
Ech mengen awer datt den Haaptreiz vun “Twin Peaks” (an och vun “True Blood”) am Kontrast tëscht Onschold an Erfahrung läit, dee bei all Personnage erschreckend no beienee läit (cf. C. G. Jung: “Archetypen”). Am Laaf vun der Série empfënnt ee fir all Personnage zu gewësse Momenter en héicht Mooss u Sympathie, an zu aanere Momenter extrem vill Antipathie, an daat mecht d Série sou mënschlech.
No engem Pilotfilm an 29 Episode war op eemol Schluss. D Série gouf ofgesat, well d Zuschauerzuele staark zrëckgaang sinn. Daat haat genuch Grënn: Wann een eng Folg verpasst haat, huet een an där Folg drop sou gudd wéi näischt méi verstaan, den David Lynch gouf dozou iwwerried d Identitéit vum Mäerder ze verroden, duerno haat hien d Série zu allem Onglëck och nach fir eng laang Zäit verlooss, asw. Et koum duerno nach e Film mam Titel “Fire walk with me”, deen ech zwar fir vill besser haale wéi e vu verschiddene Kritiker gemaach gët, deen awer nët allzevill zum Mythos vun der Série bäigedroen huet. Vläicht hätt d Série hautzudaags méi laang iwwerliewt, et weess een et nët.
“Twin Peaks” ass fir mech nach ëmmer op Plaatz Nr. 1 vun alle Sérien, a vläicht esouguer dem Lynch säi beschtent Wierk iwwerhaapt.
Geschriwwen den 24/11/2009 vum Jacques4 Kommentaren
Gëschter war et souwäit. Ech hu mëch fir d’éischt dozou forcéiert deen éischten Twilight-Film ze kucken (ouni Suën dofir äuszeginn) an deele meng Meenung mat jidferengem, deen et fir ee vun deenen dämlechste erfollegräiche Filmer hällt, déi an deene läschte Joëren an de Kino komm sinn. Ech kucke ganz gär heiansdo schlecht Filmer, mee daat hei war jo wuel Harry Potter op High School Musical Niveau, an ëch weess nach nët op ëch mer den anscheinend nach vill méi schlechte Sequel New Moon iwwerhaapt wëll ukucken. Wéi ech mam Film fäerdeg war, si mer fënnef Minutte laang d Schudderen äusgaang, ann ech wollt nach eppes anstänneges kucke, fir dem Owend e Sënn ze maachen.
Also hunn ech op ee Projet vu mengem absolute Schatz, dem Joss Whedon, zrëckgegraff: Dr. Horrible’s Sing-Along Blog! Dëse Projet, gouf während deem läschte WGA-Streik geschriwwen a produzéiert, den Joss Whedon huet alles äus eegener Täsch finanzéiert, an et gouf am Internet veröffentlecht.
Wat soll ech soën? Ech fannen et immens. Bei Dollhouse haat ech gemengt, den Joss Whedon hätt säin Touch verluer (ech hunn nët méi wéi 3 Episode gekuckt, vläicht war dat e Feeler), mee beim Dr. Horrible weist hie rëm déi Zort vu Geniestreich, déi mer scho vu senger herrlecher Buffy-Folg “Once more with Feeling” kennen. Mat absolut minimalem Budget liwwert ën e komplett schrägt, clevert a virun allem meeschterhaft erzieltent Musical.
D Musek, déi e mat sengem Brudder zesumme komponéiert huet, ass voller Ouerwiermer (gëtt et dat Wuert am Lëtzebuergëschen), d Schauspiller, den Neil Patrick Harris (How I met your Mother), den Nathan Fillion (Firefly) an d Felicia Day (Buffy the Vampire Slayer) sinn an Topform, an d Story – iwwert déi ech hei nët zevill wëll verroden – ass einfach nëmme whedonesque.
Ech kann dëst kuerz Musical an dräi Akte jidferengem, dee mol gär eppes e bessi onkonventionelles gesäit, nëmmen empfehlen. Déi éischt DVDen déi eräuskoumen (an och nach ëmmer am Verkaaf sinn) sinn anscheinend am DVD-R Format, well jo kee Studio un der Distributioun bedeelegt ass, a well et anscheinend déi bëllegst Method war fir datt d DVDen an all Zone funktionnéieren. Interessant, datt d Presse vun DVDen anscheinend esouguer verschiddenen Hollywoodproduzenten ze deier ass, nedu Thorben ;)
Geschriwwen den 20/11/2009 vum Thorben8 Kommentaren
Ech fuere gäre séier. An ech fueren heiansdo an den Éislek, fir dann ob Stroossen ze fueren, wou keen ass, an wou ee gutt gesäit, a wou vill Kéieren sinn, fir e bësse spillen ze goen. An wann ech heiansdo en Auto dierf fueren, mat méi wéi 300PS, da mécht mech dat opgereegt an nervös. Jo, ech sinn e grousse Jong!
Ech verstinn awer näischt vun Autoen an ech interesséieren mech net dofir. Wann ech e Porsch, e BMW, e Jaguar oder ähnleches gesinn, léisst mech dat kaal. Eenzeg Rolls Royce, oder en Tesla (ech hunn hei ee gesinn!) oder eppes an der Präislag vun engem Bugatti léisst mech mol opkucken. Ech fueren gären VW, Audi, Mercedes, BMW an Japaner, mir doheem fueren Opel an VW, an wann et Autosmarken ginn déi guer net ginn, da sinn dat Ford, Renault an Opel (sot ech, dass mir Opel fueren? Ok, eisen alen Opel Sintra wor genial. Ech vermessen hien.) – wann ech mer egal wéieen Auto dierft aussichen, da géing ech mer e Volvo V70 kaafen. Automatik.
Ech hoffen dir kritt eng Idee vu menger Bezéiung zu Autoen: Ech fueren se gären, ech gi gären Gas, ech appréciéieren Leit, déi Auto fuere kënnen, ech weess wat ech gären fueren, ech sinn e grousse verspilltenen Jong, mä am Fong si mir Autoen egal. Wat d’Dréihmoment ass weess ech, well ech ob enger C wor, wat en Turbolader ass léiert een do net, an et ass mir egal. Ech weess net wat den Ënnerscheed tëscht TDI, TD, SDI an sou weider ass. An wat en DSG ass weess ech just, well ech menger Mamm hu missen erklären, firwat eisen leschten Auto onbedéngt en DSG braucht. Autoen si mir egal, an ech kafe keng Autoszeitungen, ech kucken keng Autosmagazinner an en Dag am Science Museum zu London géing ech engem Dag op der IAA virzéien.
An awer huet et mech frou gemaach, ze gesinn, dass op BBC2 elo déi 14t Staffel vun TopGear leeft. Wéi ech dat menger Frëndin gezielt hunn, sot hat verwonnert “as dat nit eppes mat autoen?”. Jo, ass et. An ech wëll iech zielen, firwat TopGear en Autosmagazinn ass, dat ech kucken, an dat souguer meng Schwester mat mir kuckt.
Geschriwwen den 18/11/2009 vum Jacques7 Kommentaren
Un alleguerten d Nerds, d Geeks a Comicfrënn, déi dëse Blog vun Zäit zu Zäit liesen:
Et ginn Deeg, do kënnt ee sech vir wéi dee läschten Ignorant. Sou een Daag haat ech virgëschter. Ech muss dofir elo e Geständnis maachen: Ech wousst bis virgëschter nët wat ee “Motion Comic” ass. Daat war definitiv eng grouss Lück (eng vu ville grousse Lücken, ouni Zweifel), mee et léiert een all Dag eppes dobäi. Hei ass eng kleng Definitioun fir alleguerten déi aaner Ignoranten déi dësen Artikel liesen: Motion Comics sinn eng Art Hybrid tëscht Comic an Animatioun. Et ginn also Biller äus engem Comic geholl, liicht a Beweegung gesaat, e puer Effekter mat agebaut, eng Stëmm driwwer geschwat, an herno gët daat als eng Zort Film veröffentlecht. Waat en Hörbuch fir en normalt Buch ass, ass de Motion Comic fir eng normal BD. Et deet mer Leed, mee wéi gesot: Et war mir kee Begrëff.
Lo weess ech méi, ech hu mech während deene läschten zwee Deeg e bessi mat deem mir onbekannte Konzept äusernee gesat, an ech muss soën, ët gefällt mer. Ech hunn allerdéengs och daat gréisste Verständnis fir jidfereen, dee sëch daat nët wëll undoen: Op amazon.de steet an enger Rezensioun vum Motion Comic vu Watchmen: “Sicher hat jeder schon mal ein Kinderbuch in der Hand gehabt, bei der auf Hebelbewegung sich ein Arm oder sonst etwas in Bewegung versetzt.” an ech muss soën, dee Kärel haat Recht. Trotzdeem fannen ech des Art a Weis Comics an Szeen ze setze faszinant an immens fesselnd, an de Watchmen Motion Comic mecht süchteg.
Wéi sinn ech lo dorop komm? Déi 8. Staffel vu “Buffy – The Vampire Slayer”, déi bis elo nëmmen als Comic eräuskomm ass, gët elo och als Motion Comic ëmgesaat. An där 8. Staffel huet den Joss Whedon, de Schöpfer vu Buffy (an natierlech och vun aanere grandiose Sendunge wéi Angel a Firefly), mat dem Medium Comic remexperimentéiert a seng Heldin an eng Welt gesat, an där et keng Budgetsproblemer méi ginn, an där absolut näischt onméiglech ass, kuerz: an där d’Auteure vu Buffy kënne remspille wéi e Kand an der Sandkëscht.
An elo kënnt daat als Motion Comic. Super! Ech freeë mech. Inwiefern déi aal Schauspiller hire Charaktere wäerten hir Stëmme léinen, an inwiefern den Joss Whedon selwer wäert bei dëser Produktioun matmaache, weess bis elo nach keen. Mee wann daat ganzt anstänneg ëmgesaat gët, wäerten d’Buffy-Fans heimadder nach en Heedespaass hunn, a bei all Episod déi eräuskënnt wäert ech mech méi freeë wéi den Nic sëch freeë wäert wann den Hobbit an de Kino kënnt.
(Trotzdem kee Grond elo nach e Countdown op Pianocktail ze starten…)
Geschriwwen den 23/09/2009 vum Jacques18 Kommentaren
Alleguerten denen, déi déi 5. Staffel nët fäerdeggekuckt hunn, oder déi näischt iwwert déi nei Folg “Broken” wësse wëllen, empfehlen ech dëse Bäitrag nët ze liesen.
Ech läuschtren grad Musek mam Genius am iTunes (wat eng Ausdrocksweis!), do lafen zwee Lidder hannereneen: “Dreaming of You” vun The Coral an “Ever Fallen in Love” vun de Buzzcocks, an do fällt mir op: hey! Dat sinn dach d’Lidder zu deenen den J.D. an d’Elliott a Scrubs sech fir d’éischte Kéier, an fir d’éischte Kéier no hirer éischter Trennung kréien.
Fazit: Genius = Genius, Chris = Geek.
PS: als nächst Lidd koum “Superman” vum Lazlo Bane.
PPS: d’Top 10 Teléserien wéi vun iech gewielt, gi geschwënn hei publizéiert. Sidd prett fir Iwwerraschungen.
Geschriwwen den 22/08/2009 vum Chris16 Kommentaren
Während mer eis am Summerlach befannen, denken ech ass et Zäit meng Lëschtemanie an de Réckbléck op d’éischt Joerzéngt vum neie Joerdausend weider ze dreiwen. No de Regiedebüts si lo d’Telesserien drun, a well et där souvill gëtt, dierft dir dës Kéier matbestëmmen. An dësem Poll kënnt dir déi Serien auswielen, déi dir am beschte fannt a soumat d’Lëscht selwer matbestëmmen. D’Serien sinn all fir d’éischte Kéier nom 1. Januar 2000 gelaf – alphabetesch geurdent hei gelëscht, an et ass iech natierlech fräi souvill Serien unzeklicke wéi der wëllt, mä fir et interessant ze halen, géif ech soen, et wier am beschten, wa jiddereen tëscht 12 a 15 Serien auswielt. Wann ech gelifft, stëmmt just eemol of. Wann genug Stëmme rakomm sinn, wäert ech den Tri maachen an d’fäerdeg vun iech gewielte Lëscht vun de beschte Serien vum Joerzéngt publizéieren. Als Tiebreaker zielt d’Meenung vun den Auteure vu Pianocktail.
Nom Broch kënnt de Monsterpoll mat 99 méigleche Serien, wann eng feelt, schreift se dobäi. Dir kënnt och méi wéi eng Serie bäifügen. Vill Spaass beim Ofstëmmen.