#50 NO MAN’S LAND (Denis Tanovic, 2001)
Em wat geet et? De Krich am Kosovo, a wéi zwee ideologesch friem Menschen zesumme fannen, well s eduerch d’Zoustänn dozou gezwonge ginn.
Firwat ass e sou gutt? Ganz einfach: d’Geschicht strotzt vu Menschlechkeet. Zwou Persounen, dei duerch d’Politik an duerch Krich getrennt ginn, koopereieren fir aus dem Schlamassel raus ze kommen. E wierklech inspireierende Film, deen Menschen zum besseren ännere kann.
#49 REQUIEM FOR A DREAM (Darren Aronofsky, 2000)
Em wat geet et? Veier Drogesüchteger, a wei hir Sucht se lues awer secher zersteiert.
Firwat ass e sou gutt? Den Darren Aronofsky ass e Meeschter, wann et drem s geet Konscht an Handlung an Eeklang ze brengen. E brutalen, versteierende Film, deen op eng wierklechsensationell Aart a Weis gedreit ass an visuell faszinant ass. Donieft huet en en epesche Score vum Clint Mansell – alles zesumme gesinn, eng emotional Achterbunnfuert.
#48 Y TU MAMÁ TAMBIÉN (Alfonso Cuarón, 2001)
Em wat geet et? Eng Reess vun zwee 17jähregen, dei virun der Uni mat der 10 Joer mei alen Fra vun engem Cousin eng mystesch Plage a Mexiko sichen.
Firwat ass e sou gutt? De Film huet eigentlech 3 Ebenen: d’primär Handlung, déi schrecklech Wourecht, déi zum Schluss un d’Liicht kennt, an Mexiko an d’historesch a politesch Lag vun engem Land an enger chaotescher Situatioun. E Film, deen ee just gutt fanne kann, mä deen een och wierklech muss sacke loossen, bis dass een e richte ophelt.
#47 TILLSAMMANS (Lukas Moodysson, 2000)
Em wat geet et? Eng Gemeinschaft vun Fräidenker, an déi eng nei Film erakennt.
Firwat ass e sou gutt? Wat mech beim Moodysson emmer benadrockt ass, wéi seriö hien Kanner a Jugendlecher helt, a wéi genee en sech a si era versetze kann. All d’Personnagen hei am Film hunn Déift – a sou ass et e Wierk voller Wäermt, wat ee wierklech matrappe kann.
#46 DAS LEBEN DER ANDEREN (Florian Henckel von Donnersmarck, 2006)
Em wat geet et? En Theaterregisseur gett vun der Stasi observeiert, well e Parteiueweren hien am Buhlen em eng Fra aussschalte well.
Firwat ass e sou gutt? Das Leben der Anderen ass eng Ode un d’Menschlechkeet an un d’heelend Wierkung vu Konscht. D’”Sonate vom guten Menschen” gett fréi als Thema erwient an et ass eigentlech wierklech d’Zentrum vum Film. Mensche si gutt, kenne sech besseren a kenne fir dat Schéint an d’Fräiheet kämpfen. An dann natierlech dem Ulrich Mühe seng sensationell Performance.
#45 FINDING NEMO (Andrew Stanton, 2003)
Em wat geet et? Den Nemo verschwend, a säi Papp geet op d’Sich no him.
Firwat ass e sou gutt? Well en eng genial Geschicht erzielt, mat Personnagen, déi komplett duerchduecht a voller Déift sinn. An doduerch, dass sech e groussen Deel vun der Handlung am Mier ofspillt, sinn d’Biller wonnerschéin, well d’Miereswelten realistesch a faarwefrou duergestalt ginn.
#44 IM JULI (Fatih Akin, 2000)
Em wat geet et? E Mann reest op Istanbul, fir enger Fra do seng Léift ze gestoen.
Firwat ass e sou gutt? Éierlech gesot, ech hunn de Film säit ville Joeren net méi gesinn an et ass dofir schwéier fir mech et anzeschätzen. Mä d’Geschicht, wéi zwee Leit zesummen duerch Osteuropa reesen ass sou brillant an ee vun den eenzeg erwienswäerte Roadmovies vum Joerzengt.
#43 GOSFORD PARK (Robert Altman, 2001)
Em wat geet et? E britescht aristokratesch Haus, eng Party an e Mord.
Firwat ass e sou gutt? Eng Diskussioun iwwer d’Klassegesellschaft an där oppen iwwer all méiglech Schwieregkeeten vu Grouss a Kleng vum soziale Spektrum geschwat gett. E perfekt inszinéierte Film vun engem vun de gréisste Regisseuren aller Zäiten. Niewebäi ass de riesege Cast Grond fir eng grouss Zuel vun de beschte schauspilleresche Performance vum Joerzengt.
#42 (500) DAYS OF SUMMER (Marc Webb, 2009)
Em wat geet et? Boy meets girl. Boy falls in love. Girl doesn’t.
Firwat ass e sou gutt? De Film ass net perfekt, mä en ass eng kreativ Aart a Weis mat dem vill ze festgefuerene Genre romantesch Comédie emzegoen. Hei ass eng Geschicht, déi nonlinear erzielt gett, a wou et wierklech mol eng Kéier Senn mécht, well eis Erennerungskraaft eben genee sou ass. Stilistesch immens, an thematesch simpel. E Film brauch net vill fir gutt ze sinn.
#41 ZODIAC (David Fincher, 2007)
Em wat geet et? D’Sich nom Zodiac-Killer.
Firwat ass e sou gutt?Wat mech sou begeeschtert as, dass hei aus kenger Geschicht, eng Narrativ gesponne gett, déi spannend an zu all Moment onduerchsichteg ass. Et gett keng wierklech “Malen nach Zahlen” Léisung fir d’Sich nom Zodiac ze erzielen, an dofir ass et emsou méi erstaunlech, dass et wierklech ee vun de beschte Kriminalfilmer iwwerhaapt ass.

witzeg… ech hun “(500) days of summer” grad gekuckt. Ech fannen en ass su schéin iwerranschend, wéi en Ü-Ee, et weess een nie wat hannert all Daag stecht.
An d’Musik ass deck schéin (passend) :)
500 days ass eng Indyschabloun, geholl, Geld als Faarw geholl, an fäerdeg ass den Indyfilm. Stenkt.
Wann ech un dem Florian Henckel von Donnersmarck seng Oscar Ried denken mat dem häerzegen süddäitschen Accent muss ech bal kräischen. Soss och, schéin Auswiel.
Dës Reckbléck-Serie mécht wierklech Loscht all déi Filmer ze kucken. Vive den Hierscht & Wanter!
Vive, indeed.
Mech géif jo mol interesséieren wéi eng vun deene Filmer meng Lieser scho gesinn hunn, an wat se dovun halen.
Ech hun erstaunlech wéineg vun Filmer gesin, heivun nemmen 3 Stéck (villächt och 4 an ech weess et net méi) mengen ech. Sin awer emsou méi frou dass déi 3 dann hei dabäi sin :)
Ech hunn ‘Requiem for a dream’ an ‘Nemo’ gesinn. Ziemlechen Kontrastprogramm géiff ech soen ;)
Beid hu mer awer gefall, wann natierlech och aus ennerschiedlechen Grënn.
‘Im Juli’ hunn ech als DVD mee ëmmer nach net gekuckt. Da wäert ech dat lo mol man.
Sou Leschten wéi déi hei (et ass jo nitt déi eenzeg op Pianocktail :D) sinn et eigentlech emmer, déi mech “inspiréieren”, irgend een Film ze kucken. Oder Serie, sou hudd dir mech e.a. op Scrubs bruecht (herrlech!).
Vun de Filmer hier, hunn ech Finding Nemo an Das Leben der Anderen hei gesinn. An als Lescht Juno, d’Grondiddi (jonk Meedchen ongewollt schwanger) eigentlech scho sou dacks héieren, gesinn…awer d’Ellen Page ass an deem Film wierklech genial :D wäer wierklech derwäert.
Ech hu grad – mat méi oder manner Schrecken – festgestallt datt ech nach näischt vum Robert Altman gesinn hunn
Ech hu gesinn:
REQUIEM FOR A DREAM – hunn den gekuckt, well ech alleng doheem waar een gemittlechen Owend mat engem witzegen Owend wollt. Herno souz ech mat engem eklegen Gefill am Mo do an hunn virdeischt mol missen telefonéiren, fir erem eng menschlech Stëmm ze héiren an zeréck ze kommen. Genialen Film, den fuerchtbar ennert d’Haut geet.
FINDING NEMO – deen ass leif.
(500) DAYS OF SUMMER – mat non-linearitéit kritt ee mech jo (baal) ëmmer. Ech wees awer net, ob ech en esou géif luewen, wéi no dem éischten kucken.
ZODIAC – Ass laang hier, den hunn ech aus irgendengem komeschen Grond (mir an aaneren Persounen waar wahrscheinlech langweileg!) am Kino gesinn. Hunn deen awer zimlech cool fonnt, mengen ech.
Deng Serie mescht Loscht op méi. Flott präsentéiert an deng Texter sinn uspriechend. Gutt, dat geschwën erem Méinden ass!
Joël, wann ech ee Film fir dech aus dësen 10 raussiche misst, wier et “Y tu mamá también”. Roadmovie, politesch a sexuell Themen. E Film, deen a mengem Kapp ëmmer weider wiisst. Géif ech dës Lëscht an 10 Joer nach emol maachen, géif ech e vläicht vill méi wäit uewen gesinn.