Doriwwer, wat e Mann ass, gouf an gëtt emmer vill diskutéiert. Den Herbert Grönemeyer an d’Nina Hagen sangen Lidder doriwwer. Amazon verkeeft honnerten vu Bicher, déi engem hëllefen sollen seng maskulin Identiéit ze fannen. A verschiddenen Beruffer gëtt een ob dat allerbéist diskrimiéiert wann een e Mann ass. An de Barney Stinson gëtt vun allen vergöttert, wéi wann hien d’Äntwert op all d’Froën wier.
Um Filmfestival zu Edinburgh wor ee vu menge Lieblingsfilmer de Film Freetime Machos vum Mika Ronkainen. An eigentlech seet desen Dokumentarfilm iwwert déi nördlechst an drëttschlechst Rugbyekipp op der Welt alles iwwert d’Mann-Sinn, wat muss gesot ginn. A man is supposed to be both, soft and hard. An attentive listener and a macho-man. A gentle family man and a crazy lover. heescht et do.
An trotzdem sinn all déi Saachen näischt, wat mech mech männlech fillen léisst. Ech verroden Iech haut hei exklusiv, a wéienger Situatioun ech mech am männlechsten fillen:
Am Baumarkt.
An dobäi ass et egal, ob B&Q, Hornbach, OBI oder Bâtiself. Okay, am Bâtiself fillen ech mech éischter aarmséileg wéi männlech. Mir sinn duermols ob 2e an ob 1e an der Mëttesstonn dacks séier ob Bitburg gefuer mat 5 Jongen, an de Burger King gaangen an dono eng Stonn duerch de Baumarkt gezunn. Buermaschinnen, Trennscheiwen an Hochdruckreiniger gekuckt. De Baumarkt kondenséiert alles dat roof, wat zu eisem Geschlecht gehéiert. Trennscheiwen a Luuchten. Buermaschinnen an Wues. Schweessapparater an Hausdéieren. Männer kënnen keng Kanner kréien (ausser a beschassenen Filmer). An obwuel eis domat vill Fräiheeten bleiwen (déi Fraen emmer méi rem wechkloen), leiden Männer instinktiv dorënner. Dofir musse Männer aanecht kreéieren: Mir bauen Rakéiten, Brécken, Héichheiser, Booter oder eben eng Feierplaz. An e Baumarkt ass de Katalysator, d’Mëttel fir dësen Komplex ze iwwergoen. E Baumarkt ass de männlechen Uterus. De Baumarkt ass déi Plaz, wou Männer zesumme kommen, Projéen diskutéieren an Maschinne kaafen. Dobäi geet et net drëms sexistesch ze sinn oder op Stereotypen remzehacken. Et geet em eng Welt. Inspiréirend fir dëse Post wor ënner anerem eng Facebook Foto vum Staater, wou hien sech e Grupp kaaft huet (e Stroumgenerator fir eis weiblech Lieser), an gesot huet Et ass Feier bannendran an et kënt Strom eraus, et ass d’Essenz vun der Männlechkeet. Dat ass et.
Hornbach probéieren ënnerdeems dorauser Kapital ze schloen. An hiere Reklammen weisen si dass si dat verstaanen hunn. Baumärkt sinn déi nei Tempelen vun der Maskulinitéit.
(E bëssen Ironie ass an dem Post schon drann)

Perséinlech fannen ech Baumärkt verdammt langweileg. Ech hunn och guer keen Drang dono iergendeppes ze bauen. Woubäi een natirlech kann argumentéieren, dass ech dofir awer schrecklech gären a Kënschtlergeschäfter ronderemlafen an Éiwegkeeten kann nom perfekte Block sichen. Ech kennen awer par contre vill Meedecher, déi schrecklech gären mat Buermaschinn ronderem lafen.
Du Sexist.
Ech muss der awer e bessen Recht gin, ech spieren daat och e bessen sou ;-)
PS: Ech gin net dem Grommel Recht…
Absolut alles richteg, och dat mam Bâtiself.
A spéitstens wa mer déi stäerksten Trennscheif, déi massivst Laaten an déi isoléierendst Isoléiermaterialien an der Abteilung Isolation/Façade op de Weenche geluet hunn, da wäerte mer mierken dass de Grommel no Sonnenënnergang de Benny Boudia ass.
Ween oder wat ass Benny Boudia?
@Thierry:
> Ech kennen awer par contre vill Meedecher, déi schrecklech gären mat Buermaschinn ronderem lafen.
Als moudeschen Accessoire? ;)
@Grommel: Géi kuck op wort.lu.
Top, Max :D
Ah, de B&Q… An Nordamerika hunn se den Home Depot. D’Standup comedian Suzanne Westenhoefer huet dozou eppes ze soen:
http://www.youtube.com/watch?v=XiqG6zpnrKY
Ech wosst net wat en Grupp wier, mä loosse mer dat. Ech fannen däin Post interessant, woubäi ech dat mam “Mir Männer spieren dat instinktiv” ustreide géif, esou wäit ech weess (ech sinn keen Sozio- oder Psycholog) gëtt et näischt esou eppes wéi Gebärmutterneid. Mir kënnen gären iwwer Biologismen schwätzen, am léifsten bei engem Patt, mä nëmmen esou wäit: och wann se bestoen, sinn se nëmmen deskriptiv an net präskriptiv.
Männlechkeet ass (wéi all Geschlechterroll) zwar gewuess, mä dofir net manner konstruéiert, dh. näischt “natierleches” (am selwechte Sënn wéi Nationalitéiten oder de Vatikan näischt “natierleches” sinn).
An jo, du hues Recht, Baumärkt sinn wuel nach ëmmer een Tempel vun der (europäesch-amerikanesch-westlecher) (straight male-)Maskulinitéit.
Et ginn och nach aaner maskulin Rollen, cf. Straigh-Queer Masculinities, ech sinn wahrscheinlech iergendswou zwëschen 2 a 6. An denken dat vill Leit, déi ënner 6 falen, vläit am Baumarkt e bëssen onglécklech ginn. Oder och net.
Merci fir deng Gedanken dorëms, ech hunn dat extrem interessant fonnt.
Wat de Grommel ugeet: Du hues näischt verstanen an wann hei lo een eppes sexistesches geschriwwen huet, dann du.
An den BennyBoudia huet een eegenen Blog (Ech wosst net, wien dat wier an hu missen googlen.)
Ech well dem Max jhust kuerz fir sai Kommentar gratuleieren op deser Plaatz!
Joel:
“Wat de Grommel ugeet: Du hues näischt verstanen an wann hei lo een eppes sexistesches geschriwwen huet, dann du.”
Jo, wann ech meng Ausso serieux gemengt hätt.
ech fir main Deel hun eigentlech emmer Loscht op déi Gerüster ze klammen, mee dat huet wahrscheinlech manner eppes mam Geschlecht mee méi eppes domat ze dinn dass ech en Kand aus biologischer Bodenhaltung sin.