Pianocktail » Lëschten

Podcast: Filmer vum Joer 2010
One top ten list isn’t cool. You know what’s cool? Three top ten lists. Wéi virun enger Woch ugekënnegt hei dann elo den éischten – a wahrscheinlech leschte – Podcast, deen ech hei op Pianocktail publizéiere wäert. D’Céline vun La Poupée Russe an den Nic, laang verschollene Co-Blogger deelen nieft mir mat, wat déi beschte Filmer vum Joer 2010 sinn.

Mir schwätzen iwwer Schwulepornoen, driwwer vum Matt Damon den Aasch “gespankt” ze kréien, iwwer dem Céline seng Wënsch bestued ze ginn, a Waasser wat een a Brand stieche kann. Niewebäi nach d’sozial Grënn déi aus engem e Bankreiber maachen – mir ginn allem op de Grond. An net ze vergiessen iwwer déi Filmer déi d’Céline a mech kräische gedoen hunn!

Lauschtert iech et un. Et ass laang, mä hoffentlech dowäert.

A fir déi, déi ze liddereg sinn fir sech dat schéint Stéck unzelauschteren, nom Broch kënnt der iech d’Lëschten eng Kéier duerchliesen. Mä dat wier natierlech oncool.

D\’Pianocktail Filmer vum Joer 2010

Ech hunn sou eppes nach ni gemaach, dofir entschëllegt d’technesch  Mängel. D’Highlight ass natierlech wéi een no bal enger Stonn meng  Noperen am Hannergrond héiert, déi hir Party op de Balkon verluecht  hunn. Geleeëntlech Tipp- a Skypegeräicher sinn och net wierklech  professionell, ech weess. Mä bon.

Musek:

Trent Reznor an Atticus Ross – Hand Covers Bruise

Grizzly Bear – While You Wait for the Others

Dem Chris seng Top 10

Blue Valentine

Dogtooth

Toy Story 3

The Social Network

The Town

Gasland

Greenberg

Four Lions

Exit through the Gift Shop

The Kids Are All Right

Dem Céline seng Top 10

The Social Network

Black Swan

Shutter Island

Blue Valentine

Somewhere

The King’s Speech

The Town

Never Let Me Go

Rabbit Hole

The Kids Are All Right

Dem Nic seng Top 10

The Social Network

Black Swan

The King’s Speech

The Fighter

True Grit

Blue Valentine

Shutter Island

The Town

127 Hours

Animal Kingdom

2000-09: dem Chris säi filmesche Réckbléck (8/8)
Dat hei ass de leschten Deel vun dëser relativ laanger Serie vu Bäitreeg, an hei spillen ech als éischt emol mat Zuele rëm.

50 Filmer ware logescherweis a menger Top 50. Dovu sinn e ganz groussen Deel engleschsproocheg Produktioune gewiescht, awer och véier däitsch, véier franséisch, an zwee spuenesch Filmer, ee brasilianeschen, een italieneschen, een itsraeleschen, ee schwedeschen, ee mexikaneschen, ee bosneschen Film, sou wéi nach een aus Taiwan an een aus Hong Kong. Vun den engleschsproochege Produktioune waren véier haaptsächlech britesch, all déi aner gréisstendeels aus den USA, och wann d’Regisseuren wéi Cuarón, Jackson oder och Lee net onbedéngt Amerikaner waren.

D’Genres vun de Filmer sinn extrem ënnerschiddlech op der Lëscht, och wann zemools a menger Top 10 eng kloer Preferenz fir Filmer déi iergendeppes mat Léift ze dinn hunn erkennbar ass. Wat feelt? Sécher Horrorfilmer – obwuel Shaun of the Dead do vläicht e bëssen d’Plaz anhuele kann. Vue dass sech an deem Joerzéngt mäi Filmgoût am ausdrécklechsten entwéckelt huet, kann een einfach och drop schléissen, dass d’Filmer zimlech gutt widderspigelen wat ech generell gär hunn: Komödien, Dramen, insgesamt Saachen an deene geschnësst gëtt, ob op eng witzeg oder eescht Aart a Weis. Heiansdo kann een och ganz roueg sinn, wann dofir d’Biller eng kloer Geschicht schwätzen.

Wéi eng Filmer hätten ausser deene 60, déi ech insgesamt erwänt hunn nach verdéngt, dass se eng Kéier ernimmt ginn. Do wieren mol fir d’Joer 2000 dem Steven Soderbergh seng exzellent Traffic an Erin Brockovich, déi mech allen zwee deemools scho bewegt hunn. Dem Benicio del Toro säin Oscar fir den éischte vun den zwee Filmer war iwwregens den alleréischten Oscar wou ech live d’Iwwerreeschung matkrut. Aner groussaarteg Filmer aus deem Joer: den skurrilen O Brother Where Art Thou vun de Coens, dem Steven Daldry säin éischte Film Billy Elliott, deen e ganz grousst Häerz besëtzt an och Wonder Boys mam Michael Douglas senger beschter schauspillescher Leeschtung bis haut.

E Joer méi spéit hu mer dann déi zwee wonnerbar animéiert Filmer Monsters, Inc. an Sen to Chihiro no kamikakushi, déi zesumme mat Chicken Run, Les Triplettes de Belleville, The Incredibles, Wallace and Gromit: The Curse of the Were-Rabbit, Monster House, Ratatouille, Persepolis, Wall*E, The Princess and the Frog, Coraline, a Mary and Max fir weider animéiert Highlights an dësem Joerzéngt gesuergt hunn.

Dem Steven Spielberg seng Minority Report an Catch Me If You Can waren 2002 ënnert de beschte Filmer, genee sou wéi dem Yang Zhimou säi spektakulären Ying Xiong. Spektakulär war och d’Bourne Trilogie, an där ech zwar schon de leschten Deel erwient hunn, mä déi aner zwee genee sou gutt sinn dierften. Aner Trilogien wéi Spider-Man, X-Men, an Pirates of the Caribbean si just bis zum zweeten, oder iwwerhaapt just am éischte Film gutt gewiescht. Eng weider Filmrei, dem Gus van Sant seng Death Trilogy ass scho mat Elephant a menger Lëscht vertrueden, mä och Gerry an Last Days, sou wéi och Paranoid Park vum nämlechte Regisseur gehéieren ernimmt.

Wann een eng gutt Zäit an der Mëtt vum Joerzéngt am Kino wollt hunn, ass ee wuel net ëm dem Quentin Tarantino seng zwee beschte Filmer bis haut laanscht komm: béid Deeler vu Kill Bill si grandios an Zeen gesat, an onheemlech kuckenswäert. Onheemlech kuckenswäert ass och dem Peter Weir säi Master and Commander: The Far Side of the World, dien intelligent seng gréisser Themen mat engem spannenden Abenteurfilm verbënnt.

Gutt Action a Spannung huet och dem Michael Mann säi beschte Film nieft The Insider gebueden: Collateral, an deem den Tom Cruise nach emol duerft säin enormt Talent ënner Beweis stellen, virun deem s en duerchgetickt ass. Ähnlech spannend, an dobäi nach mat engem intelligente Message verpaakt war den 2009er Oscar Gewënner The Hurt Locker. Filmer mat schwéieren Themen waren och dem Spielberg säi Munich, dem Gonzalez Iñarritu säi Babel, Il Divo vum Paolo Sorrentino, Wendy and Lucy vum Kelly Reichhardt an Milk vum Gus van Sant, dee sech mat der wierklecher Geschicht vum Harvey Milk, dem éischten oppen homosexuelle gewielte Politiker an den USA beschäfegt.

Wierklech Geschichten goufen och an The Aviator, Capote, Walk the Line, Into the Wild an The Informant! op eng remarkabel Aart a Weis festgehalen, während d’Documentairen Bowling for Columbine, La Marche de l’Empereur, Grizzly Man, Darwin’s Nightmare, Man on Wire an Encounters at the End of the World alleguer brillant waren.

A wéieng Filmer sollt ee soss nach gesinn hunn? Majo: Love Actually war eng wonnerbar Komödie fir d’Feirdeeg, De battre mon coeur s’est arrêté ass an zimlech all Hisiicht perfekt, Temporada de Patos ass e komeschen, mä immense Film, a Star Trek mécht Spaass vun der éischter bis zur leschte Minutt. The 40-Year-Old Virgin, Superbad, Pineapple Express an Knocked Up strapazéieren engem seng Laachmuskelen, während In Bruges dat mat enger spannender a cleverer Geschicht verbënnt. Un Conte de Noël an Garden State erziele vu komesche Famillen, während Pride & Prejudice an The Painted Veil dat bescht u Kostümdrama ze bidden haten.

Donnie Darko ass einfach nëmme komesch, Memento ass dem Nolan säi beschte Film, Adaptation an Confessions of a Dangerous Mind sinn top Charlie Kaufmann Filmer.

Oh, a jo Mar Adentro, The Life Aquatic with Steve Zissou, The Darjeeling Limited, Me, and You and Everyone We Know, Hotel Rwanda, Tropical Malady, Caché, A History of Violence, Stranger than Fiction, Brick, Notes on a Scandal, The Reader, A Single Man an The Messenger.

A mat The Others an 28 Days Later hunn ech souguer nach zwee Horrofilmer gutt fonnt.

Sinn dat se all? Sécher net. Mä dat war et lo mol heimat.

2000-09: dem Chris säi filmesche Réckbléck (7/8)
Okay, okay, dat hei hätt scho laang solle riwwer sinn. Dat ginn ech zou. Mä ech hat keen Internet an der Wunneng a sou och keng grouss Loscht ze bloggen. Mol kucken wéi et elo rëm gëtt. Hoffen iech gefale meng lescht Choixen.

Hei meng Froen un iech:

- Huet iergendeen bis elo e Film gekuckt, well ech e gelëscht hunn?

- Wat sinn är léifste Filmer vun den 00er Joeren?

- Wéiee Film hunn ech komplett vergiess, deen awer immens ass?

#10 A SERIOUS MAN (Joel & Ethan Coen, 2009)

Em wat geet et? Eng modern Hiobsgeschicht.

Firwat ass e sou gutt? Well e brutal, witzeg an onmoosseg déif ass. A wann s de dann nach däi ganze Film ronderëm d’Lidd “Somebody to Love” vun Jefferson Airplane opbaus. Hey, wie kann do widderstoen?

#9 THE CURIOUS CASE OF BENJAMIN BUTTON (David Fincher, 2008)

Em wat geet et? .Neweil’d

Firwat ass e sou gutt? Well en dem Fitzgerald seng relativ einfach Kuerzgeschicht an eppes vill méi grousses, jo epesches mécht.

#8 UN PROPHÈTE (Jacques Audiard, 2009)

Em wat geet et? Eng “coming of age” Story am Prisong.

Firwat ass e sou gutt? Well e keng Nout falsch setzt. Et ass déi Zort Geschicht, wou s de onbedéngt wësse wëlls, wéi et ausgeet a gläichzäiteg awer net wëlls, dass se je ophält.

#7 WO HU CANG LONG (Ang Lee, 2000)

Em wat geet et? Chinesen, déi mat Schwerter kämpfen, an dobäi duerch d’Loft schwiewen.

Firwat ass e sou gutt? Chinesen, déi mat Schwerter kämpfen, an dobäi duerch d’Loft schwiewen!

#6 PUNCH-DRUNK LOVE (Paul Thomas Anderson, 2002)

Em wat geet et? Eng Liebesgeschicht.

Firwat ass e sou gutt? Well ech d’Gefill hunn, dass de Paul Thomas Anderson nach ni eng romantesch Komödie gesinn huet. Well soss ass dat do net z’erklären, wou en all d’Regele vum Genre einfach brécht. Plus: Bonuspunkten dofir, dass en sech eng Symbolik fir de Film iwwerluecht huet, déi funktionnéiert ouni erdréckend ze sinn.

#5 HABLE CON ELLA (Pedro Almodóvar, 2002)

Em wat geet et? Zwee Männer, déi a Komapatiente verléift sinn.

Firwat ass e sou gutt? Well en der wéi deet, mënschlech a senger Onmënschlechkeet ass, an um Schluss zu engem Happy End féiert. Wat hu mer wéinst deem Film gestridden, wéi mer iwwert eis kollektiv Lëscht geschwat hunn, an ech a menger heiansdo net ganz diplomatescher Aart a Weis, jiddereen als Idiot bezeechent hunn, deen de Film net op der Lëscht hat.

#4 CIDADE DE DEUS (Fernando Meirelles, 2002)

Em wat geet et? E brasilianesche Fotograph, an eng speziell Rei Fotoen.

Firwat ass e sou gutt? Wat ech e Film léiwer hunn, wat et mer méi schwéier fällt z’erklären firwat dat sou ass. Ech kenne wierklech keen, deen dëse Film zum Beispill net exzellent fënnt. A wierklech et geet dach nëmmen ëm d’Geschicht a wéi wonnerschéin se duerchgefouert ass…

#3 LE FABULEUX DESTIN D’AMÉLIE POULAIN (Jean-Pierre Jeunet, 2001)

Em wat geet et? Dem Amélie Poulain säi Feldzug.

Firwat ass e sou gutt? D’Amélie Poulain ass einfach gutt. Do fänkt et scho mol un. Wéi oft gesäit ee Filmer iwwer Mënschen déi einfach gutt sinn? An dann ass de Film a sengem ganzen Opbau einfach esou zockerséiss, et stierft ee bal un enger Iwwerdos während dem Film. Mä a soss kengem vu senge Konschtwierker, kënnt dem Jeunet seng Method sou exzellent zum Droen, wéi hei.

#2 LOST IN TRANSLATION (Sofia Coppola, 2003)

Em wat geet et? Zwee Leit an engem Hotel.

Firwat ass e sou gutt? Wéi mécht een dat eigentlech fir Langweil ze filmen, ouni langweileg ze sinn? Wéi der Däiwel geet dat? Ech weess et net, d’Sofia Coppola kann et zur Perfektioun a wann et och ni méi u Lost In Translation erukënnt, et huet fir ëmmer eng Plaz a mengem Häerze sécher.

#1 ETERNAL SUNSHINE OF THE SPOTLESS MIND (Michel Gondry, 2004)

Em wat geet et? Eng Koppel, déi sech géigesäiteg aus hiren Erënnerunge läsche léisst.

Firwat ass e sou gutt? Ehm, keng Ahnung.

Déi ganz Lëscht:

1. Eternal Sunshine of the Spotless Mind (Michel Gondry, 2004)

2. Lost in Translation (Sofia Coppola, 2003)

3. Le fabuleux destin d’Amélie Poulain (Jean-Pierre Jeunet, 2001)

4. Cidade de Deus (Fernando Meirelles, 2002)

5. Hable Con Ella (Pedro Almodóvar, 2002)

6. Punch-Drunk Love (Paul Thomas Anderson, 2002)

7. Wo Hu Cang Long (Ang Lee, 2000)

8. Un prophète (Jacques Audiard, 2009)

9. The Curious Case of Benjamin Button (David Fincher, 2008)

10. A Serious Man (Coen Brothers, 2009)

11. Atonement (Joe Wright, 2007)

12. Gegen die Wand (Fatih Akin, 2004)

13. Little Miss Sunshine (Jonathan Dayton, Valerie Faris, 2006)

14. There Will Be Blood (Paul Thomas Anderson, 2007)

15. The Lord of the Rings: The Fellowship of the Ring (Peter Jackson, 2001)

16. Match Point (Woody Allen, 2005)

17. Brokeback Mountain (Ang Lee, 2005)

18. Almost Famous (Cameron Crowe, 2000)

19. Bright Star (Jane Campion, 2009)

20. Shaun of the Dead (Edgar Wright, 2004)

21. Fa yeung nin wa (Wong Kar Wai, 2000)

22. The Royal Tenenbaums (Wes Anderson, 2001)

23. The Pianist (Roman Polanski, 2002)

24. Gomorra (Matteo Garrone, 2007)

25. Little Children (Todd Field, 2006)

26. The Lord of the Rings: The Two Towers (Peter Jackson, 2002)

27. Children of Men (Alfonso Cuarón, 2006)

28. The Assassination of Jesse James by the Coward Robert Ford (Andrew Dominik, 2007)

29. Sideways (Alexander Payne, 2004)

30. The Squid and the Whale (Noah Baumbach, 2005)

31. The Departed (Martin Scorsese, 2006)

32. The Lord of the Rings: Return of the King (Peter Jackson, 2003)

33. Spider-Man (Sam Raimi, 2002)

34. Le scaphandre et le papillon (Julian Schnabel, 2007)

35. Elephant (Gus van Sant, 2003)

36. Before Sunset (Richard Linklater, 2004)

37. Waltz with Bashir (Ari Folman, 2008)

38. Volver (Pedro Almodóvar, 2006)

39. The Fountain (Darren Aronofsky, 2006)

40. Good Bye, Lenin! (Wolfgang Becker, 2003)

41. Zodiac (David Fincher, 2007)

42. (500) Days of Summer (Marc Webb, 2009)

43. Gosford Park (Robert Altman, 2001)

44. Im Juli (Fatih Akin, 2000)

45. Finding Nemo (Andrew Stanton, 2003)

46. Das Leben der Anderen (Florian Henkel von Donnersmarck, 2006)

47. Tillsammans (Lukas Moodysson, 2000)

48. Y tu mamá tambien (Alfonso Cuarón, 2000)

49. Requiem for a Dream (Darren Aronofsky, 2000)

50. No Man’s Land (Boris Tanovic, 2001)

2000-09: dem Chris säi filmesche Réckbléck (6/8)
Sorry, dass lescht Woch näischt koum, ech hu vill ze dinn.

#20 SHAUN OF THE DEAD (Edgar Wright, 2004)

Em wat geet et? Eng romantesch Komödie, mat Zombies.

Firwat ass e sou gutt? Et ass, wuel oder iwwel, de witzegste Film vum Joerzéngt, wann een e bëssen Usproch, mä net ze vill huet. Eng wonnerschéi Persiflage vun Horrorfilmer, déi niewebäi och nach eng schéi Geschicht iwwer d’Slacker-Dosinn vu ville jonke Männer am 21e Joerhonnert spënnt. Méi dovu w.e.g.! Huch, ah jo, et gëtt jo och nach Hot Fuzz!

#19 BRIGHT STAR (Jane Campion, 2009)

Em wat geet et? Den John Keats, seng Léift, säin Dout.

Firwat ass e sou gutt? Jo, ech hunn dobäi gekrasch gehat. Lo net haart, mä awer sou Tréine si scho gelaf. Wat jo och normal ass, well de Film einfach nëmmen mat engem sengen Emotioune spillt. An dat op eng gutt Aart a Weis. Sou musse Biopics sinn – obwuel ech alles iwwert de Keats wousst – spannend an zu all Moment ergräifend.

#18 ALMOST FAMOUS (Cameron Crowe, 2000)

Em wat geet et? E Jong, deen d’Rockwelt als Journalist kenne léiert.

Firwat ass e sou gutt? Ech héiere vun ëmmer méi Leit, déi dee Film net gär hunn an ech kann dat einfach net verstoen, well d’Mëschung a mengen Aen, tëscht Mémoire, Komödie, Drama an Homage un eng Ära einfach perfekt getraff ass. Et laacht een, et ass een traureg, et ass ee schockéiert. Mä zu all Moment trëfft de FIlm seng Téin richteg.

#17 BROKEBACK MOUNTAIN (Ang Lee, 2005)

Em wat geet et? Zwee Männer, déi sech op engem Bierg kenne léieren.

Firwat ass e sou gutt? Um Pianocktail Festen 1.0 huet de Joël legendärerweis eise Jacques an den Thorben als homophob bezeechent, well se dëse Film net gutt fannen. Homophob géif ech lo net direkt soen, mä op alle Fall fannen ech et schwéier verständlech wéi een net fir dës extrem klassesch Liebesgeschicht fale kann. Klassesch, frot der. Jo, klassesch. Wien hei net d’Ierwen vun den Hollywoodfilmer aus de 40er, 50er, a 60er erkennt, soll sech net Filmkenner nennen.

#16 MATCH POINT (Woody Allen, 2005)

Em wat geet et? E sozialen Opsteiger, deen den een oder anere Problem huet.

Firwat ass e sou gutt? Well en einfach nëmme perfid ass. Perfid well en Gefiller an engem héich komme léisst, déi einfach net sinn dierften. An natierlech, well e Film, dee sech ënnert de beschte Filmer vum Woody Allen sengem oeuvre wienen dierf, absolut un d’Spëtzt vun enger Lëscht wéi där heier gehéiert. Ze oft vergiessen sou genannten Allen Fans, wéi potent seng Dramen sinn. Dat hei ass ganz, ganz wäit vir.

#15 THE LORD OF THE RINGS: THE FELLOWSHIP OF THE RING (Peter Jackson, 2001)

Em wat geet et? E Rank, deen an e Feier geheit gi soll, a Männer déi ze blöd sinn et ze maachen, an dofir engem klenge Männes uvertrauen.

Firwat ass e sou gutt? Dierf ech soen, aus Nostalgiegrënn. Et ass den Ufank vun enger grousser Trilogie, an éierlech, besser hätt een et kaum maache kënnen.

#14 THERE WILL BE BLOOD (Paul Thomas Anderson, 2007)

Em wat geet et? E sozialen Opsteier, deen den een oder anere Problem huet.

Firwat ass e sou gutt? Well de Grommel en net gutt fënnt. Nee, natierlech net. Well dat wat e gutt mécht, ass him nämlech just entgaang, an zwar, dass e Film, deen eng gewëssen Ambiance, e gewësst Gefill verspréit, an einfach nëmme makellos produzéiert ass, oft méi ze bidden huet, wéi déi spannendste Geschicht op der Welt. Wat ech an engem Film sichen, ass net déi séier Ënnerhalung (heiansdo schon), mä eppes wat mech op laang Dauer emotional an intellektuell beschäftegt. Wat, wann net dat, mécht There Will Be Blood? (Ab hei gi wierklech déi Filmer un, déi ech ëmmer an zu all Dageszäit kucke wëll.)

#13 LITTLE MISS SUNSHINE (Jonathan Dayton, Valerie Faris, 2006)

Em wat geet et? Eng Famill, déi probéiert hir Duechter zu engem Schéinheetsconcours ze bréngen.

Firwat ass e sou gutt? Well e witzeg, clever, an häerzeg ass. Well en de Proust zitéiert, ouni sech dobäi lächerlech ze maachen. An ech fanne geschate 98% vun de Proust-Zitater op eisem Planéit deplacéiert. (An ongeféier 100% vun de Baudelaire Zitater.)

#12 GEGEN DIE WAND (Fatih Akin, 2004)

Em wat geet et? Türken, déi keng Türke si wëllen. An et awer si mussen.

Firwat ass e sou gutt? Well en Handlung, Stil, a gréisser Bedeitung an Eeklang bréngt, ouni dobäi an d’Fal ze tappen iergendenge Klischees ze verfalen.

#11 ATONEMENT (Joe Wright, 2oo7)

Em wat geet et? Eng fuerchtbar Ligen, a wéi se d’Liewen vun zwee Mënschen verännert.

Firwat ass e sou gutt? E Buch gutt adaptéieren ass schwéier. Ëm sou méi, wann et schon als Klassiker zielt, obwuel et relativ nei ass. Dass Atonement dëst hikritt ass dem Film a virun allem dem Joe Wright héich unzerechnen. An éierlech, déi Musek vum Dario Marianelli? Déi kéint ech och permanent lauschteren.

2000-09: Dem Chris säi filmesche Réckbléck (5/8)
Keng Internetverbindung an der neier Wunneng. Dofir Pianocktail light. Biller kommen no.

#30 THE SQUID AND THE WHALE (Noah Baumbach, 2005)

Em wat geet et? Zwee Jongen a wéi d’Trennung vun hiren Elteren se beaflosst.

Firwat ass e sou gutt? Den Noah Baumbach erzielt hei vu senger eegene Kandheet, an et ass alles esou, esou traureg. Déi Kanner, déi einfach nëmme wëlle speziell sinn, an déi wëlle vun hiren Eltere bemierkt ginn, well se selwer genuch Problemer hunn. E Bezéiungsdrama, dat d’Niewenduersteller an de Mëttelpunkt stellt.

#29 SIDEWAYS (Alexander Payne, 2004)

Em wat geet et? E Jonggesellenabschied an de Wäibierger vu Kalifornien.

Firwat ass e sou gutt? Mir ass lo just déi genial Idee komm, Sideways mat The Hangover ze vergläichen an dobäi z’erklären firwat den ee Film genial an den aneren lächerlech schlecht ass. Sideways ass nämlech wierklech witzeg, brutal an provozéierend, während The Hangover eng zimlech pubertär Phantasie vu Provokatioun ass. En ass nämlech alles anescht: harmlos. Wou an The Hangover ass w.e.g. sou eng Zeen wéi déi an där de Paul Giamatti seng eege Mamm beklaut? Dat nennen ech Drama a Komik zugläich. Et ass eng super Reflektioun vun eiser Gesellschaft alleng an där Zeen. An dat mécht de Film brillant.

#28 THE ASSASSINATION OF JESSE JAMES BY THE COWARD ROBERT FORD (Andrew Dominik, 2007)

Em wat geet et? Ehm, jo. Den Titel seet alles, oder?

Firwat ass e sou gutt? De beschten Terrence Malick Film, deen den Terrence Malick net gedréit huet. Atmosphär, plus Geschicht, plus Schauspill. Dat wat den Casey Affleck an dësem Film ofliwwert (a wat vun der Academy zu Onrecht mat enger Oscarnominéirung fir de beschten Niewenduersteller gewierdegt gouf – hien ass d’Haaptroll), ass eng Performance fir d’Éiwegkeet an hoffentlech mierkt geschwënn iergendeen dat a gëtt dem Affleck méi signifikant Rollen ze spillen.

#27 CHILDREN OF MEN (Alfonso Cuarón, 2006)

Em wat geet et? D’Mënschheet steet op der Kopp, well keng Kanner méi op d’Welt kommen.

Firwat ass e sou gutt? De Cuarón ass e Meeschter dran, e laange Shot ze halen. Doduerch entsteet eng Ambiance a senge Filmer, déi wéineg aner Regisseuren hikréien – et kann een déi ganz Emgéigend vun de Personnagen opsaugen an genéissen, während sech brutal Saachen ofspillen. D’Aart a Weis wéi dëse Film gedréit, a geschnidden ass, sicht senges gläichen.

#26 THE LORD OF THE RINGS: THE TWO TOWERS (Peter Jackson, 2002)

Em wat geet et? E Rank, deen nach ëmmer net an d’Feier geheit ginn ass.

Firwat ass e sou gutt? Obwuel ee weess, dass et just en Iwwergangsstéck ass, ass The Two Towers wierklech zimlech immens, well en sech ni als just en Deel tëscht zwee Eckpunkten ufillt. Plus: Helm’s Deep ass eng vun de beschte grousse Kampfzeenen, déi je gedréit goufen.

#25 LITTLE CHILDREN (Todd Field, 2006)

Em wat geet et? Kleng a grouss Kanner. Virun allem där grousser.

Firwat ass e sou gutt? Sou richteg kann ech och hei net soen, wat mech un deem Film esou matrappt. D’Personnagen si lächerlech, bedauernswäert an net wierklech tragesch. Mä et fillt een sech hinnen no, well se eng Mënschlechkeet besëtzen, déi vill ze seelen an der Fiktioun hautesdags nach existéiert.

#24 GOMORRA (Matteo Garrone, 2008)

Em wat geet et? D’Camorra. An d’Leit, déi drënner leiden.

Firwat ass e sou gutt? Ech hunn ëmmer schon Artikel gelies gehat, wéi schlëmm Neapel si soll, heiansdo och op ARD oder ZDF eng Reportage gesinn. Mä dëse Film huet mer du sou wierklech virun Aen gefouert, wéi déif Neapel vun der Korruptioun duerch d’Camorra zerfriess ass, a wéi schlëmm d’Leit engersäits drënner a leiden, an anerersäits se versichen, selwer dran ranzekommen.

#23 THE PIANIST (Roman Polanski, 2002)

Em wat geet et? E Pianist, deen dem Holocaust entgoe wëll.

Firwat ass e sou gutt? Adrien Brody.

#22 THE ROYAL TENENBAUMS (Wes Anderson, 2001)

Em wat geet et? Eng Famill, mat lauter Problemer.

Firwat ass e sou gutt? Eigentlech ginn et dräi Personnagen, déi mech wierklech interesséieren an dësem Film: de Richie, als Bjørn Borg Kopie, d’Margaret, d’Schrëftstellerin, an den Eli Cash, Schrëfsteller. Déi dräi, an all hirer Trauregkeet bewegen mech. An ech hu schon öfters mol erwient, dass et eng bestëmmt Zeen an The Royal Tenenbaums ass, déi ech als den Ursprong vu mengem Filmgeektum gesinn.

#21 FA YEUNG NIN WA – IN THE MOOD FOR LOVE (Wong Kar Wai, 2000)

Em wat geet et? E Mann an Hong Kong, seng Fra, seng Nopesch.

Firwat ass e sou gutt? Faarwen. Beim Wong Kar Wai ass et wierklech ëmmer sou, dass ech d’Gefill hunn, wéi wann e seng Filmer molen géif, sou bont sinn se. Dës déif beréierend Geschicht, déi an 2046 weidergefouert gëtt, ass sou schéin ze kucken, dass engem bal net opfält, wéi leed engem d’Personnagen di mussen.

2000-09: dem Chris säi filmesche Réckbléck (4/8)
Ech sinn bëssen am Stress. Dofir kommen d’Biller no. Merci fir d’Verständnis.

#40 GOOD, BYE LENIN! (Wolfgang Becker, 2003)

Em wat geet et? E Jong, deen fir seng Mamm, déi aus dem Koma erwescht d’DDR nobaut.

Firwat ass e sou gutt? Ganz einfach: Story. Eng Geschicht, déi gutt ass, geet heiansdo duer.

#39 THE FOUNTAIN (Darren Aronofsky, 2006)

Em wat geet et? D’éiwegt Liewen, a firwat et onnëtz ass.

Firwat ass e sou gutt? Et ass schwiereg um Ufank duerchzeblécken an ze verstoen, wat genee geschitt, mä wann ee sech drop aléisst an d’Poesie vun dem Ganzen unhëlt, da kann een The Fountain eigentlech just gutt fannen. Weder Aronofsky nach Hugh Jackman ware je besser, an dem Film geléngt et ëmmer nees mech zu Tréinen ze réieren.

#38 VOLVER (Pedro Almodóvar, 2006)

Em wat geet et? Eng Fra, hir Duechter, hir Mamm, an eng Rei Doudeger.

Firwat ass e sou gutt? De Film ass immens, well en stéckerchersweis just eng extrem tragesch Geschicht erzielt, an dobäi awer staark Fraen weist, déi hire Situatioune Meeschter sinn. Et ass en emotionalt Meeschterwierk mat onerwaartenen Twists, déi zu all Moment optauchen. Einfach nëmme ganz grousse Kino.

#37 VALS EM BASHIR (Ari Folman, 2008)

Em wat geet et? D’Erënnerung un de Libanonkrich 1982.

Firwat ass e sou gutt? De Film ass gutt, well en d’Erënnerung vum Mënsch op eng säugutt Aart a Weis duerstellt. Heiansdo verdränge mer Saachen, well se ze schmäerzvoll sinn. Heiansdo heescht awer genee dës Ausernanersetzung, dass een sech selwer réischt kenne léiert an an dësem Fall, dass een d’Geschicht vu sech a senger Natioun matschreift.

#36 BEFORE SUNSET (Richard Linklater, 2004)

Em wat geet et? Zwee Leit, déi sech 9 Joer no hirer éischter Enconter rëm gesinn.

Firwat ass e sou gutt? Well de Film, a seng bësse méi wéi eng Stonn a puer Minuten Spillzäit an engem Zoch eng eenzeg Diskussioun weist, ouni langweileg ze ginn. Well en eis Personnagen méi no bréngt, déi een nom éischte Film (Before Sunrise) schon immens fonnt huet, an hir éischt Nuecht zesummen an domat och den éischte Film an en anert Liicht réckelt. Well de Schluss ee vun de beschten aller Zäiten ass.

#35 ELEPHANT (Gus van Sant, 2003)

Em wat geet et? E Schoulattentat.

Firwat ass e sou gutt? De Film huet Schwächten (Homosexuellen- an Nazischäiss), mä trotzdem bréngt en et fäerdeg eng extrem bedréckend Situatioun ouni grousse Schnickschnack a grouss Gesten fir d’Leit zur Realitéit ginn ze loossen. Ech wäert ni vergiessen, wéi ech en am Kino gesinn hunn (mat 15-16 Joer) an duerno mat Kollegen eppes drénke war, a mer eigentlech net vill soe konnten.

#34 LE SCAPHANDRE ET LE PAPILLON (Julian Schnabel, 2007)

Em wat geet et? Den Dominique Bauby, deen trotz locked-in Syndrom seng Autobiografie schreift.

Firwat ass e sou gutt? De Film ass eng ganz aner Approche zum typesche biopic. An all ze ville Filmer kucke mer dem Personnage no. Hei gi mer wierklech an e ragesat. Et ass alt nees keen “Malen nach Zahlen” biopic, mä eng wierklech kreativ Ausernanersetzung mam Thema. Kudos virun allem fir dem Janusz Kaminski seng Aarbecht hannert der Lëns.

#33 SPIDER-MAN (Sam Raimi, 2002)

Em wat geet et? E jonken New Yorker, deen zum Superheld gëtt.

Firwat ass e sou gutt? Wat ech u Spider-Man esou gutt fannen, kënne vill Leit net novollzéien. Mä et ass einfach eng Geschicht, déi vun A bis B geet an d’Schrëtt dotëscht sinn all perfekt duerchduecht. Donieft ass et wierklech eng gutt gemaachen Ufanksgeschicht fir en all ze bekannte Personnage.

#32 THE LORD OF THE RINGS: RETURN OF THE KING (Peter Jackson, 2003)

Em wat geet et? E Rank, deen an e Feier geheit gëtt.

Firwat ass e sou gutt? Et ass de Schluss vun enger grousser Trilogie. Spannend, wonnerschéin a voller immens inszenéierter Kampfzeenen.

#31 THE DEPARTED (Martin Scorsese, 2006)

Em wat geet et? Zwou Raten, zwee Flicen. Se siche sech géigesäiteg.

Firwat ass e sou gutt? The Departed ass a gewësser Hisiicht de Film, deen de Scorsese ëmmer nogesot krut, mä ni gemaach huet. Et ass e wierklech spannende Film iwwer Crime, Glawen a Vertrauen.

2000-09: Dem Chris säi filmesche Réckbléck (3/8)
#50 NO MAN’S LAND (Denis Tanovic, 2001)

Em wat geet et? De Krich am Kosovo, a wéi zwee ideologesch friem Menschen zesumme fannen, well s eduerch d’Zoustänn dozou gezwonge ginn.

Firwat ass e sou gutt? Ganz einfach: d’Geschicht strotzt vu Menschlechkeet. Zwou Persounen, dei duerch d’Politik an duerch Krich getrennt ginn, koopereieren fir aus dem Schlamassel raus ze kommen. E wierklech inspireierende Film, deen Menschen zum besseren ännere kann.

#49 REQUIEM FOR A DREAM (Darren Aronofsky, 2000)

Em wat geet et? Veier Drogesüchteger, a wei hir Sucht se lues awer secher zersteiert.

Firwat ass e sou gutt? Den Darren Aronofsky ass e Meeschter, wann et drem s geet Konscht an Handlung an Eeklang ze brengen. E brutalen, versteierende Film, deen op eng wierklechsensationell Aart a Weis gedreit ass an visuell faszinant ass. Donieft huet en en epesche Score vum Clint Mansell – alles zesumme gesinn, eng emotional Achterbunnfuert.

#48 Y TU MAMÁ TAMBIÉN (Alfonso Cuarón, 2001)

Em wat geet et? Eng Reess vun zwee 17jähregen, dei virun der Uni mat der 10 Joer mei alen Fra vun engem Cousin eng mystesch Plage a Mexiko sichen.

Firwat ass e sou gutt? De Film huet eigentlech 3 Ebenen: d’primär Handlung, déi schrecklech Wourecht, déi zum Schluss un d’Liicht kennt, an Mexiko an d’historesch a politesch Lag vun engem Land an enger chaotescher Situatioun. E Film, deen ee just gutt fanne kann, mä deen een och wierklech muss sacke loossen, bis dass een e richte ophelt.

#47 TILLSAMMANS (Lukas Moodysson, 2000)

Em wat geet et? Eng Gemeinschaft vun Fräidenker, an déi eng nei Film erakennt.

Firwat ass e sou gutt? Wat mech beim Moodysson emmer benadrockt ass, wéi seriö hien Kanner a Jugendlecher helt, a wéi genee en sech a si era versetze kann. All d’Personnagen hei am Film hunn Déift – a sou ass et e Wierk voller Wäermt, wat ee wierklech matrappe kann.

#46 DAS LEBEN DER ANDEREN (Florian Henckel von Donnersmarck, 2006)

Em wat geet et? En Theaterregisseur gett vun der Stasi observeiert, well e Parteiueweren hien am Buhlen em eng Fra aussschalte well.

Firwat ass e sou gutt? Das Leben der Anderen ass eng Ode un d’Menschlechkeet an un d’heelend Wierkung vu Konscht. D’”Sonate vom guten Menschen” gett fréi als Thema erwient an et ass eigentlech wierklech d’Zentrum vum Film. Mensche si gutt, kenne sech besseren a kenne fir dat Schéint an d’Fräiheet kämpfen. An dann natierlech dem Ulrich Mühe seng sensationell Performance.

#45 FINDING NEMO (Andrew Stanton, 2003)

Em wat geet et? Den Nemo verschwend, a säi Papp geet op d’Sich no him.

Firwat ass e sou gutt? Well en eng genial Geschicht erzielt, mat Personnagen, déi komplett duerchduecht a voller Déift sinn. An doduerch, dass sech e groussen Deel vun der Handlung am Mier ofspillt, sinn d’Biller wonnerschéin, well d’Miereswelten realistesch a faarwefrou duergestalt ginn.

#44 IM JULI (Fatih Akin, 2000)

Em wat geet et? E Mann reest op Istanbul, fir enger Fra do seng Léift ze gestoen.

Firwat ass e sou gutt? Éierlech gesot, ech hunn de Film säit ville Joeren net méi gesinn an et ass dofir schwéier fir mech et anzeschätzen. Mä d’Geschicht, wéi zwee Leit zesummen duerch Osteuropa reesen ass sou brillant an ee vun den eenzeg erwienswäerte Roadmovies vum Joerzengt.

#43 GOSFORD PARK (Robert Altman, 2001)

Em wat geet et? E britescht aristokratesch Haus, eng Party an e Mord.

Firwat ass e sou gutt? Eng Diskussioun iwwer d’Klassegesellschaft an där oppen iwwer all méiglech Schwieregkeeten vu Grouss a Kleng vum soziale Spektrum geschwat gett. E perfekt inszinéierte Film vun engem vun de gréisste Regisseuren aller Zäiten. Niewebäi ass de riesege Cast Grond fir eng grouss Zuel vun de beschte schauspilleresche Performance vum Joerzengt.

#42 (500) DAYS OF SUMMER (Marc Webb, 2009)

Em wat geet et? Boy meets girl. Boy falls in love. Girl doesn’t.

Firwat ass e sou gutt? De Film ass net perfekt, mä en ass eng kreativ Aart a Weis mat dem vill ze festgefuerene Genre romantesch Comédie emzegoen. Hei ass eng Geschicht, déi nonlinear erzielt gett, a wou et wierklech mol eng Kéier Senn mécht, well eis Erennerungskraaft eben genee sou ass. Stilistesch immens, an thematesch simpel. E Film brauch net vill fir gutt ze sinn.

#41 ZODIAC (David Fincher, 2007)

Em wat geet et? D’Sich nom Zodiac-Killer.

Firwat ass e sou gutt?Wat mech sou begeeschtert as, dass hei aus kenger Geschicht, eng Narrativ gesponne gett, déi spannend an zu all Moment onduerchsichteg ass. Et gett keng wierklech “Malen nach Zahlen” Léisung fir d’Sich nom Zodiac ze erzielen, an dofir ass et emsou méi erstaunlech, dass et wierklech ee vun de beschte Kriminalfilmer iwwerhaapt ass.

2000-09: Dem Chris säi filmesche Réckbléck (2/8)
Ech weess, et ass eng ganz komesch Saach, dass ech e schlecht Gewëssen géigeniwwer Filmer hunn, wann ech se gär hunn, mä se net a meng Lëschte ragezwängt kréien. Et ass eigentlech souguer relativ lächerlech – ouni Zweifel.

Allerdéngs gëtt et jo d’Méiglechkeet éierbar Erwienungen ze ernennen, dat heescht Filmer, déi wierklech zitéiert gi sollten, mä heiansdo einfach just ëm e Krack net gutt genuch, oder déif genuch a mengem Häerz sinn fir op d’Lëscht ze kommen. An vue dass et am éischte Joerzéngt vun eisem neie Joerdausend méi wéi 50 gutt Filmer gouf, muss ech einfach enger ganzer Rei Filmer hei nach emol meng Léift gestoen. Hei sinn 10 Stéck an alphabetescher Reiefolleg:

2046 (Wong Kar Wai, 2004)

Dëst Sequel zum Wong Kar Wai sengem In the Mood for Love ass wahrscheinlech ee vun de faarwegste Filmer, déi je gedréit goufen. Einfach nëmme wonnerschéin an och herrlech traureg. Pur Poesie, souwuel thematesch, wéi och vun der Ausféierung hir.

THE BOURNE ULTIMATUM (Paul Greengrass, 2007)

Et ass e leidegt Thema, dass duerch dem Greengrass seng Bourne-Filmer Actionzeenen hautesdags reiheweis beim Greengrass kopéieren, mä kee wierklech un d’Schéinheet an Tensioun vum Initiateur senge Wierker erukënnt. The Bourne Ultimatum ass en intelligente Schluss (?) fir eng vun de beschten Trilogien (?), déi et bis ewell gouf.

DANCER IN THE DARK (Lars von Trier, 2000)

E Musical vum Lars von Trier ass natierlech net dat nämlecht, wéi meng Lieblingen Mary Poppins a West Side Story, mä dëse grausame Film, mat senge wonnerschéine Lidder vum Bjørk ass einfach net aus dem Kapp ze kréien. Dem von Trier säi beschte Film vum Joerzéngt – mä ech muss gestoen, dass ech Dogville ni fäerdeg gekuckt hunn.

FANTASTIC MR. FOX (Wes Anderson, 2009)

E Film, dee sou vill Spaass mécht, wéi dëse Stop-Motion Film vum Wes Anderson misst eigentlech all Mënsch bei senger Gebuert als DVD geschenkt ginn, ob dass d’Mënsche méi glécklech duerch d’Liewe ginn. Déif Konflikter op eng kannereg Aart a Weis verpaakt.

JUNO (Jason Reitman, 2007)

Egal wat d’Leit soen, Juno ass e clevere Film mat ganz vill Häerz an enger brillanter Performance vum Ellen Page, ganz un der Spëtzt vum Film. En ass witzeg, a wann en och munches e bëssen op eng liicht Schëller hëlt trotzdem absolut kuckenswäert.

MOON (Duncan Jones, 2009)

Ech war en d’lescht Woch nach eemol mat eisem Jacques an de Kino kucken, a wat den Duncan Jones alias Zowie Bowie bei sengem Debut als Regisseur op d’Leinwand bréngt ass sou e schéine Melange aus klasseschen Hollywoodzutaten an enger indie Ausféierung, dass en einfach muss geluewt ginn.

MULHOLLAND DR. (David Lynch, 2001)

Wéi ech Mulholland Dr. fir d’éischte Kéier gekuckt hunn, hunn ech missen no 25 Minuten ongeféier ophalen, well mäin Häerz gerast huet vun emotionaler Ustrengung. Ech weess net wat et ass, mä iergendeppes huet mech sou verstéiert, dass ech eng Paus gebraucht hunn. Réischt méi spéit konnt ech de Film fäerdeg kucken an dat ganzt verworrent Wierk ass mer bewosst ginn an net méi aus dem Kapp gaang.

MYSTERIOUS SKIN (Gregg Araki, 2005)

E komesche Film, deen dech um Schluss zu Tréine réiert – zwee Jongen gi komplett anescht duerch dat wat hinnen als Kanner geschitt ass beaflosst an räifen zu ënnerschiddlechen Erwuessenen erun. Glécklech sinn se, trotz dem baussente Schäin allerdéngs selwer net. Alt rëm en absolut verstéierende Film, dee kee kal loosse kann.

SHORTBUS (John Cameron Mitchell, 2006)

Jo, de Film an deem een echte Sex gesäit, an deem e Mann sech selwer ee bléist an d’amerikanesch Nationalhymn vun engem Schwulen an engem anere säin Anus gesonge gëtt. Fir déi, déi sech u sou Saache stéieren, ass de Film näischt. Fir déi aner, ass et e Film, deen perfekt déi alldeeglech kleng Ängscht, déi mir alleguer hunn ëmschreift an eis domadder konfrontéiert.

SYNECDOCHE, NEW YORK (Charlie Kaufman, 2008)

Ech weess nach ëmmer net wierklech wat ech vun dësem bombastesche Film hale soll. Wat ech méi driwwer nodenken, wat ech en net onbedéngt besser verstinn. Ech denken fir en ze verstoen, muss een einfach liewen an al ginn – Saachen erliewen a verdauen.

2000-09: dem Chris säi filmesche Réckbléck (1/8)
Mir bei Pianocktail hu laang un enger Lëscht geschafft an där eis Auteuren probéiert hunn d’Filmer vum vergaangene Joerzéngt an eng schéin Reiefolleg ze setzen fir déi 50 bescht ze bestëmmen. Leider Gottes, denken ech, ass dëse Projet, deen eigentlech saucool war virleefeg gescheitert. Firwat? E puer Grënn gëtt et: do wier éischtens mol eis enorm Lidderegkeet. Zweetens hu mer keng gutt Aart a Weis fonnt fir eis eenzel Meenungen an eng gemeinsam zesumme fléissen ze loossen. Net zu lescht hat et sécherlech och mat menger Arroganz ze dinn, mat där ech munch Filmer, déi op Lëschten opgetaucht sinn zur Sau gemaach hunn. An d’Feelen vun aneren beklot hunn. (Ech sinn e schreckleche Chef. Frot den Thorben.)

Soit. Hoffentlech kréie mer de Projet awer nach iergendwéi zu Enn bruecht. Et wier cool. Bis dohin tréischten ech mech awer domat, dass ech meng 50 léifste Filmer an e puer éierbar Erwienunge virstellen. An dat all Méindeg, bis dass d’Serie riwwer ass, an insgesamt aacht Deeler – dat hei wier den éischten.

Dëse Méindeg geet et un mat den éierbaren Erwienungen. Ech hoffen dir freet iech drop fir mat ze diskutéieren. D’Lëscht ass komplett subjektiv, also reegt iech net zevill driwwer op, wann är Filmer feelen – déi si sécherlech grad esou gutt.

(PS: jo, de Film op der Foto ass dobäi. Dir kënnt jo alt emol roden, wou.)

Top 10 Filmer vum Joer 2009
#10 THE INFORMANT!

(Steven Soderbergh)

Ech hu mer et zur Gewunnecht gemaach, dass op menger zengter Plaz e Film ass, deen ech perséinlech extrem interessant fonnt hunn, mä wou ech vläicht net onbedéngt der Meenung sinn, dass en eng Top 10-Plaz hu misst. No Man on Wire an Into the Wild ass dat dëst Joer dem Steven Soderbergh säin absolut genialen The Informant! bei deem s de duerch dem Matt Damon seng beschte schauspilleresch Leeschtung bis haut ni wierklech weess wou s de dru bass. Wéi gesot, e wonnerbare Film mat wonnerbarem Cast.

#9 THE PRINCESS AND THE FROG

(Ron Clements, Jon Musker)

Pixar, Pixar. Pixar. Pixar? Pixar!? Disney! Jo, e Film no der gudder aler Disney Formel ass a mengen Aen ee vun de beschte Filmer vum Joer. Aus dem Fräschkinnek maachen Disney eng nei, opgepeppelt Geschicht, déi heinsdo vläicht e bëssen ze vill cool wierkt, mä een awer dat grousst Häerz vun der aler Animéierkonscht rëmerkenne léisst. Mat dem wuel emotionalste Moment vum ganze Filmjoer an deem e klenge Gléiwiermchen zu senger grousser Léift kënnt. Zauberhaft.

#8 STAR TREK

(J.J. Abrams)

Ech ginn zou virun an no dësem Film keen eenzege Star Trek Film gesinn ze hunn, a vläicht ass et och dowéinst, dass dem J.J. Abrams säi Reboot vun der Serie mech esou matgerappt huet. Packend Action, e cleveren Twist, deen de ganze Star Trek Universum op d’Kopp ze setze schéngt an eng gutt Pris Humor maachen dëst sécherlech zu engem vun de gréisste Kinoserliefniesser vum Joer.

#7 THE HURT LOCKER

(Kathryn Bigelow)

Ech weess net, wéini ech fir d’lescht e Krichsdrama gesinn hunn, dat mech esou matgerappt huet wéi The Hurt Locker – wahrscheinlech war et Band of Brothers op der Telé. D’Kathryn Bigelow huet e Film gemaach, an deem ee wierklech spiert, wéi d’Schauspiller op der Leinwand ënnert der Hëtzt leiden, den emotionalen Drock steet gräifbar am Raum, wann se Minuten ze laang mussen bei enger Bomm verharren fir se ze entschäerfen. Et gëtt ni langweileg, wéi mer ëmmer an ëmmer weider Bommen entschäerfen an doraus eng Narrativ kreéiert gëtt. Eng wahnsinneg gutt.

#6 FANTASTIC MR FOX

(Wes Anderson)

Dass de Wes Anderson och Filmer adaptéiere kann huet e mat desem wonnerbaren Stop-Motion Wierk bewisen an deem e säin verspilltent Universum mat der eenzegaarteger Geschicht vum Roald Dahl verschmëlze léisst. Och wann en sech dobäi net streng un dem grousse briteschen Auteur seng Virlag hält, sou spriechen dach Humor, Spannung an Originalitéit fir e Film, deen den Dahl sécher sou gär gesinn hätt.

#5 MOON

(Duncan Jones)

Et schéngt an de Genen ze leien, dat kreativt Talent. Well hannert dem Numm Duncan Jones verstoppt sech keen aneren wéi dem David Bowie säi Jong. An engem minimalistesche Film, dee vill méi vast wierkt, wéi en ass, dreift den Jones de Sam Rockwell zu der Performance vu sengem Liewen. Am Dialog mat sech selwer an der Roboterstëmm vum Kevin Spacey deckt en op, wéi a ville, ville Joeren e falscht Spill mat him um Mound gedriwwe gouf. Alt rëm eng originell a matrappend Geschicht.

#4 (500) DAYS OF SUMMER

(Marc Webb)

Boy meets girl. Boy falls in love. Girl doesn’t. Sou seet d’Premiss vun (500) Days of Summer a genee sou entwéckelt de Film sech och: fréi kréie mer mat wéi d’Verhältnisser sinn, an de Marc Webb léisst eis seng Geschicht éischter verstoen wéi en et senge Personnagen erlaabt. 500 Deeg hin an hir, mat Léift, Laachen, Danzen, Schmäerz a virun allem enger gudder Portioun Humor decken d’Krux vum männleche Verléiftsinn schamlos op a ginn eis eng flang an d’Gesiicht dofir, dass mer Dreemer sinn. Just fir eis duerno dofir en décke Kuss ze ginn. Genial.

#3 BRIGHT STAR

(Jane Campion)

Biopics sinn e schwieregt Genre an der Filmwelt, well se all ze oft extrem generesch riwwer kommen. Wéi gutt also, dass d’Jane Campion sech eng Geschicht hëllt iwwert déi net vill gewosst ass – dëse Spillraum erlaabt him nämlech e verzaubernde Film iwwer d’tragesch Geschicht vum John Keats a sengem Fanny Brawne ze erzielen. Et ass genee sou eng Geschicht iwwer d’Léift, wéi och iwwer Frëndschaft, Erwuesse ginn, an d’Problematik vu Klassegesellschaften an deenen d’Gléck fir déi beschte Mënschen oft einfach ze wäit weg ass.

#2 A SERIOUS MAN

(Joel, Ethan Coen)

D’Coen-Bridder haassen hir Personnagen. Déi Impressioun kritt een op mannst, wann een e Groussdeel vun hirem Oeuvre ukuckt. An A Serious Man gëtt dat Spill op d’Spëtzt gedriwwen, well de Larry Gopnik net nëmmen eng aarme Sau ass, mä u sengem Ongléck och komplett onschëlleg ass. Eng wahnsinneg clever Geschicht entsteet doraus wéi de Larry probéiert iergendwéi alles rëm sou hin ze kréien, wéi et fréier war – a scheitert. Wéi den Hiob an der Bibel ass e mat Glawenszweifel konfrontéiert – a weder hien nach iergendeen aneren gëtt verschount, wann et dorëms geet opzeweisen, dass all Guddes a Schlechtes all Moment jidderengem widderfuere kann, ouni dass et eng Premeditatioun misst ginn.

#1 UN PROPHÈTE

(Jacques Audiard)

Dass de Jacques Audiard et fäerdeg bréngt sech mat all Film ze steigeren ass opgrond vu sengen exzellente Wierker ëmmer rëm erstaunlech. Mä de Fortschrëtt vun De battre mon coeur s’est arrêté zu dëser sensationeller Geschicht an där e klengen Analphabet sech duerch seng Cleverness zum grousse Gangster entwéckelt, a lues awer sécher seng Onschold ofleet, ass phänomenal – an deet ee wierklech wonneren wéi den Audiard dat hei nach emol toppe wëll. Den Tahar Rahim an den Niels Arestrup sinn kongenial an hire Rollen als Lehrling a Mentor an no zwou an enger halwer Stonn intensem Filmkucken wëll een awer nëmme méi, méi, méi.