Archiv fir d'‘Film’ Kategorie:
Cinemablend Den James Marsh (Man on Wire) schwätzt driwwer firwat de Kevin Smith en Aasch ass. Recht huet en.
The Carpetbagger Interview mam Yorgos Lanthimos, Regisseur vun Dogtooth, dem fir en Oscar nominéierte, griechesche Meeschterwierk, dat der bei MUBI kucke kënnt. Méi zu Dogtooth, wa mer zu menger Top 10 vum Joer kommen.
The AV Club Rattle and Dumb: 13 rock movies that make their subjects look like dicks.
Guardian zum Kinostart vun True Grit, déi zéng bescht Kino-Cowboys.
Basket of Kisses BRING BACK MAD MEN IN 2011 PETITION.
Wat am Moment tëscht AMC an Lionsgate ofgeet ass einfach nëmmen eng Schan. Mad Men ass déi beschte Serie op der Telé an et gi Millioune Fans, déi vun Ufank un dobäi waren, an et net verdéngt hunn dass d’Serie éiweg op sech waarde léisst, just well d’Produzenten profitgiereg sinn. Kuckt dass de Matthew Weiner sou séier wéi méiglech rëm dru schreiwe kann, a gitt iech eens.
Dat hei ass de leschten Deel vun dëser relativ laanger Serie vu Bäitreeg, an hei spillen ech als éischt emol mat Zuele rëm.
50 Filmer ware logescherweis a menger Top 50. Dovu sinn e ganz groussen Deel engleschsproocheg Produktioune gewiescht, awer och véier däitsch, véier franséisch, an zwee spuenesch Filmer, ee brasilianeschen, een italieneschen, een itsraeleschen, ee schwedeschen, ee mexikaneschen, ee bosneschen Film, sou wéi nach een aus Taiwan an een aus Hong Kong. Vun den engleschsproochege Produktioune waren véier haaptsächlech britesch, all déi aner gréisstendeels aus den USA, och wann d’Regisseuren wéi Cuarón, Jackson oder och Lee net onbedéngt Amerikaner waren.
(more…)
Sou, wéi d’lescht Joer och schon, organiséieren ech dëst Joer nees meng Oscar Pool, an där et drëm geet d’Oscars richteg ze tippen. (Ech muss mer bëssen eng iwwerleeën mat de Punkten allerdéngs, well ech e Gefill hunn, dass dëst Joer d’Kuerzfilmer soss d’entscheedend Gewiicht hu wäerten, well ee Film alles anescht dominéiere kéint.)
Vue dass ech d’Pool d’lescht Joer gewonn hat, huet sech keen de Präis ergattert, deen et ze gewanne gouf. Dëst Joer maache mer dat anescht. Ech spillen zwar mat, mä och wann ech gewanne sollt (a maache mer eis näischt vir…), kritt den zweetplazéierten e Präis vun DVDs, eventuell CDs a Bicher. Wat a wéivill et gëtt, decidéieren ech réischt, wann ech gesinn wéivill Leit deel huelen – d’CEDIES bezillt, an wat méi Leit mat maachen, wat de Präis besser gëtt.
Also maacht iech bäi, an fëllt ären eegene Stëmmziedel an. Dir hutt Zäit bis zum Oscarowend selwer.
Pianocktail Oscar Pool op Picktainment
(Passwuert: nocki)
127 Hours (Boyle, ***1/2)
Ee Kommentar zum Boyle sengem leschte Film Slumdog Millionaire an deem ech als pussy bezeechent gi sinn, huet eng ganz déif Plaz a mengem Häerzen. Ech hu mech deemools fierchterlech geiergert, well de Kommentator guer net verstan huet, wat mäi Problem vum Film war. Mä dës kuerz Kritik ass vläicht meng Renaissance a sengen Aen, well ech hunn et duerch d’Zeen an där den Aron Ralston – en immensen James Franco – sech säin Aarm ofschneid, gepackt, an mir gefällt de Film trotzdem. Sou eng pussy kann ech da jo wuel net sinn.
(more…)
Geschriwwen den 14/01/2011 vum Thorben5 Kommentaren
Fir déi, deenen et sollt entgaangen sinn: Ech wunnen fir en halleft Joer oder sou a Kanada. Méi genee gesot an der Küstenprovenz Nova Scotia. Viru kuerzem wor ech do fir t’éischte Kéier am Kino, wat a Kanada bal d’selwecht ass wéi bei eis, mat der Ausnahm vun Apparater mat deenen ee ka säi Popcorn an Margarinn ersaufen. De Choix wor tëscht The Fighter, Tron, True Grit an Little Fockers. Als Fan vum Jeff Bridges an den Coens wor do natierlech kaum Diskussioun.
True Grit geet em dat 14-jähregt Mattie, deem säi Papp wéinst enger Ieselzechkeet erschoss gouf. Dem Mattie seng Mamm ass domm wéi Brout, dofir muss hat sech em d’Bestattung këmmeren. Vill méi wëll hat awer och Revanche. Revanche fir den Dout vu sengem Papp. Dofir geet hat op d’Sich nom beschten, stäerksten, gewieftesten an zouverlässegsten Mann. E knëppelvollen Flick. Wat soss?
De Flick (Marshall Cogburn), gespillt vum Jeff Bridges mécht et eben, och wann net sou motivéiert, fir d’Suen, déi Mattie zimmlech clever kritt huet an als Sold ubidd. Laascht kënnt och nach den Tom Chaney, Texas Ranger, jonken Mann, deen de Mäerder vum Mattie sengem Papp wéinst engem Kappgeld wëll op Texas brengen. Well deen jonk, attraktiv, zouverlässeg an virun allem niichter ass, décidéiert sech d’Mattie dann awer nach emmer fir de Stracki an sou ginn se dann op den Tour, mol zu zweet, mol alleng, mol zu drëtt.
De Rescht verroden mir lo mol net.
Den True Grit huet een Motiv. Revanche. An dat ass alles, wat dee Film undreiwt. De Film ass iwwregens laut Coens keen Remake vum 68/69er True Grit, mä eng Ëmsetzung vum Buch. Den John Wayne, bekannt als Duke, gouf immens vum Jeff Bridges, bekannt als Dude, ersat. Top Choix, och wann een net versteet, wat en a sengem Sopor sou nuschelt. D’Hailee Steinfeld als Mattie bidd eng Leeschtung déi esou buedemstänneg, frech an extravagant ass, dass ech mech un d’Mathilda aus dem Luc Besson sengem Léon erënnert gefillt hunn (Thor, Black Swan an No Strings Attached – wat gëtt dat e Joer). D’Coens verstinn et dobäi, d’männlech Mentalitéit emzesetzen an enger Welt wou Männer enk Boxen droen dierfen an Prosecco schlürfen. Ähnlech wéi den Anton Chigurh an No Country for Old Men ass och de Rooster Cogburn eng Blopaus, en Idol an e Viirbild fir de modernen Mann vun haut. An den Dude brëngt dem Duke seng Mentalitéit, dass e Mann man muss, wat e man muss, immens riwwer. Gläichzäiteg verbënnt den Dude awer den Duke mam Dude, sou dass dem Cogburn och d’Dude-Mentalitéit unhänkt, d’Saachen am Liewen méi gemittlech ze huelen. Wat kann eis Generatioun sech méi wënschen?
Fräibéier. Mä och dat kënnt am Film net ze kuerz.
True Grit ass e Western. E Western. E richtegen Western. Mat Schéissereien, korrupten Cowboys, Saloons, Edelmänner an witzege Kleeder. An wat nach besser ass, ass, dat et en Coen Film ass. Méi nach: Et ass en Coen-Western. Bäm. Kee Gespills, kee Geschnörkels, just drop.
The King’s Speech (Hooper, **1/2)
Den George VI (Colin Firth) gëtt Kinnek, well säi Brudder ofdankt fir mat senger amerikanescher Frëndin liewen ze kënnen. A well dat net problematesch genuch ass, ass den neie Kinnek och nach en Tuddeler. A well dat nach ëmmer net problematesch genuch ass, geschitt dat Ganzt och nach an den 30er Joeren, also grad an där Zäit wou de Kinnek ufänke muss iwwer Radio Rieden ze halen, an dat während dem Krich och nach relativ oft. Dofir kritt den George en Sproochtherapeut aus Australien (Geoffrey Rush) zur Säit gestalt, fir dass en sech bessert.
Sou wäit, sou gutt. Mat där Geschicht kann een eigentlech e gudde Film maachen, deen sech iwwer soe mer quasi zwou Stonnen zitt. Eng interessant Prämiss, e bësse Krich, schéi Kostümer, schéin Décoren, etc. Et ass alles do wat ee brauch. Just leider ass dee Film esou schei, esou ongewollt iergendengem op d’Féiss ze trëppelen, dass en einfach extrem bluttaarm dohir kënnt. Vue dass iwwerhaapt keen sozialen Dialog agaang gëtt, muss een sech d’Signifikanz vun deem wat geschitt dobäi denken, wann een dat da brauch – a jo, dat brauch ech an dësem Fall. De Film gëtt sech net d’Méi fir der do ze hëllefen, mä erzielt der léiwer eng léif, plüscheg Geschicht driwwer wéi e Kinnek an säi Sproochtherapeut – no der zweete Kéier, dass en de Kinnek mate genannt huet, war et mer zevill – bescht Frënn ginn. Fir eng Kéier war et gutt, och dank dem exzellenten Colin Firth an der Energie vum Guy Pearce, mä e wonnerbare Film ass et net. Ech froe mech wat draus gi wier, wann en anere Regisseur/Auteur déi Geschicht hätt kënnen erzielen. D’Potential zu méi war do.
Somewhere (Coppola, ***1/2)
Streng geholl huet een am Trailer jo schon alles gesinn. Well de Film ganz einfach keng Handlung huet, näischt weider dra geschitt, de Personnage sech net verännert, an de Film net mol wierklech ufänkt, respektiv ophält. Vu Film zu Film schéngt d’Sofia Coppola méi op Handlungen ze päifen, well verglach heimat war Marie Antoinette Ulysses an Lost in Translation À la recherche du temps perdu. An awer huet de Film – deen, maache mer eis näischt vir, déi meeschte Leit der Dout langweileg fanne wäerten – eng extrem stëmmungsgelueden Ambiance, déi en ëmmer um Liewen hält. Ee vun de beschte Filmer vum Joer.
Ech kéint elo e laangen Artikel doriwwer schreiwen wéivill ech den Terrence Malick schätzen. Mä iergendwéi, denken ech, ass et besser den Trailer zu The Tree of Life fir sech selwer schwätzen ze loossen. Säit 2009 an der Postproduktioun, kënnt de Film nächst Joer op Cannes an ass endlech fäerdeg. An ech ka mer einfach net virstellen, dass de Film net op mannst interessant gëtt.
Mir hu jo déi lescht Wochen e bëssen iwwert e klenge Film geschwat, deen sech Ons Identitéit nennt. Majo, mat Four Lions kënnt souzesoen dat britescht companion piece dozou dëse Freideg a Lëtzebuerg an de Kino. Et ass ouni Zweifel ee vun de beschte Filmer vum Joer 2010, an wierklech jiddereen sollt e kucken.
Fir déi, déi sech un der “Eeesäitegkeet” vun Ons Identitéit gestéiert hunn – Four Lions ass do net esou. An awer nach wesentlech méi brutal. Pflichtprogramm fir jiddereen.
Okay, okay, dat hei hätt scho laang solle riwwer sinn. Dat ginn ech zou. Mä ech hat keen Internet an der Wunneng a sou och keng grouss Loscht ze bloggen. Mol kucken wéi et elo rëm gëtt. Hoffen iech gefale meng lescht Choixen.
Hei meng Froen un iech:
- Huet iergendeen bis elo e Film gekuckt, well ech e gelëscht hunn?
- Wat sinn är léifste Filmer vun den 00er Joeren?
- Wéiee Film hunn ech komplett vergiess, deen awer immens ass?
(more…)
Geschriwwen den 2/12/2010 vum Thorben7 Kommentaren
Dem Jacques säi Film dien hien zesummen mam Lars gemaach huet, ass online. Ons Identitéit (Mir hunn se fonnt) ass eng Satir iwwert d’Lëtzebuerger Identitéit, dien e puer wichteg Froen stellt: Hu mir eng Identitéit? Ass déi Identitéit esou wichteg, wéi mir ëmmer man? Musse mir wéinst all Saak Räis eng Petitioun man? Musse mir all Kommentar op Wort.lu kommentéiren? Muss all Skandal zum Staatsennerfaangen ginn? Brauche mir fir alles eng Facebook-Grupp?
Ons Identitéit erzielt d’Geschicht vum Emil Wirtsen (Wiiiiirtsen Eeeeeeemill) an senge Kollegen vum Comptoir, an wéi si réagéiren, wéi si gewuer ginn, dass den Brauereikozern ABC InBrüüsch d’Nationalgedrenks Lëtzebéier an der Belsch soll brauen. D’Muselina erschéngt dem Emil am Schlof, an rifft (oder sengt) hien dozou op, sech fir de Béier anzesetzen. Den Emil versteet dat falsch an organiséiert spontan eng ethnesch Säuberung vum Land.
Mam Joy Hoffmann hu mer nom Clipstar iwwert eng Lëtzebuerger Krankheet ënnert de Filmmaacher diskutéiert. Déi Krankheet verursaacht, dass mir technesch super-performant Filmer hunn, déi am Skript schwaach sinn. Ons Identitéit brécht domat. D’Skript ass meeschtens gutt, opreegend, intelligent an spannend, awer en ass technesch net ob dem Niveau vun aaneren Produktiounen (en ass emmer nach ganz gutt). An dat ass sou wéi et soll sinn. Mat witzegen Dialoger, intelligenten Pointen an afallsräichem Storytelling bréngt de Film d’Froen op de Punkt. An dobäi ass et net sou wichteg, dass de Film technesch Macken huet. D’Musék, déi fir de Film selwer komponéiert gouf an sech u klasseschen Themen orientéiert mecht de Film vollends e Muss fir jhiddereen.
Ons Identitéit ennerhällt, an weist mol ob sou munchen Mëssstand hinn. E stellt déi richteg Froen, ouni Äntwerten ze ginn. Den Humor ass knallhaart an drëschen, mä nie iwwert der Grenz. D’Attitude, de Film direkt an den Internet ze stellen, gefällt an ass zäitgeméiss. Kucken. Soss kritt der esou eng an d’Suddel, dass der mengt de MUDAM wier e Musée.
« Newer Posts —
Older Posts »