Archiv fir d'‘Perséinlech’ Kategorie:

Ab op Venedeg.

Geschriwwen den 1/09/2010 vum Thorben2 Kommentaren

Wéi munchereen vläit schon an der Press gelies huet, dierf ech déi nächst 12 Deeg, zu mengem an aaneren Leit hierem Onverständnis, Lëtzebuerg an enger Jugendjury um Filmfestival zu Venedeg repräsentéieren.

Dofir gëtt et en separaten, engleschen Blog vu mir. Loosst Iech vun deem prätentiéisen Titel net oofschrecken, a kuckt déi nächst 12 Deeg mol ran. Joël, du dierfs och op Lëtzebuergesch kommentéieren.

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Film, Perséinlech Tags:

Haut…

Geschriwwen den 13/08/2010 vum ThorbenKee Kommentar

ass kee gudden Daag.

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Perséinlech Tags:

Den Déif.

Geschriwwen den 10/08/2010 vum Chris13 Kommentaren

Ech muss mäi schéine Blog e Moment mëssbrauchen fir eng perséinlech Geschicht ze zielen. Net well se sou interessant wier, mä well ech mer duerch Är Kommentaren e bessert Verständnis vun der Situatioun erwënschen.

Zanter Wochen gëtt eis aus der Bréifboîte quasi all Moien op mannst eng vun eisen Zeitunge geklaut. Dat huet genervt, mir hunn eis ufanks bei der Post beschwéiert, well mer duechten et wier hire Feeler a sou virun. Wéi mer du wierklech gemierkt hunn, dass d’Post näischt dofir kéint, ass meng Mamm alt heiansdo viru 6 opgestan fir virum Déif bei der Boîte ze sinn. Dat huet dunn och relativ gutt funktionéiert, mä leider hu mer ni de Moment erwëscht fir den Déif z’erwëschen. Dat ass halt sou gewiescht, an op d’Police wollte mer och net goen.

De Mëtteg ass meng Mamm dunn awer op d’Police gaang. Well dës Kéier hu mer misse feststellen, dass eis net nëmmen d’Zeitungen, mä och d’Post geholl gouf. Wouhir mer dat wëssen? Ganz einfach, well de cleveren Här Déif sou fein war se ze zerrappen an an d’Gemengenhecken nieft eisem Haus ze geheien. Dat war an dësem Moment extrem iergerlech, well déi geklaute Bréifer waren éischtens d’Tickets zu engem Fussballmatch, dee mir wollte kucke goen, an nach méi krass: d’Tickets fir eis Vakanz.

Lo froen ech mech: wien mécht sou eppes? Wéi béis an domm muss déi Persoun sinn, fir de Leit muttwëlleg Saache futti ze maachen? En hätt se jo och klauen kënnen, mä nee, e mécht se futti an ass wéi den Nic soe géif “selbstlos béis”. Ech verstinn et einfach net.

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Perséinlech Tags:

Männlech fillen.

Geschriwwen den 8/08/2010 vum Thorben13 Kommentaren

Doriwwer, wat e Mann ass, gouf an gëtt emmer vill diskutéiert. Den Herbert Grönemeyer an d’Nina Hagen sangen Lidder doriwwer. Amazon verkeeft honnerten vu Bicher, déi engem hëllefen sollen seng maskulin Identiéit ze fannen. A verschiddenen Beruffer gëtt een ob dat allerbéist diskrimiéiert wann een e Mann ass. An de Barney Stinson gëtt vun allen vergöttert, wéi wann hien d’Äntwert op all d’Froën wier.

Um Filmfestival zu Edinburgh wor ee vu menge Lieblingsfilmer de Film Freetime Machos vum Mika Ronkainen. An eigentlech seet desen Dokumentarfilm iwwert déi nördlechst an drëttschlechst Rugbyekipp op der Welt alles iwwert d’Mann-Sinn, wat muss gesot ginn. A man is supposed to be both, soft and hard. An attentive listener and a macho-man. A gentle family man and a crazy lover. heescht et do.

An trotzdem sinn all déi Saachen näischt, wat mech mech männlech fillen léisst. Ech verroden Iech haut hei exklusiv, a wéienger Situatioun ech mech am männlechsten fillen:

Am Baumarkt.

An dobäi ass et egal, ob B&Q, Hornbach, OBI oder Bâtiself. Okay, am Bâtiself fillen ech mech éischter aarmséileg wéi männlech. Mir sinn duermols ob 2e an ob 1e an der Mëttesstonn dacks séier ob Bitburg gefuer mat 5 Jongen, an de Burger King gaangen an dono eng Stonn duerch de Baumarkt gezunn. Buermaschinnen, Trennscheiwen an Hochdruckreiniger gekuckt. De Baumarkt kondenséiert alles dat roof, wat zu eisem Geschlecht gehéiert. Trennscheiwen a Luuchten. Buermaschinnen an Wues. Schweessapparater an Hausdéieren. Männer kënnen keng Kanner kréien (ausser a beschassenen Filmer). An obwuel eis domat vill Fräiheeten bleiwen (déi Fraen emmer méi rem wechkloen), leiden Männer instinktiv dorënner. Dofir musse Männer aanecht kreéieren: Mir bauen Rakéiten, Brécken, Héichheiser, Booter oder eben eng Feierplaz. An e Baumarkt ass de Katalysator, d’Mëttel fir dësen Komplex ze iwwergoen. E Baumarkt ass de männlechen Uterus. De Baumarkt ass déi Plaz, wou Männer zesumme kommen, Projéen diskutéieren an Maschinne kaafen. Dobäi geet et net drëms sexistesch ze sinn oder op Stereotypen remzehacken. Et geet em eng Welt. Inspiréirend fir dëse Post wor ënner anerem eng Facebook Foto vum Staater, wou hien sech e Grupp kaaft huet (e Stroumgenerator fir eis weiblech Lieser), an gesot huet Et ass Feier bannendran an et kënt Strom eraus, et ass d’Essenz vun der Männlechkeet. Dat ass et.

Hornbach probéieren ënnerdeems dorauser Kapital ze schloen. An hiere Reklammen weisen si dass si dat verstaanen hunn. Baumärkt sinn déi nei Tempelen vun der Maskulinitéit.

(E bëssen Ironie ass an dem Post schon drann)

Carlos Must Die – Deel 7: Déi coolsten Stad an Europa. For Sure.

Geschriwwen den 26/01/2010 vum ThorbenKee Kommentar

Ha! Ech muss et fäerdeg man!

Wecker. 9 Auer moies. Ech leien am Doppeldeckerbett uewen. Klammen raus. Rutschen ob der Leeder aus. An faalen roof, klatsch ob de Buedem, dee voll mat Camping-Krom loung. Dat huet d’Sarah net interesséiert. Hat schléift virun. De Schmäerz vum Opprall steet a kengem Verhältnis zum Schmäerz vu mengem Kapp. Schäiss. Hangover. Déi Fläsch Vodka, déi den Alex aus dem Karamba rausgeschmuggelt huet, den islänneschen Béier an de Wäin an de Rescht woren wuel éischter bëlleg – an dat obwuel ech an enger Nuecht 100 Euro ausginn hunn, wat eng “Night Out” an Island kascht, woumat een hei mat 4 Leit kéint rausgoen.

Ech hu mech dann opgerappt an sinn a Stremp, T-Shirt an Boxershort an d’Buedzemmer um Enn vum Gang geschlappt, et wor mir wierklech egal wéi ech géing ausgesinn. Ech wor frou, dass do weder en Tiger nach e Puppelchen woren. Zänn gewäsch. Deen Typ vis-a-vis vu mir am Spiggel haat och net besser ausgesinn. D’Sarah aus dem Bett geheit, d’Saache gepaakt an alles an den Auto geheit. Géint 11 si mir dann mam Carlos an den Stadzentrum gefuer, a sinn Pancakes iesse gaangen an ganz vill Waasser drenken gaangen. Ech bezweifelen elo nach, dass fueren wierklech ubruecht wor.

Mir sinn dann engkéier den Laugavegur, d’Haaptshoppingstrooss (déi iwwregens wierklech eng Buedemheizung huet) rop a roof gaangen. An et ass esou beandrockend, wéi vill Designer-Buttekter an Boutiquen do woren. Um Enn si mir am Konschtmusée geland, wou en Islänneschen Kënschtler Riesenbiller inspiréiert un Lars Von Trier Filmer ausgestallt huet. Go figure. Soss wor dee Konschtmusée awer immens, an et wor, eng Kéier méi, verblüffend wéivill Kultur an engem 200’000-Awunner-Land herrscht.

Ma et huet alles näischt gehollef, em 3 ass et nit méi gaangen an mir hunn eis fir t’éischt mol rem fir eng Stonn missen an e Café setzen. Mëttegiessen. Dono weider mam shopping. Dank menger neier Jacket gouf ech elo iwwerall t’éischt mol op Islännesch ugeschwat, wat mäin Ego geboost huet. D’Sarah huet dann och d’Visa kraachen gelooss, woubäi et zu folgendem, denkwürdegem, Moment koum: Mir woren an engem Buttek wou d’Sarah sech en, net ganz gënschtegen, Mantel wollt kaafen. D’Besëtzerin vum Buttek huet eis da gefrot vu wou mir wären, wéi een dat eben mecht. “Aus Lëtzebuerg” – “Ajo, meng Niess liewt do, hat schafft bei der Telé, d’Thorunn…”. Sou ass dat.

Reykjavik huet einfach d’Laat fir mech immens héich geluecht an puncto Leit, an Puncto Stil, an Puncto Iessen, an Puncto Rausgoen, an Puncto Kultur an esou villem, wat ech an Stied wéi Paräis, Wien, München, Berlin, Hamburg oder Kopenhagen nie an dem Emfag gesinn hunn. Et ass natierlech wouer; -15°C, 4 Stonnen Daagesliicht, wat soll een soss och man ausser Drenken oder eng Band grénnen, mä et fällt schon op a mecht Freed.

Dann nach séier an engem Plakkebutték den Heima kaaft an eng LP vu múm, an dann wor et och schon Zäit fir eist Owesiessen, wat mir an engem traditionellen Islänneschen Restaurant zu eis geholl hunn. Fësch, wéi sech dat gehéiert.

Schwéiren Häerzens hu mir dann de Carlos a Richtung Kevlavik befördert, wou mer en oofginn hun. Ran an de Fliiger a schloofen, muer den Owend steet Fly um Programm.

Nächst Woch kennt dann dee leschten Post.

Der Kirschgarten

Geschriwwen den 19/01/2010 vum Jacques4 Kommentaren

Ee vu menge Lieblingsproffen huet dem Tschechow säi Stil eng Kéier folgendermoosse beschriwwen: ‘Nothing happens. Nothing happens. Nothing happens. Somebody enters. Everything changes.’ Ähnlech mécht de Kapuzinertheater Reklamm fir dem Claude Mangen seng Inszenéierung vun ‘Der Kirschgarten’: ‘Erster Akt: der Kirschgarten muss vielleicht verkauft werden. Zweiter Akt: der Kirschgarten wird verkauft werden. Dritter Akt: der Kirschgarten wird verkauft. Vierter Akt: der Kirschgarten ist verkauft worden – Der Rest: das Leben.’

Ech hu mëttlerweil vill Tschechow Inszenéierunge gesinn, ënner anerem dem Jonathan Miller (grousse briteschen Theaterregisseur) seng Inszenéierung vun ‘Three Sisters’, oder dem Michael Grandage seng Inszenéierung vun ‘Ivanov’ mam Kenneth Branagh an der Haaptroll. A wat fir e Wonner: déi Inszenéierung, déi mir perséinlech am Beschte gefall huet, ass dem Claude Mangen säi Kirschgarten, mat engem gréisstendeels lëtzebuergeschen Ensemble.

Dem Claude Mangen säi ‘Kirschgarten’ erfëllt effektiv alleguerten déi Virstellungen, déi ee vun engem Tschechow-Owend huet. Den Text gouf mat enger extremer Sensibilitéit behandelt, den Tempo ass perfekt. D Inszenéierung ass modern, awer ouni opdränglech ze sinn (an ech sinn do immens empfindlech), d Bühnebild ass schéin, et passt einfach alles.

D Schauspiller bilden dee beschten Ensemble, deen ech bis haut am lëtzebuergeschen Theater gesinn hunn, an ee vun deene beschten, deen ech bis haut iwwerhaapt gesinn hunn. Ech luewe lo kee perséinlech, se waren alleguerten op allerhéichstem Niveau. All Generatioun vum lëtzebuerger Theater ass am Stéck vertrueden, Ënnerscheeder sinn net festzestellen: Et ass d Crème de la Crème!

Theater ass net onbedéngt dat beléiftesten Thema op dësem Blog, mee ech wëll trotzdem hei fir dëst Stéck Reklamm maachen: Et ass net nëmmen eng immens gutt Opféierung fir lëtzebuergeschen Theater, et ass am Allgemengen eng immens gutt Opféierung, déi et duerchaus mat Auslännesche Produktioune kann ophuelen. Ech si begeeschtert, an empfehlen et weider!

Et gëtt nach gespillt, den 20., 21., 22., 26. a 27 Januar.

Bewertung: ****/****

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Perséinlech Tags:

An eegener Saach: Clipstar 2010

Geschriwwen den 15/01/2010 vum Thorben4 Kommentaren

Säit elo 4 Joer organiséiert den Ciné Sura de Clipstar Filmfestival. De Clipstar ass e Kuerzfilmfestival an zwou Kategorien, Kuerzfilmer ënnert 20 Minutten, an Kuerzfilmer ënnert 5 Minutten. Läschtes ass virun allem eng Spillwiss fir visuell Experimenter, während an der “grousser” Kategorie richteg Kuerzfilmer laafen. Beim Clipstar kann een sech en Täschegeld gewannen, an et huet een d’Méiglechkeet säi Film engem gréisseren Public ze weisen. Mir wëssen well, dass Leit op de Clipstar kommen fir ze scouten, dass Frëndschaften an Networks geschloss ginn, an dass Leit ganz einfach e flotten Owend do verbrengen.

Wanns du e Kuerzfilm gemaa hues, oder een kenns, dien een gemaach huet, dann schéck en an. Alles weiders gëtt et op  der Clipstar Homepage. Den Galaowend ass den 10. Juli, Einsendeschluss ass den 15. Mee.

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Film, Perséinlech Tags:

Grouss Botz – 2010

Geschriwwen den 1/01/2010 vum Chris5 Kommentaren

Als Chef vun dësem Blog erlaben ech mir et un Neijooschdag ëffentlech Kritik u mengem eegene Blog ze féieren an et doduerch op 2010 virzebereeden. Hei si meng Gedanken.

  • Fir mech selwer hunn ech decidéiert méi zoulässeg an Kommentaren ze sinn. Domat mengen ech, dass ech vu lo un net beim éischten domme Kommentar direkt rosen zeréck maulen, mä als éischt probéieren ze raisonnéieren an dann domm a frech ginn. Dat kann heinsdo ustrengend sinn, well d’Kommentatoren sech dëser Regel net mussen ënnerstellen, mä fir mech ass dat well sou.
  • Ech schreiwe rëm méi Filmkritiken a méi generell Artikel iwwer Film, well ech dat wierklech vermëssen. Ech fille mech ëmmer rëm ugegraff wa Leit a mäi Blog kommen a mer eng Rei vu Filmer dohi klaken, déi si gesinn hunn an dowéinst mengen méi Anung ze hunn, wéi ech, ouni als éischt ze froen ob ech selwer déi Filmer vläicht och kennen. Wat bis well bal ëmmer de Fall war. Ech loosse mech net méi vun esou Verhalen provozéieren an zéien meng Iddien rëm méi duerch. Dat ass eng vun de Stäerkten vum Blog gewiescht an der Vergaangenheet.
  • Fir meng Auteuren wënschen ech mer, dass mer weiderhin Qualitéit virun alles anescht setzen. Mir sinn all Studenten, fir eis all ass dat en Hobby, an och wann mer eis wënschen all Dag bloggen ze kënnen, fir dass eisen Output wiisst, sou ass dat net realistesch. Wann en Thema schäiss ass, ass et schäiss a muss net bruecht ginn, just fir iergendeppes ze schreiwen. Mir si weder e Gossipblog, nach philosophesch oder politesch, et geet ëm Popkultur – wat ënnert dee Fächer fällt gehéiert hei hin. Mir sollten eis rëm méi dorop besënnen a versichen zwar ëmmer präsent ze sinn, mä eis awer mat dem Fräiraum ufrënden, dass heinsdo einfach Rou ass.
  • Eng Onaart, déi ugefaang huet, zënter dass mer e bëssen iwwer d’Walen a Lëtzebuerg geschriwwen hunn, an déi onbedéngt rëm verschwanne muss, ass, dass mer Pianocktail an eisen Artikel definéieren – sief et als en net-politesche Blog oder soss iergendeppes. Dat kléngt einfach sou 90er-Joeren “new cool” an et hänkt mer zum Hals eraus. Schluss domat.
  • Eis Aarbecht mat Biller ze schaffen an méi gemeinsam Artikel ze verfaassen sollte mer wierklech bäibehalen, well den Echo bis well positiv ass, an et de Sënn vum Blog méi frëndlech riwwer bréngt. Pianocktail soll ëmmer relativ spilleresch bleiwen, Méiglechkeeten hunn fir eppes neies ze probéieren, a virun allem faarweg sinn.
  • Zu der Bloglandschaft am Allgemengen: de Joël huet et a sengem State of the Onion ugeschnidden, an och wann ech dee Moment opgrond vun engem bestëmmten Kommentar net gewëllt war weider ze diskutéieren (wéi gesot: 2010 ass Schluss domat), sou hunn ech et alt rëm e pertinenten Diskussiounusaz fonnt. Ech denken, dass mir bei Pianocktail kënnen eng Virreiderroll anhuelen fir dass méi Leit Blogs bedreiwen, vue dass mer wierklech eng zimlech grouss (fir lëtzebuergesch Verhältnisser) Lieserschaft hunn. Dowéinst wëll ech dann och méi fein mat de Leit an de Kommentaren sinn, well ech net wéi de grousse Leviathan riwwer komme wëll, deen aner Leit Meenungen ënnerdréckt. Vill méi, wëll ech méi Blogs: ob op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch, Esperanto oder soss enger Sprooch, déi e Bléck aus eisem klenge Ländchen op d’Welt riichten. Et wier wichteg als Géigegewiicht zu der Iwwermuecht vu Wort an RTL.

Dofir zum Ofschloss en Opruff: schreift Blogs, mellt iech bei mir, ech verlinken iech, kritiséieren iech, luewen iech, ënnerstëtzen iech, a virun allem liesen iech. Egal wéi kleng an onwichteg (ween decidéiert dat eigentlech?) är Gedanke sinn: deelt se mat eis. D’Internet ass eng grouss Toilett, mä tëscht deem ganze Schäiss fënnt een eng ganz Rei Pärelen. Dir kënnt déi Pärel sinn.

(Bei all deem Pathos zum Schluss kréien ech Loscht Avatar ze kucken.)

Foto source: http://www.flickr.com/photos/bluebee/3098507178/

Ommwriter an aaner Textveraarbechtung

Geschriwwen den 11/12/2009 vum Thorben9 Kommentaren
Ech weess dass de Grommel dat och gepost huet. Mir iwwerliesen am Cader vun eiser Qualitéitskontroll eis Posts, deen heiten wor säit Sonnden an der Maach, an dofir net kopéiert.

Ech sinn säit Méint op der Sich no enger anstänneger Textveraarbechtung mat där ech ka meng Uni-Aarbechten tippen. Ech sin vum Standpunkt ausgaang, dass Microsoft Word Schrott ass. Dorops hin hunn ech beim Apple nativen iWork ragekuckt an hierer Textveraabrechtung “Pages”, déi zwar immens schéin Dokumenter generéiert, awer och Schrott ass. Schließlich hunn ech aus menger Lycées-Zäit nach LaTeX an TeX kannt, a mär virgeholl dem Puristentum nach eng Chance ze ginn: Vergiewens, den Referencing esou zesummenzekréien, wéi ech dat wëll geet net ouni erhiewlechen Opwand, LaTeX spillt seng Stäerkten éischter mat Formelen aus.

Ech hunn och e puer méi kleng Texteditoren probéiert, alles Mumpitz, esou, dass ech mech higesat hunn, a mech wierklech an Word rageschafft hunn, bis ech all d’Finessen raushaat, an Dokumenter raus krut, déi gutt ausgesinn, Standards entspriechen, an mat deenen ech liicht schaffe kann. Wéi ech Word bis gemeeschtert haat, koum déi nei Versioun eraus, esou dass all meng Tricks elo rëm wäertlous sinn, well déi Penns alles verstoppt hunn. Egal. Word erlaabt mir dat ze man, wat ech well man. De Rescht ass mir egal.

Op Twitter huet ee vun de Brainfood-Jongen mech elo op en neien, interessanten Tool zur Texterstellung, deen interessant fir Poeten a Blogger ass. Dir gesitt den Ënnerscheet, dësskéier keng Veraarbechtung. Ommwriter ass e Schreifprogramm, dien Schreiwen op den eigentlechen Prozess reduzéiert: Schreiwen.

Dat mecht en, andeems en descartesch alles iwwer Bord gehäit, wat net muss sinn. Dobäi raus kennt e Programm, deen Texterstellung am Vollbildmodus mecht, esou dass guernäischt um PC ooflenkt. Et huet een 3 Hannergrondbiller zur Auswahl, déi en relativ agreabelt Bild maan, eng Hannergrondmusek an 3 Schrëften mat 3 Textgréissen. Wann een tippt ass een, im wahrsten Sinne des Wortes, alleng mat sengem Text. Dat ass enorm agréabel ech mierken direkt, wéi et mer helleft mech ze konzentréieren. Dobäi ass Ommwriter wéi gesot fir soss näischt ze gebrauchen, wéi en Text ze erstellen. Wat mam Text geschitt, wessen Word, Pages oder WordPress herno besser.

Ommwriter kann een momentan gratis als Beta op hierer Homepage rooflueden. Just fir Mac.

Pianocktail – Facebook Page

Geschriwwen den 23/11/2009 vum Thorben4 Kommentaren

De Marketing-Af dee mir am Hannerraum vun eisen Büro‘en halen, huet gemengt, mir sollten mol an déi Facebook-Geschicht raukucken.

Säit grad kënnt dir op Facebook och Fan vun eis ginn.

Dir kritt dann direkt eis Updates an äre Feed.

Wee kennt op déi Idee, en Af als Consultant anzestellen?

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Perséinlech Tags:
Older Posts »