Ech weess, et ass eng ganz komesch Saach, dass ech e schlecht Gewëssen géigeniwwer Filmer hunn, wann ech se gär hunn, mä se net a meng Lëschte ragezwängt kréien. Et ass eigentlech souguer relativ lächerlech – ouni Zweifel.
Allerdéngs gëtt et jo d’Méiglechkeet éierbar Erwienungen ze ernennen, dat heescht Filmer, déi wierklech zitéiert gi sollten, mä heiansdo einfach just ëm e Krack net gutt genuch, oder déif genuch a mengem Häerz sinn fir op d’Lëscht ze kommen. An vue dass et am éischte Joerzéngt vun eisem neie Joerdausend méi wéi 50 gutt Filmer gouf, muss ech einfach enger ganzer Rei Filmer hei nach emol meng Léift gestoen. Hei sinn 10 Stéck an alphabetescher Reiefolleg:
2046 (Wong Kar Wai, 2004)
Dëst Sequel zum Wong Kar Wai sengem In the Mood for Love ass wahrscheinlech ee vun de faarwegste Filmer, déi je gedréit goufen. Einfach nëmme wonnerschéin an och herrlech traureg. Pur Poesie, souwuel thematesch, wéi och vun der Ausféierung hir.
THE BOURNE ULTIMATUM (Paul Greengrass, 2007)
Et ass e leidegt Thema, dass duerch dem Greengrass seng Bourne-Filmer Actionzeenen hautesdags reiheweis beim Greengrass kopéieren, mä kee wierklech un d’Schéinheet an Tensioun vum Initiateur senge Wierker erukënnt. The Bourne Ultimatum ass en intelligente Schluss (?) fir eng vun de beschten Trilogien (?), déi et bis ewell gouf.
DANCER IN THE DARK (Lars von Trier, 2000)
E Musical vum Lars von Trier ass natierlech net dat nämlecht, wéi meng Lieblingen Mary Poppins a West Side Story, mä dëse grausame Film, mat senge wonnerschéine Lidder vum Bjørk ass einfach net aus dem Kapp ze kréien. Dem von Trier säi beschte Film vum Joerzéngt – mä ech muss gestoen, dass ech Dogville ni fäerdeg gekuckt hunn.
FANTASTIC MR. FOX (Wes Anderson, 2009)
E Film, dee sou vill Spaass mécht, wéi dëse Stop-Motion Film vum Wes Anderson misst eigentlech all Mënsch bei senger Gebuert als DVD geschenkt ginn, ob dass d’Mënsche méi glécklech duerch d’Liewe ginn. Déif Konflikter op eng kannereg Aart a Weis verpaakt.
JUNO (Jason Reitman, 2007)
Egal wat d’Leit soen, Juno ass e clevere Film mat ganz vill Häerz an enger brillanter Performance vum Ellen Page, ganz un der Spëtzt vum Film. En ass witzeg, a wann en och munches e bëssen op eng liicht Schëller hëlt trotzdem absolut kuckenswäert.
MOON (Duncan Jones, 2009)
Ech war en d’lescht Woch nach eemol mat eisem Jacques an de Kino kucken, a wat den Duncan Jones alias Zowie Bowie bei sengem Debut als Regisseur op d’Leinwand bréngt ass sou e schéine Melange aus klasseschen Hollywoodzutaten an enger indie Ausféierung, dass en einfach muss geluewt ginn.
MULHOLLAND DR. (David Lynch, 2001)
Wéi ech Mulholland Dr. fir d’éischte Kéier gekuckt hunn, hunn ech missen no 25 Minuten ongeféier ophalen, well mäin Häerz gerast huet vun emotionaler Ustrengung. Ech weess net wat et ass, mä iergendeppes huet mech sou verstéiert, dass ech eng Paus gebraucht hunn. Réischt méi spéit konnt ech de Film fäerdeg kucken an dat ganzt verworrent Wierk ass mer bewosst ginn an net méi aus dem Kapp gaang.
MYSTERIOUS SKIN (Gregg Araki, 2005)
E komesche Film, deen dech um Schluss zu Tréine réiert – zwee Jongen gi komplett anescht duerch dat wat hinnen als Kanner geschitt ass beaflosst an räifen zu ënnerschiddlechen Erwuessenen erun. Glécklech sinn se, trotz dem baussente Schäin allerdéngs selwer net. Alt rëm en absolut verstéierende Film, dee kee kal loosse kann.
SHORTBUS (John Cameron Mitchell, 2006)
Jo, de Film an deem een echte Sex gesäit, an deem e Mann sech selwer ee bléist an d’amerikanesch Nationalhymn vun engem Schwulen an engem anere säin Anus gesonge gëtt. Fir déi, déi sech u sou Saache stéieren, ass de Film näischt. Fir déi aner, ass et e Film, deen perfekt déi alldeeglech kleng Ängscht, déi mir alleguer hunn ëmschreift an eis domadder konfrontéiert.
SYNECDOCHE, NEW YORK (Charlie Kaufman, 2008)
Ech weess nach ëmmer net wierklech wat ech vun dësem bombastesche Film hale soll. Wat ech méi driwwer nodenken, wat ech en net onbedéngt besser verstinn. Ech denken fir en ze verstoen, muss een einfach liewen an al ginn – Saachen erliewen a verdauen.

Oh, Shortbus, dee Film ass a Vergiessenheet verrooden. Wéi konnt ech nemmen. Dat wor duermols virum Premièresexamen oder sou, kann dat sinn? Flottflottflott, ech well all déi Filmer kucken. Ausser Moon.
Dat islännescht Alphabet kennt iwwregens keen ø. An dats de Dogville net fäerdeg gekuckt hues ass net schlëmm. En ass Schäiss.
Muss/soll een den ‘In mood for love’ gesinn hunn éier een den 2046 kuckt?
An den Synecdoche! Hat ech ganz vergiess. Gët sech lo da mol direkt bestallt.
@Thorben: Shortbus war Abrëll 2007 a Lëtzebuerger Kinoen, wann ech mech richteg erënneren. Also, jo. Sensationelle Film. Muss ech onbedéngt rëm eng Kéier kucken och.
@Grommel: et hëlleft definitiv In the Mood for Love gesinn ze hunn, wann een 2046 genéisse wëll.
Super super super Auswiel. Mysterious Skin an Dancer in the Dark sin einfach wonnerbar Filmer, grad esou wei Juno an Fantastic Mr, Fox. :)
Big up!
Oh Leti…
Shortbus ass zu der Zäit vum Premièresexamen (oder op mannst eng Woch virdrun) 2007 nach am Utopia gelaaf, an ech war e mat dir (Thorben) kucken.
Herrleche Film : )
Ech hunn mir gëschter Mysterious Skin ugekuckt an sinn zimlech begeeschtert. Schéin dass den hei erwähnt gëtt.
Hu gëschter de Synedoche, New York gesinn an éierlech gesot net ganz vill bis guer näischt verstan … Woer nawell enttäuscht. Da gefällt mer en Film wéi ‘The Fountain’, deen och speziell ass, awer vill besser.
t as zimlech ironesch well ech lo effektiv dacks heihinn kucke kommen, nodeems ech e film gekuckt hun…
…ech wollt effektiv e ganzen review iwert den shortbus schreiwen an hu geduescht dann geng et definitiv klaacken bei eis um blog well mir (oder virun allem ech) permanent virgeworf krut/en d texter wieren ze explizit wat de sexuellen contenu ubelaangt
mee grad deen film (an dofir sin ech frou dass de en hei ernimms) weist fir mech dat verletzbart an dofir och dat wertvollt un sou explizitem contenu… an dofir wier ech frou wann d’leit méi dacks, wéi eben och dat wat hannert deem film steet, gengen gesin
“Shortbus” mécht seng Saach sensationell gutt, well e sech eng heikel Komplikatioun erlaabt, déi de Film opgrond vu senger eigentlech schon existente Potenz guer net bräicht. Dass en déi Komplikatioun awer esou delikat behandelt, gëtt dem Film doduerch just nach weider Stäerkt awer.
Hei ass lo net d’Plaz fir deng Texter ze kritiséieren, mä heiansdo verpassen se et fir déi Stäerkten ofzeruffen, déi “Shortbus” zu sou eppes wertvollem maachen.
och wann dat hei net d’Plaatz as dofir, soen ech Merci fir de Feedback.