Ech weess, et ass eng ganz komesch Saach, dass ech e schlecht Gewëssen géigeniwwer Filmer hunn, wann ech se gär hunn, mä se net a meng Lëschte ragezwängt kréien. Et ass eigentlech souguer relativ lächerlech – ouni Zweifel.
Allerdéngs gëtt et jo d’Méiglechkeet éierbar Erwienungen ze ernennen, dat heescht Filmer, déi wierklech zitéiert gi sollten, mä heiansdo einfach just ëm e Krack net gutt genuch, oder déif genuch a mengem Häerz sinn fir op d’Lëscht ze kommen. An vue dass et am éischte Joerzéngt vun eisem neie Joerdausend méi wéi 50 gutt Filmer gouf, muss ech einfach enger ganzer Rei Filmer hei nach emol meng Léift gestoen. Hei sinn 10 Stéck an alphabetescher Reiefolleg:
2046 (Wong Kar Wai, 2004)
Dëst Sequel zum Wong Kar Wai sengem In the Mood for Love ass wahrscheinlech ee vun de faarwegste Filmer, déi je gedréit goufen. Einfach nëmme wonnerschéin an och herrlech traureg. Pur Poesie, souwuel thematesch, wéi och vun der Ausféierung hir.
Mir bei Pianocktail hu laang un enger Lëscht geschafft an där eis Auteuren probéiert hunn d’Filmer vum vergaangene Joerzéngt an eng schéin Reiefolleg ze setzen fir déi 50 bescht ze bestëmmen. Leider Gottes, denken ech, ass dëse Projet, deen eigentlech saucool war virleefeg gescheitert. Firwat? E puer Grënn gëtt et: do wier éischtens mol eis enorm Lidderegkeet. Zweetens hu mer keng gutt Aart a Weis fonnt fir eis eenzel Meenungen an eng gemeinsam zesumme fléissen ze loossen. Net zu lescht hat et sécherlech och mat menger Arroganz ze dinn, mat där ech munch Filmer, déi op Lëschten opgetaucht sinn zur Sau gemaach hunn. An d’Feelen vun aneren beklot hunn. (Ech sinn e schreckleche Chef. Frot den Thorben.)
Soit. Hoffentlech kréie mer de Projet awer nach iergendwéi zu Enn bruecht. Et wier cool. Bis dohin tréischten ech mech awer domat, dass ech meng 50 léifste Filmer an e puer éierbar Erwienunge virstellen. An dat all Méindeg, bis dass d’Serie riwwer ass, an insgesamt aacht Deeler – dat hei wier den éischten.
Dëse Méindeg geet et un mat den éierbaren Erwienungen. Ech hoffen dir freet iech drop fir mat ze diskutéieren. D’Lëscht ass komplett subjektiv, also reegt iech net zevill driwwer op, wann är Filmer feelen – déi si sécherlech grad esou gutt.
(PS: jo, de Film op der Foto ass dobäi. Dir kënnt jo alt emol roden, wou.)
Ech hu mer et zur Gewunnecht gemaach, dass op menger zengter Plaz e Film ass, deen ech perséinlech extrem interessant fonnt hunn, mä wou ech vläicht net onbedéngt der Meenung sinn, dass en eng Top 10-Plaz hu misst. No Man on Wire an Into the Wild ass dat dëst Joer dem Steven Soderbergh säin absolut genialen The Informant! bei deem s de duerch dem Matt Damon seng beschte schauspilleresch Leeschtung bis haut ni wierklech weess wou s de dru bass. Wéi gesot, e wonnerbare Film mat wonnerbarem Cast. (more…)
How can I give you the answers you need when all I possess is a melody?
Ech ka mech nach genee un déi Zäit erënneren, wéi am Joer 2000 den Badly Drawn Boy bekannt ginn ass. Meng éischt Meenung vun him berout nämlech op engem Iertum.
Als 12jähregen, ferventen MTV-Jünger, dee leider net genuch Englesch konnt fir d’Sendungen ze verstoen, déi e gekuckt huet, mä souwisou just no Videoen gelechzt huet, war do op eemol vill Rieds vun engem gewëssen Badly Drawn Boy – ech allerdéngs hunn den aarme Kärel net mat senger wierklecher Musek assoziéiert, mä mat enem zimlech verstéierende Musekvideo mat engem Mann an enger eelerer Fra, wou ech lo wierklech net méi weess vu wem, dass dee Video eigentlech war. Ech duecht DAT wier Badly Drawn Boy, an och wa mer vläicht schon éischter opgefall ass, dass ech mech do geiert hunn, sou ass meng Ofneigung dem Damon Gough vu Manchester géigeniwwer réischt ëm 2004 ofgeklongen.
Während ech mech sou lues a lues dem Kärel senger Musek ëmmer méi no gespiert hunn, hunn ech op mengem London-Trip 2006 (deen wesentlechen Afloss op de Chris hat, deen der haut kennt), de ganze Backkatalog vum Badly Drawn Boy als Second Hand opkaf: The Hour of the Bewilderbeast, Have You Fed the Fish?, About a Boy, an One Plus One is One. Mäi Summer huet seng Hymnen fonnt: “How?”, “Silent Sigh”, “Everybody’s Staling” an natierlech virun allem “Once Around the Block”. 2007 um Pukkelpop duerft ech en dunn och live erliewen. Seng Show war gezeechent dovunner, dass hie rose war an während dem Sange gefëmmt huet. Wéi ech a menger Retrospektive deemols geschriwwen hat:
Virum läschte Lidd sot den Damon Gough dunn: “We should have played longer if respect was payed where it’s due” an du war och jidderengem kloer woufir e sou schlecht drop war.
Hei säi legendäre Video zu “Once Around the Block”:
Filmpouster si sou eng Saach. Wat ass e gutt Pouster? Eent, wat eppes iwwert de Film ausseet? Eent, wat d’Leit an de Kino lackelt? Eent, wat fir sech artistesch wertvoll ass? Sécher, kann een op déi dräi Saache kloer mat “Jo” äntwerten.
Sou huet e Filmpouster fir “Beowulf” sécherlech keen artistesche Reiz, bréngt et awer fäerdeg Séancen ze fëllen. Et ass vläicht net gutt, mee effizient. Anerersäits kann en effizient Pouster och säugutt sinn, sou wéi d’knätschgielt Pouster zu méngem Film vum Joer 2006 “Little Miss Sunshine”.
Sou hunn ech virun zwee Joer an och d’lescht Joer mäin Artikel ugefaang, an ech wëll et wéi der gesitt dëst Joer nees sou man. Bei der schier onendlecher Zuel vu grausam ellene Filmpouster, déi all Joer eis Kinoe verpeschten, muss een einfach och déi wierdegen, déi eppes besonnesches duerstellen. Muncht Pouster op menger Lëscht ass vläicht net besonnesch kreativ, mä huet awer e speziellt Gefill mat deem et de Film ëmschreiwt, deen et virstelle soll.
Jo, ech recycléiere schamlos d’Texter, déi ech an de leschte Joeren scho gebraucht hunn. Mä wat gëtt et ze soen? Ech maachen net méi, wéi eng kleng Sammlung vu schéin ze kuckende Filmpouster. Do brauch et net vill Wierder, d’Biller schwätze fir sech.
All Joer hunn ech eng bëssen anescht Aart a Weis fir meng léifste Lidder vum Joer virzestellen, an amplaz rëm eng Lëscht vu 50 Lidder ze presentéieren hunn ech mech dëst Joer dofir decidéiert déi am Endeffekt awer zimlech normal Zuel vun 20 Lidder rauszeschielen an déi hei an alphabetescher Reiefolleg ze feieren. Mol eppes anescht, he so?
Wéi all Joer hunn ech bestëmmt iergendeppes vergiess, ech sinn hei net esou genau wéi ech et bei Lëschten iwwer Filmer sinn, also maacht kee Kéipi wan äert Lieblingslidd net dobäi ass. Et ka sinn, dass ech einfach net dru geduecht hunn. An deem Fall dierft der et roueg an de Kommentaren erwienen. Oder et ass effektiv schäiss. An deem Fall kënnt der et fir iech behalen.
Wéi den 23. Januar 2006 Whatever People Say I Am, That’s What I’m Not an den CDs-Butteker stoung war ech mer net ze schued no der Schoul en Emtour ze maachen, fir mer déi laang erwaarten CD sichen ze goen. Doheem ukomm hunn ech déi puer Lidder, déi ech sch vu Myspace kannt hunn genee sou wéi déi mir bis dohin onbekannte Stécker einfach nëmme genoss. Ech wousst, dass hei eppes grousses ruwiisst. A sou ass et kaum iwweraschend, dass d’Arctic Monkeys haut dofir respektéiert ginn, dass se net nëmmen hir Instrumenter beherrschen wéi soss kaum eng Band, mä och dofir, dass se eng Intelligenz an hiren Texter hunn, déi et bei wéinegen anere Britpop Bands nach gëtt. (Ausser natierlech Maxïmo Park, mä dozou méi spéit.)
Witzegerweis hunn d’Arctic Monkeys, denen hiren éischten Album nach ëmmer den sech am séierste verkafenden Debütalbum vun enger Band a Groussbritannien ass, ee Joer méi spéit hiert fréit Meeschterwierk musikalesch nach emol toppe kënnen. Favourite Worst Nightmare war just ee Joer no sengem Virgänger schon de Beweis vun engem Reifeprozess fir deen vill Bands eng Éiwegkeet brauchen. An obwuel den Alex Turner, hire Sänger an Texter, deemols grad emol 21 Joer al war, huet en et awer fäerdeg bruecht ze kléngen, wéi wann e schon éiweg Joeren Liewenserfuerung hannert sech hätt.
Selwer duerft ech d’Arctic Monkeys 2006 um Pukkelpop erliewen. Et huet gereent, mä d’Band war fantastesch an hunn sou déi ganz Tristess vum Wieder weggeblosen. Hei hir Lidder “I Bet You Look Good on the Dancefloor” an “Fluorescent Adolescent”:
Geschriwwen den 2/12/2009 vum Thorben14 Kommentaren
Wee Loscht op Schnësskichelcher huet, soll op Méi liesen… klicken, do gëtt et d’Chance fir mol sou richteg oofzestänkeren.
Während de Chris sech hei orgasmesch (ass dat e Wuert?) a Lëschten ergötzt an probéiert eist Jorzéngt, dat réischt an engem Joer an engem Mount ophält, ze huldegen an ze quantifizéieren (wéi sot de Jeremy Clarkson e Sonnden bei Top Gear: Lists are a manly thing, they need to quantify everything), maachen aaner Leit dat och.
Déi däitsch Musékszeitung Intro (där ech nach emmer net iwwert de Wee trauen) huet hier bescht 100 Lidder vun den “nuller”-Joer erausbruecht. An soen mir emol sou: Déi Lëscht ass net meng Top-Song-Lescht, mä wann een awer eng End-Of-Decade-Party well man (oh nee! wat eng Idee! Ech well dat man. Déi nächste Kéier dass ech déi Chance hunn sinn ech iwwer 30 a mäi Liewen wahrscheinlech riwwer), dann wier dat doten eng hammer Playlist (ech hu grad esou loscht op Mr. Brightside ze danzen). Do sinn esou Saachen dobäi Hurt vum Cash, Remmidemmi vun Deichkind (omg, good memories), Landungsbrücken raus, die Schönheit der Chance, D.A.N.C.E., Pogo, Skinny Love, Crazy an sou weider. Ech kann et net erwaarden dass een dat als Package op den Torrent setzt an well déi ganz Nuecht danzen.
Léift ass bekanntlech ëm Chrëschtdag jo rëm all around. Et ass scho bal e bëssen Old-Fashion sech ze bestueden, och wann dat ganzt a mengem Bekanntekrees nawell viirkennt. Déi heiten Koppel op YouTube gëtt vum Paschtouer bestued, an éier se sech kussen zécken se béid hieren SmartPhone fir just kuerz op Facebook den Relationship Status ze änneren an iwwert hier Hochzäit ze tweeten (Iwwregens: @pianocktail_lu ass rem do). Dat ass natierlech en immenst Showelement an éischter e Geck wéi soss eppes. Mä: Et weist awer wou et higeet an wéi Social Networking net nemmen eng Aktivitéit vun eisem Liewen gëtt, mä e Stéck vun eisem Liewen gëtt. An der Wired (best print magazine, ever. Mä dozou spéider méi.) ass en Whitepaper geleaked nodeems Twitter plangt bis 2013 eng Milliard User ze hunn. Wee weess. Ech ka momentan net dru gleewen, mä ech hunn awer geléiert dass een net méi dierf soen: dat geet ni. Mir wäerten gesinn. Och wéi den @6eorges den Doud vu senger Kaz (Futsi, rouh a Fridden) matgetwittert an mat Fotoen beluecht huet, huet dat vill Useren vläit irritéiert, oder ameséiert, an vill wossten net wéi reagéieren, mä ech gesinn, an gleewen drunn dass dat nach wäert weidergoen, dass Leit hier Emotiounen an Gedanken op sozialen Netzwierker deelen. An dat huet fir mech just nach zum Deel mat Exhibitionismus ze dinn, mä vill méi mam fait, dass mir Menschen eis Gefiller ausdrécken wëllen an vläit mussen, an wann Social Networks Deel vun eis sinn, dann ass dat eng logesch Konsequenz.
Genuch Gedanken, lo gett gebashed an geluewt. De Chris huet gesot, hee well net rem Blog Awards verléinen, well dat just gestänkers gëtt. Wou en wuel recht huet. Mir ass dat awer egal, mä ech weess nach net, op ech et man. Egal wéi. Hei hutt dir d’Méiglechkeet anonym Leit fir de beschten, schlechtesten (lëtzebuerger) Blog, Post, Kommentar ze nominéieren an eis en Idee ze ginn, wat iech beweegt huet an de Joeren 2008 an 2009. Dir musst och net alles ausfëllen. Also, soot et eis!
Wéi den Thorben u mech rugetrueden ass, fir d’Webkonfusiounen méi topical ze maachen, duecht ech direkt dass dat eng gutt Iddi wier. Dass ech séier selwer géif mäi Peffer dozou bäidroen stoung dee Moment net op der Kaart.
Mä wéi ech virdrun d’Interview mam Umberto Eco iwwer Lëschten op Spiegel Online gelies hunn, war et ëm mech geschitt an ech war op eemol Thema vun engem Artikel am gréissten däitschen Informatiounssite. Ech si matzendran, als de Mënsch, dien vun eent bis zéng Saachen duerchnumeréiert, als de Leopold Bloom, dien an en Tirang kuckt an am Kapp duerchgeet wat e wou leien huet. Den Artikel ass wierklech e must-read fir jidfereen.
A wa mer scho beim Thema sinn, da kënne mer och op e puer Lëschte verweisen, wéi zum Beispill op d’Bierenaarbecht, déi Acclaimed Music nees verriicht, fir déi beschten Alben a Lidder vum Joer, mä dëst Joer natierlech och vum Joerzéngt ze küren. Oder op déi schéin Lëschten iwwer d’Filmer vum Joerzéngt, déi komesch (Times), interessant (Telegraph) oder och faszinéierend (Tim Robey) sinn. A schlussendlech och eppes, wat ech normalerweis net liese géif, mä wat mech déi Kéier awer interesséiert: d’Forbes Lëscht vun den iwwerbezueltesten Hollywood Stars.
Ouni vill Trara. Et war schon haart genug d’Informatiounen zesummen ze sammelen… a wierklech, boah, sinn ech midd, déi zeng menger Meenung no wichtegste Filmkomponisten vun 2000-2009:
#10 Jon Brion (Punch-Drunk Love, I Heart Huckabees, Eternal Sunshine of the Spotless Mind; Synecdoche, New York)
#09 James Newton Howard (The Village, Collateral, Batman Begins, King Kong, Michael Clayton, The Happening, The Dark Knight, Defiance, Duplicity)
#08 Alberto Iglesias (Hable con ella, La mala educación, The Constant Gardener, Volver, The Kite Runner, Ché, Los abrazos rotos)
#07 Yann Tiersen (Le fabuleux destin d’Amélie Poulain; Goodbye, Lenin!)
#06 Howard Shore (The Lord of the Rings Trilogy, Gangs of New York, The Aviator, The Departed, Eastern Promises, Doubt)
#05 Gustavo Santaolalla (Amores perros, 21 Grams, Diarios de motocicleta, Brokeback Mountain, Babel)
#04 Thomas Newman(Road to Perdition, Finding Nemo, Cinderella Man, Jarhead, Little Children, The Good German, Wall-E, Revolutionary Road)
#03 John Williams (AI: Artificial Intelligence, Harry Potter and the Sorceror’s Stone, Minority Report, Harry Potter and the Chamber of Secrets, Catch Me If You Can, Star Wars Episode II, Harry Potter and the Prisoner of Azkaban, Memoirs of a Geisha, Munich, Indiana Jones and the Kingdom of the Crystal Skull)
#02 Clint Mansell (Requiem for a Dream, The Fountain, The Wrestler, Moon)
#01 Alexandre Desplat (Sur mes lèvres, Girl with a Pearl Earring, Birth, De battre mon coeur s’est arrêté, Casanova, Syriana, The Queen, The Painted Veil; Lust, Caution; The Golden Compass, The Curious Case of Benjamin Button, Chéri, Coco avant Chanel, Un prophète, Julie & Julia, Fantastic Mr. Fox, The Twilight Saga: New Moon)
Éierbar Erwienungen: Clint Eastwood, Tan Dun, Danny Elfman, Michael Giacchino, Philip Glass, Jonny Greenwood, Dario Marianelli, Hans Zimmer