Archiv fir d'‘Featured’ Kategorie:

Freaks and Geeks

Geschriwwen den 7/07/2011 vum ChrisKee Kommentar

Wéi Freaks and Geeks um Enn vum leschte Joerdausend op der amerikanescher Chaîne NBC gelaf ass, ass eigentlech alles schif gelaf, wat fir eng Serie ka schif lafen. Onattraktiv, a wiesselnd Zäiten fir d’Ausstrahlung hunn um Enn dofir gesuergt, dass no 12 ausgestrahlten  Episode Schluss war. Déi 6 weider produzéiert Episoden si réischt méi spéit a Reruns gewise ginn.

Freaks and Geeks war e Konzept, wat eigentlech ni funktionéiere konnt. Eng als Comedy klassifizéiert Serie, déi awer eng Stonn laang dauert, gëtt et scho seelen. Dass d’Serie, fir déi Zäit onvirstellbar, ouni “laughter track” auskoum, ass nach méi iwwerraschend. De wierklechen Doudesstouss huet sech d’Serie awer doduerch ginn, dass se direkt an der éischter Episod – an eigentlech och an den nächste 17 Versich – op grouss Witzer verzicht huet, an probéiert huet eng naturalistesch Approche anzegoen. Freaks and Geeks sollt realistesch sinn an net an d’Zort Hyperrealitéit schweifen, déi een vu villen Comedy-Serien gewinnt ass. An dat ass der Serie och gelongen. Allerdéngs war et wuel e Feeler dëse Realismus sou z’interpretéieren, dass just virun der éischten Ënnerbriechung fir Reklammen d’amerikanescht Publikum virun den Apparaten domat konfrontéiert gi sinn, wéi e behënnerte Jong vun enger Tribün fällt a sech den Aarm brécht. Wéineg iwwerraschend, hunn d’Leit duerno a Massen ëmgeschalt, ouni op d’Serie zréck ze kommen, sou dass doraus am Endeffekt gouf, wat ee sou schéin eng “noble failure” nennt.

(more…)

EMA

Geschriwwen den 10/06/2011 vum LynnEe Kommentar

Dee beschten Zäitpunkt rem méi ze bloggen ass wann ee grad dräi Hausarbeiten an eng Bachelor-Arbescht ze schreiwen huet, wéini soss. Also hei sinn ech a stellen iech d’Erika M. Anderson vir, oder kuerz EMA. Hat huet sain éischten Album Past Life Martyred Saints virun engem Mount rausbruecht an ech muss alt rem mai Lieblingswuert benotzen: en ass wonnerschéin. Beim éischte Lauschteren ass e mer e bessi pretentiéis viirkomm a wéi wann hat einfach d’Leit e bessi skandaliséiere wéilt, an dat hätt och bei déi Foto um Cover gepasst. Mee hat klengt esou éierlech, et ass herrlesch wéi intim de ganzen Album klengt, wéi wann et alleng fir dech géing sangen. Seng Texter sinn deelweis duercherneen a kryptesch, wat se emsou méi gefillvoll mecht an heiansdo einfach nemme riicht raus a frech. ‘But I’ m just 22 and I don’t mind dying’; genee wat ech brauch.

Maint léifste Lidd ass Marked, an deem et den text bal nemme pëspert an et schéngt wéi wann et wéilt probéieren wee méi lues kéint sange/spillen, hat oder seng krazeg Guitar. ‘Don’t you know that / I would never hurt you / You are such a pretty thing / I know I wish sometimes just / So I could explain things / Explain things / I wish that every time he / Touched me left a mark’. Hach.

Am grousse ganzen ass den Album zimlech roueg mee et kéint een em souville verschiddenen Genres zouuerdnen, et ass fantastesch. All Lidd kléngt wierklech ganz anescht a wann ee sech de Video zu Milkman ukuckt géif ee nit mengen dass ee Lidd wéi The Grey Ship vun der selwechter Persoun geschriw gouf. Oder gesong for that matter, well seng Stëmm och sou wandelbar ass an heinsdo schéin an douce an awer och rauh a männlech klénge kann. Red Star ass ee wonnerbaren Ofschloss vum Album well et sou roueg a lues ufänkt an awer op enger iergendwéi dramatescher Note ophällt, mat ganz vill Energie an dem pragmatesche Saz ‘I know nothing lasts forever / And if you won’t love me / Someone will’, wat alt rem genee de richtege Nerv trefft. Lauschtert a genéisst. Hei sai liicht psychedelesche Video zu Milkman: YouTube Preview Image

An dann hei nach ee klenge Leckerbissen deen der zwar bestemmt schon all gesin hutt mee deen hei op eisem klenge lëtzebuergesche Familljeblog nit feelen därf, de Video zu De Läbs hierem Läbdance. Ech hu jo sou Musik nit gär, an dat wäert sech wahrscheinlech sou bal nit änneren, mee ech fannen de Video wierklech gelongen a fir eis Verhältnisser bal genial. An eppes wou d’Melusinas dra matspille muss dach bal gutt sinn well sie si cool. Kuckt hei: 

Podcast: Filmer vum Joer 2010

Geschriwwen den 27/02/2011 vum Chris12 Kommentaren

One top ten list isn’t cool. You know what’s cool? Three top ten lists. Wéi virun enger Woch ugekënnegt hei dann elo den éischten – a wahrscheinlech leschte – Podcast, deen ech hei op Pianocktail publizéiere wäert. D’Céline vun La Poupée Russe an den Nic, laang verschollene Co-Blogger deelen nieft mir mat, wat déi beschte Filmer vum Joer 2010 sinn.

Mir schwätzen iwwer Schwulepornoen, driwwer vum Matt Damon den Aasch “gespankt” ze kréien, iwwer dem Céline seng Wënsch bestued ze ginn, a Waasser wat een a Brand stieche kann. Niewebäi nach d’sozial Grënn déi aus engem e Bankreiber maachen – mir ginn allem op de Grond. An net ze vergiessen iwwer déi Filmer déi d’Céline a mech kräische gedoen hunn!

Lauschtert iech et un. Et ass laang, mä hoffentlech dowäert.
A fir déi, déi ze liddereg sinn fir sech dat schéint Stéck unzelauschteren, nom Broch kënnt der iech d’Lëschten eng Kéier duerchliesen. Mä dat wier natierlech oncool.

D\’Pianocktail Filmer vum Joer 2010

Ech hunn sou eppes nach ni gemaach, dofir entschëllegt d’technesch Mängel. D’Highlight ass natierlech wéi een no bal enger Stonn meng Noperen am Hannergrond héiert, déi hir Party op de Balkon verluecht hunn. Geleeëntlech Tipp- a Skypegeräicher sinn och net wierklech professionell, ech weess. Mä bon.

Musek:
Trent Reznor an Atticus Ross – Hand Covers Bruise
Grizzly Bear – While You Wait for the Others

(more…)

Zwou Wochen Amazon Kindle

Geschriwwen den 28/01/2011 vum Thorben3 Kommentaren

Fir Chrëschtdaag gouf et e Kindle vun Amazon. De Kindle ass d’eBook-Liesgerät vun Amazon. Amazon huet haut grad ugekënnegt, dat méi wéi 50% vun hieren verkaafenen Bicher well eBooks sinn. En eBook-Reader, dat ass lo fir vill Leit iwwerraschend, well déi, déi mech kennen, wëssen, dass ech keng Bicher liesen. An dat ass näischt wat ech mat Stolz soen, mä mat Demut, well all Kéiers, wann ech liesen, fillt sech dat wierklech gutt an inspiréirend un.

Firwat also e Kindle? All Joer schreiwen ech op der Uni x Aufsätz. Fir déi man ech gären Recherche, haaptsächlech, wéi sech dat fir Studenten gehéiert, an akademeschen Journals, déi dann als PDF vu Siten wéi Springerlink oder Wiley oder sou kommen. Ech hassen et awer, Saachen um Bildschierm ze liesen aus zwéin Grënn: Bildschiermer man mech midd, an ech ginn ze liicht oofgelenkt. Ech hunn zwar keen ADS, mä …………… oh kuck mol, do hannen ass e Kaweechelchen. Dofir drucken ech mir d’Saachen dann aus, fir en Aufsatz oft 100-200 Säiten, déi ech oft relativ flaach duerchliesen an dann 20 Saachen dra fannen, an de Rescht wechgeheien. 100 Säiten kaschen an eiser Uni um Laserprinter 13 Euro. Net ze schwätzen vun de Beem. Déi dierf een jo och net vergiessen. Dofir wollt ech e Kindle, fir meng Journals ze liesen – ëmmerhin kascht dee jo just knapps 101 Euro an der Basisausféirung – an dann hätt ech no 8 Aufsätz d’Suen gespuert. An d’Beem verschount.

Virun zwou Wochen krut ech da mäi Kindle, an ech si begeeschtert. Aus der Këscht huelen, uman a fäerdeg. Ech hunn d’Versioun mat 3G – dat heescht iwwerall op der Welt wou ech 3G Connectioun hunn, kann ech Bicher aus dem Amazon Shop kaafen oder an den Internet goen. Keen Abo – keng Käschten. Dat éischt wat ech mer dropgelueden hunn woren 20 Artikelen aus dem Harvard Business Review déi ech hei hätt missten fir Ronn C$75 kaafen – a Kanada sinn Copien nach méi deier wéi a Schottland. Et ginn 2 Weer, entweder scheckt een d’PDFen als eMail un seng Amazon-Adress – da wandelt Amazon se vu PDF an d’EBook Format vum Kindle, oder et lued een se iwwer Kabel als PDF rop, da kuckt een se mam PDF Viewer. Dat éischt funktionnéiert fein mat PDF Dateien déi um Computer formatéiert sinn, déi direkt an PDF konvertéiert sinn an sou weider. Am HBR sinn vill Artikelen awer Scans, an dann ass déi Funktioun Kack. Dofir zéien ech meeschtens den PDF Viewer viir – allerdéngs muss ech do zoomen an heiansdo e bessen piddelen. Dat nervt awer net weider an stéiert de Liesfloss kaum.

Als nächst hunn ech mir op Projekt Gutenberg, wou et iwwer 33’000 eBooks fir näischt ginn, legal, well se an der Public Domain sinn, eng Rëtsch Bicher roofgelueden. Jhiddereen jéimert beim Kindle, dass en keen ePub ka liesen – dat ass zwar domm, mä kee Grond en net ze kaafen. Déi meescht Siten bidden ePub an Mobi (vum Kindle gelies) un, aanerersäits kann een ePub an engem Schnipps ëmwandelen. Ech hu mir d’Original Kachbuch vum Dr. Oetker roofgelueden, Les Fleurs Du Mal an Huckleberry Finn. Alles dat liest sech um Kindle super, an de Bildschierm ass e Genoss. En ass esou gutt an esou schaarf, dass liesen sech wierklech wéi an engem Buch ufillt. De Kindle ass net hannergrondbeliicht. An dat huet anscheinend säi Grond, well dat wuel genee dat ass, wat een beim Liesen midd mecht. Mä ech verstinn näischt dovunner.

Als nächst hunn ech mir d’PDF vum Robin Dunbar sengem How Many Friends Does One Person Need ropgesat. Eng Frendin huet mir dat geschéckt, an ech si mir nit ganz secher, ob dat sou ganz legal wor. Dat Buch ass am PDF an der Gréisst vun engem Täschebuch gesat, an liest sech domat perfekt. Och ënnersträichen oder Notizen man geet super. Suguer bei PDFen. An och Text-2-Speech geet. Ech ka mir lo all Nuecht vum Stephen Hawking eng Nuetsgeschicht viirliesen loossen.

Dono hunn ech mir d’FAZ an d’Newsweek abonnéiert, alle béid 2 Wochen Testabo. D’FAZ hunn ech net sou gär, mä ech hunn all Owend géint 11 Auer déi nei FAZ automatesch um Kindle (UTC-4 sinn ech), an Moies an der Kantin iwwert Pancakes d’FAZ liesen ass super. Bei Magaziner offenbart sech dann awer gewaltsam dem Kindle säi gréissten Problem: En huet kee Faarwegen Bildschierm. Magaziner ouni Biller sténken. An dofir sténken Magaziner um Kindle och. Bei den Zeitungen ass heiansdo e schwaarzwäiss Bild dobai, dat ass oké, domat kann ech liewen, mä Magaziner um Kindle sinn doof. Bicher um Kindle kaafen ass super einfach, do hunn ech bis lo eng hallef Dosen vun den 150’000 Gratis-Bicher op Amazon kaaft.

Schlussendlech ginn ech dann och heiansdo mam Kindle an den Internet, Wikipedia checken, meng eMailen oder Facebook. Den e-Ink Display vum Kindle ass lues, an d’Internetverbindung iwwer 3G och net esou séier. Mä fir d’Mobilversioun vun de Siten ze kucken ass et super, an suguer dee “richtegen” Internet ass ze erdroen. Dofir ass et gratis – iwwerall an der Welt. Apple, dorop waarden ech.

Ech leen mäi Kindle no 2 Wochen net méi wech. Ech hunn bis elo C$75 Pobeier gespuert, an ech hu suguer ugefaangen normal Bicher ze liesen. De Kindle huet e puer Schwächten: En huet kee Faarwbildschierm, den PDF Lieser ass gutt, awer net super an en ass net beliicht. Mä dofir ass en och guernet geduecht. De Kindle ass en eBook-Liesgerät. An dat mecht en iwweraus gutt. Bicher um Kindle ze liesen ass super einfach, angenehm an mat Features wéi d’Schrëft méi grouss ze man oder et sech vum Monni Hawking viirliesen loossen besonnech fir eeler Leit eng Hëllef. Och de Präis vun 139 Dollar ass net ze toppen. Bicher an aaneren Sprochen wéi Englesch sinn nach rar um Kindle – an fir een, deen domat gären d’Beststellerlëschten an alle Sproochen liest, ass de Kindle domat net ze gebrauchen. Nach net. Et géing mech wonneren wann Amazon do net géing ophuelen. Dat wichtegt ass ze gesinn, dass e Kindle keen iPad ass, an emgedréint och net. Et sinn zwee Geräter, mat ënnscheedlechen Funktiounen, déi sech iwwerschneiden. Allerdéngs kann ech meng Kindle-Bicher um iPad liesen (an iPhone, Android, Mac, PC etc), emgedréint awer net.

Wat mech e bëssen stuzeg mécht ass, wéi et mat eBooks weidergeet. Ech géing jo mol soen, et geet wéi bei den CDen an LPen. Ech ka mir ouni Hemmungen dee neien Air Album als Datei op mäin iPod (RIP) setzen – trotzdem ginn ech awer gären £45 aus fir eng limitéiert Editioun vu mengemRadiohead Album. Mat Bicher vläicht d’selwecht: Ech ka main Da Vinci Code (nee) um Kindle liesen, meng Calvin & Hobbes Kollektioun géing ech awer nie wëllen um Kindle liesen.

Wou ech e bessi Panik kommen gesinn, ass bei Schoulbicher. Meng 5 Schoulbicher fir dësst Semester hu mech iwwer 700 Dollar kascht, dat deierst dovunner kascht normalerweis 250 Dollar. Bei mir um Gang ass e Meedchen, dat scannt all Schoulbuch a gëtt et zréck. Hat brauch 7 Stonnen pro Buch. Oder nach méi einfach: Bei Google noo “Buchnumm pdf” sichen an rooflueden. Mä d’Buchindustrie haat 15 Joer laang Zäit, der Film- a Musekindustrie noozekucken wéi se d’Baach roofginn, a wann se näischt dorauser geléiert hunn, soll et hinnen vu mir aus d’selewecht goen. Leider hunn ech meng Bicher nach net als PDF fonnt, mä ech denken dass Kindle an iPad déi ganz eBook-Piraterie wäerten undreiwen.

2000-09: dem Chris säi filmesche Réckbléck (7/8)

Geschriwwen den 6/12/2010 vum Chris8 Kommentaren

Okay, okay, dat hei hätt scho laang solle riwwer sinn. Dat ginn ech zou. Mä ech hat keen Internet an der Wunneng a sou och keng grouss Loscht ze bloggen. Mol kucken wéi et elo rëm gëtt. Hoffen iech gefale meng lescht Choixen.

Hei meng Froen un iech:
- Huet iergendeen bis elo e Film gekuckt, well ech e gelëscht hunn?
- Wat sinn är léifste Filmer vun den 00er Joeren?
- Wéiee Film hunn ech komplett vergiess, deen awer immens ass?

(more…)

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Featured, Film, Lëschten Tags:

10 10

Geschriwwen den 21/10/2010 vum Lynn2 Kommentaren

Den 10. Oktober 2010 war rëm soueen Dag op deem sech Koppele gär bestueden, de Welt-Zombie-Dag an och een Dag fir Geeks (42). Op deem Dag hu sech 10 Fotografen zesumme gedoen an hiren Dag an hier Welt an 10 Fotoen festgehal. Zesumme gedoe hu si sech nit wierklech, well si kommen all aus verschiddene Stied op verschiddene Kontinenter, mä dat wat hei entstan ass, ass ouni Zweiwel zimlech cool ginn. 100 Fotoen vun engem Dag, mä mat ganz verschiddenen Impressiounen.

Si beschreiwen hire Projet sou: “The 1010 project was devised as an antidote to everything in modern life always having tobe bigger, better, louder and brighter than what’s been before.” Fonnt hunn ech de Projet op mengem léifsten schwedeschen Fotoblog, dem Hilda Grahnat sengem, an och um Brian W. Ferry sengem Blog. Lo hoffen ech just dass der dat hei nit schon op 7000 aner Blogs gesinn hutt well ech sou spéit u sinn. Mee d’Liewen zu Stockholm ass ustrengend.

2000-09: Dem Chris säi filmesche Réckbléck (5/8)

Geschriwwen den 22/09/2010 vum Chris5 Kommentaren

Keng Internetverbindung an der neier Wunneng. Dofir Pianocktail light. Biller kommen no.

#30 THE SQUID AND THE WHALE (Noah Baumbach, 2005)
Em wat geet et? Zwee Jongen a wéi d’Trennung vun hiren Elteren se beaflosst.

Firwat ass e sou gutt? Den Noah Baumbach erzielt hei vu senger eegene Kandheet, an et ass alles esou, esou traureg. Déi Kanner, déi einfach nëmme wëlle speziell sinn, an déi wëlle vun hiren Eltere bemierkt ginn, well se selwer genuch Problemer hunn. E Bezéiungsdrama, dat d’Niewenduersteller an de Mëttelpunkt stellt.

(more…)

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Featured, Film, Lëschten Tags:

2000-09: dem Chris säi filmesche Réckbléck (4/8)

Geschriwwen den 13/09/2010 vum Chris10 Kommentaren

Ech sinn bëssen am Stress. Dofir kommen d’Biller no. Merci fir d’Verständnis.

#40 GOOD, BYE LENIN! (Wolfgang Becker, 2003)
Em wat geet et? E Jong, deen fir seng Mamm, déi aus dem Koma erwescht d’DDR nobaut.

Firwat ass e sou gutt? Ganz einfach: Story. Eng Geschicht, déi gutt ass, geet heiansdo duer.

(more…)

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Featured, Film, Lëschten Tags:

Gëllen Léiwen a schwaarz Schwän

Geschriwwen den 11/09/2010 vum Thorben2 Kommentaren

Sou, d’67 Mostra Internazionale del Arte Cinematografica ass eriwwer an ech si freckt. Ech hunn 27 Filmer an 7 Kuerzfilmer gesinn, 34 Filmer insgesamt, an sinn elo wierklech fäerdeg. Ech deen heiten Post huet eng Review zu Black Swan, an am Read More all 27 Filmer mat enger Bewäertung op 5 Stäeren an engem Saatz.

Black Swan – Darren Aronofski

Den Aronofsky, d'Portman an de Cassel

Dee wahrscheinlech am meeschten anticipéiersten Film vun der Mostra wor dem Darren Aronofski säin Black Swan mam Natalie Portman an dem Vincent Cassel an der Haaptroll. Den Darren huet e gespaltent Verhältnis zur Mostra, wor virun 2 Joer säi Wrestler de Filmjuroren hieren Lieblingsfilm haten se nach kuerz virdrun den Fountain gnadenlos freckt gemaa. Während ech dee Post hei schreiwen ass de Léiw nach net verginn, mä ech mengen net, dass den Aronofsky e kritt, dovun oofgesinn huet en an der Festivalzeitung eng Bewäertung vun 2.6 / 5 an ass domat am leschten Drëttel.

Dat mecht Black Swan awer net schlecht. Black Swan ass d’Geschicht vum Nina, dat eng genial Ballerina ass, vu senger Mamm emmer gepushed an geschützt gouf an sech bewerbt fir am Schwanensee dierfen d’Schwanenkinnigin ze spillen. Den Regisseur vum Stéck, den Thomas, wëll dass déi selwecht Persoun de schwaarzen an de wäissen Schwan spillt. An do läit dem Nina säi Problem: geschützt opgewuess tëscht Kuscheldéiren an enger Mamm déi et pusht an verhätschelt, well si et selwer nie als Ballerina gepackt huet, ass si eng langweileg, passiounslos, dofir awer perfekt Ballerina – an domat net gutt genuch fir de schwaarzen Schwan. Fir deen géing sech awer d’Lily eegnen, wat technesch net sou gutt ass, mä dofir awer leidenschaftlech. D’Konkurrenz tescht dem Nina an dem Lily gëtt zu enger Frëndschaft bei däer d’Nina fir t’éischten Kéier ufänkt, déi donkel Säiten vum Liewen ze gesinn an ze appréciéiren.

An d’Review aus der Zeit huet et op de Kapp getraff, Black Swan ass eng eierlegende Wollmilchsau an huet alles an mecht alles richteg. Mir hunn Drama, mir hunn Famillienproblemer, ennerdreckten Ängscht, d’Natalie Portman masturbéiert, verletzt sech selwer, huet Sex mam Lily, mir hunn Intrigen, Mord an de Clint Mansell mecht alles richteg. Dat mécht Black Swan virun allem zu engem saugudde Film. An dat ass vläit seng gréissten Schwächt – et kritt een genee wat een erwaard. Domat mengen ech net, dass de Plot prévisibel ass, mä et ass wéi no allen Aronofskys, dass ee mat engem schlechten Gefill am Bauch heem geet an d’Flemm mat der Welt huet. D’Thematik vu gudd a béis ass esou aal wéi nei, an och den Aronofsky packt et net, dëss Diskussioun nei opzeschaffen. Mee ey, wat wëll een och man?

Dovunn oofgesinn ass dem Matthew Libatique seng Aarbecht als Kamermann bemierkenswäert, interessant och dofir well de Film ob 16mm geschoss ass. De Clint Mansell huet den Soundtrack aus dem Čajkovskij sengem Schwanensee zurecht gebastelt, an liwwert wéi emmer eng top Aarbecht.

Alles dat mecht Black Swan zu engem paakenden Thriller, zu engem brutalen Film, deen een um Enn verstéiert an duercherneen do sëtzen léisst. A Loscht mécht, Ballet kucken ze goen.

Black Swan kënnt am Februar 2011 an de Kino. Da schreiwen ech vläit eng nei Review.

(more…)

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Featured, Film Tags:

2000-09: Dem Chris säi filmesche Réckbléck (3/8)

Geschriwwen den 6/09/2010 vum Chris11 Kommentaren

No Man's Land#50 NO MAN’S LAND (Denis Tanovic, 2001)
Em wat geet et? De Krich am Kosovo, a wéi zwee ideologesch friem Menschen zesumme fannen, well s eduerch d’Zoustänn dozou gezwonge ginn.

Firwat ass e sou gutt? Ganz einfach: d’Geschicht strotzt vu Menschlechkeet. Zwou Persounen, dei duerch d’Politik an duerch Krich getrennt ginn, koopereieren fir aus dem Schlamassel raus ze kommen. E wierklech inspireierende Film, deen Menschen zum besseren ännere kann.

(more…)

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Featured, Film, Lëschten Tags:
Older Posts »

Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags