Fir all Fan vun Arcade Fire dierft et kee Geheimnis sinn, dass e Méindeg de laang erwaartenen drëtten Album The Suburbs e Méindeg eraus kënnt – yay. Wat dat ganzt nach besser mécht, ass, dass Arcade Fire decidéiert hunn hire Concert, den 5. August zu New York am Madison Square Garden fir jiddereen zougänglech ze maachen.
A mat zougänglech maachen, mengen ech lo net, dass der iech an e Fliger sëtze sollt fir op New York an do de Concert ze genéissen. Nee, de Concert kënnt an är Stuff/Schlofzëmmer, well e live op Youtube iwwerdroe gëtt: http://www.youtube.com/arcadefirevevo.
A well dat hei natierlech nach net genuch Leckerli ass fir all eis Lieser ze begeeschteren (obwuel eise Jacques sech bommen um Arcade Fire Concert ameséiert hat), kann ech dann nach als zousätzlech Info matdeelen, dass keen aneren wéi den Terry Gilliam (Time Bandits, Brazil, Twelve Monkeys) d’Regie vun der Iwwerdroung iwwerhëlt.
Et ass net, dass ech liddereg gi wier. Ech hu just momentan vill ëm d’Oueren (a fir déi, déi mech kennen, wëssen, dass do rëm vill Plaz ass). Dofir sëtzt de Blog momentan wéi e klengt Weesekëndchen um Internet.
An dofir ass et mir och véier Deeg laang entgaangen, dass et zwee nei Songs vun Arcade Fire um Internet ze lauschteren gëtt, déi sech “The Suburbs” an “Month of May” nennen, an natierlech zockerséiss sinn.
Béid si well als 12″ Duebel-Single verëffentlecht, an stellen déi éischt Auskopplung vun hirem drëtten Album The Suburbs duer. De Sound ass hei anescht wéi op den éischten zwee Albummen. Et mierkt een, dass se eppes neies probéiere wëllen. Hoffe mer, dass sech dës Qualitéit iwwer de ganzen Album zitt, dann dierft eigentlech näischt schif lafen.
A well ech lo och endlech eng Méiglechkeet hunn dat hei ze weisen, wäert ech gekonnt zum Eurovision Song Contest iwwergoen (wou ech effektiv zu Däitschland gehalen hunn, Grommel). Do gëtt et nämlech eng super Versioun vun Arcade Fire vu “Poupée de cire, poupée de son” vum France Gall, wat 1967 mat deem Lidd fir Lëtzebuerg de Grand Prix gewonn huet. Lauschtert eran:
Geschriwwen den 15/05/2010 vum Thorben6 Kommentaren
Ech haassen Posts wou een muss laang ufänken ze zielen bis een op de Punkt kënnt, mä hei gett et keen anere Wee. Dofir hunn ech awer de Post mam beschten Titel op Pianocktail geschriwwen. Außerdeem leen ech mech och nach mat Musek- an Filmfans un, dat schlëmmsten Pak säit Apple-Fans.
Gi mir zrèck an d’Joër 1985 op Manchester. Den Ian Curtis ass säit 5 Joër dout, dem Tony Wilson säi legendären Club The Haçienda wor schon dräi Joër op, Punk wor an enger Post-Ära, a suguer Post-Punk wor Post. Post-Post-Punk souzesoë. D’Band The Smiths em hiere Sänger Morrissey huet duermols déi ikonesch Single How Soon Is Now? rausbruecht. Fir déi, déi et net kennen: hei
Den Morrissey, asexuell wéi en ass, ass ee vun deenen groussen Romantiker aus der méi rezenter britescher Musék, an sou ass How Soon Is Now en musikaleschen Ausdrock vun Alleng-Gelooss-Sinn, Hoffnung an Verzeiflung. D’Zeil “I am human and I need to be loved / Just like everybody else does” gëllt als Bild vum Verluersinn, als Metapher fir Klengsinn an als Rechtfäerdegung fir Mannerwäertegkeetsgefiller.
Kuriéiserweis gëtt et en Cover vun How Soon Is Now vum russeschen Duo t.A.T.u.
t.A.T.u. hunn als Markenzeechen dass si mat hierer angeblecher Homosexulitéit kokettéieren, zur Freed vun eeleren Männer an jonken testosteroniwwerluedenen Borschten. Dovunner oofgesinn spille si ganz bewosst mat hieren lolitahaften Behuelen, hierem schoulmeederchershaften Ausgesinn an allem wat Männer jo anscheinend gutt fannen. t.A.T.u. sinn e Männerprodukt.
Dass si d’Smiths coveren ass net Subjekt vun dem Post hei. Ech fannen d’Coverversioun selwer net iwwel, mä dat Lidd gehéiert vläit besser einfach ongecovert, ech géing d’Original an dem Fall emmer viirzéihen.
Souvill zu How Soon Is Now. Elo zum Closer, dem Mike Nichols senger 2003er Verfilmung vum gläichnamegen Stéck. De Plot wëll ech net erklären, mee et kennt zu der Szene wou den Clive Owen an engem Stripclub dem Alice/Jane begéint (gespillt vum Natalie, hach), enger aler Femme Fatale vun him. Hei den Auszuch fir ze verstoën wat da geschitt
De Clip kann an zwee Deeler ënnerdeelt ginn. En Obstieg an e Fall. Den Obstieg gëtt doduercher définiéiert, dass den Owen als bezuelenden Client d’Portman dominéiert, kommandéiert an kontrolléiert. An der Halschent fänkt den Owen un hat ze agresséieren, mee hat bleift standhaft. Hien kann d’Agressiounen weiderhinn obrecht erhaalen, mee hat sëtzt méi stramm dogéint. Wat hien schléisslech zum aknécken zwéngt, hie kann net anecht a fänkt u mat kräischen.
Dat ganzt gëtt musikalesch parallel illustréiert: Um Ufank leeft Smack My Bitch Up vun The Prodigy. Dee Moment wou hien brécht leeft How Soon Is Now vun de Smiths. D’Metapher brauch ee jo kengem ze erklären.
An lo zu mengem Punkt: Ech behapten, d’Cover vun t.A.T.u. hätt dem Film ob där Plaz zu enger weiderer Déift verhollef. Natierlech ass et legitim, The Smiths ze spillen, aus e puer Grënn: The Smiths sinn d’Generatioun vum Clive Owen, an verkierperen dohier seng Generatioun am Strip Club. Dovuner oofgesinn wor de Club, laut Owen, éier dass et en Stripclub ginn ass e Punkclub. Dat ass als Parallel ze gesinn ob d’Zäit an däer d’Smiths grouss gi sinn, wou Punk riwwer wor.
Mee: t.A.T.u wier dee besseren Choix gewiecht. De Song bleift a senger Bedeitung dee selwechten an funktionnéiert weiderhinn als Metapher fir dem Clive Owen säi Verloscht, seng Einsamkeet an seng Ängscht. Mee nach méi: Den Album wou d’Cover drop wor heescht 200km/h in the wrong lane. Hei ass e weideren Hiweis, dass dee Schrëtt falsch ass, wat sech am Film och sou rausstellt, den Owen gëtt obsédéiert. Dovunn oofgesinn spillt d’Portman mat sengem Ausgesinn, senger Onschold an ass trotzdem einfach eng domm Sau. Genee dat gëtt och an der Musék vun t.A.T.u verkierpert, genau dat ass dat woufir si stinn, an et hätt am Film als Projektor fir dem Portman seng Roll funktionnéiert.
Dofir fuerderen ech en Neischnëtt vum Film, wou d’t.A.T.u.-Cover d’Smiths Original ersetzt.
Ech muss zouginn, dass ech réischt relativ spéit op de K’naan, e kanadesche Rapper mat somalesche Wuerzelen opmierksam gi sinn. Säi Lidd “Wavin’ Flag” hat ech allerdéngs scho kannt, sou wéi wuel déi meeschte Leit, doduerch, dass ech d’Reklamm vun engem net onbekannte Brausegedrénkshiersteller gesinn hunn, an där d’Lidd spillt.
Dir kennt se:
Lo ass d’Originalversioun vum K’naan awer eppes anescht, wéi d’Coca-Cola Reklamm ee wëll gleewe loossen. An zwar geet et an “Wavin’ Flag” ëm Krich, Gewalt, an d’Iwwerliewen. An dem “Celebration Mix”, wéi déi schéin Versioun fir d’Fussballweltmeeschterschaft heescht, sinn dës Elementer, naja, zimlech komplett verschwonne.
Mir vergläichen also. D’Album-Versioun vum K’naan sengem 2009er Album Troubadour:
An déi Versioun, wéi se Coca-Cola an d’Fifa fir passend fannen:
Hmm… Gesitt der wat ech mengen? Dass d’Fifa sech net géif am offizielle Lidd vun der WM zu der permanenter Kritik un dem Tournoi en vue vun dem Misär, deen um afrikanesche Kontinent herrscht, äussere géif, dierf kaum iwwerraschend sinn. Dass se allerdéngs den onwahrscheinleche Culot hunn e Lidd ze huelen, dat sech mat genee dëser Thematik ausernee setzt, an et sou ze Recht ze béien, dass et eng Feierlaun verbreet, hätt ech mer awer och net denke wëllen. Dass de Kënschtler do matmécht, ass engersäits natierlech suspekt, anerersäits wier e blöd sech dës Chance zu allgemenger Opmierksamkeet entgoen ze loossen.
An dann gëtt et do nach eng drëtt Versioun, an där meng ganz perséinlech Spezien, will.i.am an David Guetta sech zesumme mam K’naan u sengem Lidd vergräifen. Während do den Text rëm méi no un dat erukënnt, wat et um Ufank war, ass et awer eng aner, bësse komesch Versioun.
Geschriwwen den 8/05/2010 vum Thorben3 Kommentaren
Eis über-Kategorie Webkonfusiounen.
Läscht Nuecht wor ech beim Yasha Büffelgrasvodka drenken. De Yasha ass en Hamburger Bouf an en huet mir den neien Live-Duebelalbum vu Fettes Brot viirgespillt. Dass Fettes Brot einfach nëmmen cool sinn, ass e Fakt wéi St. Pauli an der éischter Liga oder dass et Lëtzebuerger Whisky gëtt. Bei deem neien Fettes Brot Album koumen mir e puer Mol d’Schudderen, sou gutt ass en. An am Februar schon hu Fettes Brot eng 2010 Versioun vun hierem fantasteschten “Jein” rausbruecht. Wann ech gelifft. Fuckin’ hell!
Dann huet eiser aller Liebling Regina Spektor Radiohead hiert “No Surprises” gecovert. Fir den emotionalen Deel vum Owend ze assuréieren.
Dann gëtt et den Internetsite Hype Machine, wou, e bëssen wéi Blip.fm MP3′s vu Blogs gecrawled ginn an dann zum lauschtren do sinn. Immens fir Remixen vun all méiglecher Musék ze fannen. An Bastard Pop. À propos Basterd: College Humor huet eng Parodie op “Grammar Nazis”, dat si Leit, déi wann ee seet “an UK” dann an de Kommentarer soen “et misst am UK heeschen”.
Geschriwwen den 2/05/2010 vum Thorben2 Kommentaren
Alete-Baby-Nahrung. De White an der Stad. Pedro Almodovar Filmer. Lady Gaga. Renaissance-Konscht. Bonsai kitten. Dat si just e puer Saachen aus der Kategorie: Dat kéint mech net manner interesséieren.
Eng aner Saach - an ech weess dass de Chris do mat mir net d’Accord ass – déi mech net interesséiert ass Fussball.
Ech hunn awer grad gesinn, dat St. Pauli quasi opgestiegen ass. An dat huet mech dann awer e bësse frou gemaach, well ech St. Pauli mat Leidenschaft an Männerfréndschaften verbannen, an virun allem mat der Schéinheet, zesummen ze verléieren. An net wéi Bayern-Fans ëmmer nëmmen ze gewannen. An genee dovunner handelt dem Thees Uhlmann säi Lidd “Das hier ist Fußball”. An als klengen Tribut u St. Pauli wëll ech dat mat Iech deelen.
Virun ëm puer Wochen huet jo bekanntlech dem Lady Gaga säin neie Video grouss Welle geschloe gehat. Bon, verzeit mer, wann ech mer lo net d’Méi maachen rauszefannen wéi dat Lidd geheescht huet, well ech weess wierklech net, wat mech u Lidd oder Video huet sollen begeeschteren.
Dofir hoffen ech da lo, dass ech aus mengem geeky Eck kann eng aner héich Well lasstrieden, an zwar mam M.I.A. sengem neie Video zu “Born Free”, der éischter Single aus sengem nächsten Album, deen den 29. Juni wäert rauskommen. Wann dat Lidd net de ganze Summer iwwerall rop a rof leeft, dann leeft eng fuerchtbar schif.
D’Lidd ass uewen verlinkt, mä de Video musst der och kucken, an zwar op dem M.I.A. senger offizieller Website.
Geschriwwen den 6/03/2010 vum Thorben2 Kommentaren
OK Go ass eng Band, déi deenen meeschten YouTube Fans (an dat si mir dach alleguerten) obgefall ass duerch e Video, wou si, wéi Hennessen ob Laafbänner Akrobatik vollbréngen (Here It Goes Again). Domat gëllen si bis haut nach als Pappen vun de sougenannten viralen (wéi ech dat haassen) Reklammen fir Musék. Mir sinn 2010, an jhiddereen, dee mol e Buch iwwer Marketing gelies huet an Photoshop kennt, mengt e wier de King – dofir och eng Schwemm un virale Videoen. Eent wat viru kuerzem rauskomm ass, a rem rausstécht ass dee neien Clip vun OK Go. Kennt ee vun Iech nach Professor Tim’s Incredible Machine?
Infoanimatiounen an Infografiken si sexy. All Joers kënnt eng nei “Did You Know” raus, an derteschent e puer anerer, net manner interessanter. Déi heiten huet eist Lynn mir geschéckt an se befaasst sech mam Internet. Meng Lieblingszuel: Bal duebel sou vill Europäer wéi Nordamerikaner benotzen den Internet.
An dann nach eng schéi Reklamm, déi ech Iech net well virenthalen, mat Making Of.
Dass I’m from Barcelona net aus Barcelona sinn, ass gewosst, dass se déi frouste Musek op der Welt maachen och. A well et sou frou a gutt Mënsche sinn, gëtt et well 27 Lidder vun hinnen gratis rofzelueden. Léif, nee?
Hei nach emol meng Beschreiwung vun hierem Concert aus menger Pukkelpop Retrospektive 2007: “I’m from Barcelona (8-9) géif ech als éichten Highlight vum Festival bezeechnen, well se eng immens Show ofgeliwwert hunn, mat Loftballonen a Konfetti, déi genial dozou gepasst hunn. Kee Witz.”
Wann ech zu der Musek sou mëll danzen, dass zwou vu mengen Zéiwe bludden, ouni dass ech et mierken – an ech hunn et effektiv réischt de Moien gemierkt, wéi ech meng Strëmp vum Buedem an de Wäschkuerf beweegt hunn – dann huet mat grousser Wahrscheinlechkeet d’Band, op där hirem Concert ech war, alles richteg gemaach. Hot Chip sinn hirem Ruff gerecht ginn an hunn e wonnerbaren Optakt fir hir Fréijoerstour higeluecht an d’o2Academy zum Rocke bruecht, och wann dës iwwerraschend net ganz ausverkaf war.
Et ass scho komesch, wann een déi Hären op der Bühn gesäit, déi do nach emol e Krack méi onscheinbar wierken, wéi een sech dat souwisou erwaart – géif een se op der Strooss gesinn, et géif een net denken, dass se eng vun de beléifteste Bands a Groussbritannien wieren. An definitiv net an deem Genre vu Pop fir deen si stinn. “Thieves in the Night” war dann dat éischte Lidd mat deem se déi absurd Tatsaach zelebréiert hunn, dass puer Typen, déi ausgesinn wéi wa se kéinten de Comité vun der lokaler Sociétéit vun Klingon-Schwätzer sinn, déi momentan cleversten Danzmusek op der Wekt produzéieren. Et huet ee kaum gemierkt wéi séier d’Zäit verflunn ass, sou immens waren d’Lidder openeen ofgestëmmt an dozou bestëmmt eis um Danzen ze halen. D’absolut Highlight waren natierlech déi 15 Minuten an deenen se mat “Ready for the Floor”, “One Life Stand” an “Over and Over” hir wuel bekannteste Songs hannerenee gereit hunn – och wann fir mech perséinlech och “I Feel Better” als Encore e wierklech grousse Moment war.
Wéi gesot, ech ka keng Concert-Reviews schreiwen. Ech ka mech just driwwer freeën, dass ech do war. A wéi ech et maachen. Wann der d’Chance hutt Hot Chip live ze gesinn: verpasst et net.