Archiv fir d'‘Perséinlech’ Kategorie:

Pianocktail – Facebook Page

Geschriwwen den 23/11/2009 vum Thorben4 Kommentaren

De Marketing-Af dee mir am Hannerraum vun eisen Büro‘en halen, huet gemengt, mir sollten mol an déi Facebook-Geschicht raukucken.

Säit grad kënnt dir op Facebook och Fan vun eis ginn.

Dir kritt dann direkt eis Updates an äre Feed.

Wee kennt op déi Idee, en Af als Consultant anzestellen?

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Perséinlech Tags:

WordPress, Pianocktail an den üblechen Wahnsinn

Geschriwwen den 14/11/2009 vum Thorben13 Kommentaren

iphoneAss d’Katz nit am Haus, danzen d’Mais um Dësch. An vue dass de Chris op der Foire de l’étudiant déi Broschüren verdeelt, déi ech mat menger Schwester gemat hunn (nächst Joer ginn se am InDesign gemaach, versprach!), dreiwen ech dann hei mäin Onwiesen. Deen een oder aneren huet den Owent gesinn, dass hei e puer mol de Site den Hicks hat, my bad.

Wat gëtt et neits?

  • De Benem haat e Logo proposéiert, deen zwar sau-gutt ausgesäit, awer dann der Direktioun vu Pianocktail SA e bëssen ze streng wor. Merci awer fir d’Ënnerstëtzung.
  • Elo gëtt all Post ugewisen an der Postlist, och déi, déi an der Featured Box sinn.
  • An de Kommentarer ginn duebel Breaking Spaces nach ëmmer net ugewissen, an ech weess net firwat. Ween mär kann hëllefen: Bitte!!! Den Tech-Bla ënnert “Lies méi…”
  • De Nic huet vergiess den 11.11. säin Countdown ze man
  • 60% vun eisen User benotzen Macs. Schmocks déi mär alleguerten sinn. De Rescht deelt sech op tëscht Windows an iPhone. Och wann ech, mat der Ausnahm vun 2 Leit, iPhone-User eekleg fannen, hu mir awer eppes fir Iech gemaach (an Palm Treo an Blackberry Storm Useren och) – et gëtt elo Pianocktail fir den iPhone. Wann där mat ärem iPhone op äerem Lieblingsblog sitt, kënnt där elo mat äre Wurschtfanger nach méi séier a genee navigéieren. Wéi dat ausgesäit kann een ob deem Screenshot hei gesinn.
  • Är RSS Feeds laafen elo duerch FeedProxy an Feedburner. Fir déi, déi en FeedReader benotzen, kann et sinn dass d’Links heiansdo e bësse komesch ausgesinn, soss ännert sech awer näischt. Dat ganzt ass gutt fir dass mär eisen Marché kënnen am An behalen, well mär jo gäre wëssen, wéivill dausend Leit all Mount kommen.
  • Ech géing gär är Meenung wëssen: Sollen déi neits Kommentaren uewen oder ënnen ugewise ginn? De Fede hat do mol gemault. Mee heen ass Italiener.

Un där heite Plaz sief dann nach eng Kéier gesot, dass där häerzlechst invitéiert sidd, äre Support fir Pianocktail duerch joinen vun eiser Facebook Grupp ze weisen, an dass mär Iech alleguerten gären hunn. Wierklech. Souguer eis Trolls.

(more…)

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Perséinlech Tags:

Happy Birthday ‘nocki

Geschriwwen den 30/10/2009 vum Chris30 Kommentaren

De Gebuertsdag vum Pianocktail ass zwar réischt en Dënschdeg, mä e klenge Cadeau kënne mer eis awer selwer schon haut maachen. En neie Theme huet Pianocktail a mer hu probéiert déi Tonne Wënsch a Meckereien vun eise Lieser mat afléissen ze loossen. Dat heescht:

  • Kommentarer hunn en Datum an eng Auerzäit, genee sou wéi d’Bäitreeg och.
  • Mir hunn en neien Header, deen net méi sou langweileg ass.
  • D’Web 2.0 – ouni riets gesäit net méi sou aus, wéi wann et komplett an der Loft hänke géif.

Em puer Gimmicks hu mer awer och fir eis selwer rausgeschloen:

  • D’featured article box, an där vu lo un déi fënnef interessantsten a wichtegsten rezent Artikel rausgestrach ginn.
  • E Faarwcode fir d’Auteuren – dir erkennt den Auteur vum Artikel un der Faarw déi d’Iwwerschrëft huet, bedeit: mauve fir de Chris, rout fir den Thorben, gréng fir den Nic, orange fir de Jacques an eist Lynn kritt eng schéi blo Iwwerschrëft. (Souvill zu der gender-Diskussioun.)
  • Eng (wéi ech denken) verbessert Sichfunktioun.
  • Méi Tags – ech sinn dobäi, déi bal 900 Artikel um Pianocktail ze taggen. Dat brauch Zäit, mä wann ech dat bis gepackt hunn, da wäert et en flott Tool sinn.

Ech hoffen iech gefällt den neie Theme. E bleift nach eng Zäitchen, also gewinnt iech drun. Et kënnen hei an do nach klenger Feeler optauchen, zéckt net eis et ze soen, wann der ee fannt. E gréissere Problem dierften do d’Billergréisste sinn. Dat wäerte mer am Laf vun der néchster Woch awer nach probéieren sou wäit wéi méiglech ze flécken.

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Perséinlech Tags:

Rou.

Geschriwwen den 13/10/2009 vum Chris8 Kommentaren

Et ass halt heinsdo sou. D’Uni fänkt un, et verdéiwt een sech a seng Bicher an huet keng Loscht méi eppes ze maachen, schreiwen, knëschelen, wat iergendeppes mat dëst oder dat ze dinn huet. A sou enger Situatioun befënnt sech am Moment leider déi ganz Pianocktail-Crew. An dofir ass et hei roueg. Keng Schreifblockaden, kee Gefill verréckt ze ginn, well een net schreiwe kann. Ganz einfach: keng Loscht.

Fir mech bedeit dat: keng Loscht Filmkritiken iwwer schlecht bis mëttelméissegt Geschir ze schreiwen (Away We Go, Creation z.B.), keng Loscht meng Lëscht vu Musiker weider ze féieren, a virun allem keng Loscht den Artikel iwwer d’Telésserien vum Joerzéngt fäerdeg ze schreiwen, wann do dach Serien dra sinn, fir déi ech kee Verständnis hunn. An dofir sinn ech hei roueg. An dat deet kengem Wéi. Wien dee Post als sënnlos ugesäit, huet Recht. Mä et kuerz emol z’erwienen, dass mir alleguer e flemmsegt Liewen hunn, däerf nach erlaabt sinn.

Carlos Must Die – Deel 6: De gëllenen Krees an erem Zivilisatioun

Geschriwwen den 1/10/2009 vum Thorben2 Kommentaren

island3 (168)Mir gi wakreg. Nodeems mir déi ganz Nuecht mam Auto duerch Þingvellir geiert woren, fannen mir beim éischten Stroosseschëld rëm raus, dat mir 25km vun Þingvellir wech sinn. Wéi mir dat gemaach hunn, kënne mir eis net erklären. Um Wee zréck op Þingvellir si mir erstaunt dass mir un ca. 5 Camping-Plazen laascht fueren, déi mir gëscht net gesinn hunn. Mee et wor jo och däischter. Þingvellir ass sou eppes wéi den Anticlimax vun eiser Rees. Þingvellir ass déi Plaz wou d’AlÞing, d’Islännesch Nationalversammlung, fir laang Zäit ofgehale gouf. Dat ass wéiwann een d’Chamber géing op Bommel verleeën.

Wesentlech méi interessant ass awer de Fakt, dat zu Þingvellir déi europäesch an déi amerikanesch Placken openeen knuppen. Dat muss een allerdeng blann gleewen, well et gesäit een dat net wierklech. Et ass einfach just eng grouss, gréng Plaatz an Island. Net méi an net manner. Dass déi Plaz groussaarteg muss sinn, erkennt een just drun, dat et en Visitor-Centre gëtt – dat muss duergoen.

Weider goung et op Geysir. Zu Geysir gouf et mol den groussen Geysir. Deen ass iergendwann erlosch. Do huet een erausfonnt, dass en nach géing goen, wann een géing Seef erageheien. 40kg. Dat huet awer och net laang gehal, an esou gëtt dann elo de Strokkur als Geysir verkaaft. Well och wa mir mat Geysir déi Waasserdénger mengen, ass Geysir usech just e ganz bestëmmtenen Geysir. Gullfoss(a) (5)Ganz Island gëtt engem d’Gefill op sou engem liewegen Planéit ze liewen, an et mécht een frou an éierfiirchteg virun eiser Äerd. Am Touristenshop konnt ech dann net méi u mech halen an hu mir missen fir 36’000 Krounen eng Jacket aus dem Haus 66°NORTH kafen, eng Mark déi et just an Island gëtt. Um Wee aus dem Shop raus ass mir dann kloer ginn, ewéi clever dës Firma mech vun Ufank un manipuléiert huet. Egal, d’Jacket ass top. Eng Softshell. Fir d’Trekkingfans ënnert eis. Déi drëtt Attraktioun am sougenanntenen gëllenen Krees ass de Gulfoss. En aneren Waasserfall, deen esou ausgesäit wéiwann d’Waasser an d’Äerd géing verschwannen. Genial schéin.

Highway to Reykjavik. Anchecken, alles an d’Zëmmer droen an de Rucksak paken. Do treffe mir op de Simon, en Hamburger op Weltrees, den mat eis an en vegetareschen Restaurant geet. Zu Reykjavik gëtt engem kloer: Et gi vill Stied, deenen eng cool Szene nogesot gëtt. Hamburg, Berlin, Zürich, Wien, Paräis, Mompes oder Tallinn. Mee dat ass näischt géint Reykjavik. Dir liest richteg: Ech deklaréieren en 100’000 Awunner-Duerf am Nordatlantik tëscht den Faroer-Inselen an Grönland zur coolster Stad vun Europa. An dat, obwuel et op der amerikanescher Plack läit. Desginerbutteker, Caféen, Bars, Restaurant’en, alles dat immens cool an nach ni virdrun gesinn, wéinst den héigen Importsteieren ass et egal, op een deier H&M Ploveren keeft aus dem Ausland oder selwerentworfen deier Designerkleeder aus dem eegenen Land. An d’Leit sinn esou léif an esou gutt gekleet, ech hu mech guer net méi erkritt. No 2 Bars landen mir am Karamba, eng kléng Bar just vis-à-vis vun der Barack vum alen “Sirkus”, eng Bar wou duermols schon d’Björk Guðmundsdóttir opgeluecht huet, wat spéider besser ënnert sengem Virnumm bekannt gouf. Et wor e Concert do vun engem Typ mat enger Gittar. Mega. Um 1 huet de Karamba zougemaach, wat eis awer net gestéiert huet, an den portugiseschen Barkeeper och net. An esou hu mir mam Alex, engem Amerikaner deen an Island wor, well en wéinst engem Formfeeler aus UK ausgewissen gouf, an dem Ute, enger Designstudentin aus Stuttgart bis an de fréien moien gefeiert. An d’Bar wor och libre Service.

island3 (226)

Carlos Must Die – Deel 5: Gletschereis an Lost in Iceland

Geschriwwen den 29/09/2009 vum Thorben3 Kommentaren

P10408399:30 Auer – Ech gi wakreg. Vun Hëtzt (!). Mir gëtt kloer: Et ass geschitt. Well mir eis Campinggebühren net bezuelt hu, goufe mir op engem Flooss an d’Mier geheit an dreiwen elo virun der spuenescher Küst. Dofir ass et sou waarm. D’Sarah traut sech awer raus a behaapt mir wieren nach an Island. Dat packs de net. De Plang haut: 13:30 Auer op de Gletscher erop, 17:30 Tour de Force op Geysir. Mee lo mol duschen, dann Moiesiessen.

Op Pianocktail soll méi perséinleches stoen? Et voilà: Op e Gletscher ze goen ass mengen ech déi schéinsten Saach déi ech jemols gemaach hunn. Eisen Guide, de Steinar, huet eis op de Fouss vum héichsten Bierg aus Island geholl, mat Steigeisen un de Féiss, Klammgurt ëm d’Hëft an der Aaxt am Grapp. Sou e Gletscher ass d’Natur an all hirer Brutalitéit. 100m Äis ënnert eis, Vulkaner ënnert eis. Et ass schéin ze gesinn, wéi de Mënsch an Island vis-a-vis vun der Natur renoncéiert huet. Islänner probéieren näischt fir d’Éiwegkeet ze bauen, mä hunn einfach d’Natur als stäerkeren Géigenpart acceptéiert. 1996 ass de Vulkan ënnert dem Gletscher erupéiert, an am Zäitraum vun Deeg huet séch ënnert dem Äis deen zweetgréissten Séi vun Island gebillt, mat 3.6km^3 Waasser. 42 Milliarden Liter Waasser. island3 (138)An e puer Deeg méi spéit ass aus dem zweetgréissten Séi an Island deen zweetgréissten Floss op der Welt ginn – nom Amazonas. Mam Resultat dass alles freckt gemaach gouf. An d’Islänner verstinn dat, an verstinn, dass et kee Sënn huet, dogéint unzegoen, an amplaz domat liewen. Fir vum Gletscher erof si mir an de Sonnenënnergang gewandert. Wéi schéin.

Ab bei den Carlos, Pferde satteln, weiterreiten. Mir fueren op Þingvellir (Fffingvetlir oder Fffingvellir geschwat). Um Wee fir dohinn koumen mir bei engem KFC laascht, en éischten Glimpse vun Zivilisatioun. D’Sarah wor awer ugepisst, well weder bei KFC, nach an der Tankstell ënnert 30 Sandwichen een eenzegen vegetareschen dobäi wor. An Island kréien Vegetarier nach dat, wat se verdéngt hunn.

Mir hunn keng Campingplaz am däischteren fonnt, a sinn eng gutt Stonn duerch Þingvellir geiert. Bis mir eng fonnt haten. Et wor e bëssen spooky, rëm Lynch’esque. De Combel wor, wéi ech un der Rezeptioun getockt hunn, an viru mir den Typ mat der Trennscheiw stoung. Horrorfilm pur.

Um Wee bei eis Stellplaatz hunn ech mengen Aen net gegleewt. Iwwert mir wor den Himmel gréng. Meng éischt Aurora Borealis. Wow.

P1040848

Schlofen

Geschriwwen den 28/09/2009 vum Thorben18 Kommentaren
Leihgabe

Leihgabe

Dat gëtt et net. Ech wor de ganzen Weekend ënnerwee, an dofir hunn ech mech e Sonnden Mëtten an d’Bett geluecht. Wéi ech wakreg gi sinn, wor mäin Matbewunner erausgeplënnert. An Däitschland huet eng nei Regierung kritt.

Soulaang d’FDP an der Regierung ass, soll den Bundespräsident op mäi Pass oppassen, well ech nie an Däitschland gewunnt hunn, duerft ech jo mol net wielen. Woufir huet een dann en iwwerparteilechen Member vun der Regierung, wann net fir sou Saachen?

Mäin Matbewunner hunn ech dunn ugeruff fir festzestellen, dass heen effektiv geplënnert ass, an e wollt mech net wakreg man. Als Entschiedegung huet en mir awer en Kinoticket fir den Godfather geschenkt, dee jo bekanntlech an enger nei iwwerschaffter Fassung an d’Kinoen kennt.

An da gi mir Filmer duerch de Kapp, wou Leit aschlofen, an dono ass d’Welt anescht. Dobäi si mer agefall den Herr Lehmann, deen zwar net ageschlof ass, mee den Mauerfall am Soff verpasst huet, den Good Bye Lenin wou d’Mamm den Zerfall vun der DDR am Koma verpasst, an den Demolition Man, ech weess awer net méi genee firwat deen agefruer wor.

Emgedréint geet et natierlech och, am Groundhog Day schléift en owes an, an moies ass rem alles d’selewecht.

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Perséinlech Tags:

Carlos Must Die – Deel 4: Waasser, iwwerall ass Waasser

Geschriwwen den 26/09/2009 vum ThorbenKee Kommentar

Moies ëm 9 Auer. Ech gi wakreg. Ech sinn dréchen. Den éischten Triumph vum Dag. Dat kann ee vum Rescht vum Zelt net behaapten. Esou kennt et, dat während d’Sarah d’Moiesiessen mécht, ech d’Zelt – ënner Asaz vu menger Gesondheet – just als naass Fatz zesumme paken.

Déi Faarwen sinn echt!

Déi Faarwen sinn echt!

Ëm 10 Auer si mir dann um Dill a Richtung Jókulsarlon, e Gletscherséi direkt um Mier. D’Faarwen ënnerwee kéinten méi speziell net sinn. Turquoise Waasser Wäiss a Blo Äisbierger, pechschwaarz Plage. An ech mengen net donkelgro, ech mengen Schwaarz wéi wann en Pëtrolstanker ënnergaang wier. Als grousst Kand muss ech natierlech op sou en Äisblock ropklammen, wat bal onméiglech wor, well en perfekt glat ass. Méi schwéier wor et awer fir erofzekommen. En behäerztenen Sprong schaaft hei Ofhëllef, och wann ech mech bal op d’Maul geklaakt hätt (sou Kraaftsproch op Pianocktail, tz…).

Wéider goung et dono laascht endlos Plagen (eng vun de längsten Plagen vun Europa) op der enger Säit, an dem Vatnajökull, dem gréissten Gletscher vun Europa, op der anerer Säit.

Mëttegiessen op enger Parkplaz, 100m virun eis d’blot Mier, 100m hannert eis eng Gletscherzong. Mir sinn esou cool.

Eist Etappenziil wor den Skaftafell Nationalpark, zu dem eben dee gréissten Gletscher vun Europa

Mëttegiessen tescht dem Gletscher an dem Mier

Mëttegiessen tescht dem Gletscher an dem Mier

gehéiert. Wann een den Nordpol mol ignoréiert. No kuerzem Iwwerleeën hu mir eis décidéiert 16’000 Krounen, ronn 88 Euro, locker ze man fir dass e Biergguide eis géing mat rop op de Gletscher huelen. Mol gespaant. Nach en gemittlechen Owesspadséiergang duerch den Nationalpark, an dann gëtt sech bett- ähm zeltfäerdeg gemaach.

Carlos Must Die – Deel 3: Sténkege Bulli a mäi Kolleeg den Olaf

Geschriwwen den 23/09/2009 vum Thorben3 Kommentaren
Blubber

Blubber

An rëm opstoen. Leider huet sech eisen Départ verzögert, well eise gudden rouden Wäin aus dem Tax-Free-Shop ausgelaf ass, d’Farm agesaut huet. Haut geet et ënnert den 65ten Breedegrad an den Osten vun Island. Teschenstopp zu Namafjall/Hvertir. Do ginn et Mudpools, “des flaques d’eau puantes” wéi d’Fransousen soten. Et sténkt wéi eng Sau, mä et ass zudéifst beandrockend wéi d’Äerd lieft. Jules Verne, ahoi!

An dann rem weider iwwert Schotterstroossen bei de Dettifoss, de gréissten Waasserfall an Europa. Do ginn all Sekonn 200m^3 Waasser erof. Oder 200’000 Liter. Dat mecht pro Daag 17’280’000’000 Liter.

Sou gesinn 200 Kubikmeter Waasser aus

Sou gesinn 200 Kubikmeter Waasser aus

Dat sinn 17.3 Milliarden Liter. Domat kann een den Drénkwaasserbedarf vun dësem Planéit decken. Kéint een.

Weider geet et iwwer Lavafelder, laascht Vulkaner an Äschen. Riicht Stroossen, esouwäit ee kucken kann. A kee Mënsch wäit a breet. Keen? Dach, een! Meet our friend Olaf! Um Stroossenrand stoung den Olaf an enger Jeep. “Sarah, kuck emol, déi Jeep huet en orangen Pare-Choque, mengt ee bal et wier Police oder Ambulanz. Do wäert lo bestëmmt deen eenzegen Flic aus ganz Nordostisland stoen. Haha.” – “Thorben, dat gesäit wierklech aus wéi Police.” – E kuerzen Bléck op mäin Tacho. 105km/h. Merde. Um Olaf laanschtgefuer. Abeemol taucht en am Réckspigel op, blo Luten. De Rescht kënnt dir Iech jo denken. Den Olaf wor ganz fein, huet mir mäin Vergoen erklärt, 104 amplatz 90km/h, mécht 30’000 Krounen – dat sinn ronn 166 Euro. Net schlecht fir 14km/h. E sot awer d’Islännesch Police hätt eng speziell Offer. Wann een direkt sur place bezillt, kritt een 25% Rabatt, dH ech hun mat menger Visakaart bezuelt, an koum mat 125€ dovunn.

DSC_0430

Hindernisser op islänneschen Stroossen: Päerd

Nieft eis sinn Däller mat Mooss bewuess wou sech en turqoise-bloen Floss duerchschlängelt. Dann rëm weider iwwert e Muerk-Schotterwee vun Egilsstadir op Djupivogur. Niwwel + Schotter + S-Kéiren = Spannend Mëschung. Owes dann Campen, wou mer eng relax däitsch Koppel vu Kiel kennen geléiert hunn. Ëm 3 Auer ginn ech wakreg well et stiermt an eist Zelt wackelt. Vue dat Owes gutt Wierder war, hunn ech just 8 Piqueten ageschloen, déi wichtegst. Elo koum d’Rechnung. Keng Chance, ech hu missen raus. Well mir awer bewosst wor, dat ech herno klätschnaass wier, hunn ech alles bis op mäin Boxershort ausgedoen, a sinn quasi plakeg bei 4 Grad Celsius ëm eis d’Zelt gelaaf. D’Sarah wor wéineg beandrockt, hat wollt nemmen schlofen.

Pferde satteln, weiterreiten.

Carlos Must Die – Deel 2: Tour de Force am Norden vun Island

Geschriwwen den 20/09/2009 vum ThorbenKee Kommentar

DSC_0118(Dem Sarah seng Fotoen klauen mecht e schlecht Karma) No enger kaler mä roueger Nuecht zu Strykkisholmùr si mir ëm 7 Auer opgestan, mir hunn gutt 400km virun eis, an dat mat ca. 100km Schotterstroossen. Et ass nach ëmmer äiskal, mä dofir ginn et jo waarm Duschen. Blöd just, wann déi baussen sinn. Mee wat soll de Gäiz, et kënnt een net dru laascht. Ech man d’Dusch un, waarden bis se waarm ass, ginn dann an d’Toilettenhaischen (gehëtzt) mech ausdoen an lafen ënnert déi waarm Dusch. Ech hunn dat ganzt leider net bis zu Enn geduecht, well ech hat keng Ahnung, wéi ech hei je rëm sollt waarm erauskommen. No 20 Minutten ass mir agefall wéi: Guer net. Also duerch d’Keelt rëm zréck, quasi wéi no enger Sauna. Gutt wakreg si mir dann de Carlos nach tanke gefuer, an dann lass.

No gudden 10 Minutten hu mir de Carlos dann op déi éischt Schotterstrooss geschéckt. An déi sollt nach 80km daueren. De gudde Carlos wor bockeg an ass op der Strooss lénks a riets gerutscht, geschliddert an gefuer. Mir wor dat zwar net geheier, mä d’Sarah huet dem Carlos awer gewisen wien hei d’Box unhätt.

DSC_0104

Evil sheep

Wéi mir vun der Schotterstrooss erof woren, si mir – well et esou schéin war – direkt nach eng Kéier op ronn 40km Schotter geschéckt ginn. Näischt ze man. Island ass Pampa. D’Däller déi een dobäi duerchquiert huet woren esou gréng, dass ee mengt, se wieren vun der “anerer Säit”. Do ass d’Gras jo bekanntlech ëmmer méi gréng. Um Wee wollt ech dem Sarah dann d’22-Minutten-Opus “Autobahn” vu Kraftwerk viirspillen. Obwuel hat beteuert huet, dass et Kraftwerk cool géing fannen, huet et sech onbeandrockt gewisen an 7 Minutten viru Schluss einfach gewiesselt. Banausen.

Och wéineg Freed mat mir hat e Schof. Nodeems ech et wollt fotograféieren, ass et ëmmer rëm fort gelaf. Ech sinn him nogaange, an hat et, ouni et ze mierken an en Eck gedrängt. Bis d’Schof op mech duergelaaf ass. De paneschen Saaz “Sarah, an den Auto, mir leeft en rosent Schof noo!” huet d’Sarah fir e Witz gehal.

DSC_0259Weider goung at mat kargen Bierger, déifen Schluchten, Picknick an Fotospausen. Flëss déi optimal fir Rafting sinn, Flëss déi flaach sinn. Um Enn vun dem Trip wor d’Stad Akureyri, déi zweetgréissten Stad an Island (mat 17’000 Awunner). Zu Akureyri gëtt et näischt, mä mir krute Gewëssheet: Egal wéi kleng en Duerf ass, et ginn einfach iwwerall an Island top cool Kleederbutteker.

Eng läscht 2 Stonnen sollten et awer nach sinn bis mir un de Séi Myvatn komm sinn. Um Wee dohinner koumen mir laascht de Godafoss, en wonnerschéinen, bloen, Waasserfall, right in the middle of nowhere. Eisen Rough Guide huet eis verroden, dat et do waarm Basengen géingen ginn. An wéi: Ee risegen Pool wor do, gespeist mat Waasser dat direkt aus der Mëtt vun der Äerd koum. Den Damp deen ronderëm aus de Fielsspalten koum gouf genotzt als Dampfbad. Eenzegen Hoken: Et sténkt no Schwiefel, nach méi wéi am Rescht vun Island. File0063File0072Mam Kapp ënner Waasser konnt een d’Gegrommels aus dem Bauch vun der Äerd héieren, dat wor net nëmmen beängschtegend, mä och beandrockend. Mir konnten am Sonnenënnergang schwammen, Waasser 38°C, Loft 4°C. Yippie. Geschlof hu mir op engem Bauerenhaff, wou och nach 4 Fransousen hiert Nuetslager opgeschloen hunn.

« Newer PostsOlder Posts »

Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags