Wéi munchereen vläit schon an der Press gelies huet, dierf ech déi nächst 12 Deeg, zu mengem an aaneren Leit hierem Onverständnis, Lëtzebuerg an enger Jugendjury um Filmfestival zu Venedeg repräsentéieren.
Dofir gëtt et en separaten, engleschen Blog vu mir. Loosst Iech vun deem prätentiéisen Titel net oofschrecken, a kuckt déi nächst 12 Deeg mol ran. Joël, du dierfs och op Lëtzebuergesch kommentéieren.

Breng mer en “My co-blogger went to Venice Film Festival and all he got me is this lousy t-shirt” T-Shirt mat.
Famill vu mir ass ë Méindeg op Venedeg geflunn. Den Hotel ass direkt di aaner Säit vun der Markusplaatz, wou se raus gelooss goufen. Op der Markusplaatz sélwer stoung d’Waasser 30 cm héich. Së haate vill Spaass.