Schon ëm puer mol hu mir iwwer clever Reklammen hei geschwat, an ech denken et ass zemools den Thorben, deen sech ëmmer rëm doriwwer freet. Clever Reklammen ass d’Façade fir d’Welt vu Mad Men, der beschter Serie, déi momentan fir de Fernseh produzéiert gëtt. Während ech scho laang no engem Virwand gesicht hunn, meng Léift fir Mad Men an engem Bäitrag ze erklären – dir wëllt net wëssen, wéivill Drafts ech geläscht hunn, respektiv nach hei leien hunn, déi ech der Serie net wierdeg fonnt hunn – huet de Matthew Weiner a säi writing staff mer lo endlech e gudde Grond ginn.

An der Episod vun e Sonndeg gouf nämlech déi cleverste Reklamm bis ewell geschalt, an déi Kéier keen “it’s toasted” oder “Carousel” Pitch vum Don Draper, mä et ass eng Reklamm fir d’Serie selwer. Mad Men gëtt meta, a kënnt am Joer 2010 un.

Wéi de Pete Campbell am Joer 1965, 20 Joer nom Enn vum 2.Weltkrich wëll Honda zum Client vun der Agence maachen, reegt sech de Roger Sterling, Chef vun der Agence, deen am Pazifik gekämpft huet op an seet dat eenzegt wat méi schlëmm wier wéi e Japaner a senger Agence, wier den Dr. Lyle Evans. Kuerz nodeem de Sterling schnaubend de Sall verléisst, seet de Pete: “Who the hell is Dr. Lyle Evans?” “Who the hell indeed?” hu sech eng jett Fans geduecht an et gegoogelt, just fir ze mierken, dass déi Persoun absolut net diskussiounswierdeg war. Well se net existéiert.

Mad Men hunn de Leit souzesoen eng Virlag geliwwert fir op den Internet ze goen an mateneen ze diskutéieren, wien déi Persoun wier, déi do erwient ginn ass. A während dës Show sécherlech scho relativ bekannt ass, ka se doduerch trotzdem just d’Interesse vun de Leit steigeren. Dat nennen ech verdammt cleveren Marketing.

Mä manner hätt ech mer wierklech och net erwaart vun enger Show, déi all Woch nees u Grenze geet, déi sech vill aner Serien guer net virstelle kënnen. Eng Serie, bei där d’Personnagen, ouni sech grouss ze veränneren, awer ëmmer méi räich un Facetten ginn. Eng Serie an där et keng Béiser, a keng Gudder gëtt, mä just Leit, déi wëlle liewen, a liewen a liewen. Bon, zu menger manescher Veréierung vun Mad Men en vue vun deene Punkte vläicht eng aner Kéier.

Et gëtt leider keen Ausschnëtt vun der Zeen op Youtube. Ech hunn zwee Deeg mam Artikel gewaart, an der Hoffnung, dass een optaucht. Méi laang konnt ech net méi waarden.