Den Charlie Brooker ass e Phänomen. Fir dat kuerz an de Kontext ze setzen: Stellt iech en Typ viir, deen en dommt Aarschlach ass, wéi den Charlie Sheen, deen intelligent ass wéi den Sheldon Cooper, an dien d’Kulturkritik huet wéi den Joy Hoffmann. Dann hutt dir den Charlie Brooker. Dir kennt en, well an ären Facebook Timelines ëmmer rem Kommentarer vun him optauchen déi hien geschriwwen huet, wou en seng ganz misanthrop an onzefridden Gedanken lassgëtt: Iwwer Discoen, déi en haasst, iwwer säi Frust iwwer Leit déi sech am Kino net em Aspect Ratios schären oder em dem Cameron seng nei Visioun vu Briteschem Kino.
An eben dësen Charlie Brooker huet eng 3-Deeleg Mini-Series rausbruecht, déi Black Mirror heescht. Black Mirror ass dat bescht op engem Ecran gesinn hunn an deenen leschten 2 Joër. An ech wor do op dräi groussen Filmfestivals, an hunn eng geschaaten 150 Filmer gesinn an eng 200 Folgen Teléserien (wéi kann ech eigentlech meng Schoul gepackt hunn?).
Genuch geluewt. Em wat geet et?
Déi dräi Folgen hu net wierklech vill mateneen ze dinn, ausser dass se allen dräi an enger dystopescher nooer Zukunft spillen, an där alles techniséiert ass.
An der éischter Folg gëtt de Premierminister vu Groussbritannien nuets aus dem Bett geschellt, mat der Nooriicht, dass en Kindnapper d’Prinzessin vun England a senger Muecht huet an hat ëmbréngt, wann den Premier net bis Mëttes véier Auer live op allen wichtegen Kanäl Sex mat engem Schwäin huet. Dat kléngt absurd, mä den Handlungsstrang ass däermoossen gutt an plausibel ausgeluecht, dass een sech zum Schluss freet: Firwat eigentlech nit. Eng abstrus Geschicht, déi d’Problemer mat absoluter Vernetzung, Vermëschung vun Press, Politik an Privatem weist an eng Kritik stellt zur allgéigenwäerteger Ëffentlechkeet vun all Persoun zu all Moment.
Déi zweet Folg spillt an enger Welt, wou Leit just liewen, fir Punkten ze sammelen, an enger gamifizéierter Welt, wéi Spiller wéi Farmville oder World of Warcraft se scho proposéiren. E jonken Mann gëtt all seng Punkten fir engem Meedchen, dat him sympathesch ass, an enger Zort DSDS opzedtrieden. Hei ass eng immens Kritik un der Plastikwelt vun der Telé, vun Massenfernsehkonsum an der absoluter Ënneruerdnung vun Menschen ënnert der Ënnerhaltung. Suguer wann ee kritesch ass, wéi dëss Folg weist.
Déi läscht Folg spillt an enger Welt, an däer bal jhiddereen en Grain hannert dem Ouer huet, e klengen Chip, mat diem een alles ophëllt, an rem oofspullen kann, sou dack ee wëllt. Et ass déi eenzeg Folg, déi net vum Brooker selwer geschriwwen gouf, an si bënnt um Nietzsche sengen Usiichten zur Vergiesslechkeet un. Wéi wichteg dass et ass, dat Leit kënnen vergiessen an vergiessen, wéi geféierlech et ass, wann all Moment vun all Liewen gespäichert gëtt. Keen Zoufall also, dass dee Menu mat deem ee seng Gedanken kann oofspillen Timeline heescht, wéi den Facebook Feature, deen am Prinzip dat selwecht mëcht. E weist wéi problematesch et ass, wa mir keng Geheimnisser kënnen hunn, viru kengem, weder den Autoritéiten, nach eisen Partner.
De “Problem” mat Black Mirror ass, dass alles denkbar ass. Déi éischt Folleg ass perfekt méiglech, mir brauchen an eiser Welt keng Innovatiounen fir dat wouer ze man. Déi zwee aaner Folgen brauchen e bessi technesch Innovatioun, mä Elementer dorauser fannen mir lo schon an eiser Welt. Ouni Problem.
Den Charlie Brooker mecht dat, wat Aarschlächer gären man. Se weisen engem, wéi fuerchtbar domm een ass. Dat ass sou wéi déi Leit, déi bei Vegetarier hauséiren ginn, just fir hinnen ze soen, dass Pesto net vegetaresch ass. Den Charlie Brooker seet net, dass eis Obsessioun mat Technik falsch ass, just dass et eng Drog ass, an mir eis mussen den Niewenwierkungen bewosst sinn.
Fir Leit mat briteschem VPN oder déi hei wunnen gëtt et Black Mirror legal op 4OD. D’DVDen kommen am Februar raus, a wann der net waarden kënnt, wësst dir jo och alleguerten, wéi een u Serien kënnt, ouni se ze kaafen.
Gleewt mer, et ass wierklech sou gutt wéi ech soen. Ech hätt iech schon am Dezember solle Bescheed soen.

Sorry, mä hei gëtt de Moment net kommentéiert.