Heiansdo fannen ech jo Lëschten ganz interessant, wéi der vläicht wësst. An Ranker.com hunn eng wonnerschéin Lëscht vun de beschte bitch slaps an Filmer gemaach. An tjo, do sinn ëm puer wierklech legendär Szenen dran. Den immensen In the Heat of the Night ass d’Nummer 1 op der Lëscht. An Gott, There Will Be Blood ass e gudde Film. An do fällt mer rëm an: gläich kënnt eise Réckbléck op déi beschte Filmer vum Joerzéngt. Gläich, gläich.
D’Geschicht, wéi ech op d’Scott Pilgrim Bicher gestouss sinn, ass séier gezielt. Als Fan vum Edgar Wright senge Filmer (Shaun of the Dead, Hot Fuzz) halen ech mech natierlech gär um Lafenden, wat hien als nächst geplangt huet. Dat war lo schon zënter längerem gewosst, dass et e Film mam Numm Scott Pilgrim vs. the World ass, an dass dësen op enger Serie vu graphic novels baséiere wäert.
Well ech ëmmer méi interesséiert un der Geschicht vun de Bicher gi sinn, well déi puer preview screenings vum Film enorm erfollegräich verlaf waren, hunn ech mer se da mol besuergt. An net méi aus der Hand geluecht. D’Bicher sinn extrem liicht ze liesen, mä awer voller Referenzen fir déi, déi duerno sichen. Als graphic novel modelléiert sech d’Serie als Action-Manga, hëlt dëse Genre awer grad sou op d’Schëpp wéi Videospiller, Popmusek a soss Popkultur. Kuerz gesot, d’Lecture war wéi e fiichten Dram fir mech – sou vill schéi Saachen, iwwert déi ee blogge kéint an deene puer Säiten.
De Scott Pilgrim verléift sech an d’Ramona J. Flowers, d’wuertwiertlecht Meedchen vu sengen Dreem. Fir mat him zesummen ze kommen, muss en sech awer als éischt beweisen an zwar an deem s en dem Ramona seng “seven evil ex-boyfriends” bekämpft an zerstéiert. Dat Ganzt gëtt mat sou vill Humor an Kreativitéit behandelt, dass et engem ni langweileg gëtt, och wann den Scott schon erëm muss an e Kampf goen, deen en natierlech gewënnt. Mä vue dass de Scott selwer och genuch Ballast mat sech ze schleefen huet, eng Exfrëndin, déi verréckt no him ass, eng Exfrëndin, déi säi Bandmember ass, an eng Exfrëndin, déi säin Häerz gebrach huet, ass d’Geschicht onendlech méi komplizéiert, wéi een et lo unhuele géif. An dach awer iergendwéi net.
Mam sechste Volume kënnt an dësem Summer de leschte Band raus, an deem all déi, momentan extrem vill, Froen geléist ginn – kuerz drop kënnt dem Ed Wright säi Film. Bis dohin leeën ech jidderengem un d’Häerz sech d’Bicher eng Kéier unzekucken. Et ass derwäert, well ech nämlech sou verréckt dono sinn, dass ech well e Scott Pilgrim Desktop-Hannergrond hunn. (Hey, keen huet gesot, Pianocktail wier keng Usammlung vu bematleedenswäerte Loser! An dem Lynn.)
19:27 Et geet lass. First things first:
Wiem ech d’Präisser wënschen:
Beschte Film – A Serious Man
Bescht Regie – Kathryn Bigelow
Beschte Schauspiller – Colin Firth
Bescht Schauspillerin – Gabourey Sidibe
Beschten Niewenduersteller – Christoph Waltz
Bescht Niewenduerstellerin – Vera Farmiga
Bescht originalt Dréibuch – A Serious Man
Bescht adaptéiert Dréibuch – In the Loop
Beschten auslännesche Film – Un prophète
Beschten animéierte Film – Fantastic Mr. Fox
Beschten Documentaire – The Cove
Beschte Schnëtt – The Hurt Locker
Beschte Kamera – The Hurt Locker
Bescht Art Direction – Avatar
Beschte Kostümdesign – Bright Star
Beschte Makeup – District 9
Beschte Filmmusek – Up
Bescht Lidd – “The Weary Kind” aus Crazy Heart
Sound Editing – The Hurt Locker
Sound Mixing – The Hurt Locker
Visuell Effekter – Avatar
Bei de Kuerzfilmer hunn ech ausser Wallace and Gromit: A Matter of Loaf and Death kee gesinn, an enthale mech dofir.
Geschriwwen den 6/03/2010 vum Thorben2 Kommentaren
OK Go ass eng Band, déi deenen meeschten YouTube Fans (an dat si mir dach alleguerten) obgefall ass duerch e Video, wou si, wéi Hennessen ob Laafbänner Akrobatik vollbréngen (Here It Goes Again). Domat gëllen si bis haut nach als Pappen vun de sougenannten viralen (wéi ech dat haassen) Reklammen fir Musék. Mir sinn 2010, an jhiddereen, dee mol e Buch iwwer Marketing gelies huet an Photoshop kennt, mengt e wier de King – dofir och eng Schwemm un virale Videoen. Eent wat viru kuerzem rauskomm ass, a rem rausstécht ass dee neien Clip vun OK Go. Kennt ee vun Iech nach Professor Tim’s Incredible Machine?
Infoanimatiounen an Infografiken si sexy. All Joers kënnt eng nei “Did You Know” raus, an derteschent e puer anerer, net manner interessanter. Déi heiten huet eist Lynn mir geschéckt an se befaasst sech mam Internet. Meng Lieblingszuel: Bal duebel sou vill Europäer wéi Nordamerikaner benotzen den Internet.
An dann nach eng schéi Reklamm, déi ech Iech net well virenthalen, mat Making Of.
Eng kleng Erënnerung, dass Pianocktail bei AwardsPicks eng Oscar Pool um Start huet. Wann der matmaache wëllt, an d’Chance hu wëllt eng DVD ze gewannen vun engem fir de beschte Film nominéierte Film, dann registréiert iech an sicht no der “Pianocktail.lu Oscar Pool”. Gitt är Tipps of, bei Punktgläichheet gewënnt, wien mer déi am schéinsten ugedone Persoun richteg op chris ät pianocktail punkt lu virun den Oscars raschéckt.
Geschriwwen den 2/03/2010 vum Thorben7 Kommentaren
Ob desem Blog gouf schon virun zwéin oder dräi Méint drop higewissen, dass en Documentaire iwwer Lëtzebuerger Hiphop – Hamilius – an der Maach ass. Ma laang woren d’Informatiounen zu dësem Film rar, mä den Trailer ass raus, an eng Webpage och. De Lëtzebuerger Grafiker, Rapper an elo och Regisseur Alain Tshinza stécht hannert dësem Wierk an huet ënner anerem dem bekanntenen Kameramann Carlo Thiel u Land gezunn fir säi Projet.
Hamilius dokumentéiert de lëtzebuerger Hiphop an beobacht wéi déi véier Elementer an deenen leschten 3 Joerzengter a Lëtzebuerg gebléit hun. Hamilius kënnt den 19ten Mäerz an de Kino.
Ech hu mer et zur Gewunnecht gemaach, dass op menger zengter Plaz e Film ass, deen ech perséinlech extrem interessant fonnt hunn, mä wou ech vläicht net onbedéngt der Meenung sinn, dass en eng Top 10-Plaz hu misst. No Man on Wire an Into the Wild ass dat dëst Joer dem Steven Soderbergh säin absolut genialen The Informant! bei deem s de duerch dem Matt Damon seng beschte schauspilleresch Leeschtung bis haut ni wierklech weess wou s de dru bass. Wéi gesot, e wonnerbare Film mat wonnerbarem Cast. (more…)
Antichrist (Lars von Trier)
De Lars von Trier ass vläicht mëll, mä grad esou genial – an ech sinn em onendlech dankbar dofir, dass e mer d’Méiglechkeet gëtt de Begrëff tour de force ze benotzen. Well dat ass dësen Film, deen gläichzäiteg déi schéinsten an zerstéierendste Biller vum Joer liwwert.
Geschriwwen den 21/02/2010 vum JacquesEe Kommentar
Als ‘Sherlock Holmes’-Fan hat ech Angscht dëse Film an de Kino kucken ze goen. No allem, wat ech héieren hat, hunn ech mer eng primitiv Geschicht an iwwerdriwwen Action erwaart, an ech sinn net dovun ausgaang, meng Kandheetshelden an dësem Film z’ erkennen. Ech louch falsch.
Natierlech waren dem Arthur Conan Doyle seng Erzielungen ni rammelvoll mat Kläppereien. Heiansdo gëtt kuerz driwwer geschwat, an de Watson seet vun Zäit zu Zäit, datt den Holmes en exzellente Boxer ass, mee esou wéi an dësem Film huet Action beim Doyle net existéiert. Mee wéi kann ee soss ee Film iwwert den Detektiv maachen, deen e Publikum vun haut ënnerhält? Si mer mol éierlech, déi meescht Fäll, déi den Holmes am Doyle senge Geschichten ze léisen huet, sinn esou onspektakulär, wéi e Pompjee, deen eng Kaz vun engem Bam erof hëlt. Déi eenzeg ‘Sherlock Holmes’-Verfilmunge bis haut, déi bei de Leit eenegermoosse beléift waren, waren d’Filmer mam Basil Rathbone, an do hate se aus dem viktorianëschen Dandy e Spioun gemaach, deen Nazie gejot huet. Eppes neies ass d’Mëschung tëscht Holmes an Action also definitiv net. Iwwerdriwwen haart hunn ech d’Action-Zeenen net empfonnt, et ass vun der Gewalt hir méi no un engem ‘Indiana Jones’ wéi un engem ‘Terminator’.
Wat mech méi impressionéiert hat, war, wéi d’Personnagen am Film duergestallt waren. Ech war frou ze gesinn, datt immens vill Aspekter vum Holmes endlech mol de Wee op d’ Leinwand fonnt hunn: hien ass e Ruppjhang, seng Kummer ass en eenzege Säustall, en ass esou clever wéi en ignorant ass… Schauspillerësch gesinn ass den Detektiv-Duo einwandfrei: De Robert Downey Jr. liwwert déi Qualitéit, déi ee vun him gewinnt ass, a befënnt sech op deem selwechten Niveau wéi den Jeremy Brett, dee bis haut menger Meenung no dee beschten Holmes-Darsteller war. Den Jude Law hunn ech esou gutt fonnt wéi nach ni virdrun. Ervirzehiewen ass och den Eddie Marsan, deen et als éischte fäerdeg bruecht huet, dem Personnage vum Inspector Lestrade wierklech Liewen anzehauchen, an net einfach nëmmen en iwwerflëssege Vollidiot ze spillen.
De Film huet seng Schwächten, an der Halschent zitt e sech e bëssi, awer ech kann en trotzdem nëmme recommandéieren, och deenen, déi dem Doyle säi Wierk gutt kennen. Ech hoffen awer, datt de Guy Richie bei deene geplangte Fortsetzungen eventuell och déi eng oder aner original Geschicht mat abaut. Wee léiwer bei méi klasseschen Interpretatioune bleift, deem empfehlen ech dem Billy Wilder säin ‘The Private Life of Sherlock Holmes’, eng vun deene beschte Kino-Adaptatioune bis haut.
Geschriwwen den 12/02/2010 vum Chris14 Kommentaren
The Lovely Bones (Jackson, ***1/2) The Lovely Bones, d’Geschicht vun engem 14jährege Meedchen, dat vergewaltegt an ëmbruecht gëtt a senger Famill vum Himmel aus nokuckt, wéi se versicht mat der Situatioun ëm ze goen. Wann een dem Peter Jackson eppes loosse muss, dann ass et, dass en a senger Regie kompromisslos ass: de Film, dee mir gesinn, ass seng Visioun, déi duerch näischt gedréift gëtt. A sou gëtt aus dem Alice Sebold sengem vill méi däitlechen Roman eng extrem bildlech Erfuerung – den Jackson gëtt eis just sou wéineg u Material, de Rescht musse mer eis selwer denken. Emotional matrappend ass de Film, mat un der Spëtzt perfekte Performancen vum Saoirse Ronan, Rachel Wiesz, Susan Sarandon, Mark Wahlberg an Stanley Tucci an hannendrun enger visueller Experienz, déi senges gläiche sicht.
The Wolfman (Johnston, *)
LOL. (Jo, dat ass meng Kritik.)