Den Atelier wëll an d’Schluechthaus. Well et op der enger Säit u Konzept feelt, an bei den Uwunner u Gehier, gëtt dorauser wuel näischt. Fir all déi, déi elo traureg sinn, gëtt et awer en Dub-Mix. Musikalesch net de Wahn, mä awer toll.
The Mumpitz Show by guerilla.soundsystem
Mäi Lieblingsprojet, den Sura Open Air Kino, gëtt et net méi. Mir sinn elo den Orange Open Air Kino, präsentéiert vum Sura. Wat een dovunner ze halen huet, deelt de Federico mat:
Am Lëtzebuerger Internet schéngt e bessi eppes an d’Rullen ze kommen, ëmmer méi Nimm tauchen op, an suguer e puer Blogs. Wee gären kacht, fënnt traditionell Rezepter beim Rainbowfizzbee, Iwwerhiewlechkeet krut Konkurrenz an sou weider an sou virun. Dat fanne mir natierlech super a freen eis iwwer all Mouvement an der Twatosphere an der Blogosphere.
An dann wëll ech iech nach d’Theaterstéck “Friday” nooleen, wat um Rebecca Black sengem Lidd Friday opgebaut ass. Hilariéis. Wann iergendeen sou glécklech ass, nach näischt vum Rebecca Black héiren ze hunn, sollt dat fir t’éischt noogeholl ginn.
A propos Talent: Schlussendlech bréngen eis Frënn vun e puer aaneren Blogs hier éischt CD raus. Kaaft se. An lauschtert hier Gedichter an Erzielungen. Mir bréngen natierlech mat Zäiten eng Review an klären, ob Zeppelinen elo op CDen gepresst goufen, dee krassen lëtzebuergeschen Accent (deen ähnlech schlëmm ass wéi main) am Demo-Sampler dem Thierry oder dem Jacques gehéiert an wien d’Vanessa Wujanz ass.

Lo meckeren awer op enger Liesung ni de Bak opgedoen. Ech huelen eng Kéier een MP3 op wou ech een Text mat südwalliseschem Accent liesen. Just fir dech. ;P
Ech weess jo guernet obs du dat wors. Dat steet jo nach aus.
Dovunner oofgesinn weess ech net, ob ech jemols op enger Liesung vun dir wor.
Lo huel mer net meng Excuse, eng Kéier de Walliser raushänken ze loossen. :)
Wars de. Du souz souguer an der éischter Rei. Exit07, 17. Dezember 2008. Et sollen esouguer Fotoen dovunner ginn op der Säit vu les jeunes mélancoliques. ;)
Aha. Ech erënneren mech, ech wor duercherneen mam Plural “Liesungen” – ech haat geduecht du géings mengen wats de schreifs :-P
Ni. Emol net bei Liebesbréiwer. Ech benotzen Wieder just fir ze manipuléieren.
Dat ass dat, wat ech héiren hunn.