Dem Jacques säi Film dien hien zesummen mam Lars gemaach huet, ass online. Ons Identitéit (Mir hunn se fonnt) ass eng Satir iwwert d’Lëtzebuerger Identitéit, dien e puer wichteg Froen stellt: Hu mir eng Identitéit? Ass déi Identitéit esou wichteg, wéi mir ëmmer man? Musse mir wéinst all Saak Räis eng Petitioun man? Musse mir all Kommentar op Wort.lu kommentéiren? Muss all Skandal zum Staatsennerfaangen ginn? Brauche mir fir alles eng Facebook-Grupp?

Ons Identitéit erzielt d’Geschicht vum Emil Wirtsen (Wiiiiirtsen Eeeeeeemill) an senge Kollegen vum Comptoir, an wéi si réagéiren, wéi si gewuer ginn, dass den Brauereikozern ABC InBrüüsch d’Nationalgedrenks Lëtzebéier an der Belsch soll brauen. D’Muselina erschéngt dem Emil am Schlof, an rifft (oder sengt) hien dozou op, sech fir de Béier anzesetzen. Den Emil versteet dat falsch an organiséiert spontan eng ethnesch Säuberung vum Land.

Mam Joy Hoffmann hu mer nom Clipstar iwwert eng Lëtzebuerger Krankheet ënnert de Filmmaacher diskutéiert. Déi Krankheet verursaacht, dass mir technesch super-performant Filmer hunn, déi am Skript schwaach sinn. Ons Identitéit brécht domat. D’Skript ass meeschtens gutt, opreegend, intelligent an spannend, awer en ass technesch net ob dem Niveau vun aaneren Produktiounen (en ass emmer nach ganz gutt). An dat ass sou wéi et soll sinn. Mat witzegen Dialoger, intelligenten Pointen an afallsräichem Storytelling bréngt de Film d’Froen op de Punkt. An dobäi ass et net sou wichteg, dass de Film technesch Macken huet. D’Musék, déi fir de Film selwer komponéiert gouf an sech u klasseschen Themen orientéiert mecht de Film vollends e Muss fir jhiddereen.

Ons Identitéit ennerhällt, an weist mol ob sou munchen Mëssstand hinn. E stellt déi richteg Froen, ouni Äntwerten ze ginn. Den Humor ass knallhaart an drëschen, mä nie iwwert der Grenz. D’Attitude, de Film direkt an den Internet ze stellen, gefällt an ass zäitgeméiss. Kucken. Soss kritt der esou eng an d’Suddel, dass der mengt de MUDAM wier e Musée.