Pianocktail » Déi richteg Welt

Liesoptrag: Jonathan Franzen – Freedom
Ech weess, ech bloggen net méi vill. Ech hu vill aner Saachen ze dinn (*houscht*).

Mä eppes sief gesot: liest dat Buch.

Zich
Den Expert erkennt: Schmuelspuer an den Thorben am Hannergrond.

Ech hätt kënnen villes schreiwen. Eng Kritik vun der zweeter Folg “Schlag Privat”, déi ech mer net udinn. Oder doriwwer, wéi d’kathoulesch Kierch den Streisand-Effekt an der lëtzebuerger Popkultur aféiert. Oder doriwwer, wéi ech net verstinn, firwat Atheisten sech musse gruppéiren. Oder firwat all Daag op RTL rem Artikelen sinn, wou Leit an der Stad beklaut goufen, an ech mech froen, firwat mir dat nach nie geschitt ass.

Amplaz wëll ech iwwer eppes Schéines schreiwen. Iwwert eng vu mengen Lieblingsbeschäftegungen. Mam Zuch fueren. Mam Zuch reesen.

Als Kand haat ech natierlech eng Modelleisenbunn. Déi hunn ech ëmmer nach. An do gouf et zwéin, quasi-reliéis, Choixen: Märklin oder Fleischmann. Natierlech wor ech e Märklin-Kand. An stolz wéi Oskar, wéi ech den ICE-Starter-Set krut. Den ass nämlech mega cool.

Während ech dat heiten schreiwen, gëtt et grad däischter iwwert dem Marschland vun New Brunswick. Vläit sinn ech och schon am Quebec, ech weess et net genee. Déi heiten Fahrt geet vunn Halifax op Montréal, wou ech 3 Wochen beim Fede wäert wunnen. Se geet iwwer 1200km an dauert 21 Stonnen. An Europa kann een kaum 21 Stonnen mam Zuch um Stéck fueren. Eis Zich si méi séier an besser. Wann ee géing 21 Stonnen mat engem Zuch bei eis fueren, da misst een entweder am Kreess fueren, oder vum Kontinent roof.

Nuetszich - Besser wéi all Hotel. Méi spannend allemol.

Wann ech de Choix hunn, wier Zuch ëmmer meng éischt Wiel zum Reesen. Leider sinn se oft méi deier wéi Fliigeren.

Zich sinn eng ideal Plaz fir ze kucken. Mäin Zuch hei fiert grad laascht Baachen, an et ass déi éischte Kéier a mengem Liewen, dat ech Bieber-Staudämm gesinn, an déi sin topfuckingmehreinsA wéi alles wat ech mer viirgestallt hunn. D’Landschaft hei ass wonnerschéin langweileg, an Zich ginn engem d’Chance dat zu appréciéiren. Heinasdo ass et awer och spektakulär. Zum Beispill wann een am Nuetszuch vu Stockholm op Narvik läit, an rauskuckt aus der Fënster. Bei der richteger Temperatur an Loftfiichtegkeet billen sech Liichtbéi (Lichtbögen, kleng Blëtzer) déi dobaussen alles bloo ausgesinn loossen. An da schléift een an. A gëtt waakreg iergendwou um Polarkreess an ass just wech vun der vue. Oder et fiert een mat der FART duerch d’Centovalli-Dall, op enger Schmuelspuerbunn, an niewt engem geet et 100m roof. Oder et fiert ee mat der Bergenbahn vun Oslo op Bergen, schléift an an enger stereotypescher norwegeger Landschaft, a gëtt waakreg op engem Gletscher, fir rem anzeschlofen, an um Mier waakreg ze ginn.

Besser wéi am Zuch schaffen: Am Zuch schlofen.

Zich sinn eng ideal Plaz fir ze schaffen. Wann ech muss eng wichteg Aufgab fir d’Uni schreiwen, gëtt et fir mech näischt besseres. Ech di meng Recherche Wochen am Viiraus, an huelen dann en Zuch bei meng Frëndin Sarah op Oxford. A villen Zich gëtt et, glécklecherweis, nach kee WiFi (och wann ech dat appréciéiren), an dofir léisst et sech do herrlech an a Rouh schaffen, laascht d’Ostküst vun Schottland an England, Berwick, Newcastle, dann York, duerch d’Midlands bis op (katz) Birmingham oder Doncaster, a weider op Oxford.

Zich sinn eng ideal Plaz fir Leit kennen ze léiren. Dat sinn entweder déi Leit, mat deenen ee reest, oder déi Leit, deenen ee begéint. Op eisen Interrail-Reesen hu mir ëmmer rem besonnech Leit kennen geléiert, hier Geschichten an hier Iddien. Leit mat Rucksäck sinn oft déi interessantst Leit, mat de beschten Geschichten an déi Leit, mat deenen een am léifsten géing éiweg remhänken.

Zich sinn eng ideal Plaz fir noozedenken. Ech sinn e fuerchtbaren Lieser. Trotzdem hunn ech et am Zuch gepackt, déi éischten Kéier säit bestëmmt méi wéi 10 Joër, e Buch an engem Zuch (no pun intended) ze liesen. An et ass schéin ze wëssen, dass dat Buch mir haut nach méi bedeit wéi duermols. Zich erlaaben et engem alleng ze sinn ënner Leit, an ouni Auer an ouni Wecker an ouni Zäit ze liewen.

200km iwwert dem Polarkreess. Zich sinn do.

Dänemark

An Reesen mam Zuch sin, zumols mat engem Rucksaak an engem Interrail-Ticket, déi spontanst. Et ass näischt méi spannend, wéi op enger

Gare ze stoen, an net ze wëssen, wou een hi wëll. Et ass näischt méi inspiréirend  d’Ongewëssheet, wou een schléift an wéi een dohinner kënnt. An beim Interrailen ass esou vill schon schief gaangen, mä mir hunn et ëmmer gepackt, dorauser déi bescht Momenter ze man. Ech wor bis elo réicht zwee Mol op enger Katalog-Vakanz. Mä d’Spontaneitéit vun engem Interrail-Trip ass onendlech besser, wéi de Choix op enger Croisière tëscht véier verschiddenen Daagesausflich.

Dofir: Reest mam Zuch. Autoen sinn enk an ustrengend, geféierlech, deier an onsënneg op Strecken. Fliigeren sinn stresseg, ouni Suen enk an onfréndlech, an Hahn ass en Dreckslach.

Zich sinn dat Bescht Reesmëttel dat et gëtt. Word. An wann dir gréng sidd, kënnt dir iech mat engem Zuchticket och nach e rengt Gewëssen kaafen. An en Dënsten géint d’Atomkraaftwierker protestéiren. An e Mëttwoch géint eng nei Wandenergie-Anlag, déi äer Vue hannert dem Haus verschandelt.

Wat gëtt et neits zu Hoen? (II) oder: Endlech rem Lëtzebuerg Privat.
Ma op Pianocktail ass et e bëssi roueg em d’Lëtzebuerg Privat ginn. Dofir ginn et divers Grënn, mä dee wuel offensichtlechsten ass, dass d’Lëtzebuerg Privat oninteressant ginn ass am Groussen a Ganzen. Wat mer duermols schon ugedeit hunn ass esou weidergaang: D’Lëtzebuerg Privat huet sech an e puer Nischen spezialiséiert, an haust an mault do gemittlech viru sech hinn. Et ass ëmmer dat selwecht Schema:

Geriichtsreportagen, wou een vun hieren “Journalisten” dann vum Helleggeescht zielt

Wann iergendwou een embruecht gëtt, identifizéiert Privat d’Affer (wat déi grouss Medien normalerweis net man)

Wann Lëtzebuerger Exhibitionisten op Pornosäiten nei Fotoen posten ginn déi verdeelt (Ausserdem Prostitutioun, Swingerclubs an sou virun)

Wann eng aaner Zeitung am Ausland iwwer Lëtzebuerg schreift, da gëtt dat iwwerholl

Geleegentlech Bagatellen

De Bommeleeër (deen dierf ee jo net vergiessen)

Irrelevanten Krom (eng Privat-Reporterin schmuggelt eng Waff virun d’Geriicht – uiuiui)

Bis ob deen een oder aaneren vermeintlechen Scoop ass do net vill dobäi. Allerdéngs ass dat och okay. D’Lëtzebuerg Privat geet well vill manner op d’Juegdt noo privaten Persounen, mä bleift meeschtens bei Persounen vum ëffentlechen Interessi. An dat och vill manner aggressiv wéi se mol woren. Domat ass Lëtzebuerg Privat eigentlech aus senger Pubertéit raus, an d’Land ka sech berouegen –  bitte gehen Sie weiter, hier gibt es nichts zu sehen.

Dat soll natierlech net doriwwer wechtäuschen, dass d’Beriichterstattung vun der Privat weiderhin populistesch ass, an dat se nach emmer eng ideologesch Proximitéit mat Stamminets-Parteien hunn, wéi der ADR. Net ëmsoss si bei den Lieserbréiwer vun der Woch och ëmmer rem Leit dobäi wéi den äusserst amüsanten Joe Thein, dien fréier mol am ADRenalin Nationalcommitée wor. Aanerersäits kënnt momentan oft der Privat hieren Affekot an der Zeitung viir – keen aaneren wéi den Roy Reding (wéinst enger Affaire wou si leider net ganz onrecht hunn).

Ech fannen Lëtzebuerg Privat ass momentan net wierklech e Problem. Ach, der will doch nur spielen.

Vill méi interessant ass et awer, wann een sech d’Ëmstrukturéirung vum Néckel sengem Zeitungsgrupp ukuckt. D’Privat Rätselheft ass Sang- a Klanglous verschwonnen, wahrscheinlech well de normalen Privatlieser net capabel ass, méi wéi véier Buchstaawen an enger Reihefolg ze schreiwen, sou dass se e Wuert erginn (wéi mecht een eigentlech eng Zeitung fir eng Ziilgrupp, déi potentiell mol net liese kann?). Dann hu si grouss e Fussballsheft ugekënnegt, dat ass dann awer och séier rem verschwonnen. Interessanterweis ass och den Investigateur verschwonnen. Wéi en nach e klenge Bouf wor, wollt de Jean Nicolas emmer en Investigativreporter ginn, sou wéi déi, déi en aus de Filmer kannt huet. Als solchen ass en lo wuel offiziell gescheitert.

Viru kuerzem huet Lëtzebuerg Privat dann awer gläich dräi nei Formater agefouert. Privat TV, Radio Privat an Schlag Privat. Privat TV ass d’Produktionsfirma Simba, déi kuerz Reportagen dréit an online setzt. Dat ass kee besonnech innovativen Move, awer definitiv e cleveren Move. Wat mer Kappzerbriechen deet ass, wéi genee dat ganzt kann esou miserabel ausgesinn. D’Qualitéit vun de Videoen, de Schnëtt, den Toun, alles ass esou schlecht an stümperhaft gemaach, dass ech net richteg ka verstoen, wéi eng Firma kann de Culot hunn,  fir fir soueppes Suen ze froen. Radio Privat ass e live Stream, deen de ganzen Daag dem Jean Nicolas seng Lieblingsmusék spillt, an eng  Kéier an der Stonn sou een Daily Talk ass. Schlag Privat ass eng Show vun enger Stonn wou de Jean Nicolas (Lëtzebuerger Boulevardmonni), den Heinz Kerp (ehemolegen Chefredakteur vun engem Fachmagazin fir Betonsmëscheren) an de Sven Günther (Ex-Redaktiounsleiter vun enger lokaler Bild-Ausgab aus Däischterdäitschland) mat engem D-Promi Billard, Bowling an Darts spillen. WTF? D’Tounqualitéit vun der éischter Ausgab ass esou erbäermlech, dass et bal net ze kucken ass. Iergendwann seet de Néckel zwar, et wier wéinst dem Kaméidi am Hannergrond, mä ech hu scho Reportagen vun der Love Parade gesinn, déi besser waren.

Wat hei awer wierklech interessant ass, ass ze gesinn, dass de Jean Nicolas, an ech soen dat net gären, de Culot huet, fir wiirtschaftlech Décisiounen ze huelen. Mir hunn an deene leschten 6 Joër vill Décisiounen gesinn, déi schief gaangen sinn, Projeten déi, wann se net funktionnéiert hunn, rem faale gelooss gi sinn. An dofir gëtt awer vill probéiert. D’Wäschfraa zum Beispill kënnt och net méi sou oft raus wéi am Ufank. A wann een eng Firma well erfollegräich féiren, dann mecht een dat esou.

Dat aanert, e bessi méi neit, ass d’Keeflechkeet vun der Privat. Publireportagen, déi zwar offensichtlech welcher sinn, mä net eendeiteg gezeechent sinn, ginn ëmmer méi. Dat wier net sou schlëmm wann mer net wéissten dass Reklamm och Geld bedeit.

D’Lëtzebuerg Privat schéngt nach ëmmer net masseg Suen ze hunn. Déi Stümperhaftegkeet mat däer d’Reklammen, hier Publikatiounen oder hier nei Formater gemaach sinn, sinn en Indice dofir dass d’Suen fir professionell Leit unzestellen nach net grad do sinn. Zwar ass d’Chefekipp em de Preis, den Ossi an den Jean Nicolas erfahren, mä hier Journalisten gesinn aus wéi Hausfraen, hier Zeitung gesäit aus wéi wann se nach ëmmer vu Kanner mat enger 9e gemaach wieren. An dat ass net, well Boulevard generell schappeg ausgesäit, dat ass einfach well dat bei Privat schlecht ass. Punkt.

Trotzdem sollt een sech net täuschen: Lëtzebuerg Privat huet säit 6 Joer e Produit um Marché, vun deem jhiddereen “wousst”, dass et just e puer Méint géing daueren. An se sinn zwar momentan zahm, si klauen – dank Pianocktail – manner Biller, an sinn wéigesot momentan en zimmlech onspektakulärt an rouegt Blaad, mä iergendwann wäert vläit rem den Drock opkommen, méi aggressiv ze handelen, an da well een net onbedengt, dass si d’Täschegeld dofir hunn. Och schengt dem Jean Nicolas säi Geschäftssënn net dee schlechtesten, an dofir bleift et derwäert, en Aan op d’Jongen a Meedercher ze haalen, se awer mol gewäerden ze loossen.

Banksy in L.A.
Ech kann nach ëmmer net gleewen, dass de Banksy, genialen street artist aus Brighton, mat sengem Film Exit through the Gift Shop fir en Oscar nominéiert ginn ass. De Film ass esou clever, iwwerraschend an extravagant, dass en eigentlech guer net an d’normaalt Schema vun den Oscars passt. Dofir sinn ech ëm sou méi begeeschtert, an gesinn de Film als eventuelle Schock-Gewënner nächste Sonndeg.

Op jidfer Fall huet d’Academy virun ongeféier enger Woch bekannt ginn, dass falls de Banksy gewënnt, hien de Präis just a Persoun unhuelen dierf, an net eng Afemask an Hoodie droen dierf. Dem Banksy seng Attitude, dass seng Identitéit onbekannt bleiwe soll, bedeit also, dass falls Exit gewënnt, hien den Oscar net perséinlech entgéint hëlt.

Anyway, de Banksy ass lo anscheinend zu Los Angeles an dekoréiert d’Stad mat senger Konscht fir d’Oscars. De Guardian huet seng Wierker an enger Galerie. Och wann Graffiti net allgemeng beléift ass, sou muss een dem Mann dach loossen, dass en eis un d’Nodenke bréngt.

Zwou Wochen Amazon Kindle
Fir Chrëschtdaag gouf et e Kindle vun Amazon. De Kindle ass d’eBook-Liesgerät vun Amazon. Amazon huet haut grad ugekënnegt, dat méi wéi 50% vun hieren verkaafenen Bicher well eBooks sinn. En eBook-Reader, dat ass lo fir vill Leit iwwerraschend, well déi, déi mech kennen, wëssen, dass ech keng Bicher liesen. An dat ass näischt wat ech mat Stolz soen, mä mat Demut, well all Kéiers, wann ech liesen, fillt sech dat wierklech gutt an inspiréirend un.

Firwat also e Kindle? All Joer schreiwen ech op der Uni x Aufsätz. Fir déi man ech gären Recherche, haaptsächlech, wéi sech dat fir Studenten gehéiert, an akademeschen Journals, déi dann als PDF vu Siten wéi Springerlink oder Wiley oder sou kommen. Ech hassen et awer, Saachen um Bildschierm ze liesen aus zwéin Grënn: Bildschiermer man mech midd, an ech ginn ze liicht oofgelenkt. Ech hunn zwar keen ADS, mä …………… oh kuck mol, do hannen ass e Kaweechelchen. Dofir drucken ech mir d’Saachen dann aus, fir en Aufsatz oft 100-200 Säiten, déi ech oft relativ flaach duerchliesen an dann 20 Saachen dra fannen, an de Rescht wechgeheien. 100 Säiten kaschen an eiser Uni um Laserprinter 13 Euro. Net ze schwätzen vun de Beem. Déi dierf een jo och net vergiessen. Dofir wollt ech e Kindle, fir meng Journals ze liesen – ëmmerhin kascht dee jo just knapps 101 Euro an der Basisausféirung – an dann hätt ech no 8 Aufsätz d’Suen gespuert. An d’Beem verschount.

Virun zwou Wochen krut ech da mäi Kindle, an ech si begeeschtert. Aus der Këscht huelen, uman a fäerdeg. Ech hunn d’Versioun mat 3G – dat heescht iwwerall op der Welt wou ech 3G Connectioun hunn, kann ech Bicher aus dem Amazon Shop kaafen oder an den Internet goen. Keen Abo – keng Käschten. Dat éischt wat ech mer dropgelueden hunn woren 20 Artikelen aus dem Harvard Business Review déi ech hei hätt missten fir Ronn C$75 kaafen – a Kanada sinn Copien nach méi deier wéi a Schottland. Et ginn 2 Weer, entweder scheckt een d’PDFen als eMail un seng Amazon-Adress – da wandelt Amazon se vu PDF an d’EBook Format vum Kindle, oder et lued een se iwwer Kabel als PDF rop, da kuckt een se mam PDF Viewer. Dat éischt funktionnéiert fein mat PDF Dateien déi um Computer formatéiert sinn, déi direkt an PDF konvertéiert sinn an sou weider. Am HBR sinn vill Artikelen awer Scans, an dann ass déi Funktioun Kack. Dofir zéien ech meeschtens den PDF Viewer viir – allerdéngs muss ech do zoomen an heiansdo e bessen piddelen. Dat nervt awer net weider an stéiert de Liesfloss kaum.

Als nächst hunn ech mir op Projekt Gutenberg, wou et iwwer 33’000 eBooks fir näischt ginn, legal, well se an der Public Domain sinn, eng Rëtsch Bicher roofgelueden. Jhiddereen jéimert beim Kindle, dass en keen ePub ka liesen – dat ass zwar domm, mä kee Grond en net ze kaafen. Déi meescht Siten bidden ePub an Mobi (vum Kindle gelies) un, aanerersäits kann een ePub an engem Schnipps ëmwandelen. Ech hu mir d’Original Kachbuch vum Dr. Oetker roofgelueden, Les Fleurs Du Mal an Huckleberry Finn. Alles dat liest sech um Kindle super, an de Bildschierm ass e Genoss. En ass esou gutt an esou schaarf, dass liesen sech wierklech wéi an engem Buch ufillt. De Kindle ass net hannergrondbeliicht. An dat huet anscheinend säi Grond, well dat wuel genee dat ass, wat een beim Liesen midd mecht. Mä ech verstinn näischt dovunner.

Als nächst hunn ech mir d’PDF vum Robin Dunbar sengem How Many Friends Does One Person Need ropgesat. Eng Frendin huet mir dat geschéckt, an ech si mir nit ganz secher, ob dat sou ganz legal wor. Dat Buch ass am PDF an der Gréisst vun engem Täschebuch gesat, an liest sech domat perfekt. Och ënnersträichen oder Notizen man geet super. Suguer bei PDFen. An och Text-2-Speech geet. Ech ka mir lo all Nuecht vum Stephen Hawking eng Nuetsgeschicht viirliesen loossen.

Dono hunn ech mir d’FAZ an d’Newsweek abonnéiert, alle béid 2 Wochen Testabo. D’FAZ hunn ech net sou gär, mä ech hunn all Owend géint 11 Auer déi nei FAZ automatesch um Kindle (UTC-4 sinn ech), an Moies an der Kantin iwwert Pancakes d’FAZ liesen ass super. Bei Magaziner offenbart sech dann awer gewaltsam dem Kindle säi gréissten Problem: En huet kee Faarwegen Bildschierm. Magaziner ouni Biller sténken. An dofir sténken Magaziner um Kindle och. Bei den Zeitungen ass heiansdo e schwaarzwäiss Bild dobai, dat ass oké, domat kann ech liewen, mä Magaziner um Kindle sinn doof. Bicher um Kindle kaafen ass super einfach, do hunn ech bis lo eng hallef Dosen vun den 150’000 Gratis-Bicher op Amazon kaaft.

Schlussendlech ginn ech dann och heiansdo mam Kindle an den Internet, Wikipedia checken, meng eMailen oder Facebook. Den e-Ink Display vum Kindle ass lues, an d’Internetverbindung iwwer 3G och net esou séier. Mä fir d’Mobilversioun vun de Siten ze kucken ass et super, an suguer dee “richtegen” Internet ass ze erdroen. Dofir ass et gratis – iwwerall an der Welt. Apple, dorop waarden ech.

Ech leen mäi Kindle no 2 Wochen net méi wech. Ech hunn bis elo C$75 Pobeier gespuert, an ech hu suguer ugefaangen normal Bicher ze liesen. De Kindle huet e puer Schwächten: En huet kee Faarwbildschierm, den PDF Lieser ass gutt, awer net super an en ass net beliicht. Mä dofir ass en och guernet geduecht. De Kindle ass en eBook-Liesgerät. An dat mecht en iwweraus gutt. Bicher um Kindle ze liesen ass super einfach, angenehm an mat Features wéi d’Schrëft méi grouss ze man oder et sech vum Monni Hawking viirliesen loossen besonnech fir eeler Leit eng Hëllef. Och de Präis vun 139 Dollar ass net ze toppen. Bicher an aaneren Sprochen wéi Englesch sinn nach rar um Kindle – an fir een, deen domat gären d’Beststellerlëschten an alle Sproochen liest, ass de Kindle domat net ze gebrauchen. Nach net. Et géing mech wonneren wann Amazon do net géing ophuelen. Dat wichtegt ass ze gesinn, dass e Kindle keen iPad ass, an emgedréint och net. Et sinn zwee Geräter, mat ënnscheedlechen Funktiounen, déi sech iwwerschneiden. Allerdéngs kann ech meng Kindle-Bicher um iPad liesen (an iPhone, Android, Mac, PC etc), emgedréint awer net.

Wat mech e bëssen stuzeg mécht ass, wéi et mat eBooks weidergeet. Ech géing jo mol soen, et geet wéi bei den CDen an LPen. Ech ka mir ouni Hemmungen dee neien Air Album als Datei op mäin iPod (RIP) setzen – trotzdem ginn ech awer gären £45 aus fir eng limitéiert Editioun vu mengemRadiohead Album. Mat Bicher vläicht d’selwecht: Ech ka main Da Vinci Code (nee) um Kindle liesen, meng Calvin & Hobbes Kollektioun géing ech awer nie wëllen um Kindle liesen.

Wou ech e bessi Panik kommen gesinn, ass bei Schoulbicher. Meng 5 Schoulbicher fir dësst Semester hu mech iwwer 700 Dollar kascht, dat deierst dovunner kascht normalerweis 250 Dollar. Bei mir um Gang ass e Meedchen, dat scannt all Schoulbuch a gëtt et zréck. Hat brauch 7 Stonnen pro Buch. Oder nach méi einfach: Bei Google noo “Buchnumm pdf” sichen an rooflueden. Mä d’Buchindustrie haat 15 Joer laang Zäit, der Film- a Musekindustrie noozekucken wéi se d’Baach roofginn, a wann se näischt dorauser geléiert hunn, soll et hinnen vu mir aus d’selewecht goen. Leider hunn ech meng Bicher nach net als PDF fonnt, mä ech denken dass Kindle an iPad déi ganz eBook-Piraterie wäerten undreiwen.

Wéi een en Interview (net) féiert.
Mir hunn a Lëtzebuerg oft esou eng Astellung, dass wann eis Medien Feeler maachen, mer direkt op Groussbritannien kucken a soen, wéi vill besser et dach do ass. An ouni Zweiwel sinn ech der Meenung dass d’Medienlandschaft am UK eigentlech déi bescht ass, déi et doruechter gëtt.

Dass awer och hei vill Schlechtes ronderëm leeft weist dësen Interview mam Jody McIntyre, deen lescht Woch zu ongewollter Berühmtheet koum, well en bei de Studenteprotester zu London vun der Police aus sengem Rollstull gezerrt ginn ass. Zwee Mol. (Den Oppenen Bréif hat doriwwer en dramateschen Artikel geschriwwen.) Ech wëll kee Kommentar zu der Police oder der Politik ofginn – ech denken meng Meenung dierft relativ offensichtlech sinn an hei ass net d’Plaz fir doriwwer ze diskutéieren. Wat ech diskutéiere wëll ass dat onméiglecht Interview vun der BBC mam Jody McIntyre:

Click here to view the embedded video.

Um Ufank ass seng Froestellung nach ganz normal. En ass héiflech, an trotz dem Jody McIntyre senger Behënnerung net wehleideg. Mä schon no knapp zwou Minutten kënnt de Saz “There’s a suggestion that you were rolling towards the police.” Ech froen mech wat déi Fro soll. Dem Jody seng Äntwerten sinn dofir ëm sou méi staark, well en d’Ënnerstellung direkt erkennt an sech dogéint wiert. De Subtext an dem Interviewer senge Froen, seng Presuppositiounen vun enger gewollte Provokatioun duerch e behënnerte jonke Mann sinn einfach nëmmen eekleg. Nächst Fro: “Do you classify yourself as a revolutionary?” Alt rëm gëtt en Affer vun Gewalt dëser selwer ënnerschwelleg bezichtegt.

E grousse Moment ass wéi den McIntyre seet “I am not a victim.” an seet duerno “Imagine if it was Prince Charles…” Den Interviewer ignoréiert ganz kloer wat de McIntyre seet. D’Geschicht vum Student deen no Policegewalt huet missen an d’Klinik gëtt ënnert den Teppech gekiert… mä wat freet den Interviewer dëse jonke Mann am Rollstull: e freet en ob e mat Steng op d’Police geheit huet! Classy.

Wat seet de McIntyre? “The media are trying to distract from the cuts…” Wat seet den Interviewer, deen de jonke Mann net ausschwätze léisst: “Were you injured in that incident?” Muss ech nach vill dozou soen. Et ass fir engem schlecht ze ginn.

Nodeems den Interviewer weiderhin dem McIntyre wëll entlackelen ob en iergendeppes geworf hätt, kënnt dat wat eigentlech de Punkt ass deen dat ganzt Interview zur Farce mécht, wéi de McIntyre ganz treffend kommentéiert: “Do you really think a person with cerebral palsy in a wheelchair can pose a threat to a police officer who is armed with weapons?” Alles wat den Interviewer dozou seet ass: “But you do say you’re a revolutionary.” Wéi wann de McIntyre domat iergendee Scholdgeständnis ginn hätt. Gratulatioun zum McIntyre dass en duerno seet “This line of argument is absolutely ludicrous.”

10 10
Den 10. Oktober 2010 war rëm soueen Dag op deem sech Koppele gär bestueden, de Welt-Zombie-Dag an och een Dag fir Geeks (42). Op deem Dag hu sech 10 Fotografen zesumme gedoen an hiren Dag an hier Welt an 10 Fotoen festgehal. Zesumme gedoe hu si sech nit wierklech, well si kommen all aus verschiddene Stied op verschiddene Kontinenter, mä dat wat hei entstan ass, ass ouni Zweiwel zimlech cool ginn. 100 Fotoen vun engem Dag, mä mat ganz verschiddenen Impressiounen.

Si beschreiwen hire Projet sou: “The 1010 project was devised as an antidote to everything in modern life always having tobe bigger, better, louder and brighter than what’s been before.” Fonnt hunn ech de Projet op mengem léifsten schwedeschen Fotoblog, dem Hilda Grahnat sengem, an och um Brian W. Ferry sengem Blog. Lo hoffen ech just dass der dat hei nit schon op 7000 aner Blogs gesinn hutt well ech sou spéit u sinn. Mee d’Liewen zu Stockholm ass ustrengend.

The Thousand Autumns of Jacob de Zoet
Ech schreiwe jo eigentlech keng Bicherreviews. Engersäits, well ech ni, awer wierklech ni eppes liesen, wat grad eréischt rauskomm ass, anerersäits well ech et nach ni gemaach hunn, an och guer net kann. (Psst… ziel keen dat de Leit vum “Wort”, déi mech mol dofir bezuelt hunn.)

Mä wësst der wat, ech hunn virun enger Woch e Buch fäerdeg gelies, wat 2010 rauskomm ass, an zwar ass dat The Thousand Autumns of Jacob de Zoet vum David Mitchell. Dat, u sech, ass net erwienenswäert. Dass d’Buch wierklech extrem gutt ass, ëm sou méi. Och wann ech nach ni e Buch vum Murakami gelies hunn, dee jo bekanntlech den ultimativen Auteur fir Leit Ufanks 20 ass, hunn ech mech an de leschte Wochen a Méint un d’asiatesch Kulturen erugetraut. Salman Rushdie, Aravind Adiga, Hanif Kureishi an eben David Mitchell sinn do d’Leit, déi – wat d’Literature betrëfft – e groussen Afloss haten.

Wat mer bei The Thousand Autumns of Jacob de Zoet esou gefällt, ass, dass et eng eigentlech onbekannte Geschicht hëlt, déi wierklech geschitt ass – d’Bombardement vun Dejima, an den dorops folgende Suizid vum Magistrat vun Nagasaki, a seng eegen Narrativ dorëm kreéiert. Ouni z’iwwerdreiwen, muss ech soen, dass ech déi verschidde Wendungen, déi ëmmer rëm dran optauchen kaum komme gesinn hunn, an dass d’Buch doduerch ëmmer frësch bliwwen ass.

Egal wat, wat ech hei schreiwen. Vergiesst et alles, a liest d’Buch. De Mitchell ass méi eloquent, wéi ech et am Moment sinn.

PS: Iergendeen interesséiert un engem Artikel um Schluss vum Joer an deem ech all d’Bicher 2010 an Haikus kritiséieren? Wann net, maachen ech et trotzdem.

Webkonfusiounen: Film, Moud an Faarw
En absoluten Brilliant an der Sammlung vun Internetsäiten ass de Filmguide Movieguide, e Site dien vun engem chreschtlechen Medienkonzern bedriwwen gëtt an en “family guide to movies and entertainment” ass. Iwwert dem Chris säi Lieblingsfilm seet en ënnert anerem ETERNAL SUNSHINE OF THE SPOTLESS MIND is a miscast, ill-conceived work that probably will bore as many people as it will enthrall. The relationship between Joel and Clementine, who’s played by an unappealing Kate Winslet, is irritating and confusing. The other characters are equally unattractive. Though clever in parts, the movie also contains lots of strong foul language and some adult sexual themes.

Am léifsten hunn ech awer d’Beschreiwung vu mengem Venedeg-Liebling Machete vum Robert Rodriguez

Evil, rotten, disgusting, humanist, nihilistic, Communist, politically correct, pro-revolution, pro-illegal immigration worldview with extreme Anti-Christian blasphemy and sacrilege (including a corrupt priest), racist elements, anti-white elements, anti-American, and anti-capitalist content, radical feminist elements, overt discussion of incest, and other anti-family content; 68 obscenities and 17 profanities; ultra-graphic, gory, very bloody, snuff extreme, constant violence such as gruesome decapitations, limbs severed, eye shot out, numerous gun battles, woman dresses as nun and mows down people with machine gun, man disemboweled and intestines used to rappel off building, priest nailed to a cross, torture, electrocution, etc.; extreme sex includes group sex, exhibitionism, and overt discussion of incest; extreme nudity includes full frontal female nudity; alcohol use and drunkenness; smoking cigarettes, marijuana use and selling drugs; and, very strong miscellaneous immorality includes lying, cheating, kickbacks, blackmail, betrayal, manipulation, corruption, greed, envy, reverse racism rationalized, and revenge.

Weiss’ bescheid, ne?

An da ginn et do d’Jill an d’Pauline, déi ech net kennen, awer ob hieren Blog Applied Art Revelation gestouss sinn. Moud, Musék, Fotoen, eben dat wa Meedercher man, wann se aus hierer Päerds-Phas raus sinn. Oder Vampirphas. Dat ass jo anscheinend déi nei Päerdsphas. Ma ob allen Fall ass net esou vill do lass, mä de Blog ass léif ze kucken, an et soll een jo d’New Kids on the Block e besse förderen.

Faarw. Wéi gëtt eingentlech Drockerfaarw gemaach? Ech hätt et net gewosst. Si erklären et:

<object width="500" height="306"><param name="movie" value="http://www.youtube.com/e/Fypi6dAJB8E"></param><param name="allowFullScreen" value="true"></param><param name="allowscriptaccess" value="always"></param><embed src="http://www.youtube.com/e/Fypi6dAJB8E" type="application/x-shockwave-flash" width="500" height="306" allowscriptaccess="always" allowfullscreen="true"></embed></object>

Kuerz kritiséiert: Epesch Kämpf an epesch Dänzer.
Scott Pilgrim vs. the World (Edgar Wright, ***)

De Scott Pilgrim ass 22, an zesumme mat engem 17jähregen kathouleschen High school Meedchen, wéi em wiertwiertlech d’Meedche vu sengen Dreem begéint. Fir hat ze kréien, muss en allerdéngs seng 7 béis Exen bekämpfen a bezwéngen. An den Haaptrollen Michael Cera an Mary Elizabeth Winstead.

Ech maache keen Hehl draus, dass meng dräi Stären grousszügeg sinn. De Film ass ënnerhalsam, witzeg an en baut weiderhin op déi gutt Geschicht, déi dem Bryan Lee O’Malley seng Bicher ausgemaach huet. Ech weess net, wéi een d’Buch hätt kënnen technesch an inhaltlech besser an en zwee Stonne Film paken. An dofir dräi Stären. Wat allerdéngs schued ass, ass, dass doduerch de Film ab engem gewësse Punkt sech just nach wéi Kampf no Kampf ufillt, an sech engem déi wichteg Fro stellt: firwat dat Ganzt? Wou ass d’Motivatioun fir déi Kämpf? Dat erschléisst sech eigentlech wéineger. An doduerch ass dem Scott seng Katharsis am Endeffekt och problematesch, vue dass dach iergendwéi sou wéineg um Spill steet, a mer ze mann vun him wëssen, fir wierklech d’Pëll schlécken ze kënnen, déi de Wright eis opdëscht. Am Endeffekt ass d’gimmicky Handlung net méi wéi eng originell Geschicht, bei där d’alternativ Kreativitéit u sech keng déiwer Bedeitung huet, wéi den Zweck eppes anescht ze bidden. Vue dass de Film awer dobäi ëmmer probéiert sech op engem eenheetlechen Niveau ze halen, an keng Undeitungen zu méi Déift bréngt, déi en duerch seng Kierzt net hale kéint, kann een dem Film seng Problemer just iwwelhuelen, wann een en um Standard vum O’Malley senge Bicher miisst. An dat wier, opgrond vun der Ënnerscheedlechkeet vun de Medien, onfair.

Geometry and Grace @ Theatre Royal, Glasgow, 18. September 2010

Ech war an de Ballet. An et war iergendwéi cool. Däerf ee jo mol erwienen. Lo sinn ech eeschthaft um Iwwerleeën, ob ech an dem Matthew Bourne seng komplett iwwerdeiert Versioun vu Swan Lake an zwou Woche goe soll. Wee weess.