Ech muss mäi schéine Blog e Moment mëssbrauchen fir eng perséinlech Geschicht ze zielen. Net well se sou interessant wier, mä well ech mer duerch Är Kommentaren e bessert Verständnis vun der Situatioun erwënschen.
Zanter Wochen gëtt eis aus der Bréifboîte quasi all Moien op mannst eng vun eisen Zeitunge geklaut. Dat huet genervt, mir hunn eis ufanks bei der Post beschwéiert, well mer duechten et wier hire Feeler a sou virun. Wéi mer du wierklech gemierkt hunn, dass d’Post näischt dofir kéint, ass meng Mamm alt heiansdo viru 6 opgestan fir virum Déif bei der Boîte ze sinn. Dat huet dunn och relativ gutt funktionéiert, mä leider hu mer ni de Moment erwëscht fir den Déif z’erwëschen. Dat ass halt sou gewiescht, an op d’Police wollte mer och net goen.
De Mëtteg ass meng Mamm dunn awer op d’Police gaang. Well dës Kéier hu mer misse feststellen, dass eis net nëmmen d’Zeitungen, mä och d’Post geholl gouf. Wouhir mer dat wëssen? Ganz einfach, well de cleveren Här Déif sou fein war se ze zerrappen an an d’Gemengenhecken nieft eisem Haus ze geheien. Dat war an dësem Moment extrem iergerlech, well déi geklaute Bréifer waren éischtens d’Tickets zu engem Fussballmatch, dee mir wollte kucke goen, an nach méi krass: d’Tickets fir eis Vakanz.
Lo froen ech mech: wien mécht sou eppes? Wéi béis an domm muss déi Persoun sinn, fir de Leit muttwëlleg Saache futti ze maachen? En hätt se jo och klauen kënnen, mä nee, e mécht se futti an ass wéi den Nic soe géif “selbstlos béis”. Ech verstinn et einfach net.

Krass… d’Police ass keng sou schlecht Idee, well wann déi Persoun fonnt gëtt, dierf se normalerweis net méi an engem Ëmkrees vun 200 Meter vun iech sinn. Eng aner Idee wier d’Post fir ee Moment ofzemellen, dat se net an d’Bréifboîte kennt, mä op d’Post. Dat leist de Problem wahrscheinlech net, mä et verhënnert, dat wichteg Saachen verluer oder gesi ginn.
Firwat ee dat mëscht? Vläit ass et deen iech kennt an iech muttwëlleg schueden well oder Angscht maachen well? Vläicht ass en (oder hat) einfach nëmmen gestéiert… bei enger Frëndin ass agebrach ginn, an et si nëmmen privat Saachen geklaut ginn an keng Suen… kléngt bëssen ähnlech. Méi kann ech och net soen… hoffen, dat sech dat gläich kläert
Mir hu genee déi zwou Saachen do gemaach – bei der Police a Post gemellt. Hoffe mer, dass dat lo ophält.
En effet krass. An Krimi’en giffen se lo ëmmer froen op der iech desläscht Feinde gemaach hätt … Well hien schéngt et jo bewosst just bei iech ze man?
An nee, ech woer et net ;)
Bonne chance awer bei der Sich!
Mir kruutenvviru Joeren eng Zäit laang emmer d’Zeitung ze speit. Also, se ass komm, mä ereicht um 9 oder sou, an normalerweis ass se jo awer schon um 6 oder nach méi fréi do.
Et huet sech erausgestallt dat eis Nopperen emmer d’Annoncen fir eeng Arbescht duerchgekuckt hunn.
Bei ierch ass dat jo eng aaner, vill méi erschreckend Saach, hoffen dat hällt geschwën op.
ech geng eng mini cam an den bréiwschlitz hänken…mee herno stellt sech souwiesou eraus dass et den thorben war deen selwer keen abo fir d’zeitung huet an net wëll dass de an d’vakanz gees well heen soss verlaangert…
Erm OK, wow, dat ass schon zimlech hefteg a verstinn éierlech gesot net wirklech wéi een esou eppes ka maachen ouni Motiv. Ech géing also och soen ët hätt een ët ganz bewosst ob iech (är Post) ofgesinn an géing och soen datt et een ass deen an der Géigend wunnt. Außer den Haass ass wirklech esou grouss datt d’Persoun esou oft kilometerwäit fiert/trëppelt fir är Post ze klauen/ze zerrappen, wat jo net onméiglech ass. Fir iech hoffen ech dat lo awer net. Déi Persoun mëcht ët schließlech reegelméisseg an hätt anscheinend och zimlech dréngend gär är Opmierksamkeet well se lo suguer un d’Post geet… Ass nach iergendeen an ärer Géigeng deem ët ähnlech ergaangen ass? Wann jo dann “langweilt” sech do wuel ee ganz, ganz ellen.
Op alle Fall huet déi Persoun eng mat der Paan, wanns de mech frees.
Ech géing d’Webcam an d’Fenster hänken. Oder selwer virun der Fenster waarden.
Wat Spasten. Bestëmmt déi selwecht Leit, déi Helikopteren blenden an Spillplazen ufänken.
An wann dir en hudd:
Festbannen, Kopfhörer opdoen an de ganzen Daag Phil Collins zu lauschteren ginn.
An ech duecht du geing eppes iwwert den Georg Heym schreiwen.
Dat mat der Spillplaatz zu Rouspert ass en effet och hefteg. Wéi kann een sou blöd sinn? Wann se déi fannen, da sollten se déi mol, opmanst, zu engem Joer Sozialdëngscht verurteelen (plus natierlech d’Käschten vum Remopbau iwwerhuelen) … Ginn awer Gehirkrëppelen doruechter!?
Dat eenzegt, wat mer do afällt, ass wirklech sech einfach mol op d’Lauer ze léeen. Okay, dat ass ëmständlech, wéll een einfach mol moies fréi e puer Stonne muss firun der Fënster sëtzen, mee et kann sech jo awer vläit lounen. Oft erwëscht een dann Persounen, vun deenen een et ni gegleewt hätt.
Weieng Bréifboîte hudd der dann? Also natiirlech ass dee Mensch mell a sollt erwescht gi fir dass en dat nimi mecht mee aus eiser kéint een zum Beispill hechstens eppes klauen wa se struppevoll ass. Also vlaicht einfach eng nei Boîte.
Bon, Chris, vu mir weess de alt wéinstens, datt ech moies vill ze liddereg si fir opzestoen, op Iechternach ze fueren, an an denger Post rëmzewullen ; )