Geschriwwen den 10/03/2010 vum JacquesKee Kommentar
Fir d’Éischt emol muss ech mech beim Thorben bedanke, well ouni hien hätt ech dat heite wahrscheinlech verpasst. Hien haat nämlech an engem Kommentar iwwert den Oscar Liveblog geschriwwen, datt et sech nët géif lounen, eng Kino-Flatrate fir Cineworld ze kaafen. Aus rengem Interessi hunn ech dun nogekuckt wat fir Filmer am Moment am Cineworld laafen, an du sinn ech op dat heite gestouss: ‘Not The Messiah (He’s a Very Naughty Boy)’ en Oratorium vum Eric Idle, deen um Monty-Python-Klassiker ‘Life of Brian’ baséiert, leeft de 25. Mäerz (a just deen Dag) an de Cineworld-Kinoën. An net just Cineworld, mee iwwerall an Europa gët dësen Oratorium LIVE äus der Royal Albert Hall mam BBC Symphony Orchestra a mat engem Chouer vun 140 Sänger iwwerdroen. A Lëtzebuerg gët dës Show (bei där den Terry Jones, de Michael Palin an och den Terry Gilliam wäerte matwierken) am Utopia an am CineBelval gewisen. Ech wollt just kuerz Reklamm dofir maachen, fir datt eis Lieser (bei deene secher eng Rei Python-Fans dobäi sinn) dësen Event op kee Fall verpasse wäerten.
(P.S.: Fir de Schülertheater am Iechternacher Lycée den 13. an de 14. Mäerz, bei deem ech dëst Joer d’Éier hunn als Co-Metteur en scène matzewierken, sinn och nach immens vill Gratis-Ticketen ze kréien. D’Stéck ass dëst Joër e franséische Mélange vum Shakespeare sengem ‘Much Ado about Nothing’ an dem ‘Midsummer Night’s Dream’. Méi Informatioune, fir déi, déi sech eventuell dofir interesséieren, gët et op der Homepage vum Trifolion zu Iechternach.)
Geschriwwen den 6/03/2010 vum Thorben2 Kommentaren
OK Go ass eng Band, déi deenen meeschten YouTube Fans (an dat si mir dach alleguerten) obgefall ass duerch e Video, wou si, wéi Hennessen ob Laafbänner Akrobatik vollbréngen (Here It Goes Again). Domat gëllen si bis haut nach als Pappen vun de sougenannten viralen (wéi ech dat haassen) Reklammen fir Musék. Mir sinn 2010, an jhiddereen, dee mol e Buch iwwer Marketing gelies huet an Photoshop kennt, mengt e wier de King – dofir och eng Schwemm un virale Videoen. Eent wat viru kuerzem rauskomm ass, a rem rausstécht ass dee neien Clip vun OK Go. Kennt ee vun Iech nach Professor Tim’s Incredible Machine?
Infoanimatiounen an Infografiken si sexy. All Joers kënnt eng nei “Did You Know” raus, an derteschent e puer anerer, net manner interessanter. Déi heiten huet eist Lynn mir geschéckt an se befaasst sech mam Internet. Meng Lieblingszuel: Bal duebel sou vill Europäer wéi Nordamerikaner benotzen den Internet.
An dann nach eng schéi Reklamm, déi ech Iech net well virenthalen, mat Making Of.
Et ass een opgereegt obwuel een eigentlech guer näischt ze maachen huet. Et gesäit e Leit rem bei deenen et engem rem bewosst get weivill een dat hei alles vermësst huet. An da setzt een an dem Sall wou een och no zwee Joer nach éischter gewinnt ass op der Bühn ze stoen wei am Publikum ze setzen. Beim Bléck op de Programm kennen ech scho bal kee mei, just e puer Gesiichter si nach bekannt. Nach ëmmer opgereegt, wéi geet et dann de Leit hannert der Bühn? Ech vermessen de Geroch vu Schmink, an de Leit nach eng kéier an d’An ze kucken a ’merde’ ze soen.
Wat ech hei sou pathetesch ukënnegen ass dat Theatersteck dat läschte Weekend a nach dësen a menger aaler Schoul, dem LCD opgefouert gëtt. De Grupp MiR huet ee neit Stéck kreéiert, ee Stéck ouni Text, also Pantomime, ënnert der Leedung vum Bob Flammang. Et as di éischte kéier dass ech souee Stéck aus der Vue vum Publikum gesinn, well ech soss ëmmer matgespillt hunn, an et versteet een ob eemol déi Leit, di soss ob een duerkomm sinn a gefrot hunn wat dat da lo alles sou genau ze bedeiten hätt. Well et ass effektiv nit ëmmer evident alles ze verstoe wann et keen Text gëtt. Grad sou schwéier as et fir d’Acteuren; et ass schon nit einfach mat Wierder sech sengem Publikum matzedeelen, nach vill méi schwéier as et wann et keen Text, mee just säi Kierper gëtt.
D’Stéck heescht ‚Dreams Off’, an as als Hommage un den Akira Kurosawa an säi Film ‚Dreams’ geduecht. Zouginn, ech haat och keng Ahnung ween den Akira Kurosawa war, hee war ee japanesche Regisseur deen eng 30 Filmer gedreint huet an och een Oscar fier sai Liewenswierk krut, 1910 gebuer. ‚Dreams’ (1990) besteet aus enger Série vun aacht Dreem, déi de Kurosawa selwer zu verschiddenen Zäitpunkten a sengem Liewen gedreemt huet. Si baséieren éischter op Biller, et gëtt kaum Dialog. Vun dësem Film huet sech d’MiR inspiréiere gelooss a selwer sechs Dreem geschriwwe fier déi op der Bühn duerzestellen.
All Draam huet säin Dreemer, an di sechs Dreem ginn vun je engem Ausschnëtt aus dem Film getrennt. Scho wann een zur Entrée rakënnt setzt do eng Äisprinzessin, dei em d’Äerderwiermung, een Thema dat sech am Stéck widderhëlt, kräischt. D’Bühn ass, wi ëmmer, mat Léift dekoréiert, wäisse Stoft as wéi Äisbierger lenks a rechts vun der Bühn drapéiert. Eng bal duerchsichteg stofte Leinwand kennt e Stéck virun der Mauer vun uewe rof. Op déi Leinwand gi während dem ganze Steck Biller projezéiert an och di Filmstecker tëschent den Dreem.
D’Dreem selwer si wonnerschéin ëmgesat. All Draam huet sain Thema; d’Rementdeckung vun der Kandheet, Angscht a Verrecktheet, Magie oder en Draam an engem Land voller Iwwerraschungen vun engem Meedchen dat Alice heescht. D’Biller déi op der Bühn entstinn sinn einfach wonnerschéin a kaum ze beschreiwen, et muss een et scho gesinn. Hannert der bal duerchsichteger Leinwand as ob emol eng Schaukel an op der anerer Säit vun dem faarwegen projezéierte Bild schaukelt ee Meedchen. Dann hänkt un der Mauer e Stull an en Hiem, spéider stinn do zwee Liegestill an zwee Aisbieren drénke Kaffi. Dat ganzt get dat ganzt Stéck iwwer duerch ausgewielte Musik ënnerstrach di et och akkustesch zu engem wonnervollen Optrett maachen; vun Björk bis Bach, a virun allem Schloflidder.
Et ass dat läscht Stéck dat de Grupp MiR mam Bob opféiere wäert. Hien huet 40 Joer lang mat honnerten vu Schüler sou Stécker mat vill Léift a ganz vill Aarbecht op d’Bühn bruecht an huet mat desem Steck ee wonnerschéint läscht Stéck kreéiert. Et gëtt nach dese Freiden a Samsden opgeféiert (Detailer hei), ech wärt nach eng zweete kéier am Publikum setzen a nervös sin, an duerno un de Fond de Teint schnoffele goen.
Hei well ech iech kuerz zwou Fotostrecken fierstellen dei ganz flott unzekucke sin. Fiertéischt wier do den Jason Powell deen sech an der Library of Congress aal Fotoen vu Gebaier a Monumenter siche geet fier se auszedrecken. Dann geet en op dei Plaatz wou di Foto x Joer mi fréi gemaach gouf a fotograféiert se op genau der selwechter Plaatz. Sou gesait een dann en Extrait aus enger vergaangener Zait an der Rumm vun haut. Dat ganzt heescht ‘Looking Into The Past’ an as eng wierklech flott Iddi wou schéi Fotoen entstaan sin. Et gesait een wou fréier aal, schéi Gebaier a Kinoen stungen, stin haut grouss modern Büros- a Geschäftsgebaier. Op munche Fotoen as den Iwwergank vun der aaler Foto zur heiteger Realitéit sou fléissend dass een e kaum bemierkt. An awer as alles aanescht. Hei de Link.
Di zweet Streck as vum Jan Banning an heescht ‘Bureaucratics’. Den hollännesche Fotograf as joerelaang duerch China, d’ USA, Indien, Liberien, Russland, Frankraich, de Jemen a Bolivien gereest fier ze fotografeieren wei et op de verschiddenen Plaatzen beim Staat sou zou sech geet. Hien huet Bürokraten op verschiddenen Plaatzen an der Hierarchie an hiere Büroen geknippst, wei a wou se schaffen, wat zimlech interessant an och deelweis e besse witzeg ze gesin as. Deen een huet nemmen Baststill an en Heft, deen aaneren alles wat e brauch plus zwee Geweiher. Bei munche Fotoen erkennt een direkt vu wou d’Leit kommen, bei aaneren nit onbedingt. Mei Fotoen fannt der hei, do kennt der och noliesen ween di verschidde Persounen sin a wat se verdingen.
Geschriwwen den 23/02/2010 vum Thorben8 Kommentaren
Den Harry huet schwaach gegrinst. Jo, den Hittchen opdoe war vill besser wéi en Zaubersproch soe missen, mee hien hätt et léiwer gehat, wa si en hätten opdoe kënnen, ouni dass all Mënsch nogekuckt huet. Den Hittchen huet anscheinend zimlech vill vun engem gefuerdert. Den Harry huet sech an deem Moment weder daper nach besonnesch gescheit oder soss eppes vun all deem gefillt. Wann den Hittchen dach nëmmen en Haus genannt hätt fir Leit, déi sech liicht katzeg gefillt hunn, dat wier genee dat Richtegt gewiescht fir hien.
Säit 2009 verdreiwt d’ASBL KairosEditioun eng lëtzebuergesch Iwwersetzung vum éischten Harry Potter Band, ee vun deenen dräi Harry Potteren déi ech gelies hunn. Fir 30 Euro, wat net geschenkt ass, kann een d’Buch kaafen. Iwwersetzungen sinn emmer en kroplegt Thema, zumols wa Leit mengen, dass een präferenziell ëmmer sollt d’Iwwersetzung liesen. Ech zéihen, wann ech der entspriechender Sproch mächteg sinn, zwar och d’Original viir, fannen awer dass gutt Iwwersetzungen eng aaner Vue op e Wierk (Buch, Film…) kënnen ginn.
Egal wéi, ech sinn e Fan vun der Lëtzebuerger Sproch, a freeën mech, wann soueppes rauskennt. Hei de Link.
Geschriwwen den 21/02/2010 vum Thorben10 Kommentaren
Et ass säit der Mëtt vum leschten Joerhonnert oft schlecht ugesinn gewiecht lokal Produiten ze kaafen. Wat duermols “Deutsche kauft bei Deutschen” wor, heescht lo awer rëm “locally sourced” an ass in.
Dat ass a Lëtzebuerg net ëmmer ganz einfach: während een fir Moies den Téi vum Séi kritt, wandert eise owentleche Béier an d’Ausland oof. Schissi. Glécklecherweis hu mir mat Lux’mburger zu Housen d’Lëtzebuerger Äntwert op McDonalds (an BurgerKing. Eng Baach? WTF?). Viva an Beckericher Waasser an e Riesling vun der Musel.
Mee wat deet de Lëtzebuerger vun haut un. Säit e puer Joer get et do fir substanzenkonsuméierend Snowboarderinnen de Label Flufferwear, de Klassiker a Papp vum Che Gue Juncker T-Shirt ass awer bei der Bom em den Eck. An dann ginn et nach e puer méi kleng Boîten.
Eng Boîte déi ech Iech net wollt virenthaalen ass RauschPuppe, eng 2-Mann(-Fra) Coop aus Ettelbréck. Bei hinnen kritt een Prints, T-Shirts, Spiller a Miwwelen. Ob hierer Internetsäit kann een fir 20 Euro (faire Präis, oder?) een vun deenen fantasteschen T-Shirts kaafen. Och derwäert ass den perséinlechen Site vun der Designerin Stephanie Rausch. Ënnen d’Shirts Affär BOMMELeeeeer, Pimp(my)ampel an Schof fir den Owend.
Geschriwwen den 6/02/2010 vum Thorben5 Kommentaren
Zum Oofschloss vun deser 8-Deeleger-Serie dann dat, wat ech doraus geléiert hunn, wat et gouf, an wat et net gëtt.
8 Deeg Island ginn net spuerlous un engem laascht. D’Sarah an ech sinn 2200km am Auto gefuer an hunn dobäi ongeféier 200 Liter Bensinverbraucht. Tragescherweis hu mir dobäi och 475kg CO2 fräigesat, oder 240m^3 CO2. Wann dir iech nach un de Waasserfall Dettifoss erënnert, dat ass esou vill CO2, wéi do Waasser all Sekonn roofleeft. Mir hun een Vugel doutgefuer an véier Mais. Mir respektéieren d’Emwelt, mä wann dir eis virun den Auto laaft, ass dat net eis Schold. 200km onbefestegt Strossen (gefillten 10′000km) woren et. Mir hunn 100 Euro fir Iessen ausginn fir 2 Leit während enger Woch an 100 Euro an enger Nuecht fir Drenken. Pro Kapp (d’Sarah ass méi bëlleg wechkomm).
Ween an Island ënnerwee ass, stellt fest dass Sigur Rós kléngen wéi se kléngen well se aus Island kommen. Wann een an Island wor, versteet een dat plötzlech. Erkläre kann een et awer net. Meng Lieblingsasiicht dass, dat et deck duergeet, deen zweet oder drëttbeschten ze sinn, zumols wann een doduerch en méi rouegt Liewen huet. Wat d’Islänner vergiess haten wor awer kritesch ze hannerfroen, wat lasswier, wéi abeemol jhiddereen fuerchtbar räich gouf. Mee och ouni Suen sinn si nach ëmmer glécklech. Rätsel geléist: Hannert dem Waasserfall ass e Schatz. Dee Schatz huet zwar kee Geldwäert, awer en moraleschen: Wann een sech de Wee duerch de Waasserfall gekämpft huet, an näischt fënnt, kënnt ee vläit zur Asiicht, dat just, well een eppes kann man, een et net muss man. Eppes aneres wat mir kloer ginn ass, ass dat Kapitulatioun näischt mat opginn oder verléieren ze dinn huet, mä mat Asiicht. Wann een d’Natur net bekämpfen kann, dann huet een besser dat anzegesinn. Zum Beispill einfach méi bëlleg Brecken bauen, déi eben net fir d’Éiwegkeet sinn, an d’Natur a Rouh loossen. An d’Sarah huet mir bäibruecht, dass een heinasdo muss man, wat ee maachen muss. John Wayne Style. Offensichtlech wor, dass all Lëtzebuerger en Islänner kennt, mee och all Islänner ee Lëtzebuerger. Fir all déi, déi op Party’en wëllen cool sinn, an déi Story erzielen, sorry: Den islänneschen Ministerium fir Elfen ass eng Urban Legend. Dat se un Elfen gleewen ass awer wouer – naja, si nennen se verstoppten Leit.
Iwwregens, ween de Budget interesséiert fir 8 Deeg Island: 300 Euro Fluch, 150 Euro Auto, 150 Euro Sprit an 50 Euro Iessen – 550 Euro. Net an dem Präis mat dran sinn eng iwwerdriwwen deier Jacket, en iwwerdriwwen deieren Protokoll an iwwerdriwwen deieren Alkohol. 8 Deeg sinn ze kuerz fir den Tour ze man. 10-14 Deeg sinn way to go. An dat geet suguer ouni erhiewlech méi Suen auszeginn. Den Auto ass dat eenzegt wat méi deier gëtt, d’Kilometere bleiwen déi selwecht, an d’Iessen ass wierklech marginal. Fir an Island recommandéiert Pianocktail GermanWings ab Köln/Bonn – 23kg Gepäck ftw.
Ob ech zrèck ginn? ASAFP!
Allt rem eng Idée déi moies em 2 Auer um Trottoir virum Flying entstan ass.
Eisen regulären Lieser sollt et net entgaangen sinn, dass, säit ech 15 sinn, ech als Projektionist, Caissier a Meedchen fir alles an engem klenge Kino schaffen. An Projektioun ass net nëmmen eppes, wat ee mecht, mä et gëtt eng ganz philosophie dohannert. Projektiounen sinn intensiv Momenter, wou ee vill kann nodenken, an wou et heiansdo komesch ass, duerch eng Glasscheiw getrennt ze sinn, vum Sall. Et kuckt een quasi vu baussen an eng aner Welt ran. De Joël A. huet mir e wonnerbaren Kuerzfilm geschéckt, deen beschreift, wat Projektioun bedeit.
Geschriwwen den 26/01/2010 vum ThorbenKee Kommentar
Ha! Ech muss et fäerdeg man!
Wecker. 9 Auer moies. Ech leien am Doppeldeckerbett uewen. Klammen raus. Rutschen ob der Leeder aus. An faalen roof, klatsch ob de Buedem, dee voll mat Camping-Krom loung. Dat huet d’Sarah net interesséiert. Hat schléift virun. De Schmäerz vum Opprall steet a kengem Verhältnis zum Schmäerz vu mengem Kapp. Schäiss. Hangover. Déi Fläsch Vodka, déi den Alex aus dem Karamba rausgeschmuggelt huet, den islänneschen Béier an de Wäin an de Rescht woren wuel éischter bëlleg – an dat obwuel ech an enger Nuecht 100 Euro ausginn hunn, wat eng “Night Out” an Island kascht, woumat een hei mat 4 Leit kéint rausgoen.
Ech hu mech dann opgerappt an sinn a Stremp, T-Shirt an Boxershort an d’Buedzemmer um Enn vum Gang geschlappt, et wor mir wierklech egal wéi ech géing ausgesinn. Ech wor frou, dass do weder en Tiger nach e Puppelchen woren. Zänn gewäsch. Deen Typ vis-a-vis vu mir am Spiggel haat och net besser ausgesinn. D’Sarah aus dem Bett geheit, d’Saache gepaakt an alles an den Auto geheit. Géint 11 si mir dann mam Carlos an den Stadzentrum gefuer, a sinn Pancakes iesse gaangen an ganz vill Waasser drenken gaangen. Ech bezweifelen elo nach, dass fueren wierklech ubruecht wor.
Mir sinn dann engkéier den Laugavegur, d’Haaptshoppingstrooss (déi iwwregens wierklech eng Buedemheizung huet) rop a roof gaangen. An et ass esou beandrockend, wéi vill Designer-Buttekter an Boutiquen do woren. Um Enn si mir am Konschtmusée geland, wou en Islänneschen Kënschtler Riesenbiller inspiréiert un Lars Von Trier Filmer ausgestallt huet. Go figure. Soss wor dee Konschtmusée awer immens, an et wor, eng Kéier méi, verblüffend wéivill Kultur an engem 200′000-Awunner-Land herrscht.
Ma et huet alles näischt gehollef, em 3 ass et nit méi gaangen an mir hunn eis fir t’éischt mol rem fir eng Stonn missen an e Café setzen. Mëttegiessen. Dono weider mam shopping. Dank menger neier Jacket gouf ech elo iwwerall t’éischt mol op Islännesch ugeschwat, wat mäin Ego geboost huet. D’Sarah huet dann och d’Visa kraachen gelooss, woubäi et zu folgendem, denkwürdegem, Moment koum: Mir woren an engem Buttek wou d’Sarah sech en, net ganz gënschtegen, Mantel wollt kaafen. D’Besëtzerin vum Buttek huet eis da gefrot vu wou mir wären, wéi een dat eben mecht. “Aus Lëtzebuerg” – “Ajo, meng Niess liewt do, hat schafft bei der Telé, d’Thorunn…”. Sou ass dat.
Reykjavik huet einfach d’Laat fir mech immens héich geluecht an puncto Leit, an Puncto Stil, an Puncto Iessen, an Puncto Rausgoen, an Puncto Kultur an esou villem, wat ech an Stied wéi Paräis, Wien, München, Berlin, Hamburg oder Kopenhagen nie an dem Emfag gesinn hunn. Et ass natierlech wouer; -15°C, 4 Stonnen Daagesliicht, wat soll een soss och man ausser Drenken oder eng Band grénnen, mä et fällt schon op a mecht Freed.
Dann nach séier an engem Plakkebutték den Heima kaaft an eng LP vu múm, an dann wor et och schon Zäit fir eist Owesiessen, wat mir an engem traditionellen Islänneschen Restaurant zu eis geholl hunn. Fësch, wéi sech dat gehéiert.
Schwéiren Häerzens hu mir dann de Carlos a Richtung Kevlavik befördert, wou mer en oofginn hun. Ran an de Fliiger a schloofen, muer den Owend steet Fly um Programm.
Där wesst jo schon alleguer dass ech d’Romaner vum Jonathan Safran Foer fuerchtbar gear hun, well der dat natiirlech all hei gelies hudd. Lo hun ech virun engem Mount ongefeier gesin dass hei zu Heidelberg sain Everything is Illuminated als Theatersteck op daitsch opgefouert get. An natiirlech hun ech mer dat, obwuel ech et eigentlech nit gear hun en englesche Roman daitsch interpretéiert ze gesin, missen ukucken. Well schließlech soll ee nit souvill Virurteeler hun an et kéint jo sin dass mer dat och op daitsch ganz gudd gefällt.
An sou sollt et dunn och sin. D’Steck get am Zwinger 1 opgefouert, ee relativ klenge Sall deen zimlech improviséiert ausgesait. Fennef breed Reihen mat (ongemittleche) Still an keng richteg Bühn. Op der lenker Sait si blo Maueren mat bloem Buedem opgebaut, an der Mett uewen as eng kleng Leinwand, drenner e Schreiwdesch a rechts eng komesch donkelgro, kescht-ähnlech Konstruktioun.
D’Geschicht handelt vum Jonathan, dem Autor sain Alter Ego, deen an d’Ukraine reest fier dat jüdescht Duerf Trachimbrod ze fannen an di Fra di sai Grousspapp am zweete Weltkrich virun de Nazien gerett huet. Dobai get hee begleet vum Alex, dee vu sengem Papp a senger Firma, Heritage Tours, als Iwwersetzer ugeheiert get. Wei de Numm vun der Agence et scho seet hellefen si Leit hier Wuerzelen an den Heemechtslänner vun hieren Viirfahren ze fannen. Op hierem Trip sin och nach dobai, als Chauffeur, dem Alex sai Grousspapp dee vu sech selwer behaapt blann ze sin an den Sammy Davis jr. jr., dem Grousspapp seng leefeg Mudder dei heen als Blannenhond begleet. Hier Rees as relativ abenteuerlech, besonneg fier den jüdeschen Amerikaner Jonathan, deen Angscht virun Henn huet an dee nit verstaan get vu senge Begleeder, ennert aanerem well e Vegetarier as.
Niewt dem Jonathan senger Rees get op der lenker Sait vun der Bühn d’Geschicht vun der Staat Trachimbrod erzielt, wei se zu hierem Numm koum, an di komesch, schéin, traureg Geschicht vum Brod. De Shtetl Trachimbrod krut sai Numm vum Floss Brod a vum Trachim B., deem sai Won an dese Floss gerannt as an heen a seng Frau embruecht huet. Et get just nie eng Laich vun hinne fonnt mee et taucht ee Pupelchen aus dem Waasser op. D’Brod, dat vun deem aale Jankel opgezu get.
Als drett Handlung as do dann och nach den Alex deen dem Jonathan no hierer Rees Breiwer scheckt. Di zwee sin duerch hier Rees gudd Frenn gin an duerch hier Familljegeschichten, dei sech ähnlech sin, zesumme gewuess.
D’Steck as op seng eegen Aart a Weis a mat groussaartege Schauspiller emgesaat. D’Onstemmegkeeten tescht der onglaicher Reesgrupp brengen een zum Laachen, während den Hannergrond vum zweete Weltkrich natiirlech eescht as an nodenklech mecht, besonneg zum Schluss, der Erleuchtung. D’Sammy Davis jr. jr. get wonnerbar vum Franziska Beyer gespillt an den Alex jongléiert perfekt tescht engem Daitsch mat russeschem Accent an Héichdaitsch. Op der Leinwand get emmer rem ugewisen wann d’Szen vu lenks no riets wiesselt an Detailer vum Brod senger Geschicht gin dem Lieser gezielt. Schlussendlech entdeckt den Zuschauer dann wei di zwou Geschichten verbonn sin, doriwwer hinaus dass den Jonathan no där Staat sicht där hiere Floss dem Brod sai Numm gin huet.
Ech kann dat Steck also nemmen empfehlen, falls e puer Lieser hei zu Heidelberg sin. Et get am Februar nach draimol, den 6. den 9. an den 20. opgefouert, weider Spillpläng si nach nit raus. Fier all di aaner kann ech natiirlech awer och de Roman empfehlen.